ARCELOR – MITTAL

De Fraktiounspräsident vun der CSV Michel Wolter hëllt an der Chamber Stellung zur geplangtener Fusioun tëschent ARCELOR an MITTAL STEEL.
Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

D’Schluecht ëm Arcelor, wéi een daat entretemps ka nennen, ass eng ausseruerdentlech, jo eng verréckt Affär. Quasi all Dag, seit fënnef Méint, hunn Parametere sech verännert, hunn Iwerzegungen evoluéiert, sinn Duerstellungen anerer ginn, hun Interessen sech verreckelt. Waat war an ass richteg, waat falsch? Wém kann én gléwen, wém net? Kaum een kann daat haut soen. Selten wann net ni an eiser Geschicht ass d’Kommunikatioun an all sengen Facetten esou geziilt agesaat ginn, fir ze probeieren d’Politik, d’Aktionnariat an dei öffentlech Ménung ze manipuleieren, ze désinformeieren, ze instrumentaliseieren fir zu sengen Zieler ze kommen ewei an desem Dossier. Eppes ass secher, daat, waat engem esou gesot gouf, war meeschtens virun allem wouer fir deen, deen et sot – objektiv Wourechte ware schwéier auszemaachen.

Den Dossier Arcelor huet vill Dimensiounen a Facetten. Et gëtt eng industriell, eng politesch, eng national an eng international Dimensioun. Et steet villes um Spill, et geet ëm Geld a Muecht – a vill vun denen, déi am grousse Stolspill matspillen, verdinge schrecklech vill Geld mat dene Stéiss, Géigestéiss a Revirementer, déi mer an dene leschte Méint konnten erliewen.

D’Zesummenspill fun all dénen Elementer huet zu enger grousser Veronsecherung bei den Leit gefouert. Die öffentlech Ménung ass total désorienteiert an engem Spill, dém seng Enjeuen net kloer ze erkennen sinn.

Näischt ass haut méi esou, wéi et de 27. Januar war, a wéi et den 31. Januar war, wéi mer hei am Haus fir d’éischt iwer den Dossier debattéiert hunn. Déi éischt Reaktiounen op Mittal Steel seng démoleg Offer ware méi emotional wéi rationell. Villes vun deem, waat deemols gesot a geschriwen gouf, huet sech aus enger lakünärer Informatioun iwer Mittal Steel a seng Intentiounen erginn, mee awer och aus enger prinzipieller Ofwierhaltung eraus, déi vun alle Stolverantwortlechen hei am Land un den Dag geluecht gouf, an die domat begrennt gouf dass Arcelor ouni neien Partner d’Erausfuerderungen fun der Zukunft giff packen. Haat d’Arclor dach net erreicht Dofasco kaaf an domat seng feierend Positioun um weltweiten Stoolsekteur weider ennerstrach.

Déi feindlech Offer vum 27. Januar, a besonnesch och hiren iwerraschenden Effet, huet de Staat als deemols gréissten Aktionär vun der Arcelor verständlecherweis mat aus dem Konzept bruecht a seng oflehnend Haltung zum gudden Deel begrënnt.

De Staatsminister huet dann och a senger Ried fum 31. Januar 4 wesentlech Kritikpunkten un der Mittal-Offer erfirbruecht a gefroot, dass dess Punkten zefriddenstellend missten beäntwert ginn.

D’Lëtzebuerger Regierung, an si ass dobei fun den Parteien hei am Haus ennerstetzt ginn, wollten éischtens eng “corporate governance”, déi transparent wir, a net monopolistesch organiséiert. D’Schicksal vum weltgréisste Stolbetrieb sollt net vun enger eenzeler Famill kënnen decidéiert ginn. Si wollt zwetens en industrielle Projet, dee kompatibel wir mat deem vun der Arcelor, e Projet, dee mat Valeur viru Quantitéit ze dinn hätt. Drëttens sollt en économeschen Projet um Dësch leien, deen an de Kader vum Lëtzebuerger Modell vu wirtschaftlechem a sozialen Dialog géif passen, an deen d’Charakteristike vun der heiteger lëtzebuerger Siderurgie, mat Fabriken a Beschäftegung, sollt erhalen. A véiertens huet Lëtzebuerg en akuten Intérêt drunn, datt de Siège vun desem Betrieb bei eis ass, an duerfir wollt d’Regierung entspriechend Assurance.

Waat huet sech da geännert, zënter dem 27. Januar, fir datt fënnef Méint no dësem Datum de Conseil vun Arcelor sengen Aktionäre recommandéiert, enger Fusioun mat Mittal Steel zouzestëmmen.

Tatsächlech huet esou munches geännert zënter der éischter Offer vu Mittal. Geännert hunn d’Konditioune vun der Stee, virun allem déi materiell: Mittal Steel bewäert haut Arcelor op insgesamt iwer 25 Milliarden Euro, géintiwer eppes méi wéi 18 mia am Januar. Daat ass d’Halschent weider wéi deemols, a ronnen Zuelen – e beuechtleche Fortschrëtt fir all déi, déi Arcelor-Aktien hunn, a se kéinten u Mittal verkafen. Besonnesch, wann deem seng Offer pro Aktie véier bis fënnef Euro iwer dem aktuelle Boursepräiss vun der Arcelor’s Aktie läit.

Geännert huet och, datt Mittal Steel keng Majoritéit an der Arcelor méi ustriewt, mee eng Participatioun vu ënner 50 Prozent, wann een all aktuell Mittal-Aktionären zesummerechent. D’Famill Mittal selwer däerf bannent dene nächste fënnef Joer net iwer 45 Prozent am Kapital vun Arcelor-Mittal klammen, a wëllt der direkt 43. Iwerhaapt akzeptéieren de Lakshmi Mittal a seng Famill, datt si keng alleng majoritär Positioun am neie Betrieb kréien: net bei den Aktien, net bei de Stëmmrechter, an och net a Verwaltungsrot an Direktiounskomitee.

Geännert huet – daat ass wuel daat wichtegst – datt d’Offer vu Mittal och formell net méi kann als feindlech agestuft ginn. Et wier eng frëndlech Fusioun, däer d’Aktionäre vun Arcelor den 30. Juni kënnten hir Approbatioun ginn – amplaz hir Aktien am Kader vun enger hostiler OPA u Mittal Steel ze verkafen.

Geännert huet schlussendlech, dass Mittal schons ganz frei, zënter Februar vun dësem Joer, eng Rei fun aneren Engagementer agangen ass: d’Bäibehale vum Siège vum fusionéierte Betrieb zu Lëtzebuerg, d’Erhale vun de Lëtzebuerger Siten an der Beschäftegung hei am Land, eng gemëschte Kompositioun vun de féirenden Organer vun däer neier Gesellschaft, de Respekt vum Lëtzebuerger Modell fir d’Gesellschaftsféirung, inklusiv enger reeller Matbestëmmung vu Salariatsvertrieder. Alles dëst ass gutt fir Arcelor, an et ass gutt fir Lëtzebuerg.

Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

D’Virgäng vu dene leschten Deeg beweisen, datt et an der Wirtschaft nun emol esou ass, wéi ech schon den 31. Januar op dëser Tribün gesot hunn: d’Politik kann tëschegesellschaftlech Virgäng wuel begleden, mee leschten Enns decidéiert de Maart a seng Acteuren, also d’Aktionären. Ouni Zweiwel waren et tatsächlech d’Aktionäre vun der Arcelor, déi eng kruzial Roll beim Stëmmungsëmschwonk zugonschte vu Mittal Steel gespillt hunn.

Datt déi Saachen, déi sech geännert hunn, sech esou geännert hunn, wéi mer et elo gesinn, ass ze erklären. Direkt no der OPA vu Mittal huet de Management fun der Arcelor gemengt, si kéint d’Schluecht alleng zu hire Gonschten entscheden. Am Verlaf vun der Zäit huet se dës Iwerzegung opginn a sech queesch uechter d’Welt op d’Sich no engem Partner gemaach, no eppes, waat een am Jargon e “wäisse Ritter” nennt. Deen huet se schlussendlech a Russland, an der Erscheinungsform vu Severstal, fonnt – mee si huet an den Wochen no der Präsentatoun missen agesinn, datt fill Aktionären, déi se net anstänneg iwer hir Démarchen an Intentiounen informéiert huet, dess Solutioun net wéilten, an de Risiko bestéing, datt se op der Generalversammlung vum 30. Juni géif duerchfalen. Duerfir si mer elo do, wou mer sinn – am Fong also nees um Ufank vun der Geschicht. De Krees schléisst sech. Wann en sech da schleisst.

Et ass nämlech net ausgeschloss, datt et no allen Irungen a Wirunge vun dene leschte Méint zu weidere Revirementer am Dossier kënnt. Waat wir, wa Severstal, alleng oder zesumme mat anere Acteuren, eng OPA géif lancéieren, déi gläichwäerteg oder mei favorabel wei dei neierdings frëndlech Offer vu Mittal Steel wir? Et kann een dervun ausgoen, datt a Russland eng Rëtsch Prellungen duerch dëse Prozess entstane sinn, an d’Verlautbarunge vu Severstal, dem President vun der Duma an och der russescher Regierung duerch de Mond vum hirem Energieminister deiten drop hinn, datt een a Russland net prett ass, fir ouni weideres ze akzeptéieren, datt ee soll aus der Course sinn.

D’Regierung huet an de Virgäng rondrëm Arcelor an dene vergaangene Méint versicht, fir eist Land daat bescht erauszeschloen. Daat schéngt haut gegléckt, nodeems all wesentlech Uleies vun der Regierung an der Chamber, wéi se hei den 31. Januar zum Ausdrock koumen, ofgeséchert sinn. Einstweilen, an ech mengen, dës Aschätzung gëtt vu ville Leit och hei am Haus gedeelt, läit e gudden Accord um Dësch. Een, dee Beschäftegung a Siten zu Lëtzebuerg hält an eist Land zum Siège vum weltgréisste Stolbetrieb mécht. Een, dee sech integral an d’Logik vum Lëtzebuerger Modell vun industrielle Relatiounen aschreiwt. Een, vun deem Land a Leit zu Lëtzebuerg grad esou vill hunn, wéi d’Aktionären, denen e faire Präiss fir hir Pabeiere gebuede gëtt. Den Accord Arcelor-Mittal bedingt Shareholder a Stakeholder gläichermoossen, an daat ass seng grouss Stäerkt.

An dach ass keng Eventualiteit auszeschleissen. Sou dass mer d’Regierung weider giffen opfuerderen an ennerstetzen bei hiren Bemeiungen, eisen Intérêt als Land an als Aktionär op daat bescht ze verteidegen, egal wén sech schlussendlech duerchsetzt.

Eppes ass awer haut scho secher. D’Arcelor wärt ni mei daat gin, waat se firum 27. Januar war.