De Fraktiounspresident Michel Wolter zum Budget 2007

Här Präsident, dir Dammen an dir Haeren,

Mam Budgetsprojet fir 2007 gett eng Trendwend ageleet. Den Trend, zënter e puer Joer sichtbar a spiirbar, vum Ausenanerdrifte vu Recetten an Ausgabe vum Staat, gëtt mat vierleienden Budget gebrach. D’Schéier tëschent deem, waat den Staat erankritt vun de Leit an aus der Wirtschaft an deem, waat en ausgett, geet net weider op.

D’Entwecklung vum Ausernanergoen vun Einnahmen an Ausgaben war de Grond zu Deels heftegen Kontroversen an der Budgetsdebatt vum leschte Joer. Net jiddereen haat de Message vum Staatsminister senger Ried vum 12. Oktober 2005 hei an der Chamber richteg verstanen. Au contraire, d’Erkenntnis dass et net keint esou weider goen, dass mer mettelfristeg och hei zu Letzebuerg net mei Sue kënnen ausginn, ewei mer der erakreien, huet sech staark a Grenze gehalen. Bei munechen hei an der Chamber, an der Regierung, bei de Sozialpartner an an der Bevölkerung haat d’Ried vum Staatsminister noweislech net daat Emdenken provozeiert, daat d’Viraussetzung zu enger positiver Trendwend giff duerstellen, an d’Bereedschaft, och sein Beitrag dozou ze leeschten.

D’Chamber huet daat lescht Joer richteg reageiert, wei si verlaangt huet, dass net nemmen mettelfristeg, mais och kurzfristeg misst gehandelt ginn. Si huet d’Regierung virun hir Verantwortung gestallt, an de Rapport vun eisem Kolleg Roger Negri war doran ganz deitlech. D’Regierung huet dess Responsabiliteit ugeholl an an der Tripartite durchgesaat, dass mer iwer 3 Joer nés an den budgétairen Equiliber kommen. Och d’Sozialpartner hun agesinn, dass mettelfristeg nemmen nei Politiken kennen gemaach ginn, wann den neidegen Spillraum dozou besteet.

Ech well dofir d’Unerkennung vun der CSV-Fraktioun ausdrecken fir d’Efforen, dei d’Regierung an d’Sozialpartner gemach hun, fir d’Haus nees an Uerdnung ze kréien. Den Horizont, op deem de budgetären Ekiliber nees soll erreecht ginn, ass dee vun 2009-2010. Daat ass den Endpunkt vun der Zäitschinn, op däer dës Regierung an dës Majoritéit kënne gestaltend wiirken. Et ass de Schlusspunkt vun dëser Legislatur, iwer deen eraus keng Regierung sech kann zu eppes engagéieren. Et gett awer och dénen eenzelnen Parteien d’Meiglechkeet, den Wieler an hiren Waalprogrammer meiglech Optiounen fir d’Zukunft firzeléen. Un den Leit dann sech fir dess oder die Optioun ze entscheeden.

De Rapporteur, den honorabelen Haer Lucien Thiel huet a sengen excellenten schreftlechen a mendlechen Rapporten d’Ursachen fum Ofdriften duergeluecht. Hien huet et awer och faerdeg bruecht, de Budget an eng mettelfristeg Perspektive ze setzen an op eng Rei Erausfuerderungen opmierksam ze machen, die mer meeschteren mussen. Hien ass fun villen Seiten dofir geluewt ginn. Ech wollt mech desem Luef uschleissen an him am Numm fun eiser Fraktioun merci soen fir en Bericht, dén a sech geschloss a koherent ass.

Haer Präsident, dir Dammen an dir Haeren,

De Budgetsprojet fir 2007 ka net richteg betruecht a bewäert ginn ouni e Réckbléck op déi budgetär Evolutioun zënter 2002.

Den 21. Dezember 2001 huet d’Chamber op Virschlag fun der Regierung fir d’lescht zolitt Plus-Values affektéiert. Aus dem Joer 2000 hate mer en Iwerschoss vu 760 Milliounen Euro, dee mer zum allergréissten Deel den Investissementsfongen zougefouert hunn. Du koumen nach eng Kéier 150 Milliounen aus dem Joer 2001, duerno war et eriwer – 2004 an 2005 schliesslech haate mer Defiziter amplaz Plus-values.

Daat, waat an däer Zäit passéiert ass, huet de Rapporteur Lucien Thiel exhaustiv beschriwen. Wéi a wuerfir et am Fong huet musse passéieren, wëll ech hei widerhuelen:

– déi Automatismen, déi d’Ausgabe steige loossen, hu weider voll gespillt, et si nei Politike mat neie Krediter an de Budget ageschriwe ginn, den Investitiounsvolumen ass weider geklommen – an d’Recette si eben net méi esou aussergewéinlech gewuess, wéi mer daat tëschent 1997 an 2001 erliewt hunn.

dobäi koum den Effekt vun enger substanzieller Steierreform an de Joeren 2001 an 2002, déi sech zwar séier positiv op eis wirtschaftlech Dynamik an op d’Konsumverhale vun de Leit ausgewiirkt huet, mee däer hir éischt Effekter, esou wei daat normal ass, an de Joeren 2003 bis 2005 och Ausfäll vu Recetten no sech gezunn hun.

Méi präzis war et en Uklamme vu Einnahmen, dei am internationalen Kontext nach emmer substantiell, awer weit manner däitlech war, wéi daat vun den Ausgaben, die sech am zweestellegen Prozentbereich festgesaat hun.

Eis Partei huet die antizyklech Politik vun der virechter Regierung 2002-2004 ennerstetzt. Et war eng wessentlech a wellentlech Politik, d’Ausgaben net anzefreieren, mais bewosst weiderzefeieren, fir der Wirtschaft d’Chance ze ginn, an eng konjonkturell besser Zeit ze kommen, esou wei mer se dann och seit Ufank fun desem Joer nees kennen. Allerdings huet esou eng Politik weinechstens 2 Limiten:

1) se kann sech net iwer grouss Zeitreim weiderschreiwen, an

2) se notzt neischt, wann d’Defiziter (an eisem Fall d’Ausgabensteigerungen) net konjonktureller, mais struktureller Natur sinn.

Parallel derzou gouf déi al Budgetsnorm opginn. Daat war nie eng exakt Wëssenschaft, muss een ënnersträichen – an dach hu mer se bis an d’Joer 2000 strikt applizéiert. Duerno gouf se opginn. Déi Rechnung, no däer d’Ausgabewuesstum vum Staat net huet däerfe méi klammen, wéi daat mëttelfristegt Wirtschaftswueesstum inflatiounsberengegt prognostizéiert gouf, hu mer net méi zwanghaft beibehaalen. Daat haat eng ganz Rei vu Grënn.

Net zulescht war et doduerch begrënnt, datt d’Regierung sech 2000 an 2001, fun der Oppositioun, de Gewerkschaften, engem Deel fun der Press permanent huet musse virhale loossen, si séiz op de Sue vun de Leit a géif regelrecht am Geld schwammen, ouni et nees un d’Steierzueler wëllen zréckzeginn.

Dee Stress, deen deemols gemaach gouf war op Dauer net ze packen. Schliesslech waren d’Plus-values do, 450 Milliounen 1999, 760 Milliounen 2000, an et gouf fir d’Regierung onméiglech, sech däer Bewegung, déi onbedéngt méi a strukturell nei Budgetsausgabe wollt, ze widersetzen.

Daat beschten Beispill fir desen Mouvement ass dén berühmten Rentendesch. Ennert dem Androck fum emmer mei heigen Plus-Valuen huet sech eng Dynamik agestallt, daer sech keen mei konnt enzeien. Wei op enger Stee hun sech die eenzel Parteien zu emmer neien Prouessen eropgeschwongen. Leit dei zur Virsiicht ugemahnt hun sinn nemmen nach matleedeg bekuckt ginn ewei wann se fun engem aneren Stär giffen kommen. Dass den Rentendesch total iwerzunn huet, dierft haut jidderengem kloer sinn.

Alles matenee konnt awer net guttgoen. No deem spektakuläre Fall vum Wirtschaftswuesstum vu 9 Prozent 2000 op knapps 2 Prozent am Joer duerno koumen mei moer Joeren op eise Budget zou. D’Wuesstumszuele bloufe joerelaang niddreg, d’Steierverwaltung huet mat aller Kraaft versicht, ausstoend Steieren anzezéien, fir datt net alles sollt aus dem Gläichgewiicht rutschen, an d’Investissementer vum Staat hu mussen héich bleiwen, fir d’Perspektive vu méi Croissance net op d’Spill ze setzen. Bis 2005 dunn definitiv kloer war, datt mer e gutt Stéck Geld méi géifen ausginn, wéi es erakënnt. A bis Enn 2005 e Budget fir 2006 gestëmmt gouf, deen däitlech gemaach huet, datt dëst Joer misst d’Trendwend kommen, wann d’Land sech net an eng nefast Defizit- a Scholdspiral sollt erabeginn, un däer hirem Enn eng finanziell Katastrof stéing.

Mam Constat, datt 2006 eppes misst geschéien, fir de budgetären Ekiliber nees erbäizeféieren – net ruckaarteg, mee graduell an duerfir net manner zielorientéiert – ass Ufank 2006 d’Tripartite mat der Problematik befaasst ginn. Si war eigentlech schon amgaang, an der Form vun enger Kompetitivitéitstripartite, an huet sech duerno méi gezielt mam Redressement vun de Staatsfinanze beschäftegt. Iwregens ass et meng Iwerzegung, datt daat eent an daat anert Hand an Hand geet: nëmmen opgrond vun ausgeglachenen ëffentleche Finanzen ass eng Verstäerkung vun eiser Wettbewerbsfäegkeet méiglech. Deemno huet d’Tripartite eigentlech eng duebel Aufgab erfëllt.

Dest entleist d’Politik net aus der Pflicht, am Joer 2007, an de Premier huet et dei lescht Woch hei gesoot, sech Gedanken ze machen, wou d’Prioriteiten unzesetzen sinn fir nei wirtschaftlech Entwecklungen ze förderen. Mein Fraktiounskolleg Laurent Mosar waert sech an sengem Beitrag mat desen Froen beschäftegen.

Den 28. Abrëll konnten d’Partner sech schliesslech op e Programm eenegen, deen et méiglech gemaach huet, mam Budget fir 2007 d’Trendwend ze packen. Ouni daat, waat d’Regierung mat de Sozialpartner ofgemaach huet a waat bis Enn nächster Woch och duerch d’Chamber wäert sinn, hätte mer eis ëffentlech Finanzen net an de Grëff kritt.

D’CSV-Fraktioun steet dann och voll a ganz hannert den Proposen, dei aus der Tripartite erauskomm sinn, an zwar an allen Domainen. Dest gellt net nemmen fir den finanziellen, mais besonnesch och fir den emweltpoliteschen, arbechtsrechtlechen an den sozialen Volet fun daer Tripartite. An dém Mooss, wou esou en Accord e ganzt ass, wou all Partei eng Rei vun Koncessiounen muss machen, ass et noutwendeg, wann én d’Tripartite als solgt net op d’Spill wellt setzen, dei eenzel Kapitelen och emzesetzen. Et grenzt un en Trauerspill, wei Leit an Organisatiounen, dei mat um Dech soutzen, an dénen leschten Meint a Wochen op eng scho baal pénibel durchsiichteg Maneier alles versicht hun, fir eenzel Deeler aus dem Paak nés a Fro ze stellen oder ze kippen. Si mussen wessen, dass se domat net nemmen d’Glafwierdegkeet fun der Tripartite, mais och hir eegen ganz staark a Fro stellen.

Haer Präsident, dir Dammen an dir Haeren,

D’Tripartite huet am Abrëll der Chamber proposeiert, datt duerch eng Rei Moossname sollen am nächste Budget ronn 400 Millioune gespuert ginn. Couragéiert Moossnamen zu engem gudden Deel. Den Index auszesetzen an zäitversaat zur Uwendung ze bréngen, d’Kannergeld ze desindexéieren, e puer Kotisatiounsleeschtungen eropzesetzen, alles daat war kee Kannerspill, an all déi, déi dësen Accord matgedroen hunn, verdéngen eis Unerkennung fir déi Responsabilitéit, déi si iwerholl hunn.

Ouni d’Spuerdecisioune vun der Tripartite an ouni déi 50 Milliounen Euro zousätzlech, déi de Staat bei sech selwer, a sengem deegleche Fonctionnement wëllt spueren, hätte mer 2007 ronn 450 Milliounen Ausgabe méi. Domat léich den Defizit vun der Zentralverwaltung bei bal annerhalwer Milliard Euro, amplaz bei enger Milliard. E wir méi héich wéi am lafende Joer, waat contraire zu eisen Engagementer am europäesche Stabilitéitspakt wir, a géif sech a Prozenter vum PIB ausgedréckt net op 2,9 belafen, mee op 4,2. Esou e Budget hätte mer net kënne zoustrecken.

Den Defizit fun der gesamter öffentlecher Hand (Staat, Gemengen an Sozialversecherung) geif sech op 750 mio Euro belaafen, waat 2,2% vum PIB ausmecht. 2,2% am Platz vun 0,9%, net 0,8% erof, mais 0,5% erop par rapport zu desem Joer.

Dee Projet, deen elo virun eis läit, ass wuel deen ausgeglachensten, dee mer zu dësem Zäitpunkt kënnen hunn. Et ass e Projet, deen a Richtung Ekiliber weist, an déi Piste beschreit, déi zum mëttelfristegen Erreeche vun ekilibréierte Finanze vum Zentralstaat féieren. Et bleiwt, datt eng Milliard Euro felen, datt der zeng sollen ausgi ginn, der awer nëmmen neng erakommen. Mir sinn deemno nach laang net aus der Verantwortung entlooss.

De Budget fir 2007 ass e Budget vun der Konsolidatioun. Déi Dallsuel, déi mer 2006 erreecht haten, ass duerchschratt. Mee mir musse wëssen, datt eis Erausfuerderungen, et gouf ongezielte Kéiere scho gesot a geschriwen, struktureller Natur sinn. Strukturell Problemer kritt een alleng mat enger besserer Konjunktur, wéi mer se am lafenden an am nächste Joer erwaarden, net geléist. Strukturell Problemer erfuerderen och strukturell Léisungen, woumat d’Tripartite am Fréijoer 2006 net konnt opwaarden. Daat huet se och net mussen: fir de Moment ginn hir Konklusiounen duer. Fir déi méi laangfristeg Stabilitéit vun de Lëtzebuerger Finanze brauche mer awer méi. An do ass eendeiteg d’Politik an der Pflicht, ze weisen, wuer den Zuch soll fueren.

A propos Konjunktur: sechs Prozent Wirtschaftswuesstum dëst Joer, véier 2007, daat si gutt Zuelen. Iwerduerchschnëttlech gudder am europäesche Verglach. Mee mir kënne net sécher unhuelen, datt daat alles esou weider geet. Kee weess, waat déi geopolitesch Evolutioun op dene kritesche Plazen an dene nächste Joere wäert sinn – a bal all dës kritesch Plaze produzéieren intressanterweis Petrol. Genee dëse Petrol huet awer eng enorm Lenkungsfunktioun fir déi global ekonomesch Entwécklung. Irak an Iran sinn a bleiwe Problemfäll, déi afrikanesch Fournisseuren hu net déi Stabilitéit, déi ee sech fir e gesécherten Approvisionnement géif wënschen, Russland funktionéiert als gigantesche Liwerant vun Energieträger net mat däer Rou a Serenitéit, déi mer eis ideal géifen erwaarden. Alles an allem bleiwt d’Fro vun den Energiepräisser an hirem Impakt op déi global an déi europäesch Wirtschaftsentwécklung also gestallt.

Vu 1997 bis 2000 hate mer véier Joer mat Iwerschëss, an daat Geld, daat mer während dene puer Joer konnten op d’Säit – also an eis Investissementsfongen – tässelen, huet eisem Land erlaabt, déi méi schwéier Momenter no 2001 ze meeschteren. Mir waeren frou, wann dei nei Wirtschaftsdynamik laang genuch ging unzehalen. Mir kënnen awer net sécher sinn, datt deem och esou wäert sinn: tatsächlech ass an de Vereenegte Staten eng wirtschaftlech Réckbildung amgaang sech ofzezeechnen, an de Risiko fun enger méi gemelleger Entwécklung op de Boursen as permanent do, d’Vergaangenheet huet et eis bewisen.

Sollten mer démno 2006 mei Steierrecette kënne verzeechnen ewei geplangt – et gëtt fun 700 Millioune geschwaat – dann ass et kloer, glaskloer, datt déi integral mussen de Fongen zougefouert ginn, fir datt mer eis nees kënnen an eng Logik vu Reserveschaafung beginn.

Dësweideren huet de Staat wëlles 2007 ronn 50 Milliounen a sengem Fonctionnement anzespueren – daat packt en awer net nach e puer Mol! Dës Bewegung ass zimlech eemoleg, an et muss een sech bewosst sinn, datt irgendwou och am Staatsapparat bei den laafenden Konsumausgaben d’Grenze vum Spueren erreecht ginn.

Schlussendlech huet d’Regierung an hirem Budgetsprojet fir 2007 ongeféier 200 Milliounen zousätzleche Einnahmen par rapport zum lafende Joer ageschriwen, déi reng konjunkturbedéngt sinn – doran 120 Milliounen Taxe d’Abonnement, déi op eng souteneierter Boursenaktiviteit opbauen, an 80 Milliounen aus Dividenden, déi op déi selwecht Grënn zréckzeféiere sinn.

Fir d’Rechnung dann nach eng Kéier ze maachen: ouni Tripartitesaccord an ouni konjonkturell bedingten Méirecette stéinge 2007 bei der Zentralverwaltung 990 + 450 + 200 Milliounen ass gläich 1640 Milliounen Defizit, oder 4,8 Prozent vum PIB, an am Gesamtstaat wiren et 310 + 450 + 200 Milliounen ass gläich 960 mio, daat sinn 2,8 Prozent – amplaz déi 0,9 déi mer elo kënnen an Erfëllung vun eise Stabilitéitspaktverpflichtunge op Bréissel mellen.

Här President, dir Dammen an dir Hären,

De Lëtzebuerger Budget kennt e puer ganz grouss Rubriken. Do rondrëm gravitéieren da politesch Aktiounen an Akzenter, mat dene mer Zeeche wëlle setzen, Piste wëllen exploréieren, nei Chance fir d’Land wëllen erschléissen.

A ronnen Zuele gëtt de Staat 2007 2 Milliarden Euro u Gehälter aus. Seng Investissementer kaschten eng an dräivéirels Milliarden. En transferéiert 1 Milliard an d’Pensiounskeesen, 800 Milliounen un d’Famillen a Form vu Kannergeld a soss Subventiounen, 700 Milliounen un d’Krankekeesen. 400 Millioune brauch de Beschäftegungsfong. Entwécklungshëllef, Sécherheet an ëffentlechen Transport maachen zesumme nach eng Kéier eng Dräivéirelsmilliard aus. Zesumme stellen dës zeng Kategorien also 7,5 Milliarden Euro duer – daat sinn dräi Véirel vun allen Ausgaben fir d’Joer 2007! Rechent een nach d’Transferen un d’Gemengen derbäi, ronn 500 Milliounen aus Akommessteier, TVA an Autossteier, da si mer op elef Bléck, déi véier Fënneftel vun allen Dépensen ausmaachen. Deementspriechend fällt et wuel net schwéier, fir ze realiséieren, datt strukturell Léisunge fir den Evolutiounsproblem vun eisen ëffentleche Finanze virun allem an dénen 11 Gebitter leien, déi 80% vun allen Ausgaben duerstellen.

Wou ech grad bei de Gemengen an der sozialer Sécherheet sinn: d’Regierung huet hir Budgetspräsentatioun dest Joer domadder ugefaangen, dass se betount huet, an Zukunft verstärkt, wann net exklusiv op di sougenannte “Maastrichter” Budgetspresentatioun zereckzegreifen. Dess begreift dräi Volets vun de Staatsfinanzen, an zwar den Zentralstaat, d’Gemengen an die sozial Secherheet. D’Finanz- a Budgetskommissioun huet den Ball opgeholl, dén hir fun Regierungsseit zougespillt ginn ass an sech am Detail mat deser Fro beschäftegt. Am Kader fun daer Diskussioun hu mer mussen feststellen, dass awer eenzeg an alleng den zentralstaatleche Volet fum Budget zu dësem Zäitpunkt gutt dokumentéiert ass. Bei de Gemenge bleiwen an däer Hisiicht vill Efforen ze maachen, an d’sozial Sécherheet, déi opgrond vun den enormen Transferleeschtunge vum Staat à court terme e positiven, suguer e séier positive Finanzéirungssolde kann opweisen, as an der Budgetsdokumentatioun nemmen mangelhaft duergeluecht. Mäi Fraktiounskolleg a Präsident fun der Budgetskommissioun, Laurent Mosar, wäert sech mat deem Sujet nach weider beschäftegen an och eng entspriechend Motioun hei deposéieren. D’Chamber ass an alle Fall bereet mat der Regierung op den Wé fun Maastricht ze goen. Pour le meilleur et pour le pire.

Haer Präsident, dir Dammen an dir Haeren,

E Bleck an d’Zukunft weist, dass d’Erausfuerderungen dei op eist Land duerkommen gewalteg sinn. Si verlaangen no Kreativiteit an der Fähegkeet, vernetzt ze denken.

Mir wessen, dass mer den Defizit vum Staatsbudget an de Joeren 2008 an 2009 weider zréckzeféieren mussen, an zwar bis op de Punkt vum Ekiliber. Daat bedeit, datt en halwe Prozentpunkt PIB pro Joer muss um Defizit ofgebaut ginn. Esou verlaangt et den europäesche Stabilitéitspakt vu senge Memberen, besonnesch vun denen, déi mat esou positive Wirtschaftsdaten operéieren, wéi mir se de Moment kennen. Daat ass zwar méiglech, mee et geet net vum selwen.

Mir wëssen, datt mer laangfristeg, iwer eng ganz Aarbechtsgeneratioun gerechent, véier Prozent Wirtschaftswuesstum an der Moyenne brauchen, fir eis Pensiounskeesen iwer d’Ronnen ze kreien – mee am Fong just, fir bei 700.000 Awunner festzestellen, datt mer der ouni Reform annerhallew Millioun brauchen, fir datt de System weider ronn dréit. A mir wëssen, datt déi véier Prozent tëschent 2001 an 2005 net oder esou just erreecht goufen.

Mir wëssen, datt mer bei de Krankekeesen e strukturelle Problem hunn, deen sech speidsdens dann voll auswirkt, wann dei haut 35-50 Jähreg, dei an der Alterspyramid fun eisem Land dén greissten Dél ausmachen, an en Alter kommen, wou se securité-socialsmeisseg mei kaschten, an daat as an der Regel fun 55 Joer un.

Mir wëssen, datt 2006 nees 12.000 Aarbechtsplazen am Land geschaf goufen, déi mat 9.000 Frontalieën an nemmen 3.000 Résidents besat goufen. Daat bei enger Arbechtslosegkeet op heigen 4,5%, waat ronn 10.000 Leit ausmescht. Zu Letzebuerg ginn desst Joer baal esouvill Arbechtsplatzen vun Frontalieë besaat wie eisen ganzen Chômage ausmecht, an awer geet en net erof, mat all dém waat daat un individuell dramatesche Schicksaler ausmecht.

Mir wëssen an deem Kontext och, datt Bildung, Ausbildung a Weiderbildung fir d’Reduktioun vun der Arbechtslosegkeet absolut kruzial Viraussetzunge sinn, déi eis interpelléieren, fir un de schouleschen Optiounen an der Leeschtungsfäegkeet vun der Lëtzebuerger Schoul dringend benéidegt Verbesserungen erbäizeféieren.

Mir wëssen, datt mer ewell dagsiwer zu Lëtzebuerg zu iwer 600.000 sinn, dovunner just 280.000 Lëtzebuerger, mat all deem, waat daat u gesellschaftlecher Integratiounsleeschtung verlaangt. Un Infrastrukturen, déi kaschten, an un Transferleeschtungen déi – wa net haut, da muer – musse bezuelt ginn.

Mir wessen, dass d’öffentlech Hand sech nach muneches afaalen muss loossen, wann se mei bellegt Wunnen fir eis Jonk wëllt erméiglechen – an am Fong iwerhaapt erschwénglecht Wunne fir all Mënsch. Nodeems op der Steier- an der Subventiounsfront alles gemaach as waat meiglech war, bleiwt nemmen nach d’Meiglechkeet durch mei Angeboot de Preis ze stabiliseieren. Ouni méi eng inzisiv Roll vun den ëffentleche Pouvoire wäert eis daat net am erfuerderleche Mooss geléngen.

Mir wëssen, datt an engem räiche Land och Aarmut existéiert. Wou Liicht ass, ass och Schied, an déi Leit, si sinn zu Dausenden am Land, déi am Schied musse liewen, hu sech daat alles net onbedingt gesicht. Onzoureechend Ausbildung, Aarbechtslosegkeet, iwerdeiert Wunnénge a menschlech Keelt kënnen e Spiraleffekt lassléisen, un deem sengem Enn d’Aarmut an d’Exklusioun steet. Dës muss d’Politik mat alle Mëttelen, a natiirlech och ënner Réckgrëff op déi national Solidaritéit, bekämpfen an andämmen.

Paacke mer et un. An engem positiven Geescht. Andém mer die richteg Décisiounen huelen. Andém mer d’Gescheck hun, die richteg Prioriteiten ze setzen. Andeem mer daat weesentlecht fum onwichtegen, daat kurzfristegt stemmgewennent fum laangfristeg sennvollen trennen.

Daat hu mer zesummen nach all Kéier gepackt, wann Nout um Mann respektiv um Land war. Ech gesi kee Grond, wuerfir mer et dës Kéier net och zesumme géife packen.

Här President, dir Dammen an dir Haeren,

Daat, waat un Investissementer an de Beräicher vum ëffentlechen Transport, vum Logement, vun den ëffentleche Baute op eis duer kennt, wäert considerabel Zomme verschléngen. Nei Spideler, eng nei Organisatioun vun der medizinescher Betreiungslandschaft, wéi se aus den elo ufänkenden Diskussiounen ëm déi nächst Spidolskaart erauszeliesen ass, wäerten sech an der Bilanz mat héigen Ausgabeposte manifestéieren. Ausgabeposten, déi mer net kënnen endlos strecken an drécken, wa mer, wéi jo kee géif bestreiden, d’Zil vun der optimaler Gesondheetsversuergung fir jiddereen zu Lëtzebuerg weider virun Aen hunn.

Déi Schoulen, déi mer nach musse bauen, an zwar esou, wéi mer an Zukunft wäerte musse Schoule bauen, fir datt mer nei Bildungszieler erreechen, si net zum Braderiestarif opzeriichten – PPP hin oder hier. Nei Garen, nei Zuchlinnen, Opfank- an Ëmgehungsstroosse kréie mer net realiséiert, ouni substantiell Krediter zu hire Gonschten auszeweisen. Berufs-a Familienliewen matenén kombineieren, Uni a Recherche opbauen, Kyoto meeschteren an eis Entwecklungshellef wieder ausbauen waert net zun Nulltarif goen.

Dës erneierten Logik viséiere mer un virum Hannergrond vun engem nach ëmmer net ekilibréierte Budget, an deem mer op déi eng oder aner Manéier zousätzlech zu de gestaltenden Ausgabe musse 500 Millioune pro Joer spueren, fir bis 2009 nees an d’Gläichgewiicht ze kommen. Näischt vun deem, waat mer elo politesch bewiirkstellegen, steet am Fong zur Dispositioun, esou datt mer net einfach kënne soen, hei gëtt elo e grousse Block erausgeschnidden, an da leeft daat nees.

Mir hu net 500 sozial Milliounen, déi mer kéinten oder wéilten einfach esou zesummesträichen – fir eng kloer Ofso un d’Adress vun denen ze riichten, déi esou eppes ëmmer nees schéngen ze mengen. Méi eng selektiv Ënnerstëtzungspolitik ze maachen kann net heeschen, grad denen, déi se am dringendste brauchen, Ënnerstëtzung ewechzehuelen!

Déi bewährte Politik viruschreiwen a se mat neien, néidegen, erstriewenswäerten Elementer an Akzenter kombinéieren heescht, eis budgetär anescht organiséieren. Et heescht och, Saachen a Fro stellen, déi zwar praktesch, confortabel a gemittlech sinn, awer weder besonnesch zukunftsträchteg nach vun engem voluntaristesche Politikusaz inspiréiert.

Här President, dir Dammen an dir Haeren,

Daat, waat ech elo beschriwen hunn, ass als Gesamtpak onauswäichlech. Mir mussen eng ganz Parti Zieler gläichzäiteg viséieren, a mir mussen eng ganz Parti vu Resultater gläichzäiteg erreechen.

De Budget nees an e Gesamtekiliber ze kréien, daat ass keng Optioun. Daat ass eng Viraussetzung an eng Noutwennegkeet fir nei Politiken kennen unzegoen.

Nei Politiken ze definéieren an ëmzesetzen, daat ass keng Optioun. Daat ass dringend noutwenneg, fir d’Zukunftsfäegkeet vun eiser Gesellschaft ze assuréieren.

Déi Wiesselwiirkung tëschent dem Ausgläiche vum Budget an der Realisatioun vu neie Politike fir d’Land a fir d’Leit ass keng einfach. Eisen Handlungsspillraum op dem Spannungsfeld tëschent Spueren an Investéieren ass enk, mei enk wie freier. Hien optimal notzen, bedeit, datt mer eis mussen eng kloer a verpflichtend Prioritéitenuerdnung fir déi kommend Joere ginn.

Ech hunn d’Investissementer an d’Défiën op deem Chantier ugeschwat. Méi bezuelbare Wunnraum, verbessert Mobilitéit fir méi Leit, eng besser Ausbildung fir eis Jonk, d’Bekämpfung fun der Arbechtslosegkeet an der Ausgrenzung, daat mussen déi absolut virrangeg Zieler vun der Politik sinn, a si verlaange resolut Investissementer, déi eis all zeguttkommen. Ganz besonnesch de méi spirbare schouleschen Erfolleg vun eiser Jugend konditionéiert de weidere Succès vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Mir komme net duer, wuer mer wëllen hinn, wa mer net op kommend Generatioune setzen, déi d’Heft kënnen an d’Hand huelen a Staat a Gesellschaft orientéiren, amplaz just vun hinnen orientéiert ze ginn. D’Entwécklung vum Chômage, déi vun der Kriminaliteit an der Gewaltbereetschaft an der Gesellschaft, déi vun eiser Kompetitivitéit a vun eiser wirtschaflecher Leeschtungskraaft, hänke vun der Bildung an Ausbildung vun denen of, déi muer zu Lëtzebuerg solle schaffen. Natiirlech mussen déi Leit sech och kënne logéieren a sech bewegen. A si wäerten zu méi sinn, wéi daat haut de Fall ass.

Mir kréien all Joer 5.000 a méi Awunner bäi. Daat sinn der 50.000 an zeng Joer. Ech muss kengem e Bild molen, fir duerzestellen, datt ëm déi 2050 d’Laat vun de 700.000 Mënschen zu Lëtzebuerg esou erreecht gëtt. An dém Szenario wahrscheinlech mat gutt 300.000 Frontaliers. Mécht eng Millioun Leit, déi sech um Horizont vun enger weiderer Generatioun wäerten zu Lëtzebuerg befannen a sech bewegen.

Un eis ass et, fir elo d’Viraussetzungen derfir ze schafen, datt se daat an enger Atmosphär vu sozialem Fridden an am Kader vun enger ekilibréierter Gesellschaft kënne maachen. D’Schafung vun dëse Viraussetzungen huet alles ze dinn mat der Aart a Weis, wéi mer eis Budgeeë fir déi kommend Joeren agencéieren. D’Erausfuerderung ass deemno gestallt. D’CSV-Fraktioun as bereet se unzegoen.