Här President dir Dammen an dir Härren
De Kolleg Lucien Thiel huet fir säin a mengen Aen ausgezeechnete schrëftlechen an och mëndleche Rapport zum Budget 2007 vill Luew kritt. Hien huet awer och munch Kritik missen astiechen. Kritiken, déi viläicht berechtegt schengen ze sinn, wann een déi 2 Rapporte net als ee Ganzt betruecht. Wann ee nëmme versicht säi mëndleche Rapport auserneen ze huelen, da ka beim rengen Sozialpolitiker d’Meenung entstoen, datt de Rapporter ze vill Wirtschaft a net genug Soziales agepaakt hätt. An och hei muss een all Ausso vum Rapporter oofweie wann een säi Rapport an dat richtegt Liicht setze wëllt. Besonneg ee vun de Schlusssätz vu senger Ried, a Schlusssätz sätzt ee jo gemenghand zum Schluss fir se extra ervierzesträichen, deen hätt och dene Kritiker déi néideg Berouegung verpasse missen, wat déi sozial Komponent vum dësjährege Budgetsrapport ubelaangt. De Lucien Thiel huet nämlech mat Nodrock ënnerstrach:
“Ech wees dir héiert ëmmer nëmme “Wirtschaft” a frot iech wou bleiwt do de Mensch? Abe, t’ass ëm hien a nëmmen ëm hien wou et de ganzen Zäit hei geet. Et ass evident-an ech geséich gär deen hei bannen, deen eppes anescht géif soen- datt d’Wirtschaft kee Selbstzweck ass a ka sin, datt si fir de Mensch do ass, a net ëmgekéiert. Et ass awer fir mech genau esou evident, datt d’Selbsverwieklechung vum Eenzelnen wéi och seng sozial Oofsëcherung ouni gudd fuktionéierend Economie net denkbar sin.”
T’ass net fir näischt, datt d’Studenten an enger vun den éischte Stonne vun hirem Economies Cours dee Saatz ageprägt kréien “t’éischt muss verdingt gin, dannn eréicht ka verdeelt gin.” Jo, ouni eppes erschafft ze hun, kann een näicht verzieren, a schons guer näicht verdeelen. Dat geet bei jidderengem doheem esou, an dat geet och an eiser Gesellschaft a beim Staat net anescht.
Wa mer eis an eise Kanner hir Zukunft net verbaue wëllen, da musse mer kucken, datt eis Wirtschaft weider gud funktionéiert, an duerfir muss se, an engem globaliséierten Ëmfeld, extrem compétitiv bleiwen. Dat ass dem Lucien Thiel säi Message, dee wéi e roude Fuedem duerch seng 2 Rapporte geet. Och de Budgetsminister Luc Frieden huet a senger Interventioun de leschte Mëttwoch en ähnleche Message an Discussioun bruecht, wéi hie vum Reformbudget geschwat huet deen “sozial erträglech a wirtschafts frëndlech ass, an deen d’Grondaufgabe vum Staat raisonnabel servéiert”. Wirtschafts frëndlech fir datt eis Economie weider compétitv bleift, a weider ka wuessen, fir datt de Staat och weider senge Grondaufgabe ka gerecht ginn, an och an Zukunft d’Oofsëcherung vun eisem soziale Netz kann assuréieren.
De Budgetsrapporter zeechent a sengem schrëftleche Rapport dann och eng Rei vu Pisten op, op déi eis Economie versiche misst sech an Zukunft ze fokaliséieren. Eng vun dene Pisten ass d’Opportunitéit, déi eist Handwierk an eise Commerce an der Groussrégioun misste gesinn an ergräifen. De Bannemoart ass eng Réalitéit an d’Groussrégioun zielt 11 Millioune Consommateuren. Dat sin der 25 mol méi wéi aleng hei zu Lëtzebuerg. D’Groussrégioun erschafft e jährleche PIB vun 275 Milliarden Euro, wouvun der an eisem Land knapp 30 Milliarden réaliséiert gin. Déi potential Kaafkraaft an der Groussrégioun ass also ëm ee villes méi grouss wéi déi reng lëtzebuerger. Dovu missten eist Handwierk an och eise Commerce profitéiere kënnen, ëm esou méi wéi d’Ausgangspositioun fir eng gud Compétitivitéit vun eise Betriber am Vergläich mam Ausland gënsteg ass. Esou ass d’TVA bei eis am Land wesentlech méi niddereg wéi an de Nopeschlänner, an trotz den héige Nettoléin sin eis Gesamtlounkäschte fir d’Betriber, wéinst dene méi niddrege Lounniewekäschten, och net méi héig wéi déi vun hiren auslännesche Konkurrenten an der Groussrégioun. An de Lucien Thiel schreiwt ganz richteg an séngem schrëftleche Rapport: « même si le marché local avec son pouvoir d’achat élevé offre pas mal de débouchés au commerce et à l’artisanat, ceux-ci ne devraient pas laisser s’échapper les opportunités du marché de la grande région. Le fait qu’une telle extension les obligerait à se réorganiser et à investir dans les structures de leurs entreprises ne devrait pas être ressenti comme handicap, mais comme défi. D’aucuns l’ont d’ailleurs déjà relevé, sachant bien qu’il n’y a pas d’expansion sans prix. »
Et stëmmt, datt verschidde Betriber besonneg aus dem Handwierk d’Opportunitéit vum erweiderte Bannemoart ergraff hun, fir hir Strukturen engersäits dem erweiderte Marché unzepassen an anerersäits doduerch besser der méi intensiver Konkurrenz begéinen ze kënnen. Hei huet den zouständege Minister fir de Mëttelstand och iwwer d’Créditer vun de “loi cadre des classes moyennes” fir déi néideg Ënnerstëtzung vun denen Investissementsefforte gesuergt.
Awer och déi auslännesch Konkurrenz an der Groussrégioun huet nët geschlof. Och fir déi auslännesch Betriber stellt de lëtzebuerger Marché mat sénger héiger Kaafkraaft eng interessant Opportunitéit duer. Am Bausekter fällt dat am meeschten op. Säit dem Bestehe vum Bannemoart huet den “Taux de pénétration” d.h. den Undeel vun den auslänneschen Entreprisen un der Gesamtaktivitéit vum Bausektor, dee sech laang ëm 40% stabiliséiert hat, sech säit dene leschten dräi Joer bis op nobäi 50% eropgemausert. An anere Wierder, eng vun zwou Enterprisen déi am Bausekter hei am Land aktiv sin, huet säi Sëtz am Ausland a bezillt och do seng Steieren. Datt den Undeel vun den auslännesche Baubetriber um Chiffre d’affaires vun deem Sekter bei eis am Land vu 7% op iwwer 12% an d’Lucht gaang ass, kann een also nët verwonneren . Et ass duerfir och net verwonnerlech, datt d’Importatioune bei eis am Land aus der Groussrégioun méi wéi duebel esou héig si wéi d’Exportatioune vu Lëtzebuerg an déiselwecht Régioun: 2,7 Milliarden Euro géintiwwer 1,22 Milliarden.
Erklärungen duerfir gëtt et genug. Engersäits ass de lëtzebuerger Marché och fir eis eegen Entreprisen héich interessant a si hu bis haut do genug Aarbecht fond fir hire Betrib ze rentabiliséieren. Et wir schons ee bësschen onverständlech wann eis Betriber sech op engem manner interessante Marché am noen Ausland ginge ploe goen, wa bei eis am Land nach genug Aarbecht do ass, a se déi hiren auslännesche Konkurrenten iwwerloosse géifen. Op der anerer Säit hun déi aner Länner aus der Groussrégioun eis Betriber net ëmmer mat der néideger Generositéit empfaang, esou wéi et de Geescht vum Europäesche Bannemoart viergesäit. Vill administrativ Chikane goufen hinnen an de Wee gesat, esou datt besonneg déi kleng Betriber, déi nëmmen am Ausland en eenzelne Chantier ze erledegen haten, no engem éischte Versuch d’Knëppele bei d’Tromm gehäit hun, fir sech ausschliesslech op deem méi interessante lëtzebuerger Marché no Cliente ëmzekucken. Obschons de Mëttelstandsminister zesumme mat der Handwirkskummer d’Efforte net gescheit huet fir géint déi Entrave vierzegoen, an der och eng sëllech aus dem Wee konnt raumen, bleiwen der ëmmmer nach haut bestoen. Esou virun allem déi obligatoresch Cotisatioun vun eise Betriber an d’Urlaubskees an Däitschland obschons hiren Aarbechter hire bezueltne Congé iwwer Gesetz a Kollektivvertrag bei eis am Land oofgesëchert ass. De lëtzebuerger Handwierker bezillt also zwee mol fir den Urlaub vun sengen Aarbechter déi hien zäitweileg an Däitschland op ee Chantier oofkommandéiert. Eng éischte Kéier bei eis am Land wann hie sengem Aarbechter dee gesetzlechen Urlaub bezillt, an eng zweete Kéier an Däitschland iwwer d’Cotisatioun an d’Urlaubskees, ouni datt den Aarbechter eppes méi dovun huet. Par conter, dem Entrepreneur seng finanziell wéi och administrativ Charge gin doduerch an d’Luucht, an hie verléiert esou u Compétitivitéit géintiwwer sengen däitsche Konkurrenten um däitsche Moart. Trotz all dene Schwieregkeeten sinn ëmmerhin eng 500 vun denen 2.000 Betriber aus dem Bausekter am Ausland aktiv an den Ëmsaatz deen se am Ausland erwirtschafte gëtt op 7% vun hirem Gesamtëmsaatz geschat.
Wat de Commerce ubalaangt, esou stellt de Problem sech e bëschen anecht. Hei ass et nët fir iwwer d’Grenzen ze goe fir seng Wueren unzebidden, mais et geet villméi drëm de Client duerch attraktiv Angeboter bei sech an d’Geschäft ze lackelen, fir him esou seng Wuere verkafen ze kënnen. Och am Commerce schengt d’Ausgangspositioun fir eis Betriber déi bescht ze sin. Ei’schtens ass Lëtzebuerg als Haaptstaadt a Sëtz vun europäeschen Institutiounen méi attraktiv wéi Provënzstied wéi Tréier oder Metz. Grouss bekannt Marken, déi en interessante Magnéit fir de Gesamtcommerce vun enger Staadt duerstellen, établéiere sëch am Zentrum vun enger Haaptstaadt a net an der Foussgängerzon vun enger Provënzstaadt oder an enger Grande Surface. Zweetens missten eis Geschäfter vun der vergläichbarer méi niddereger TVA wéi eis direkt Nopeschlänner profitéiere kënnen, fir sech ee Compétivitéitsviersprong um Marché eraus ze huelen. Awer mer sinn op muchen Artikele méi deier wéi d’Ausland. Oft gëtt versicht dësen Ënnerscheed duerch déi méi deier Akaafspräisser ze erklären, déi eis Commercante bezuele missten, well se hir Wueren duerch ee Grossist aus dem Ausland bezéie mussen a net direkt vum Produzent. Dat mag fir eis eegestänneg Geschäftsleit wouer sin, awer nët fir d’Filiale vun de groussen auslännesche Chaînen. An och bei hinne sinn d’Präisser hei zu Lëtzebuerg oft méi deier wéi zu Paräis oder Bréissel. Wouru kann dat da leien? Läit de Problem viläischt un denen héige Loyerën déi de Commercant bezuele muss, oder sinn eis Präisser einfach ze deier well d’Gewënnmargen ze héig ugesat ginn? Wiren déi zwou Erklärunge richteg, kéint ee sech déi berechtegt Fro stellen ob mer net am Gaang wiren d’Hung mat denen gëllenen Eer selwer ze schluechten?
D’Attraktivitéit vun enger Geschäftsstrooss, vun enger Grande Surface oder enger Geschäftsstaadt hängt awer vu villem of. Do spillt de Präis sëcherlëch eng Roll, awer och d’Qualitéit vum Ugebued, an d’Bild dat de Gesamtcommerce no bausse oofgëtt. Wat Qualitéit vum Ugebued ubelaangt mengen ech, datt eis Geschäfter hire Konkurrenten am noe Grenzgebid net hannen drun hippen. Wat awer dat Gesamtëmfeld ubelaangt an deem eis Geschäftswelt sech bewegt schenge mer Nachholbedarf ze hunn. Dat si net nëmmen d’Öffnungszäite vun eise Geschäfter op déi ech nach wëll zeréckkommen, mais dat ass virun allem d’Gesamtbild vun eisem Commerce no baussen. Déi grouss Akaafszentern hun dat deelweis verstan fir besser no baussen ze communiquéieren, dofir fanne mer jo och grad esou vill auslännesch Keefer an eisen Akaafszentern, wéi lëtzebuerger Clienten an de Grande Surfacen déi Säit vun de Grenzen. Fir d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als Pole de commerce vun der Groussrégioun ze promovéieren huet de Mëttelstandsminister ee neie Crédit vun 2,5 Milliounen Euro an de Budget agesat. Dëse Crédit ass geduecht fir Aktiounen vun der Confédération du Commerce an de Beräicher Formatioun vum Personal, méi frëndlechen Accueil vun de Clienten, Fidélisatioun vun der Clientèle hei am Land a Raccolage vun auslännesche Clienten an der Groussrégioun, ze ënnerstëtzen. Och de Crédit fir d’Compétitivitéit vum Commerce am Staadtszentrum ze verbesseren ass am Budget bäibehale ginn. Hei ass d’Geschäftswelt also gefuerdert fir déi Perche déi d’Regierung hier gereecht huet richteg ze ergräifen, an d’Zukunft vum lëtzebuerger Commerce selwer an d’Hand ze huelen.
Kuerz nach wat d’Öffnungszäite vun eise Geschäfter ubelaangt. De Geescht vum Gesetz vu 1995 huet op enger méi grousser Flexibilitéit vun den Öffnungszäiten awer och op méi sozialen a familjefrëndlechen Aarbechtsbedingungen fir d’Personal an d’Commercante selwer berout. Duerfir huet de Mëttelstandsminister d’Öffnungszäiten an der Woch vu 6 Auer mueres bis 8 Auer owes fixéiert mat enger Verlängerung op engem Owend bis 21 Auer. Samsdegs an de Vierowend vun engem Feierdag huet de Legislateur gemengt, d’Geschäfter no 18 Auer zou ze machen fir och dene Leit, déi an deem Sekter hiert Geld verdingen, d’Méiglechkeet ze bidden hire Sonndeg resp. Feierdag uerdentlech an der Famill vierbereeden ze kënnen. D’Flexibilitéit an déi sozial Komponent bilden an deem Gesetz ee Ganzt. Déi muss een och als ee Ganzt betruechte wann een doru wëll fréckele goen. Wann eis Nopeschlänner elo higaang sin fir d’Geschäfter owes méi laang opzeloossen, dann hu se sëcherlech eppes domat bezweckt. Awer ze behaapten dowéinst géifen déi lëtzebuerger Clienten elo méi wéi virdrun owes op Metz oder Tréier akafe goe am Plaatz bei eis am Land, ass mat den Hoer erbäigezunn. Dee ganzen Dag iwwer fand der lëtzebuerger Clienten an de Geschäftsstroosse vun Tréier, Metz an Thionville. Eis Geschäfter kéinten dem Gesetz no jo bis 8 Auer owes opbleiwen. Wien huet da bis elo ee Geschäft an der Groussgaass no 6 Auer nach op fond? Also ass hei kee Bedarf fir méi laang op ze bleiwen, an déi Revendicatioun fir méi laang Öffnungszäiten owes bezit sech aleng op déi grouss Geschäftszenteren. Awer och fir déi gëtt de Portmonni vun de Leit nët méi déck doduerch, datt mer einfach d’Öffnungszäiten em déi eng oder aner Stonn verlängeren. Vu datt déi meeschte Leit bei eis am Land spéitstens um 6 Auer ophale mat schaffen hätten se jo bis 8 Auer fölleg Zäit fir hir Akeef ze besuergen a bräichten da net no 20 Auer iwwer d’Grenzen ze fueren fir do nach anzekafen. Hei gëtt ee falsche Problem eesäiteg héichgespillt, mat der Gefor, datt d’Gefäll vun dem Commerce an de Stiedt vis à vis vun de Grande Surfacen nach méi ausgeprägt gëtt.
Ech ging menger Funktioun als Ei’erepräsident vum olympesche Comité net gerecht gin, wann ech net ee puer Wierder iwwer de Sportsbudget géif verléieren. Net well den Avis vum COSL zimlech kritesch ausgefall ass, mais well de Bréif vum Präsident un Regierungsmemberen an Députéierten, a verschidde vu sengen Aussoen op Verbandsgeneralversammlungen als “Tackling” un de Sportsminister bezeechent gi sinn. D’Kritik vum COSL ass berechtegt wann een de Sportsbudget vum Joer 2007 a senger Gesamtheet kuckt, statesch aleng op d’Budgetsjoer 2007 bezunn a geléist vun de Beméiunge vun der Regierung, no de Sacrificer déi an der Tripartite vun allen Sozialpartner zougestan goufen, och an hiren eegenen Departementer Spuermoosnahmen anzeleeën.
A Wierklechkeet ginn d’Créditer fir déi Allgemengausgabe vum Sport fir d’Joer 2007 par rapport zu 2006 em 7,5% zeréck, a par rapport zum Budget 2005 klamme snëmmen em 2%. Dat ass, fir dat iewecht Organ vum lëtzebuerger Sport, wann een d’Evolutioun vum Gesamtbudget betruecht, schrecklech enttäuschend. An esou wäit kann een dem COSL seng Réactioun och verstoen a muss een se mat ënnerstëtzen. Wann een awer déi eenzel Créditer am Détail betruecht, da muss een d’Kritik eppes nuancéieren. Et stellt ee nämlech fest, datt déi Créditer, déi de Mouvement sportif direct betreffen, d.h. de Congé sportif, d’Fonstionnemenstkäschte vun de Fédératiounen, d’Indemnitéite fir d’Traineren an de Crédit fir de Service médico sportif ëm 6,4%, respectiv 4,0%, 7,9% an 11,7% par rapport zum Budget 2006 klammen. De Crédit fir déi administrativ Kadere vun de Verbänn klëmmt esouguer par rapport zu 2005 ëm 24%. Doniewt steet zënter 2005 fir d’éischt ee Crédit fir spezial Moossnahmen fir den Héichleeschtungssport vun 362.ooo Euro am Budget dee fir 2007 op 375.000 Euro erhéigt gouf. D’Evolutioun vun dene Créditer halen also de Vergläich mat der Evolutioun vum Gesamtbudget vum Staat.
Wann een déi eenzel Créditer dann och nach op der Zäitschinn vun denen éischte Joere vum neie Joerhonnert analyséiert, da stellt ee fest, datt zënter dem Budget vum Joer 2001 de Crédit fir d'”Frais de Fonctionnement” vun de Fédératiounen ëm 27% geklomm ass, d’Subsiden un d’Verbänn ëm 33,3%, d’Créditer fir d’Participatioun u groussen internationale Manifestatiounen ëm 37,6% an de Crédit fir déi administrativ Kadere vum Mouvement sportif esouguer em 234%. D’Gesamtaugmentatioun vun dene Créditer zënter 2001 beleeft sech op 63,5%, wat enger Duerschnëttsaugmentatioun vun iwwer 10,5% d’Joer gläich kënnt.
Den COSL huet mat Sëcherheet Recht, wann hien op de Stellewäert vum Sport an eiser Gesellschaft opmierksam mëcht, an drop hält, datt déi Feststellung net nëmmen als eidele Constat am Raum ka stoe bleiwen, mais datt dee Message mat Inhalter muss gefëllt gin, wann engem d’Wuelbefanne vun eise Kanner um Häerz läit. Déi rezent Etude iwwer de Gesondheetszoustand, déi motoresch Fähegkeeten an déi physesch Activitéit vun eise Kanner vun den Altersklassen 9, 14 an 18 Joer, déi vum Educatiounsministär bestallt gouf, léist déif blécke wat eise Kanner hir physesch Fähegkeeten ubelaangt. Hei muss schnellstens d’Bewosstsäin vun eiser Gesellschaft a besonneg vun eise responsabele Politiker, iwwer d’Wichtegkeet vun der physescher Aktivitéit fir eis Kanner verschärft ginn. Och de Gesondheetszoustand vun eise schaffende Leit kann als wichtege Compétitvitéitsfakter fir d’Zukunft vun eiser Wirtschaft ugesi ginn. An zu dësem Gesondheetszoustand kann de Sport ee wesentleche Bäitrag leeschten.
Well déi méi erfreelech Progressioun vun de Créditer fir de Sport iwwer d’Zäitspan vun dene leschte 5 Joer, déi ech elo grad beschriwwen hun, an enger Zäit geschitt ass, wou et eis wirtschaftlech besser gung, a wou an denen aneren Departementer vum Staat och nach net drastesch gespuert gouf, mengen ech datt den COSL och dat néidegt Versteesdemëch dofir opbrénge wärt, datt wann elo allgemeng méi lues getrëppelt muss gin, och de Sport acceptéiert, datt seng Créditer, an engem Elan de solidarité, manner schnell klammen.
Mat deer sportlecher Astellung, an optimistescher Nout wëll ech mäi Bäitrag zum Budget oofschléissen an iech merci soe fir ärt Nolauschteren.