Den Lucien Thiel an der “Tribune Libre” vun RTL
Eijentlech géif et jo am Ament méi Interessantes ze kommentéieren wéi en europäische Weltraumprojet. Zum Beispill, daat waat bei dér éisterlecher Tripartite erauskomm ass. Oder wéi ët matt der Attack vum Här Mittal op eis Arcelor weidergét déi jo elo gleich an hir entschédend Phase kënnt.
Mé d’Tripartite ass schon des laangen an des bréde kommentéiert gin an d’OPA op d’Arcelor wärt demnächst nach fir genuch Schlagzeile suerjen. Dofir kann én sech och emol matt éngem manner opréjende Sujet befaassen, dém séng Bedeitong fir eist Land én awer trotzdem nët ennerschätze soll.
De Galileo Galilei ass an d’Geschicht agaangen, wèll hien sech matt sénger kénger Behaaptung, d’Erd wir ronn a géif sech ëm d’Sonn dréien, nach ewell allerhand Misere bei dénen agehandelt haat, déi démols d’Soen haaten an énger aanerer Ménong waren. Esou wéi de Galileo démols probéiert huet, séngen Zeitgenossen hiren énken Horizont z’erweideren, sou soll elo e Projet, dén no him benannt ass, jideréngem de Wé weisen – an zwar dohinner wou hien grad hiwëllt.
Daat ass gewëss kéng Révolution, wèll vill vun eis benotze jo schons haut de GPS – de globale Positionéierongssystem – op hirem Navigator am Auto oder um Täschecomputer.
An dach därft de Projet Galileo séng 4 Milliarden Euro wärt sin. Matt sénge 27 Satelliten stellt hien éng Alternativ zum amerikanischen GPS duer, dé jo eijentlech fir de militärischen Asaatz geduecht war an dén och nach haut all Moment vun den Amerikaner ausgeknipst kënnt gin, wann sie ët sollte fir néidej haalen. Waat daat nët nëmme fir eis Automobilisten, mé och fir d’Schefffaart, d’Aviatioun an éng Rëtsch aaner Bereicher bedeite géif, déi sech ganz op d’Satellitennavigatioun agestallt hun, kann én sech liicht ausmolen. Et mëcht also scho Sënn, wann dém amerikanischen GPS-Monopol en Enn gemaach gët.
Dobei soll de Galileo awer alles aaneschteres wéi éng Konkurrenz fir de GPS gin. Hie soll vill méi zesummen matt séngem amerikanische Virbield d’Herzstéck vun éngem globalen Navigatiounssystem gin, un dém sech all Natioune vun der Welt bedéleje kënnen. A just dorëm gét ët och bei dénen drei Galileo-Gesetprojeten, déi elo vun eiser Chamber gestëmmt solle gin.
Engerseits wèrt bei dér Geléjenhét Letzebuerg als Partner vun der Europäischer Weltraumagence ESA, an domatt gewëssermoossen als Copropriétaire vum Galileo, den Accord matt den USA ratifizéieren, an dém d’Zesummenaarbecht vu GPS a Galileo festgehaale gët. Anererseits sin d’Ofkommes matt dénen zwé éischten Partner ausserhalb vun Europa, nämlech Israel an China, och schon ënnerschrëftszeideg. An daat ass eréischt den Ufank, wèll et stinn schon éng Dozend weider Staaten op der Waardelëscht fir mattzemaachen.
De Galileo ass also elo schon, 4 Jahr éiert en a Betrieb gét, e volle Succès. Matt e bëssche Chance gët hien daat och fir dé klénge Partner Letzebuerg. Wèll dé kënnt sech matt séngem Satelliten-Knowhow an sénger Hi-Tech-Kompetenz, déi sech esou lues opdét, do nach ewell ganz gär e Stéckelchen ofschneide.