Haut u muer denken

“Et geet drëm och an der Zukunft nach gesond Finanzen an e stabile Budget ze hunn.” D’Sandra Scheer, CSV Generalsekretär adjoint iwwert de Budgetsprojet 2007

Sandra Scheer, CSV Generalsekretär adjoint, an enger fräier Tribune op RTL 92,5, Méindes den 4. Dezember 2006

Vu muer un steet de Staatsbudget fir d’Joer 2007 am Mëttelpunkt vun den Debatten an der Chamber. Den CSV-Deputéierten an Budgetsrapporter Lucien Thiel präsentéiert säi Rapport zu der Regierungsvirlag, déi am Oktober vum Budgetsminister Luc Frieden deponéiert gouf.

Et ass e Budget mat anere Virzeechen, mat neien Zieler a neien Perspektiven. Et ass awer och ee Budget vum spuersamen Emgaang mat de Suen vum Steierzueler. Et ass e Budget an der Traditioun vun der CSV-Finanzpolitik: virsiichteg, responsabel an resolut zukunftsorientéiert. Et ass e Reformbudget, wou et vrun allem och drëm geet de Wee vun der Konsolidéierung vun de Finanzen resolut ze goen.

Et ass gewosst, datt mir an de vergaangene Joer méi e staarke Wuesstum vun eisen Ausgaben haten, wéi de Wuesstum vun eisen Einnahmen. Dat féiert zu Defiziten, an dee loug beim Budget 2006 bei 1,7% vum BIP. Am Budget fir d’Joer 2007 ass den Defizit elo op ënner ee Prozent op 0,9% vum BIP reduzéiert ginn. Dest besonnesch op Gronn vun der Tatsach, datt d’Dépensen zwar em 3,6% klammen; mee d’Recetten dogéint awer op 5,4% klammen.

D’Dépensen sinn demno staark gebremst ginn, trotz allem ass et e Budget mat engem héichen Investitiounsvolumen am Beräich vun de Schoulen, de Spideeler an Altersheimer awer och den Infrastrukturen vum öffentlichen Transport, woubéi zu Recht Prioritéite gesaat an definéiert gi sinn.

Dat selwescht betrëfft de Sozialbudget, och wann do duerch Désindexéierung oder d’Verschibe vun der Indextranche, liicht gebremst ginn ass, esou bleiwt och dësen op héijem Niveau.

Et geet hei awer drëm d’Ausgabe nët duerch Automatismen all Joer esou schnell wuessen ze loossen, datt mir einfach nët méi nokomme mat de Recetten. Demno muss Politik déi automatesch Hausse bei den Dépensen hannerfroen. Mir brauche nämlech Fräiraum fir déi nei Politiken, déi an de leeschte Joeren ugefangen hunn oder déi nei erschloss musse gi -sief dat an der Schoul, Schaffung vum verbëllegte Wunnraum am Beräich Fuerschung oder dem Ausbau vun eisem Wirtschaftsstanduert. Dat alles ass kee Selbstläfer. Do braucht et enger Politik, déi dësem Zill Rechnung dréit.

Aus allem wat elo gesoot ginn ass, muss och ënnerstrach ginn, datt d’Accorden, déi an der Tripartite geholl gi sinn, eng Noutwendegkeet woren. Ouni d’Beschlëss aus der Tripartite géing de Budget vun den Dépense em 7,6% klammen a nët ewéi elo ëm nëmme 3,6%.

Et geet drëm och an der Zukunft nach gesond Finanzen an e stabile Budget ze hunn. Et geet drëm de Budget nees an d’Gläichgewiicht ze bréngen. Dat ass den Défi fir eis all.

Dees Weideren wëlle mir un der Politik vun den staatlechen Investitiounsfonge festhaalen. Sie sinn e bewäerten Instrument, déi et erlaaben onkomplizéiert a flexibel öffentlech Investitiounen ze tätegen. Hei si mir awer u Grenze gestouss, well an de leschte Joer nët méi esou vill Plus-valuen konnten an dese Fong transferéiert ginn.

Diskussioun an der Chamber, hu sécherlech eng gewësse Brisanz, an däerf e gespannt sinn inwiefern déi eenzel Parteie de Budget 2007 kommentéieren.

Egal wéi, sécher as eent. De Budget dréit den aktuellen Erausfuerderunge Rechnung an ass kloer op Zukunft ausgeriicht. Haut u muer denken.

Ech soë Merci fir d’Nolauschteren.

Sandra Scheer, CSV Generalsekretär adjoint