La Société de Gestion de Patrimoine Familial, en abrégé “SPF”: un nouveau type de régime fiscal conçu à l’attention des personnes physiques

Dem Lucien Thiel seng Interventioun zum Projet de loi 5637 Société de Gestion de Patrimoine Familial

Et wousst een zwar datt ëppes am Komme wier nodeems DG Konkurrenz vun der Bréisseler Kommissioun Ufanks Februar vum letzte Jahr eiser Rejierong matgedeelt haat, sie géif eeng Prozedur no Artikel 88 vum Gemeinschaftstraité, also éng Enquete ulaafe loossen.

Trotzdém huet et eis kaal erwëscht wéi ët den 20. Juli d’letzt Jahr vu Bréissel gehésch huet, d’Europäisch Kommissioun wier – trotz alle Géijenargumenter vun der Letzeburger Rejierung – zur Conclusioun komm, datt de Steierrejime vun eisen Holdingen géint d’europäischt Recht verstosse géiw. Dofir, esou housch ët, dèrft ab sofort kéng dér Holdingen méi gegrënnt gin, an déi existéirend misste bis zum Jahresènn ofgeschaaft gin.

Eppes waat 77 Jahr lang anstandslos fonktionéiert huet, waat et an 12.600 Exemplaren gëtt, gudd 20 Milliraden Euro wèrt ass an dem Staat ronn 40 Mio Taxe d’abonnement abréngt, eppes waat nach 5 Jahr virdrun, no énger klénger Korrektur, de Séje vu Bréissel – allerdéngs vun énger aanerer DG – kritt haat, war op émol éng Ausgeburt vun Illegalitéit an huet direkt exekutéiert gehéiert.

No dém Coup, dé verständlecherweis Oprou ënnert d’Clienten vun eiser Finanzplaatz bruecht an dofir éng schnell Reaktioun verlaangt huet, stung d’Rejierung virum Choix, entweder den Harden ze markéieren an op den Europäische Geriichtshaff ze goen – wou mir de Juristen zufollej 50% Chance haate fir Recht ze kréien (awer eréischt no 2 oder 3 Jahr!) – oder awer matt Bréissel ze verhandelen, fir op d’manst en Opschub vum Délai erauszeschloen.

D’Réjierung huet dé verstänneje Wee gewielt an de Minister Frieden huet doropshin déi zoustännij Kommisärin, d’Madame Kroes, derzou bruecht, eisen Holdingen éng Galjefrist bis Enn 2010 z’accordéieren. Daat gouf dann och an dém Gesetz festgehaalen, daat mir am Dezember hei gestëmmt hun.

Domatt war natiirlech dén eijentleche Problem nach laang nët geléist. D’Clienten wollte wëssen, wéi et douerno géif weidergoen a waren nët wëlles bis 2010 ze waarden, éiert sie sech décidéire géiwe, fir hir Suen zu Letzebuerg ze loossen oder se en anerzwouesch ënner Daach ze bréngen.

Et huet also misse séier gehandelt gin.

Daat ass, wéi mir haut gesin, geschitt. Knapp 9 Méint no der Hiobsnouvell vu Bréissel, solle mir elo e Gesetz stemmen, daat de Problem zwar nët ganz léist, awer op d’manst e gudden Dél dervun.

Matt hirer nët grad iwerzéjender Argumentatioun, d’Holdingen wieren Entreprisen an dofir ze besteieren wéi aanerer Entreprisen och, well sie aktiv Gestioun géiwe maachen, hun de Bréisseler Konkurrenzwiechter der Rejierung éng Upack gin, fir de Problem ze splécken an en Dél vun den Holdingen aus dem Collimateur ze huelen.

Well et gi wuel Holdingen, déi ganz gehéierej an d’Finanzmärt agreifen an éng ganz aktiv Gestioun vun hirem Patrimoine maachen, woumatt se natiirlech an d’Schosslinn vun der Bréisseler Kommissioun geroden. Daat sin durch d’Bänk déi ganz déck Holdingen, déi d’Avoire vu grousse Multinationalen an aaneren kapitalkräftigen Gesellschaften géréieren.

Mé déi grouss Majoritéit – et héscht ëm déi 80% – vun eisen Holdingen sin éischter Familjenentreprisen, déi de Patrimoine vun hire Besëtzer verwalten an déi daat op éng méi konservativ Art a Weis maachen. Vu wirtschaftlecher Aktivitéit am Sënn vun der Kommissioun kann do wuel kaum Rieds sin. An aanere Wierder: bei hinne konnt wuel de Virworf vun der staatlicher Beihellef nët greifen, dén d’Madame Kroes eisen Holdingen in globo unhänke wollt.

Do war et nëmme logesch, datt d’Rejierung sech drop versteift huet, d’Familjenholdingen wieren vun dem Bréisseler Doudesurtél nët betraff a kënnte weiderhin vum avantajéisen Steierregime profitéiren. Déi Logik gouf dann och an daat Gesetz ëmgesaat, daat mir haut stëmme sollen an daat sech am wiesentlechen op d’Definitioun vun dér Zort vun Holdingen konzentréiert, déi Iech elo grad vum Kolléj Rapporteur ausernégeluejt gin ass.

Domatt wier och dén Dél vun eisem Problém geléist. Bleiwt nach dén aaneren, dén vun den sougenannten institutionellen Holdingen. Dén wait nët nëmme e ganze Krak méi a puncto Volume vun de verwalten Suen, méi hien ass och dé kriddlechsten, wèll Bréissel grad dei Zort Holdingen um Napp huet an et hei nët matt e puer Korrekture gedoen ass.

Mé daat kann an därf kéng Entschellejong sin, fir de Problem op d’lang Bank ze vertësselen. Hei gét ët em vill Milliounen, fir net ze soen ëm Milliarden Euro an et gét ëm gewiichtej Clienten, déi esou séier wéi méiglech gär éng Aentwert drop hätten, wéi et dann elo matt hirer Holding weidergét.

Fir déi Entwert ze gin, brauche mir emol d’Rad nët nei z’erfannen. Mir hun nämlech schon an den 90er Jahren é Vehikel geschaaf, dén durchaus amstand ass, d’Relève vun den institutionellen Holdingen ze huelen: hien héscht SOPARFI.

Nët vun ongeféier gouf dëst Instrument démols als éng Art “Holding bis” bezéchent, well a Wiirklechkét handelt ët sech ëm soss neischt wéi éng Holding, déi awer besteiert gët (an déi dofir allgemeng akzeptéiert ass). D’Astuce bestét just dodran, datt, vereinfacht ausgedréckt, d’Holding der Mammefirma Sue léngt, déi, wann se – inklusiv Zensen – rembezuelt gin, nët steierlech erfaasst gin esou datt um Enn och kéng Steieren ufaallen. Een oder zwé Aménajementer bei der SOPARFI géinge schon duer, fir datt sie d’Roll vun de gekäppten Holdingen voll a ganz iwerhuele kënnt.

Wann én dann nach déi op dës Art getunte SOPARFI géif matt dém kombinéieren, waat d’Belsch erfonnt hun, fir hir – gleichfalls vu Bréissel ofgeschaaften – “Centres de coordination” z’ersètzen, da wiere mir scho méi wéi aus dem Schneider. Ech mèngen déi sougenannten “intérêts notionnels”, réjelrecht fiktiv Zënsen, déi am Fall vun énger Ejekapital-Finanzéierung ugerechent a vun de Steieren ofgehaale kënne gin. Eis belsch Nopere jidferfalls sin domatt bei der Kommissioun durchkomm.

Et gët also kaum e Grond fir nach weider matt dém letzte Volet vun dém Tryptichon ze waarden, zu dém eis déi Bréisseler matt hirem Holding-Kill gezwongen huet. Ech kënnt mir virstellen, datt nach virum Enn vun dësem Jahr och dëst 3. Gesetz sprochreif wier. An datt ech matt e bësschen Chance dann vun dëser Platz aus nach éng Kéier daat soe kënnt, watt ech Iech elo soen. Nämlich datt d’Rejierung matt dêsem Gesetz gené daat richtejt gemaach huet an datt ech dofir ouni weideres den Accord vu der CSV-Fraktioun abrénge kann.