Haut u muer denken

D’Sandra Scheer, CSV Generalsekretär adjoint, iwwert de Budgetsprojet 2007 an der Emissioun d’Parteien hunn d’Wuert um Radio 100,7

Den Staatsbudget fir d’Joer 2007 steet am Mëttelpunkt vun den Debatten an der Chamber, nodeems den CSV-Deputéierten an Budgetsrapporter Lucien Thiel säi Rapport zu der Regierungsvirlag präsentéiert huet.

Et ass e Budget mat anere Virzeechen, mat neien Zieler a neien Perspektiven. E Budget an der Traditioun vun der CSV-Finanzpolitik: virsiichteg, responsabel an resolut zukunftsorientéiert. Wou et virun allem drëm geet de Wee vun der Konsolidéierung vun de Finanzen resolut ze goen.

De Bugetsrapporter Lucien Thiel huet mat Nodrock dorop higewisen a plädéiert fir eng resolut Politik vum Retour zum Budgetsgläichgewiicht. A sengen Aen muss dofir gesuergt ginn, datt d’Investitiounsfongen nees opgepäppelt ginn an drëttens bréngt hien d’strukturell Reformen an d’Spill.

D’Dépense gebremst

Et ass gewosst, datt mir an de vergaangene Joer méi e staarke Wuesstum vun eisen Ausgaben haten, wéi de Wuesstum vun eisen Einnahmen. Dat féiert zu Defiziten, an dee loug beim Budget 2006 bei 1,7% vum BIP. Am Budget fir d’Joer 2007 ass den Defizit elo op enner ee Prozent op 0,9% vum BIP reduzéiert ginn. Dest besonnesch op Gronn vun der Tatsach, datt an dësem Budget d’Dépensen ëm 3,6% klammen; d’Recetten dogéint ëm 5,4% klammen.

D’Dépensen sinn demno staark gebremst ginn. De Budgetsminister Luc Frieden schwätzt nët fir näischt vun engem schwierege Wee vun der Stabiliséierung. E Wee, den “sozial gerecht” an ouni Steiererhéijunge gemeeschtert gëtt. An dach ginn am Budget wiichteg Investitiounsprojetë konsequent weider gedriwwen esou e.a. am Beräich vun de Schoulen, de Spideeler an Altersheimer awer och den Infrastrukturen vum öffentlichen Transport an de Stroossen, woubei zu Recht Prioritéiten gesaat an definéiert gi sinn. Nei Akzenter setzt de Budget och beim Ausbau vun der Kannerbetreiung an leet e wichtege Schwéierpunkt op Initiativen am Beräich Fuerschung.

Et geet drëm d’Ausgabe nët duerch Automatismen all Joër esou schnell wuessen ze loossen, datt mir einfach nët méi nokomme mat de Recetten. Et ass demno eng richteg Politik fir déi automatesch Hausse bei den Dépensen ze hannerfroen. Mir brauchen nämlech Fräiraum fir déi nei Politiken, déi an de leeschte Joeren ugefangen hunn oder déi nei erschloss musse ginn – emzesetzen, sief dat an der Schoul, am Beräich Fuerschung oder dem Ausbau vun eisem Wirtschaftsstanduert. Dat alles ass kee Selbstläfer. Do braucht et enger Politik, déi dësem Zill Rechnung dréit.

Aus allem wat elo gesoot ginn ass, muss och ënnerstrach ginn, datt d’Accorden, déi an der Tripartite geholl gi sinn, eng Noutwendegkeet woren. Ouni d’Beschlëss aus der Tripartite géing de Budget vun den Dépense em 7,6% klammen a nët ewéi elo em nëmmen 3,6%.

A gudden Zäiten fir schlecht deeg spueren

Et geet drëm och an der Zukunft nach gesond Finanzen an e stabile Budget ze hunn. Et geet drëm de Budget nees an d’Gläichgewiicht ze bréngen. Dat ass den Défi fir eis all.

Mir wëllen un der Politik vun den staatlechen Investitiounsfonge festhaalen. Sie sinn e bewäerten Instrument, déi et erlaaben onkomplizéiert a flexibel öffentlech Investitiounen ze tätegen. Hei si mir awer u Grenze gestouss, well an de leschte Joer nët méi esou vill Plus-value konnten an dëse Fong transferéiert ginn. Mir mussen awer dofir suergen, datt eis Investitounsfongen nët eidel laafen, mais nees lues a lues gefëllt ginn. Fir d’CSV gëllt d’Philosophie, déi sech säit Joere bewährt huet, an zwar a wirtschaftlech gudden Zäite fir schlecht Deeg ze spueren.

Egal wéi, sécher as eent. De Budget dréit den aktuellen Erausfuerderungen Rechnung an ass kloer op Zukunft ausgeriicht. Haut u muer denken.

Ech soë Merci fir d’Nolauschteren.

Sandra Scheer, CSV Generalsekretär adjoint um 100,7, 13. Dezember 2006