CSV Nationalkongress 2006: Der Aktivitätsbericht der Christlich Sozialen Gemeinderäte
D’CSG oder d’CSV an der Gemeng
Kuerzrapport, zesummegestallt vum Paul Weimerskirch
Maach mat,
Seit dem Nationalkongress vom 4. April 2006 hat die CSG einen neuen Vorstand und neue Statuten. Die CSG ist nunmehr alleine durch ihren Nationalvorstand vertreten. Die Bezirksinteressen werden durch deren Vertreter im Nationalvorstand gewahrt. Die CSG hat eine wichtige Funktion in der Partei. Sie ist das Syvicol der CSV. CSV Politik muss auf Gemeindeebene klar erkennbar sein. Innovative Baulanderschließung, konkrete Umweltpolitik, Vereinbarkeit von Beruf und Familie, weitsichtige Finanzplanung sind die Herausforderungen einer modernen und fortschrittlichen CSV-Politik auf Lokalebene. Ob Bürgermeister, Schöffe oder Gemeinderat die CSV Gemeinderäte tragen hierfür die Verantwortung. Künftige Wahlresultate, auch auf Landesebene, messen sich an den konkreten Alltagspolitik der CSV Mandatäre.
Der Dialog zwischen Minister, Abgeordneten und CSV Lokalpolitikern muss innerhalb der Partei offen geführt werden. Die CSG ist die Interessenvertretung der CSV Gemeindevertreter. Die CSG ist ein konstruktiver je nach Bedarf auch kritischer Ansprechpartner der nationalen Politik. Die CSV Gemeinderäte tragen Verantwortung bei der Umsetzung der CSV Politik. Sie müssen über deren Ausrichtung informiert sein. Sie haben bei deren Gestaltung ein Mitspracherecht. Die CSG hat innerhalb der Partei ihre eigene Identität. Sie steht für konkrete CSV Politik auf lokaler Ebene. Die CSG braucht dafür Deine Unterstützung.
Gilles Roth
CSG Nationalpräsident
Zäitraum November 2004 – Abrëll 2006
Trotz de Gemengewalen wor et roueg em d’CSG, well weder op nationalem Niveau nach an de Bezierker sinn d’Gremien zesumme komm, an hunn Décisioune geholl. De Walkampf huet sech direkt an de Sektiounen ofgespillt. Am Joer 2004 stungen déi Nationalwalen um Ordre du Jour an 2005 sinn d’Präparatioune fir d’Gemengewalen ugaang, woubäi hei d’Aktivitéite vun der CSG gaanz an d’Generalsekretariat verluecht gi sinn!
Kuerz e puer Rendez-Vous an Aktivitéiten erausgestraach.
25.11.2004: Buergermeeschter- an Schäffentreffen zu Hueschtert a Präsenz vum Innenminister Jean-Marie Halsdorf. Hei stungen d’Schwéierpunkten aus dem Regierungsprogramm op der Lee. Dës Weideren sinn d’Aspekter vun de kommunale Finanzen diskutéiert ginn.
7.12.2004: A Präsenz vum Innenminister ass dat Neit Gemengegesetz beliicht ginn, dëst mat engem besonnesche Bléck op d’Majorzgemengen natiirlech.
17.1.2005 / 19.2.2005. Weider Réunioun woren zu Berbourg an zu Saeul
An de Méint Oktober, November – Dezember 2004 woren jo och d’Bezierkskongresser, wou vu Säite vum Generalsekretariat éischt Elementer vun der Walcampagne fir d’Gemengewale präsentéiert gi sinn, e.a. de Plang, den Oflaf, d’Strategie an de Kalenner.
Eng Walcampagne, déi jo geprägt ,oder besser gesot beaflosst, wor vun der Présidence, dem Referendum fir d’EU-Constitutioun an “der Summervakanz”.
29.1.2005: Zu Mamer hunn sech ronn 50 Memberen afonnt fir an enger Klausurtagung de Gemengerahmenprogramm ze définéieren. A siewen Aarbechtskreesser ennert der Leedung vum Wolfgang Schrödl a Paul Weimerskirch gouw eng gudd Basis fir de Grondsatzprogramm fir d’Gemengewalen erschafft. D’Schwéierpunkten: Emwelt a Liewesqualitéit, Autonomie a Gemengenservicer, Finanzen an Infrastrukturen, Sport a Kultur, Sécherheet an Hëllef am Noutfall, Partnerschaft a gemengeniwwergräifend Schaffen.
Januar/Februar 2005 : Mir offréieren Kommunikatioun a Rhetorikurse. Ronn 200 Memberen partizipéieren. Leedung Wolfgang Schrödl
Am Februar 2005 si mir bei d’Sektioune gaang fir déi verschidde Elemente vun der Strategie ze verdéiwen. An dëse regional Versammlungen sin vum Paul Weimerskirch a Wolfgang Schrödl Detailinformatioune zu Wahlkampfstrategie an zu aneren techneschen administrativ Punkte virgestallt ginn.
März 2005: Wëssenswäertes iwwer d’Gemeng – wat ass d’Gemeng, wat huet de Gemengen- a Schäfferot ze kläeren, wat sinn d’Aufgaben am Beräich Schoul, wat ass eng öffentlech Ausschreiwung, asw. …(IVL, Landesplanung a Gemengeinternes, dat neit Gesetz iwwer der “Aménagement communal et le développement urbain) Siewen Owescours (am Generalsekretariat) an zwee Ganzdeegseminaren zu Schëffleng a Jonglënster hunn ronn 250 Kandidate besiicht. Hei woren de Parteipräsident F. Biltgen, den Innenminister J.M. Halsdorf an d’Bezierkspräsidentin M.J. Frank ewéi och de Marc Spautz Eiergäescht fir mat de Kandidate dëst oder deen Aspekt ze beschwätzen! All Participants huet een Dossier kritt mat de wichtegsten Gesetzestexter a Reglementer!
Weider Aktioune: d’Hëllef bei der Bréiwwal, d’Ausschaffe vum Rahmenprogramm, d’Opstelle vun de Kandidatelëschte, d’Präsentatioun vun der Corporate fir d’Gemengewale, d’Iwwerschaffe an d’mise-à-jour vun den Internetsäiten, d’Emfro vun Sesopi iwwer de Profil an d’Virstellungen vun de Kandidaten, d’Ausschaffe vun engem Vade-mecum (d’Walgesetz an aner Modalitéite, Statutaresches, Kontaktadresse, … sinn hei beschriwwe ginn), de Sonderprofil an op Gronn vun der grousser Nofro ass e weidere Block Seminaren organiséiert ginn, dest am Mount Mee 05 (Kommunikatioun) a Juni 05 (Institutioun Gemeng) Weider 100 Kandidaten hunn dës Course suivéiert. Ech denke am Sënn vun der Subsidiaritéit ass vun Säiten vun der CSG a besonnesch dem Sekretariat, eng Rei Hëllefen geleescht gi sinn, déi sech weisen loossen, wuelwëssend awer, datt munches nach besser ka gemeet ginn.
Pressekonferenz 6. Mee 2005 : Hei ass de Leitprogramm fir d’Walen (an ABC-form geschriwwen) präsentéiert ginn! All Aspekter an Elementer vun der Gemengepolitik sinn touchéiert ginn, verbonnen mat neie Iddeeën och, esou e.a. der Reform vun de kommunalen Auslännerkommissiounen, d’Abanne vun der Bierger an Eentscheedungsprozesser, de Wonsch d’Entwécklungshëllef och an der Gemengen als feste Bestanddeel ze integréieren, d’Fuerderung no engem rationellen a kontrolléierten Emgaang vun den öffentleche Suën, den Engagement vun de Gemengen fir Erwuessenebildung, e rationellen Emgaang mat de Bauteflächen, …
An de Méint Mee bis an de September eran hunn d’Sektiounen d’Programmer dunn op hier Situatiounën adaptéiert, d’Kandidatelëschte sinn opgestallt, an no der Vakanz ass de Walkampf op vollen Touren gelaaf.
Stellungnahmen vun der CSG: Zur Problematik an der Kompetenzverdeelung tëschent Staat a Gemengen, zu de Finanzen, zum IVL an der Landesplanung am allgemengen, zu der europäescher Waaserrahmenriichtlinn, zu de Gemengesetzer, zum Schoulwiesen, … dëst besonnesch am Kader vu de Virbeeredungsaarbechten vum Walprogramm.
Gespréicher …
… sinn gefouert ginn mat Asti a Clae e.a. iwwer d’Liewessituatioune vun den auslännesche Matbierger, mat dem Mouvement écologique iwwer emweltpolitesch Dossierë
D’CSG wor vertrueden … um Festival des Migrants, bei verschidde Foren an Referater vun Experen.
Kandidaten
Mir hunn an alle Proporzgemengen Lëschten präsentéiert
Insgesamt hunn 710 Membre kandidéiert, dowunner 24 auslännesch Matbierger 9 Portugiesen, zwee Hollänner, 5 Däischter, een Englänner, dräi Italiener, 2 Belgsch, e Griech an e Matbierger aus Eisterräich
Mir stellen haut 43 Buergermeeschter, 61 Schäffen an zousätzlech 212 Gemengeréit; dat sinn insgesamt 316 gewielte Mandater an de Majorz- a Proporzgemengen
Mir hunn an de Proporzgemengen 151 Mandater (= 31,8%), dowunner 70 am Süden, 39 am Zentrum, 23 am Norden a 19 am Osten.
Mir verzeechnen demno Gewënner besonnesch am Norden an am Osten, gläiches gëllt am Zentrum, wärend am Süden eng Stagnatioun ze verzeechnen ass.
15. September 2005: Start vun der Campage a vum intensive Walkampf zu Nidderanwen, Opstellen vu Plakater, Verdeele vu Programmer a Gadgets, Walversammlungen an de Sektioune,
9.Oktober 2005: de Waldaag: Rendez-Vous am Generalsekretariat fir d’Resultater entgéint ze huelen.
An de Nordgemengen Dikkrich, Ettelbréck. Wolz sinn eis Positioune gestärkt ginn. Zu Wëntger an zu Rammerech kommen mir op iwwer 30% a stellen de Buergermeeschter.
Am Osten gewënnt d’CSV zu Iechternoach, Jonglënster a Mondorf u Stëmmen. Verlooschter ginn et zu Gréiwemaacher, wärend zu Mertert-Wasserbëlleg gutt 34% errecht ginn.
Am Süden ginn et Pluspunkten zu Käerjheng, Diddeleng, Kielen, Koplescht, Mamer, Rëmeleng, Réiser a Stengefort. Liicht Verlooschter oder Stagnatioun gëtt et zu Beetebuerg, Esch, Monnerech a Péiteng. Manner gudd woren d’Resultater zu Déifferdeng, Käl-Téiteng, Suessem a Schëffleng. An der neier Proporzgemeng Dippech ginn 40% nët duer fir de Buergermeeschter ze halen.
Am Bezierk Zentrum ass de Bléck op d’Stad geriicht, wou d’CSV, trotz engem engagéierten Walkampf mat enger jonker Equip ronderem de Spëtzekandidat, hannert den Erwaardunge bleiwt. Als Gewënner ginn d’Sektiounen Bartreng, Miersch, Nidderanwen, Schëtter a Stesel eraus. Verlooschter ginn et zu Hesper, Stroossen an Walfer. Zu Contern ginn 32,4 % vun de Stëmmen op de Konto vun der CSV.
An zwee Drëttel vu de Gemengen gewënnt CSV. An engem Drëttel sinn zum Deel grouss Verlooschter do.
Aktivitäten Teil 2 / Zeitraum ab Abril 2004:
Neue Statuten, neue Mannschaft
Gilles Roth – neuer Präsident der Vereinigung der CSV-Gemeinderäte
Mit neuen Statuten und einem neuen Vorstand hat die Vereinigung der CSV-Gemeinderäte (CSG) nach den Kommunalwahlen im Oktober vergangenen Jahres im Rahmen eines außerordentlichen Nationalkongresses am 4. Abril 2006 seine Arbeiten wieder aufgenommen. Mit Gilles Roth, Bürgermeister der Gemeinde Mamer, wurde ein neuer Präsident an die Spitze der CSG gewählt. Ihm zur Seite stehen die Vizepräsidenten Gilles Estgen, Gemeinderat in Wellenstein, André Kirschten, Bürgermeister von Ermsdorf und Marc Rauchs, Gemeinderat in Bartringen sowie Nationalsekretär Paul Weimerskirch, Gemeinderat in Schifflingen.
Als Beisitzende wurden in den Vorstand gewählt: Jean-Paul Baudot (Kopstal) Claude Bosseler (Dippach), Armand Dichter (Heinerscheid), Liane Felten (Grevenmacher), Léon Gloden (Grevenmacher), Arsène Marx (Dalheim), Pierre Mellina (Petingen), Guy Modert (Echternach), Jeff Muller (Ospern), Jos. Molitor (Hoffelt), Yolande Roller-Lang (Sandweiler), Marco Schmit, (Oetrange), Danielle Wagener-Hippert (Niederanven), Yves Wengler (Echternach), Pierre Wies (Larochette) und Marion Zovilé-Braquet (Contern). Weitere Mitglieder werden in der ersten Vorstandssitzung kooptiert.
Die Ziele der CSG sind u.a. an den kommunalpolitisch relevanten Gesetzesvorhaben frühzeitig und durch praxisnahe Vorschläge mitzuwirken, und so zu praktikablen Lösungen beizutragen. Weitere Aufgaben betreffen die Koordinierung der Arbeiten der CSV-Kommunalpolitiker in den Gemeinderäten und Syndikaten, den Erfahrungsaustausch und die Weiterbildung.
Im Verlauf des Kongresses wurde der langjährige Präsident und ehemalige Manternacher Bürgermeister Henri Frank zum CSG-Ehrenpräsident ernannt.
Zielorientierte Maßnahmen, auch für die Gemeinden
Unter Vorsitz von Präsident Gilles Roth tagte der neu konstituierte Nationalvorstand der Vereinigung der CSV-Gemeinderäte (CSG) erstmals am 5. Mai 2006. Im Mittelpunkt der Debatte standen die Erklärungen von Premier Jean-Claude Juncker zur wirtschaftlichen, sozialen und finanziellen Lage des Landes, dies mit einem speziellen Blick auf die diesbezüglichen Auswirkungen auf die Gemeinden.
Der von Wohnungsminister Fernand Boden und Innenminister Jean-Marie Halsdorf angestrebte Wohnungspakt zwischen Staat und Gemeinden findet die Zustimmung der CSG. “Bei Baulanderschließung und Wohnungsbauförderungen tragen Regierung und Gemeinde eine gemeinsame Verantwortung”, so CSG-Präsident Gilles Roth. Die Wohnungsbauoffensiven, verbunden mit substantieller finanzieller Unterstützung sind absolut begrüßenswert, wohlwissend jedoch, dass verschiedene Detailelemente zu klären bleiben.
Der CSG-Nationalvorstand sieht auch die Gemeinden bei der Inflationsbekämpfung in der Verantwortung. Er zeigt Verständnis für den Wunsch der Regierung bei der Festlegung der öffentlichen Tarife und kommunalen Taxen eine moderate Haltung einzunehmen. Mit der Anpassung der Automobilsteuer wird bekanntlich mehr Geld in die Gemeindekassen fließen. “Mit dieser Maßnahme werden die Gemeinden wieder ein Mehr an finanzieller Sicherheit erhalten. Die finanzielle Situation der Gemeinden muss sich jedoch global gegenüber den vergangenen Jahren wieder verbessern und stabilisieren können”, so der Präsident Gilles Roth, der sich auch für eine effizientere Ausbezahlung der staatlichen zugesicherten Subsidien aussprach.
Insgesamt wertete der CSG-Nationalvorstand das Reformpaket als zielorientierte Maßnahmen, die auch den Gemeinden neue Zukunftsperspektiven geben. In dieser Sitzung wird Fabienne Gaul als beigeordnete Sekretärin gestimmt, und Malou Aulner wird als Delegierte für den Bezirk Süden nominiert.
Die konkrete Ausgestaltung, nicht alleinige Aufgabe der Gemeinde
Die CSV-Gemeinderäte nahmen Ende Juni das Projekt “Maison relais” unter die Lupe
“Die “Maison Relais pour Enfants” verstehen wir als Instrument einer aktiven Kinder- und Familienpolitik. Damit dieses Projekt im Sinne der Kinder und Eltern erfolgreich realisiert werden kann, sind natürlich auch, oder besonders, die Gemeinden gefordert”, so CSG-Nationalpräsident Gilles Roth im Anschluss an eine Sitzung des Nationalvorstandes der CSV-Gemeinderäte. Die CSG weist jedoch mit Nachdruck darauf hin, dass die konkrete Ausgestaltung dieser außerschulischen, flexiblen Ganztagsbetreuung für Kinder, nicht alleinige Aufgabe und Verantwortung der Gemeinde ist.
Im Beisein von Ministerin Marie-Josée Jacobs wurde eingehend über die Organisation, den sozialpädagogischen Stellenwert, den finanziellen Impakt und die Aufgaben sowie Pflichten der Gemeinden im Zusammenhang mit der Schaffung von “Maison Relais pour Enfants” auf kommunaler Ebene beraten. Die CSV-Gemeinderäte stehen der Idee von “Maison Relais pour Enfants (MRE)” positiv gegenüber. Es steht als Ergänzung zur “éducation précoce”, deren Zweck es ist, die soziale und gesellschaftliche Integration der Kinder zu fördern.
In der Realisierung des MRE-Projektes sieht die CSG jedoch vor allem ein Instrumentarium damit Eltern und Erziehungsberechtigte den Einklang von Familie und Beruf besser und effizienter vereinbaren und organisieren können. In diesem Sinne dürfen sich daher auch die Gemeinden der Schaffung von MRE nicht verschließen, wohlwissend jedoch auch, dass ein finanzieller Impakt auf das Gemeindebudget nicht ausbleiben wird.
Der Nationalvorstand der CSV-Gemeinderäte fordert daher, einen gerechten Lastenausgleich zwischen Staat- und Gemeinden. Die CSG spricht von einem in jeder Hinsicht anspruchsvollem Projekt, wo es gilt pädagogische, familiäre und kulturelle Aspekte mit einfließen zu lassen. Ein wesentlicher Punkt, damit die MRE so erfolgreich wie das ebenfalls auf CSV-Initiative eingeführte “Education-précoce-Projekt” wird, ist daher eine qualitätsorientierte Kinderbetreuung.
Am 10 Juli fand in Mamer eine Diskussionsforum mit Innenminister Jean-Marie Halsdorf betreffend das Gesetz über die kommunale Amenagierung statt. Mit Arno von Riswijk, aménageur communal und Tessy Kuborn, attaché de gouvernement (affaires juridiques) standen ebenfalls zwei Experten aus dem Innenministerium Rede und Antwort. Hier sieht die CSG eine große Herausforderung für die Gemeinde.
Vor dem Kongress tagt der Vorstand am 11. Oktober 2006.
(Bericht erstellt, August/September 2006)