“Markets in Financial Instruments Directive”

De Rapporter Lucien Thiel präsentéiert de Projet de loi 5627

Här Präsident, dir Dammen an den Härren,

136 Seiten Text, 176 Artikelen an e puer honnert Seiten Circulaire matt Ausféierongsbestëmmungen vun der CSSF – daat ass den ominöse Projet MiFID, dé seit e puer Jahr schons de Finanzsektor an séng Akteuren an Otem hält, dén awer heibannen héchstens éngem Grappvoll an dobausse wuel kaum éngem Mensch eppes sét.

MiFID stét fir “Markets in Financial Instruments Directive“, en zimlech holprijen Titel, bei dém et éischter méi ëm d’Ofkirzung wéi ëm d’Aussokraaft geet. Hannert dém Marketingskiirzel verstoppt sech éng legislativ Initiativ, dér hir Bedeitong durch gleich 2 Superlativen ënnerstrach gët. Engerseits, esou héscht ët, hätte mir ët hei matt éngem vun déne wichtijste Projeten ze din, déi bis elo déi sougenannten “Lamfalussy”-Prozedur durchlaaf hun. Aanererseits sin sech déi Bréisseler Spezialisten dran énej, datt et sech bei hirem Worf ëm dé bis elo bedeitensten Meilestén um Wé zu éngem énhétleche europäischen Finanzmaart handelt.

Ech si mir bewoosst, datt, daat waat an der Directive an an dësem Projet stet, ké vun eis vum Stull rappt. Et gét hei ëm éng Hèllewull vu Bestëmmungen, an dénen ausser de Spezialisten kaum én sech erëmfënnt. Et gét ëm Definitiounen, Dispositiounen an nach vill aaner Detailler, déi hei opgekéipt gi sin, an déi an hirer Villfalt déi ganz Komplexitéit vun der heitijer Finanzwelt eremspijelen.

Am Fachchinesesch héiert daat sech esou un: Et gét ëm d’Emsetzung vun der Directive 2004/39, déi hirerseits d’Direktiven 85/611, 93/6 an 2000/12 amendéiert an déi d’Directive 93/22 ofléist. Op Letzeburgesch iwersaat héscht daat, datt matt dér neier Directive probéiert gët, d’Finanzdéngschléschtongen nach besser a méi bëlleg ze machen an zugleich dem Investisseur éng méi grouss Protektioun z’assuréiren – 2 Zieler, déi jo ganz uewen op der Lé vun der europäischer Finanzmaartintegratioun stin.

Un a fir sech ass daat awer neischt Neies, wèll déi Zieler sin och schons matt den Direktiven vu virdrun verfollejt gin. Mé an der Tëschenzeit ass d’Variétéit vun den Akteuren am Finanzsektor e gudd Stéck méi grouss gin – och bei eis: Niewt dénen 155 Banken hu mir haut iwert 200 PSFen – exakt 209 Enn Mé -, déi gené wéi d’Banken als Finanzdéngschtléschter optrieden an déi dofir och vun der CSSF kontrolléiert gin.

Nët aanescht verhèllt et sech matt de Finanzinstrumenter. Eleng d’Zuel vun den Investmentfongen, déi hei am Land verwallt gin, ass entretemps op 2.300 geklommen (matt 2.000 Milliarden Euro Avoiren) an all Daag kommen bei déi sëllechen Investmentinstrumenter nei Produiten derbei, wèll der Fantasie vun den Operateure kéng Grenze gesaat sin.

Elo zu de Mëttelen, matt dénen déi ugestriefte Effikacitéitssteijerung vun de Finanzmärt, mat méi Transparenz, manner Onkäschten a virun allem méi Protektioun fir d’Investisseuren errécht soll gin. An der Vue vun der Bréisseler Kommissioun a vum Europaparlament loossen sech déi Zieler iwert drei Wéer erréchen, an zwar iwert

  1. maximal Konkurrenzbedéngungen, déi nëmmen dann gi sin, wann et en sougenannten europaweite “level playing field” matt éngem europäische Pass fir d’Finanzoperateuren gët;
  1. énhétlech Verhaalensréjelen fir d’Finanzoperateuren, dénen hir intern Organisatioun natiirlech vun der Opsiicht am Aa gehaale gët;
  1. éng méijlechst ëmfaasend Informatioun vum Konsument fir datt dé gené wéss, op waat hien sech aléisst, an fir datt hien manner ufällig fir Finanzjongleuren an dénen hir kromm Tricke gët.

D’Verbesserung vun de Konkurrenzbedéngungen soll an éischter Hisiicht dodurch errécht gin, datt déi verschidde Plattformen, iwert déi d’Finanztransaktiounen ofgewéckelt gin, op én an dé selwechte Trèppléck gestallt gin.

Et ass nämlech esou datt déi Finanzgeschäfter haut nët nëmme um traditionelle Parquet, nämlech dém vun énger Bourse, ofgewéckelt gin – déi jo och als reglementéierte Mart bezéchent gët, well sie strenge Réjelen ennerworf ass. A lèschter Zeit gin ëmmer méi Wertpabeiren – virun allem Obligatiounen an Derivaten – op paralellen Plattformen gehandelt, déi entweder de professionnellen Clienten vu grousse Banken oder aaneren Operateuren fir hir Transaktiounen zur Verfüjung gestallt gin, oder déi déi selwecht Operateuren vir hir éjen Besoien ageriicht hun.

An dém énge Fall schwètzt én dann vun “Multilateral Trading Facilities”, ofgekiirzt MTF, wéi se z.B eis Bourse hire Clienten matt hiren EuroMTF offeréiert. An dém aaneren Fall héscht daat Internaliséierung vum Handel, well et sech hei ëm éng intern Ofwécklung handelt, déi d’Bank oder d’Investmenthaus fir den éjene Kont mecht.

Déi drei Zorte vu Plattformen gi matt dém heite Gesetz op én an dé selwechte Fouss gestalt, d.h. d’Réjelen gi fir déi drei déi selwecht, esou datt et nët zu Konkurrenzverzerrunge komme kann. Déi Réjelen, déi sech un déi vun de Boursen ukrèmpen, well déi sech längst bewährt hun, viséieren an alleréischter Linn d’Transparenz vun de Märt, waat nët méi an nët manner héscht, wéi datt z.B, d’Preiser vun déne gehandelten Titren publik gemach musse gin – genau esou wéi ët seit jéhir schon op der Bourse de Fall ass. Domatt gëtt ët dann allerdéings och nët méi de Privilej vun der Exklusivitéit, dén d’Bourse bis elo haaten. Och eis Bourse verléiert elo hire Statut als concessionéierte Betrieb.

Esou wéi ët no dësem Gesetz drei Zorte vun Handelsplattforme gëtt, gin d’Clienten vun de Finanzoperateuren elo och an drei Katégorien agedélt. Do gin ët fir d’éischt déi sougenannt Conterpartien, also gewëssermoosse Kolléjen – an eisem Fall Banken an Investmentheiser – déi dé selwechte Statut wéi den Händler hun an awer als Client optrieden. Da schwètzt d’Gesetz vun professionelle Clienten, also dénen, déi de Wertpabeierhandel zu hirem Beruff gemach hun, a schliesslich vun “Retail”-Clienten, d.h. private Clienten.

Firwaat déi Opdélung vun der Finanzmenschhét an drei Kategorien? Daat hänkt domatt zesummen, datt ént vun den Zieler vun der MiFID d’Protektioun vum Investisseur ass. Mé well Investisseur nët gleich Investisseur ass, an well et dér gin, déi nët vill Protektioun brauchen, well sie an dém Geschäft dohém sin a wëssen matt waat sie ze din hun, an op dér annerer Seit dér déi hir Erspuertes wëllen uléen ouni kënnej an dem Finanzdschungel ze sin, gëtt ët fir néidej ugesinn, d’Protektioun vum Investisseur je no Kategorie ofzestëmmen. Dofir déi drei Uléer-Niveauen matt entspriechend ofgestuftem Schutz.

Elo kënnt daat dén én oder aaneren wahrscheinlech bekannt vir. Virun e puer Méint hut Dir e Gesetz hei gestëmmt, daat d’Palette vun de Produkter vun eiser Finanzplatz ëm déi sougenannt Spezialfongen – ofgekiirzt: FIS – erweidert huet (Soit dit en passant: d’Geschäft mat dénen FISen dét sech prächtej op). An dém Zesummenhank ass vill Rieds vum “investisseur averti” gaangen, dén, obwuel e ké Profi ass, als sollechen ugesinn gët, wann hie gewësse Kenntnisser an Erfahrungen am Finanzgeschäft noweise kann. Dofir därf hien dann an déi méi riskant Instrumenter investéieren, allerdéngs ouni op déi selwecht Protektioun bestoen ze kënnen, wéi se dem normalen Investisseur zougestaane gëtt.

Den “investisseur averti” aus dem FIS-Gesetz ass elo de “client professionnel” an dësem Gesetz gin – ët kënnt é soen daat selwecht am Gréngen -, an de Prinzip bleiwt och dé selwechten: je méi én am Investmentgeschäft bewandert ass desto méi hardi därf é spékuléieren an desto manner protéjéiert gëtt é vum Gesetz.

Dreierlé Zorten Handelsplattformen, dreierlé Zorten Clienten an e puer Dozend Zorten Operateuren – daat gét noutgedrongen nët ouni éng Hèllewull vun Dispositiounen, dëst emsou méi, wann én sech matt esou Détailler wéi de Mindestkapitalufuerderungen fir déi énzel Zorten vu PSF oder déi eventuell “in house”- Interessekonflikter bei den diversen Kategorien vun Investmenfirmaen befaasse muss. Ké Wonner also, datt um Enn esou e voluminéist Gesetz derbei erauskënnt – zum Lédwiese vun dénen, déi sech vun elo un dorunner haalen an déi sëlleche Bestëmmungen bei sech am Haus applizéire mussen.

Et wärt op den éischte Bléck verwonneren, wann ech dann behaapten, d’MiFID géif d’Operateuren vun eiser Plaatz manner drécken wéi é färte kënnt. Schliesslech mussen och sie elo nach weider an hir Compliance investéieren, mussen och sie sech drop astellen, an Zukunft amstand ze sin, zu all Moment de Beweis ze liweren, datt sie hir Clienten esou ëmfaassend wéi méiglech iwert hire Portefeuille opgeklärt an hir Uerderen esou gudd exekutéiert hun wéi ët nëmme goung .

Wann daat hinnen – am Contraire zu villen vun hire Kollejen am Ausland – trotzdém nët allze schwéier faalen därft, dann well sie scho längst méi oder wéinijer op dém Qualitéitsniveau ukomm sin, dé matt der MiFID ugestriewt gët. Als Akteure vun énger Finanzplaatz, déi seit langem och op d’Privatclientel setzt, sin sie nët derlanscht komm, hir Déngschter permanent ze verbèsseren an hun op déi Art a Weis an hirem Service éng Qualitéit errécht, déi de MiFID-Exigenzen kaum aus de Féiss gët. D’Informatioun vun de Clienten, d’Festléung vun dénen hirem Investisseureprofil, de periodische Reporting fir déi selwecht Clienten an esou weider, gin elo vleicht anerwärts als grouss Neierung èmfonnt – bei eisen Operateuren gehéirt daat méscht dervun scho längst zum Alldaag.

Dëst neit Gesetz gét awer nët nëmmen eis Finanzleit eppes un. Och eis Iwerwaachungsinstanzen vum Secteur, d.h. d’CSSF an, wann och manner, den Assurancekommissariat, si gefuerdert. Et ass schliesslech der CSSF “hirt” Gesetz , nämlech daat vun 1993 iwert de Finanzsektor, daat hei iwert weit Strecken geännert muss gin fir datt déi sëlleche MiFID-Bestëmmungen an d’Praxis emgesaat kënne gin. T’ass d’CSSF, dér déi delikat Missioun zoufällt, matt hiren auslännische Schwesterorganisatiounen zesummenzeschaffen ouni datt z.B.dobei eis Bankgeheimnis Schued leit. T’ass d’CSSF, déi niewt hiren 155 Banken och nach déi sëlleche PSFen iwerwaache muss. An t’ass och d’CSSF déi iwert dém éenzelnen Operateur sei Statut ze befannen huet an déi méi oder wéinijer driwer décidéiert wien europaweit aktiv gi kann, well sie schwetzt en entschédend Wuert bei der Attribution vum “europäische Pass” matt, dén den Operateuren d’Diren zu allen EU-Länner opmëcht.

Et gin an dér lèschter Zeit ëmmer méi Stëmmen an der internationaler Finanzwelt, déi sech fir éng énzeg europäisch Kontrollinstanz ausspriechen. Esou éng zentraliséiert Iwerwaachung géif ët natiirlech de multinationalen Konzernen aus der Finanzwelt méi einfach a méi liicht maachen, wèll sie dann némme méi matt éngem énzeje Kontroller a ganz Europa ze din hätt, aplaatz matt esouvill Gendarmen wéi sie Filialen an den EU-Länner hun.

Déi Iwerléung ass och elo erëm am Zesummenhank matt der MiFID opgedaucht an ët muss é soen, datt sie, generell gesinn, nët onbedéngt derniewt ass. Mé fir Letzebuerg a séng Finanzplaatz wir esou e “single supervisor” oder och nëmmen e “lead supervisor” éng Gefohr, dér mir mussen esou laang aus de Féiss goe wéi ët nëmme gët. Well dén énzege Sputt, dén énzeje Gestaltungsspillraum, dén eis nach bleiwt, wann emol éng Kéier alles um EU-Plang harmoniséiert ass, daat ass dé butzije Freiraum, dén eis d’europäisch Direktiven nach bei hirer Emsètzung loossen an dén dann vun eiser Rejierung a vun der CSSF genotzt ka gin, fir eis gewëssen kompetitiv Avantagen erauszeschielen, déi eis erlaaben, d’Nues am Geschäft vir ze behaalen. Datt mir neischt méi vun eisen Noperen an aanere Frënn – och déne vun déiseit dem grousse Pull – am Business geschénkt kréien an datt ët ëmmer méi schwéier gët, an der internationaler Kompetitioun mattzehaalen, wësse mir jo an der Tëschenzeit.

Gottseidank si mir matt der MiFID, déi mir elo ëmsètze sollen, nach nët ennerwé bei de “single supervisor“. Sie verhëlleft am contraire den nationalen Kontrollinstanzen zu méi Gewiicht, an zwar doduerch datt sie de Prinzip vum “home country control” ennermauert, also d’Iwerwaachung vun de Finanzoperateuren der Kontrollinstanz vun dém Land iwerdréit, wou déi dohém sin. Daat héscht, datt d’Operateure vun eisem Buedem aus no de Réjelen vun eiser CSSF an ënnert dér hirer exclusiver Iwerwachung quésch durch Europa aktiv kënnen gin. Wann én da bedènkt, datt kirzlech eng vun déne renomméiertsten an élste Privatbanken op der Welt hire Sëtz op Lëtzeburg verluejt huet an déi Entschédong ënnert aanerem matt der Qualitéit vun der Bankenopsiicht bei eis begrënnt huet, da gét ët duer, datt én 2 an 2 zesummenzielen kann fir sech auszerèchnen, waat fir éng Opportunitéiten sech hei fir eis Land opdi kënnen.

Zum Schluss nach e Wuert iwert d’Emstänn ënnert dénen dëse Projet zeideg gin ass. Mir hun den Avis vum Staatsrot, dém mir, niwebei gesoot, gréisstendéls Rechnong droe konnten, gëscht virun acht Dég kritt, an zur selwechter Zeit ass och den Avis vun der Chambre de Commerce agetrèntelt. Et blouw also der Finanzkommissioun nët vill Zeit, fir hir Arbecht ze machen, dëst emsou méi, well d’Zeit se gedirengelt huet: eis Banken an eis aaner Finanzoperateuren mussen nämlech déi sëlleche Bestëmmungen vun dësem Gesetz – plus déi Détailler, déi d’CSSF elo nach noréche wärt – bis spéitstens Allerhèllejen an hir intern Organisatioun emsëtzen.

Nëmmen dank dem gudde Wëllen vu ménge Kolléjen an der Finanzkommissioun war ët méijlech d’Kéier ze kréien an – wann och Dir heibannen elo mattspillt – d’Gesetz nach virun der Vakanz iwert d’Bühn ze bréngen.

Ech erlaabe mir, vun dëser Plaatz aus e warmen Appell un all déi Instanzen ze riichten, déi an der legislativer Prozedur virun der Chamber sin, nët bis op de letzte Stëppel matt hiren Aarbechten ze warden. Well no hinne kënnt nët d’Sintflut, mé d’Parlament. Hinnen am viraus en décke Merci an Iech och é fir datt Dir mir nogelauschtert hutt.