Den europäesche Navigatiounssystem « Galileo »

Den Zentrums-Députéierten Lucien Thiel mecht den Rapport vun den 3 Gesetzesprojeten
No villem Gedéssems gouwen sech d’europäisch Partner virun 3 Jahr éns, en égent Navigatiounssystem opzeriichten, daat sech op éng Rëtsch Satelliten steipt. Daat haat nët onbedéngt ëppes matt europäischem Prestigedenken ze din – och wa mir démols nach déi schéinsten an déi bèscht op der Welt wollte gin wéi daat jo éstëmmeg am Jahr 2000 zu Lissabon beschloss gi war. De Papp vun der Idi därft hei éischter d’Asiicht gewiest sin, datt quasi d’ganz Welt sech am Ablack op én énzegen Navigatiounssystem verléisst, dém sei Propriétaire domatt éng Monopolstellung an dësem wichtije Bereich anhëllt.

Daat wär un a fir sech nach nët weider schlëmm, wèll dé Monopolist sein Service gratis offeréiert. Mé ké kënnt hien drun hënneren, sei System auszeschalten wann ët him an de Kapp kéim, an domatt all déi Milliounen Navigatiounsapparaten op der ganzer Welt ausser Betrieb ze setzen. Waat hien iwrejens schon éng Kéier, op d’manst délweis, gemach huet – an zwar aus Sëcherhétsgrënn am Ufank vum Irakkrich. Well dé Satellitesystem vun dém hei Rieds ass, ass de GPS (Global Positioning System), dén d’Amerikaner seit 1993 bedreiwen an dén an alleréischter Hisiicht militärischen Zwècker déngt.

Et ass also nët vun ongeféier, datt déi 2 énzeg Satellitesystemer op der Welt – den Amerikaner hire GPS an de Russen hiren GLONASS – vun dénen zwou gréissten Militärmuechten op der Welt bedriwen gin. Allerdings ziëlt de Russen hire System kaum, wèll vun dém sénge 24 Satelliten just d’Halschent nëmme fonktionéiert, derbanst den Amerikaner hir 24 Satelliten seit 13 Jahr voll am Asaatz sin. An daat nët fir d’lèscht zur vollster Zefriddenhét vun déne Milliounen Automobilisten uechter d’Welt, déi sech vun dénen Satelliten op de richtige Wé schécke loossen.

Well de GPS esou e grousse Publikumserfolleg gin ass, a wèll én déi Navigatiounshëllef ganz brét asetzen an eventuell esouguer e Geschäft draus maache kann, ass séngerzeit zu Bréissel decidéiert gin, och fir Europa esou e System ze lancéieren. Déi Idi ass zwar nët iwerall op Begéschterong gestouss, wéder bei den EU-Memberen, déi dofir sollen an d’Täsch greifen, nach bei den amerikanische Frënn, déi nach ewell ganz gär hiren Navigatiounsmonopol beibehaalen hätten. Mé well daat Ganzt nët der Deiwel kaascht – et gét Rieds vu manner wéi 4 Milliarden Euro, also ongeféier d’Halschent vun eisem Staatsbudget – war ët nët allzeschwéier, sech éns gin. A wéi d’Amerikaner gesin hu, datt hir europäisch Frënn décidéiert waren, Eescht ze maachen, hun sie sech och dra gefüjt – no hirer bekannter Business-Devise : « If you can’t beat them, join them ».

An elo ass de Galileo dann ennerwé. Sein Numm huet de Projet vun dém groussen italienischen Entdécker aus der Renaissance, dén sech séngerzeit muenche Misere opgelueden haat, wéi hien séng Zeitgenossen dervun iwerzéje wollt, datt d’Erd sech ëm d’Sonn dréit an nët ëmgekéiert. Datt de Galileo Galilei elo, 400 Jahr nodém hie wént sénger angeblicher Häresie ausgelacht an esouguer agelacht gi war, esou en Denkmal gesaat kritt, ass wuel méi wéi an der Rei.

De Projet Galileo gouf als Gemeinschaftswierk vun der Europäischer Unioun an dér hirer Weltraumduechter ESA (European Space Agency) lancéiert. Hie geseit 30 Satelliten vir – 27 plus 3 als Reserve -, déi éng gudd 23.000 Kilometer iwert eise Käpp em d’Erd krésen a vun do hir Signaler erofschécke, matt dér én seng Positioun heiënnen bis op de letzte Meter bestëmme kann. Dén 1. Satellit gouf den 28. Dezember vu Baikonur aus eropgeschoss – just zur Zeit nach, wèll den Test vun de Sendefréquenzen, fir dén déi zwé éischt Satelliten agesaat gin, muss bis den 10. Juni ofgeschloss sin, wèll soss d’Reservatioun fir d’Frequenzbänner verfällt. Wann dann och duerno alles riicht an no Fahrplang léft, kann de Galileo-System Enn 2010 a Betrieb goen.

Wofir brauche mir dann elo de Galileo ?

1. Fir d’eischt natiirlech soll hien daat assuréiere, waat elo de GPS och mecht, nämlich dém Eenzelnen hëllefen, sei Wé ze fannen dodurch datt hien zu all Moment kontrolléiere kann wou hie selwer graad ass, an daat par rapport zu dér Plaatz, wou hien hi wëllt. Dé Service (« Open Service ») ass gratis a fir jidferén op.
2. Dann de kommerziellen Déngscht (« Commercial Service »), dén alle méigleche Benotzer om Buedem, um Waasser oder an der Loft, extrem prézis Navigationsdaten op extrae Frequenzen liwert – allerdéngs dës Kéier nët fir neischt, mé géint Bezuelen.
3. Da kënnen och d’Eisebunn, d’Aviatioun an ähnlech Entreprisen op de Galileo zréckgreifen fir hire secherhétstechnischen Besoinen gerecht ze gin – daat héscht dann « Safety of Life Service ».
4. Als next kommen déi fir déi enzel Staate reservéiert Frequenzen fir de « Public Regulated Service », déi, natiirlech entspriechend ofgeschirmt a verschlösselt, der Polizei oder och der Arméi a ganz bestëmmt och de jeweilje Geheimdéngschter zur Verfüjung stin.
5. A schliesslich dann de Sich- a Rettungsdéngscht (« Search and Rescue »), matt dém sénger Hëllef d’rettungséquipen an Nout- a Katastrophefäll séier a präzis agreifen können.

Géréiert gin soll daat Gaanzt vun éngem Konzessionär, dé vun der « Galileo Joint Undertaking », der Gemeinschaftsentreprise vun EU an ESA, an zwé Jahr erausgesicht gët an dén dann och fir déi nächst 20 Jahr fir d’Betriebskäschten opkomme muss, déi op ronn 220 Milliounen Euro d’Jahr geschaat gin. De Sëtz vun der Bedreiwergesellschaft, déi « Galileo Operating Company » hésche soll, mussen sech Toulouse a London déle, wèll én sech nët op én énzeje Site éneje konnt.

Waat huet Lëtzebuerg dann elo mam Galileo ze din a wofir musse mir hei Gesetzer iwer Accoren stëmmen, déi d’Galileos-Bedreiwer matt aanere Staaten uechter d’Welt ofschléissen ?

D’Aentwert ass einfach: Letzebuerg ass bekanntlech en EU-Staat – an domatt Copropriétaire vu Galileo. A Letzebuerg ass och Partner vun der « European Space Agency » (ESA), dém zwéte Pilier vu Galileo. Mir sin also gleich zwémol derbei.

Nët jidfer EU-Land ass och un der ESA bedélejt, wèll déi huet am Ament eréischt 17 Membren. Déi 17 sin d’office u gewësse Fuerschungsprogrammen vun der Weltraum-Agence bedélejt a kënnen sech doriwer eraus u weider ESA-Programmer drunhènken wann se wëllen. Letzebuerg mecht z.B., niewt dem Galileo, beim Telecoms-Projet ARTES a beim Technologie-Programm GSTP matt an ass doriwer eraus och nach un zwé Erdobservatiounsprojée bedélejt.

Daat kascht natirlech èppes – am Fall vum Galileo si mir indirekt (iwert den EU-Budjet) matt 1,5 Milliounen Euro derbei an direkt (iwert d’ESA) matt 4,5 Milliounen, déi bis op 11 Milliounen klamme kënnen. A waat hu mir dovun? Datt mir just derbei sin? Nët nëmmen daat. Et muss é wëssen, datt déi ESAs-Programmen nom Prinzip vum « juste retour » funktionéieren, d.h. datt d’Partner en Urecht drop hun, Commanten matt hém ze huelen, déi bis zur Héicht vun hirem Kapitalasaatz oder esouguer doriwer eraus goe kënnen. Am Contexte vum Galileo hu Letzbuerger Firmaen 4 Propositiounen vir déi zwou éischt Phase vum Projet agerécht. Sollten sie zum Zoch kommen, kréiche mir iwert dé Wé op d’manst en Dél vun eiser Mise erëm.

Aer Präsidentekommissioun war esou gentil, déi 3 Galileos-Projeten, iwert déi Aer Chamber dës Kéier ze befannen huet, ze bëndelen an se mattenén durchzehuelen. Daat war éng weis Decisioun, wëll se erspuert dem Rapporteur, dreimol baal daat selwecht z’erzielen, an ët erlaabt him, no dëser allgeménger Virstellung vum Projet Galileo sech op d’Spezificitéiten vun dénen énzelnen Accoren ze konzentréieren, déi ët ofzeséne gëllt.

An allen drei Fäll gét ët ëm d’Ratifizéierong vun Ofkommes, déi d’Galileos-Initiateuren matt Drëttstaaten ausgehandelt hun. An dëser éischter Serie – wèll ët kommen der nach e sëllechen no ! – handelt et sech ëm Amerika, ëm Israel an ëm China.

D’Ofkommes matt de Verénejte Staate vun Amerika ass nët fir neischt daat 1. an der Rei. Wèll vun dësem Accord huet d’Réussite vum Galileo zu éngem gudden Dél ofgehangen.

Wéisou?

Et ass bekannt, datt d’Amerikaner nach lang nët frouh matt dem europäische Projet waren, an dém sie nët nëmmen éng Menace fir hiren Navigatiouns-Monopol gesin hun, mé virun allem éng geféierlech Konkurrenz fir hiren GPS. Wären sie bei hirer Resistenz bliwen, hätt daat ganz gär zu politische Mëssstëmmejkéten an och zu gehéirejem Drock op dén én oder aaneren EU-Partner féiere können, waat de Galileo vleicht geféierlech an d’Wackelen bruecht hätt.

Dozou ass et gottseidank nët komm. Wéi viru gené 5 Jahr d’Verhandlungen matt Amerika ugefangen hun, huet ët allerdéngs nach nët esou gudd ausgesinn. Déiseit dem grousse Pull waren sie der Ménong, en europäischen Navigatiounssystem wier total iwerflësseg an doriwer eraus géif hien de GPS stéieren an domatt dém séng Zouverléissejkét op éng geféierlech Art a Weis aschränken. Waat erëm schon elèng dofir nët vun den Amerikaner hätt können akzeptéiert gin, wèll de GPS prioritär éng militärisch Missioun z’erfëllen hätt.

Et huet schon e Strapp gedauert, bis d’Amerikaner dervun iwerzéjt konnte gin, datt graad sie als d’Championen vum freie Welthandel sech éngem globalen, zivilen an zum Dél kommerziellen Navigatiounssystem nët an de Wé stelle kënnten. An daat emsou méi, wou d’Europäer eng Zesummenarbecht tëscht dem Galileo an dém entretemps verélsten an dofir fir éng Revisioun zeidejen GPS offeréiert hun, déi de GPS nach méi performant mache géing – och fir séng militärisch Notzung. Mé eréischt, wéi d’Techniker de Problém vun der Cohabitatioun vun dem GPS séngem Militär-Signal an dem openen Galileo-Signal geléist an d’Amerikaner hir 100prozentig Garantie kritt haaten, datt én de Galileo am Kriejsfall oder bei Terrorismusgefohr ausblende kënnt, hun sie « Jo » zu énger Kooperatioun gesoot.. Déi ass dann um Sommet vun der irischer Présidence Enn Juni virzijahr op Dromoland Castle matt dém Accord besijelt gin, dém Letzebuerg matt dësem Gesetz sei Séje gi soll.

De Fait datt mir eis matt den Amerikaner éns gi sin, huet wahrscheinlech d’Realisatioun vum Galileo iwerhapt eréischt méijlech gemaach. An de Fait, datt e Wé fonnt gouf, fir déi zwé Navigatiounssystemer matenén ze verknèppen an domatt de Grondstén fir e rejelrechten universellen System op d’Bén ze léen, wärt grad esou wahrscheinlech fir de kommerzielle Succès suerjen. Et gët erwart, datt beim Démarrage 2010 gudd 3 Milliarden Navigatiounsapparaten prètt sie wärten an datt déi kommerziell Notzung éng 250 Milliounen Euro am Jahr erabréngt. Ronn 150.000 Mënschen solle bis dohin vum Galileo-Bedreiwerkonsortium beschäftigt gin.

Souweit zum – decisiven – Accord matt Amerika, dé Géijestand vum Gesetprojet 5461 ass, an dén Iech elo zur Approbatioun virleit.

Mé den Accord matt Amerika war nët dén éischten, dén d’Galileos-Promoteuren matt éngem Drëttland ënnerzéchent hun. Schon am Oktober 2003 war ët zu Peking zur Ennerschrëft ënnert e Schrëftstéck komm, matt dém sech d’Volleksrepublik China an d’Initiateure vum Galileo zu énger ènker Zesummenarbecht engajéiert hun.

China, daat jo de Weltraum nët méi z’entdècke brauch, haat ganz séier déi strategisch Bedeitung vun dém globalen Navigatiounsréseau erkannt, zu dém de Galileo de Grondsté lée sollt, an haat dofir am März 2003, wéi d’Diskussiounen matt den Amerikaner nach voll am gaang waren, Verhandlungen matt den Europäer opgeholl. Et ass vleicht esouguer nët vun der Hand ze weisen, datt de Chinesen hir Berétschaft, beim Galileo mattzemaachen, éng stimuléierend Wirkung op d’Gespréicher matt den Amerikaner haat an vleicht zum Durchbroch bei déne Verhandlungen drei Méint méi spéit zu Washington beigedroen huet.

Jidferfalls huet de populatiounsstärkste Staat vun der Welt sech am Hierscht 2003 verpflicht, beim Galileo mattzemaachen – och finanziell, wèll China huet 280 Milliounen Euro Kapitalbedélejong an Aussicht gestallt. D’technesch Zesummenaarbecht gët vun éngem « Centre de coopération et de formation technique du système mondial de navigation par satellite Chine-Europe » (CENC), koordinéiert, dén an de Chinesen hirem HiTech-Park Zhongguancun zu Péking ënnerbruecht ass.

Den Accord vun démols leit der Chamber elo als Gesetzprojet Nummer 5479 vir. A séngem Intitulé gét Rieds vun énger Koopératioun en vue vun « éngem weltweiten Satelliten-Navigatiounssystem (GNSS) – GALILEO ». Fir d’éischteKéier gët also hei ugedeit, datt mir ët matt 2 Facetten vun éngem an démselwechte Projet ze din hun: engerseits matt dér vum europäische Galileo, an aanereseits matt dér vun éngem globalen Navigatiounssystem, dén sech « Global Navigation Satellite System » (GNSS) nènnt.

Dén 3. Accord, dém mir matt dem Gesetzprojet 5462 zoustëmme sollen, ass dén, dén den 13. Juli virzijahr zu Bréissel mam Staat Israel ënnerzéchent gin ass.

D’Israelien haaten sech am Fréijahr 2003 fir de Projet interesséiert an hir Berétschaft signaléiert, beim Galileo anzeklammen. Dogéint haaten d’Europäer schon elèng dofir neischt, wèll d’Israelien zu den Top Ten an der Weltraumtechnologie gehéiren an sie domatt als Partner vu Galileo ganz besonnesch interessant sin. Op dér aanerer Seit hëlt Israel opgrond vu sénger geografischer Laag am weltemspaanenden Galileo-Netz eng nët onwichteg Positioun an an huet och wëlles, sech finanziell um Projet bedélejen.

Et huet dann och knapps e Jahr gedauert, bis én sech éns matt den Israelie war an den Accord iwert e « weltweiten Satelliten-Navigatiounssystem fir zivil Notzung » ennerschriwen huet.

Bezéchnenderweis gét am Titel vum Gesetzprojet 5462, matt dém dësem Accord zougestëmmt soll gin, nët méi vu Galileo, mé nëmme méi vum « Global Navigation Satellite System » Rieds, waat wuel dorop hindeite soll, datt mir hei elo definitiv den europäische Kader vum Galileo verloossen, an eis elo an dém globalen, vum amerikanischen GPS am Galileo gemeinsam gedroenen Welt-Navigatiounssystem bewéjen.

Déi drei Accorden, iwert déi mir elo gleich ofstëmme sollen, sin, wéi schon ugedeit, nëmmen den Ufank vun énger laanger Rëtsch. Wèll an der Tëschenzeit hu scho 5 weider Staaten matt de Galileo-Partner ënnerschriwen – an zwar Indien, daat sech matt 200 Milliounen Euro un der Entreprise bedélejt, d’Ukraine, Marokko, Südkorea an d’Schweiz, déi, wéi kënnt ët aaneschter sin, déi wichteg Atom-Präzisiounsauer fir de System liwert. An et stin der nach 7 an der Rei fir dèrfe mattzemaachen : Daat sin d’Norwejer, d’Argentinier, d’Brasilianer, d’Chilenen, d’Kanadier, d’Malayen an d’Mexikaner.

An aanere Wieder : Dir kënnt Iech drop gefaast haalen, datt mir dén Exercice vun haut nach méi wéi éng Kéier hei wiederhuele wèrten. An dann hoffentlich matt dém selwechte positive Resultat, daat de Rapporteur elo vun Aerem Vote erwaart. Ech soe Iech elo scho merci – och fir d’Nolauschteren.