Am Asaz fir dei Jonk

CSJ-Generalsekretär Serge Wilmes op RTL Radio Lëtzebuerg

Serge_Wilmes2.jpgE schéine gudde Mëtteg léiw Nolauschterer!

Viru gutt dräi Wochen, huet d’CSJ sech op hirem Nationalkongress zu Buerglënster, mam Gilles Bley als Nationalpräsident, an dem Serge Wilmes als Generalsekretär, eng nei Equipe un hir Spëtzt gewielt, an domadder en neie Wee ageschloen an nei Zieler gesat.

An der CSJ, si mir stänneg am Asaz fir déi Jonk, engagéiere mir ons fir den Intérêt vun jidder Eenzelnen.

E rezente Bewäis fir den Engagement vun der neier Equipe, ass ons Positioun zum Projet de loi 5611. Am Géigesaatz zu deene meeschten anere Jugendorganisatiounen, huet d’CSJ duerch eng fondéiert an konstruktiv Kritik et färdeg bruecht, den Aarbechtsminister dovunner ze iwerzeegen, de Projet de loi am Sënn vun den Jonken nozebesseren. Sou gouf ënnert aanerem déi vill diskutéiert Karenzzäit aus dem Text erausgeholl. Mir hu mat onsem Asaz demno dozou beigedroen, dat déi vill Jonker déi am Chômage sinn, an Zukunft eng reell berufflech Perspektiv wärten hunn.

De Chômage ass awer net dei eenzeg Erausfuederung virun dei e jonke Mënsch haut dës Dags zu Lëtzebuerg gestallt gett. D’CSJ wärt dofir an deenen nächste Wochen an Méint eng nei Sensibiliséirungskampagne mat dem Titel: “Focus Jonk” lancéieren, déi sech intensiv mat de Suergen, den Problemer an Erausfuederunge vun dene Jonke wärt ausernaner sëtzen, an gläichzäiteg duerch den Dialog, zesumme mat de betraffene Leit an den spezialiséierten Ulaafstëllen, konkret Léisungsvirschléi wärt proposéieren.

D’CSJ huet sech zum Haaptzil gesaat, Jonker z’invitéieren um politischen Débat deelzehuelen an iwwer Themen, déi si direkt uginn, wéi Bildung, Logement, Chômage, Generatiounsgerechtegkeet z’informéieren fir dat och sie kenne matdiskutéieren.

Sinn och dir deng Matmënschen net egal? Hues och du Loscht eppes ze beweegen? Sichs du Kontakter zu Jonken déi hir Zukunft wëlle mat gestalten an net nëmme gestalte loossen? Hues och du Interessen un der Politik? Ma da komm einfach bis laanscht, surf emol iwwert eisen Internetsite, op www.csj.lu, a kuck dir déi Saach mol un!

Fir ons vun der CSJ besteet politescht Engagement aus konkreten Aktiounen an net aus eidele Wieder. Bei der CSJ steet de Jonken am Mëttelpunkt! D’CSJ ass op fir är Problemer an är Suggestiounen. Zesummen kenne mer nei Visiounen entwéckelen, kreativ an innovativ sinn, well d’Gesellschaft vun haut a vu muer brauch jidder eenzelne vun Iech!