Baustell Lëtzebuerg

D’Erausfuerderungen déi sech Lëtzebuerg am neie Joer stellen. Fräi Tribune vum Diane Adehm, CSV-Vizepresidentin

Léiw Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Ech wëll direkt vun der Geleenheet profitéiere vir Iech am Numm vun der CSV e schéint neit Joer ze wënschen.

Dëser Deeg konnt jidderee vun eis an der Press liesen, wat déi eenzel Politiker a Journaliste sech vum Joer 2007 erwaarden. Aus de verschiddene Wuertmeldunge geet ervir, dass eist Land viru groussen Erausfuerderunge steet.

Ugefangen mat de Staatsfinanzen. Déi lescht Wochen ass ganz vill iwwert de Staatsbudget diskutéiert ginn. Et ass jidderengem bewosst, datt d’Dépensen net op Dauer méi séier klammen dierfe wéi d’Recetten. Ennert dem Impuls vun den CSV-Ministeren Juncker a Frieden klammen d’Dépensen ëm 3,6% am Budget vun dësem Joer, während d’Recetten awer ëm 5,4% klammen. Och wann an dësem Beräich elo Efforte gemeet gi sinn, esou ass d’resolut Ugoe vun dëser Baustell och an Zukunft noutwendeg, fir datt mir den neidege finanzielle Spillraum hun fir aner noutwendeg Projetë unzegoen déi fir eis an Zukunft wichteg sinn. Dat ass zum Beispill den IVL.

Am integrativen Verkehrs- an Landesplanungskonzept geet et jo dorëm, datt et och an Zukunft nach attraktiv ass, fir zu Lëtzebuerg ze wunnen an ze schaffen. Hei sin fir verschidde Secteure Pläng opgestallt ginn, wéi zum Beispill am Logement oder am Transport. Esou soll d’Wunnen hei am Land bezuelbar bleiwen an mir wëlle jo och nët am Verkéier erstécken. Den IVL ass sécherlech ee vun de wichtegste Projetën an Zukunft deen e groussen Impact op d’Liewen an eisem Land wärt hunn.

Eng aner Baustell ass d’Aarbechtslosegkeet hei am Land. Engersäits ass zu Lëtzebuerg an den leschte Joren den Chômage erop gangen, mee anerersäits sinn héi zu Lëtzebuerg awer och vill nei Platze geschaffen a mat Frontaliere besaat ginn, well eis lëtzebuerger Aarbechtslos net déi néideg Qualifikatounen hunn. Demno ginn et an dësem Beräich direkt zwou Erausfuerderungen: engersäits mussen déi Aarbechtlos erem an den Aarbechtsmaart integréiert ginn an anerersäits muss eise Schoulsystem de Schüler déi Ausbildung mat op de Wee ginn, déi um Aarbechtsmaart gefrot ass. An dësem Domaine wëllt d’CSV sech weider investéieren fir eise Jonken eng Zukunftsperspektive ze ginn..

E weideren Défi ass de Klimaschutz. Lëtzebuerg steet zu séngen Engagementer, déi et mam Ënnerschreiwe vum Kyotoprotokoll agangen ass. Demno muss an Zukunft eng seriös a konkret Klimaschutzpolitik geleescht ginn. Hei ass jidder Eenzelne gefuerdert.

De Regierungsprogramm gesäit och den Ausbau vun familljegerechte Betreiungsstrukture vir. D’Realitéit ass nun emol, datt eis Gesellschaft sech geännert huet an datt haut oft Papp a Mamm schaffen ginn respektiv, datt et ëmmer méi Aléngerzéiender ginn. Fir dëse gesellschaftlechen Tendenze gerecht ze gin musse Strukture geschaaffe ginn, déi et erméigleche fir Berufs- a Familljeliewen mateneen ze verbannen. Zesummen mat de Gemenge sin mir amgaangen iwert d’Land Maisons Relaisen anzeféieren. Ziel muss et sinn dass mëttelfristeg all Kand an eisem Land vun dëse Strukture profitéiere kann.

Mir wëllen all dës Baustelle konkret upacken an déi nei Erausfuerderunge meeschteren. Mir wëlle nët am Stau virun der Baustell stoe bleiwen.

Mat der CSV sin mir um séchere Wee fir méi sozial Kohäsioun, fir gesond Finanzen a fir méi Liewesqualitéit.

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.

Diane Adehm, CSV-Vizepresidentin op RTL 92,5 an der Emissioun d’Parteien hunn d’Wuert, 8. Januar 2007