Reformen fir eis Zukunft

Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint: “D’CSV begreisst dëse Kompromess ausdrecklech, well hien bewissen huet, datt d’Politik an d’Sozialpartner an engem fir eist Land wichtegen Moment, Responsabilitéit iwwerholl hun

De Maurice Bauer, Generalsekretär adjoint zum Tripartite-accord an zum Etat de la Nation an enger freier Tribüne ob 92,5

De lëtzebuerger Sozialmodell huet op een neits bewiesen, datt en gudd funktionnéiert”; esou huet den CSV Parteipresident François Biltgen déi Mossnahmen commentéiert, iwwert dei d’Tripartite een Accord fonnt huet, an dei et erlaaben wäerten, fir Lëtzebuerg fit ze machen, fir datt och nach an Zukunft eist Land kann denen, dei no eis kommen, dei selwecht Chancen bidden ewei mir se hunn.

Reformen fir eis d’Zukunft; esou kann een d’Resultat emschreiwen, waat d’Regierung zesummen mat den Sozialpartner an laangen a schwieregen Verhandlungen ereescht huet. D’CSV begreisst dese Kompromess ausdrecklech, well hien bewiesen huet, datt d’Politik an d’Sozialpartner an engem fir eist Land wichtegen Moment, Responsabilitéit iwwerholl hun an bereet woren fir emzedenken an nei Weer ze goën am Intérêt vun eiser Zukunft.

Méi Solidaritéit a méi Responsabilitéit

A senger Deklaratioun zur Laag vun der Natioun huet den Staatsminister erklärt, datt mat desëm Accord aus der Tripartite dei politesch Prioriteiten fiir dei näichst Joeren fixéiert konnte ginn an oofgesechert gouf, wéi mer sie finanzéieren: “Méi Schoul, méi Famill, méi Klimaschutz, méi Fuerschung, méi Kompetitivitéit, méi öffentlechen Transport, méi Investissementer, méi bëlleg Wunnengen, bref: méi Solidaritéit a méi Responsabilitéit.”; esou den Jean-Claude Juncker an senger Ried zur Laag vun der Natioun virun der Chamber. Dei proposéiert Mossnahmen wäerten et och erlaaben, nei Impulser ze ginn fir eng mei aktiv Beschäftegungs-a Wunnengsbaupolitik.

Reformen kënnen och eng Chance sinn. Mir wëllen als CSV, ewei schon’s an der Vergangenheet, des Bemeihungen ennerstetzen, mat all denen wou d’Zukunft vun eisem Land um Häerz lait. Esou huet d’CSV virun den Waalen 2004 och emmer gesoot, datt mei schweier Zaiten keimen a Reformen neideg wiren, an d’CSV huet och keng utopesch Mossnahmen versprach, dei net ze haalen waren.

Zesummen ob de Wee machen

D’CSV ass 2004 mam Slogan “De séchere Wee” ugetrueden. “De séchere Wee” heescht “och eis Kanner mussen dei selwecht Chancen op e geséchert Liewen hunn wéi mir. An dofir musse mir eis zesummen op de Wee maachen. E Wee vu Reformen. E Wee awer, op deem keen op der Stréck bleiwen därf.”

Fir d’CSV geet et also elo drëm, des Erausfuerderungen unzehuelen, fir dei Reformen emzesetzen, fir esou eis gemeinsam Zukunft ze gestalten, am Respekt vu eiser Emwelt an an engem wirtschaftlech dynameschen Lëtzebuerg mat engem ofgesecherten Sozialmodell an gläichfalls gesond Staatsfinanzen fiir d’Zukunft ze garantéieren.

All dei Moosnahmen huet den Jean-Claude Juncker leschten Samschdeg den CSV Memberen zu Sandweiler nach eemol erklärt an Ried an Äentwert gestannen. Mat enger ganz breeder Zoustemmung huet d’CSV do hier Bereetschaft signaliseiert, fir matzegoen op den proposéierten Wee.

An denen nächste Wochen wäert d’CSV och bei Iech an Äere Bezierk kommen fir Iech dës Reformen mei am Detail ze presentéieren a mir invitéieren Iech schon’s elo dës Geleenheet ze notzen fiir laanscht ze kommen an Äer Froen ze stellen an mat eis ze diskutéieren.

Dir fannt och weider Informatiounen zu dësen Reformen fir eis Zukunft ewei och iwwert aaner aktuell Sujeten op eiser Internetsait www.csv.lu

Maurice Bauer, CSV Generalsekretär adjoint