Kritt de Kanton Miersch a Zukunft een autonome Lycée?

Députéiert Marie-Thérèse Gantenbein hëllt an der Chamber Stellung vir d’CSV-Fraktioun

Här Präsident,


Dir Dammen an Hären,



de Kanton Miersch zielt méi Awunner (ca. 25.000) ewéi de Réidener Kanton, ongeféier 14.500 Awunner, oder de Kanton Wolz mat sengen 12.500 Awunner.



Trotzdeem gëtt et an dësem zentral geleeene Kanton bis haut keen autonome Lycée.



D’Autonomie vum fréiere Lycée vu Miersch gouf no enger brutaler Chute vun de Schülerzuelen opgehuewen an aus dem Lycée gouf eng Annexe vum Dikricher Lycée. Des Mesure war deemols sënnvoll.



Haut geet den Trend awer a Richtung vu méi klengen Etablissementer. An deem Contexte hu mir d’lescht Woch decidéiert, d’Dummeldénger Annexe vum Lycée technique du Centre zum eegestännegen Uelzecht-Lycée z’erhiewen. De Marcel Oberweis hat d’lescht Joer an enger Question parlementaire un d’Madame Edukatiounsministesch gefrot, ob si net géif dru denken, deeselwechte Schrëtt mat der Mierscher Annexe vum Dikricher Koléisch virzehuelen. Leider war d’Madame Minister deemols net en faveur vu senger Propose, mat der Argumentatioun en Directeur adjoint vum Dikricher Koléisch wier jo zoustänneg fir d’Mierscher Annexe. Et ass awer nët normal, datt zu Miersch op de Stroosseschëlder op den Dikricher Lycée verwisen gëtt. Dikrich läit 20 Kilometer nördlech vu Miersch.


Op Initiativ vum Landwirtschaftsminister Fernand Boden goufen der Cepal am Joer 2004 e puer Terrainen bei der Mierscher Gare ofkaaft, déi de groussen Avantage hunn IVL-gerecht ze sinn.



Dofir wëll d’CSV-Fraktioun eis Regierung a besonnesch eise Bautenminister Claude Wiseler fir hir Décisioun félicitéieren, fir de “Neie Lycée” an de Lycée technique pour professions éducatives et sociales am Zentrum vun eisem Land, an zwar zu Miersch, z’implantéieren. Een Deel steet schonns, et ass zwar e Provisorium, an dat ass de “Lycée technique pour professions éducatives et sociales”.



D’Implantatioun vun de Schoulen zu Miersch ass en éischte Schrëtt a Richtung Revaloriséierung vun de Mierscher Industriebroochen. Et ass nämlech wichteg, datt net nëmmen d’Industriebroochen vu Belval revaloriséiert ginn, mä och déi an den aneren Deeler vun eisem Land, wéi eben zu Miersch ronderëm d’Fonderie an de Silozenter, oder wéi mat dem geplangten Lycée zu Klierf op dem fréieren Industrieterrainen vun der CTI ( Cleveland Tramway International).



Déi Responsabel vum Neie Lycée hu schonns an de Medien ugekënnegt, datt si mat hiren Préparatiounen ugefaangen hunn, fir d’Schouloffer vum ënneschten Grad op de Mëttel- an Uewergrad auszebauen. Domadde kéinten d’Schüler aus dem Mierscher Kanton d’Chance kréien, an engem Lycée de proximité hir Schoulcarrière integral an hirem Kanton ofzeschléissen. Domadder géif och vill Zäit am Schülertransport gespuert ginn. Si mussen dann net méi – wéi bis elo – an d’Nordstad oder an d’Stad fueren fir déi lescht Joren vun hirer Schoulcarrière. Dat heescht manner Transport. Manner Transport heescht manner CO2, manner CO2 heescht méi Klimaschutz a méi Klimaschutz heescht méi nohalteg Entwécklung.



Här Präsident,


d’Regierung huet an deser Legislature scho vill positiv Moossnamen fir de Mierscher Kanton decidéiert. D’CSV-Fraktioun wäert d’Regierung op desem Wee weider ennerstëtzen.



Ech soen Iech merci fir d’Nolauschteren.