Stoppt déi häuslech Gewalt mat all sengen Facetten!!

D’CSV-Deputéiert an d’CSV-Vizepräsidentin Marie-Josée Frank op RTL an der Emissioun “Fräi politesch Tribün”

Stoppt déi häuslech Gewalt mat all sengen Facetten!! Jo, dës Fuerderung ass méi ewéi berechtegt. Gewalt géint Fraën, Gewalt doheem an an der Famill ass leider – esou traureg dëst och klengt – een Thema mat dem mir eis musse beschäftegen.

An dem Sënn huet den Europarot den 27. Oktober eng grouss Campagne géint Gewalt lancéiert. Gewalt an der Famill hëllt a ganz Europa zou. Dëse Phänomen kennt keng geographesch Grenzen, en ass präsent an alle soziale Milieuën, an alle Kulturen a bei allen Altersgruppen, och an der Schoul an op der Aarbechtsplaz. Et ass een Däiwelskreess ouni Lichtbléck.

De néidege legislative Kader

Hei si mir alleguer gefuerdert! Jidder Eenzelen! Gewalteg sinn d’Konsequenze vun der Gewalt. A wien de Mond hält, stëmmt zou, toleréiert Gewalt.

Mat dem Gesetz iwwer d’Violence domestique, daat säit dem 1. November 2003 a Kraaft ass, huet Lëtzebuerg de néidege legislative Kader geschaffen. An d’Zuelematerial ennersträicht, datt et batter noutwendeg war. Bal 500 Expulsiounë sinn akkordéiert ginn, an daat an enger Zäit wou vun eppes méi ewéi dräi Joer, an dësem Jahr aléng sinn et 158, an dowunner sinn 258 Kanner direkt oder indirekt betraff.

An der Regel sinn et d’Fraen, déi duerch Gewalt an hirer Menschenwürd déif verletzt ginn, mä och Männer kënnen Affer vun Gewalt sinn, an et sinn zeng Prozent.

D’Gewalt an der Famill huet vill Geschichten a Gesiichter. Et ass emmer nees een Drama fir déi Betraffen. Gewalt an der Famill ass kee Kavaléiersdelikt. Et ass e Verbriechen.

Trotz dem aktuelle Gesetz bleiwt – an Zuele weisen et – d’Fro vun der Gewalt een Thema.

E Mentalitéitswandel ass festzestellen

Positiv ass, datt duerch d’Gesetz, d’Gewalt vun der Privatsphär an déi öffentlech Sphär gedroe ginn ass. Och e Mentalitéitswandel ass festzestellen. Stoppt déi häuslech Gewalt mat all sengen Facetten ass eis Aufgab, déi d’Gesellschaft mat Engagement, a Crédibilitéit a Courage ugoe muss.

Ech si frou, datt mer d’lescht Woch an der Chamber mat de Stëmme vun allen Deputéierten eng Resolutioun an dem Sënn ugeholl hunn. Mat dëser Resolutioun veruerdeelt d’Chamber öffentlech an ouni Reserve d’Violence domestique, déi déi elementar Menschrechter zerstéiert. Et ass festgehal ginn, d’Gesetz vun November 2003 ze hannerfroen, Verbesserungen an d’Weeër ze leeden,do wou et sech als noutwendeg erweist. Ze betruechten ass de Schutz vun den Affer a besonnesch och d’Rechter vun de betraffene Kanner! A mir musse weider an d’Täteraarbecht investéieren.

Hei ginn et nach Schwachstellen wéi d’Praxis et weist. Hei si mir als Legislateur gefuerdert. Hei mussen mir hellwach sinn, fir datt de Satz: “Stoppt déi häuslech Gewalt mat alle Facetten” keen eidele Satz bleiwt!

Ech soë Merci fir d’Nolauschteren!

Marie-Josée Frank, Fräi politisch Tribune, 92,5, 27. November 2006