Den Marco Schank hëllt Stellung fir d’CSV-Fraktioun
Här President.
Dir Dammen an Dir Hären.
Déi lescht 14 Deeg haaten mir zu Lëtzebuerg immens gudd Wieder, a mir sollen an Zukunft frouh sin, wann et reent, d.h. wa mir sougenannt “schlecht” Wieder hun, an nët nëmmen driwwer kloën .
An villen aneren Deeler vun der Welt reent et entweder iwerhaapt, nët oder nët genuch, oder heinansdo esou vill, datt och doraus Misère entsteet.
D’Benotzen vum Waasser as fir eis zu Lëtzebuerg eng Selbstverständlechkeet : mir brauchen just de Krunn opzedréihen an schon hun mir es esou vill wei mir es brauchen. Doduerch datt mir permanent esou einfach un d’Waasser kommen, gi vill Léit éischter liichfankeg matt dësem éischtrangegen Liewensmëttel ëm. Als Konsequenz heivun, gin all Daach dausenden an dausenden vun Literen mutwëllig verbëtzt.
Et muss een awer bedenken, datt méi ewéi eng Milliard Mënschen op eiser Welt keen Accès zu sécherem Drénkwaasser hun. Laut der UNO stierwen al Joër ongeféier 4 Milliounen Mënschen un de Suiten vun verschmotztem Drénkwaasser. Daat sin all Daach 10.000 Leit – dorënner 4000 Kanner.
Durch knaschtegt Drénkwasser stierwen deemno all Jor 10mol méi Mënschen, wéi duerch Kricher !
Wann een dovun ausgeet, datt am Joër 2050 circa 9 Milliarden Menschen op eisem Planéit wäerten liewen, kann een séch vierstellen datt d’Konkurrenz ëm des Liewenswichteg Ressource ëmmer méih grouss gët.
Momentan sin schon weltwäit 80 Länner vun enger Waasserknappheet betraff, an d’Zuel vun de concernéierten Menschen wäert bis 2030 op 5,4 Milliarden klammen.
Ët ginn deemno genuch Grënn fier datt een an Zukunft matt Konflikter (gouf et schon) an esouguer Kricher ëm Waasser kann rechnen. Verschidden Experten gin dovun aus datt an noher Zukunft de Waassermangel d’Haaptuersaach vun Ausernaanersetzungen um afrikaneschen Kontinent wäert sin.
Schon haut kämpfen Baueren an Nomaden an der Sahel-Zoon, a Kenia, Somalia, Nigeria, Burkina Faso – fier just e puer Beispiller ze nennen – ëm daat wéinegt Waasser, waat et do nach gët. Et reent nët genuch, d’Bëscher gin zerstéiert an d’Aarmut klëmmt.
Nieft dësem Problem, wëll ech hei drun erëneren, datt weltwäit 261 Flëss duerch op mannst 2 Länner fléissen, dei sech dann och d’Waasser vun dësen deelen mussen. Zënter Jooren streiden 9 Länner matt Ägypten ëm d’Nilwaaser. 1995 haat den ägypteschen Präsident erklärt säin Land géif kéng Kricher méih féieren, ausser ëm Waasser. Ën ähnlecht Konfliktpotential stëcht an villen Géigenden vun eiser Welt.
Här President,
Et kann also gudd sin, datt an den nächsten Joorhonnerten d’Kricher nët méih ëm de Petroll – wéi am Irak – mais ëm d’Waasser wäerten gefouert gin. Folglech muss een Ëmdenken geschéihen, fier ze retten waat nach ze retten ass.
Am Joër 2000 gouf op europäischem Niveau eng Kader-Directive « Waasser » ausgeschafft, d’Directive 2000/60/CE. D’Grënn heifier sin, nieft deenen grad genannten, ganz eendeiteg : 20% vum Uewerflächewaasser an der EU sin staark matt Schuedstoffer belaascht; 60% vun den europäeschen Stied iwerlaaschten hier Grondwaasserreserven; 50% vun den Fiichtgebidder sin wéinst dëser Iwwerlaaschtung a Gefoër; D’Fläch vum kënstlech bewässertem Land huet sech am südlechen Europa zënter 1985 ëm 20% vergréissert.
Duerch dës enorm Belaaschtungen deenen eis Waaserreserven ausgesaat sin, war et onbedéngt néidech dës Problemer matt wierksamen Moyen’en unzegoen, fier datt och fier déi zukünfteg Generatiounen dei liewenswichteg Ressourcen erhaalen bleiwen.
D’Kader-Direktive « Waasser » dehnt d’Protectioun op sämtlech Gewässer aus an setzt kloër Zieler, fier ze garantéieren datt bis 2015 all europäesch Waasserleef – an deemno och di Lëtzebuerger – e gudden Zoustand erreescht hun, an datt europawäit eng noohalteg Waassernotzung duerchgesaat gët.
Honnerten vun Expert’en aus verschiddenen Beräicher hun un dëser Direktive mattgeschafft : vun der Industrie bis zur Landwirtschaft, iwert den Ëmweltschutz hin zu den nationalen a lokalen Administratiounen. Ouni elo wëllen alles opzezielen kann een festhaalen, datt dës Direktive en ambitiéisen an innovativen Usaatz an der Gestioun vum Waasser zu Lëtzebuerg duerstellt.
Ët war viergesinn datt bis Dezember 2003 all national a regional Waassergesetzer un d’Kader-Direktive ugepaast wär. Well dëst awer nach leider hei zu Lëtzebuerg nët geschidd ass, ass et wichteg datt d’Directive 2000/60/CE esou séier ewei meigelech an lëtzebuerger Recht ëmgesaat gët.
Den zoustännigen Minister huet den 2. Februar 2006 op meng entspreechend Fro hei am Plenum geäntwert, datt si nach amgaang sin iwwert d’Form ze diskutéieren, fir eng juristisch Kohärenz an dat Ganzt ze kréien. Da géiffen sich di zoustännig Ministèren mam Projet befaassen, d.h. d’Ministère vun der Agriculture, Travaux Publics an Environnement.
Duerno ging et dann an de Regierungsrot, an sou den Minister, wéillt hien och nach di sougenannten, Société civile, also d’ONGën, abannen.
Ech wollt deemno haut nofroën, wéini mat dem Dépôt vum Projet de Loi ze rechenen ass ?
Wesentlich nei ass d’Aféierung vun ekonomischen Instrumenter an der Gestioun vum Wasser, fir eng nohalteg an ëmweltgerecht Notzung ze favo-riséieren: Wasser ass keng handelsüblech Wuer, mee een eemoligen Patrimoine, dee protégéiert an erhaale muss gin. Esou heescht et an der Direktiv!
Bis 2010 schreiwt d’Direktiv ee käschtendeckenden Präis fir Waasserdengschtleeschtungen vir, bei deem all d’Utilisateuren – Industrie, Landwirtschaft, privat Stéit – entspriechend dem Prinzip pollueur-payeur een ugemiessenen Beitrag muss leeschten, – also entspreechend Käschten zréckgefroot gin. Doduerch soll natiirlech och een Ureiz geschaaf gin, d’Ressource WASSER méi effizient ze notzen.
Trotzdem gët et ee gewësse Spillraum um Niveau vun der Direktiv – an dee wäert et och am Gesetz gin. Fir ekologisch Objektiver ze erreechen, wäert et och an Zukunft méiglich sin, verschidden “mesures préventives ou correctives” ze finanzéieren, daat heescht ze subventionnéieren !”
Här President.
D’Drénkwasser ass bei eis spottbëllig !
De bëlligste Wasserpräis an enger lëtzebuerger Gemeng sin 0,50 € (deiersten = 2 Euro). Am Vergläich mat enger Fläsch Mineralwaasser am Handel – a mir schwetzen 2mol vu guddem Drénkwasser – mengen ech stëmmen d’Relatiounen nit méi. Dausend Liter kaschten quasi graad esou vill 1 Liter Mineralwaasser am Supermarché!
D’Leit schéngen also bereet ze sin fir Drénkwaasser nach wesentlich méi ze bezuelen, bal 1000mol méi, wéi dat, waat d’Wasser aus dem Krunn elo kascht !
Ech sin deemno der Meenung, dat beim Konsument dobaussen relativ vill Akzeptanz fir méi héich Präiser besteet.
Op jidde Fall as d’Wasser aus dem Krunn wesentlich besser wéi säi Ruff !
Ech wëll awer och soën, dat Waasser géréieren, Waasser spueren a Waasser propper haalen nët nëmmen eng Responsabilitéit vun der Politik ass, mee och vun de Leit dobaussen an de Betrieber an an de Stéit:
Gewässerschutz fänkt doheem un, z.B. mat wasserspuerenden Elektrogeräter, Reewasser notzen, op d’Wasser a Verbindung mat geféierliche Stoffer oppassen ass sënnvoll ! Sou kann z.B 1 Liter Ueleg 1 Millioun Liter Wasser verseuchen.
Zum zukünftigen Waasserpräis seef och nach gesot gesot, dat et keen eenheetliche Wasserpräis wäert gin, mee ee sougenannten Prix harmonisé, deen all Gemeng no däer selwechter Formule an Zukunft rechnen soll. Vun 2010 un soll daat dann obligatoresch gin.
De Moment ass den Aarbechtsgrupp vun der Aluseau amgaang d’Produktiounskäschten fir Drénk- an Ofwasser ze berechnen. De Moment heescht et, dat béid Präiser zesummen sich tëschent 3 a 4 Euro kéinnten apendelen, wahrscheinlich méi no bei 4 ewei bei 3 Euro.
Här President, Kolleginnen a Kollegen,
Ee weidere wichtige Punkt ass deen, dat präventive Wasserschutz ee wesentlichen Bestanddeel vum Wassermanagement zu Lëtzebuerg muss sin !
Eng Fro, déi sich hei stellt ass notamment déi vum Wasserschutz, respektiv d’Ausweisen vun entspreechenden Zonen:
De Moment sin jo eigentlich keng ausgewisen, entspreechend dem Gesetz vun 1993, ausser enger, nämlich déi ronderëm de Stauséi, déi op d’60er Joren zréckgeet.
Ech hu mir awer soe geloss, dat d’Auteurën vum deem neie Gesetz Iddiën entweckelt hun, fir konkrete Waasserschutz virzegesin.
An der Kaderdirektiv selwer geet vun engem REGISTRE des ZONES PROTEGEES Rieds, wou allerdengs nët nëmmen de Quelleschutz viséiert gët, mee eeben och d’Badegewässer respektiv d’Naturschutzgebidder. Jiddefalls giff de Problem vun de Wasserschutzzonen am Kader vun der Ëmsetzung vun der Direktiv resp. deem neie Gesetz geléist gin !
Sënnvoll wär a mengen Aën eng Koppelung vun der Produktioun un de Wasserschutz !
Eng Parti Gemengen a Gemengesyndikater probéieren elo schons an Zesummenaarbecht mat der LW (an de Stéit) eis Wasserrreserven ze protégéieren.
De Moment gët awer hei nach deen een oder aaneren Widersproch !
Wann d’Gemengen oder Gemengesyndikater wëllen Aiden un d’Baueren bezuelen resp. d’Berodung vun de Baueren wëllen finanzéieren, dann däerfen di Eng dat, an di Aner däerfen dat nët: Bissen, Miersch, SES – däerfen dat – di Réidener, oder och de Naturpark Uewersauer nët. Den Innenminister huet virun kuerzem versprach do Neel mat Käpp ze machen !
Hei zu Lëtzebuerg kënnt derbäi, datt et an der Praxis vun de bestehenden Aiden ee Problem gët: d’LW-Beroder iwwert d’Land bekloen sich, dat di Aiden am Kontext Agriculture an Environnement fir d’Baueren nët attraktiv genuch sin. Och missten déi Aiden méi flexibel sin, z.B. mat Programmer vu Joër zu Joër, a nët d’Baueren op Zäitreim vu 5 Joër festleën.
Ech wëll demno och hei een däitliche Plädoyer machen fir Kooperatiounsmodeller mat der LW: just ee Beispill vun Honnerten aus dem Ausland:
Am Wassergesetz an Niedersachsen sin eng Parti Instrumenter verankert, wéi ëner aanerem: fräiwëlleg Kontrakter mat Baueren, déi entspreechend Leeschtungen bezuelt kréien; gratis Zousatzberodung fir alles waat matt Grondwasserschutz ze din huet; Ausgläichsfinanzéierung fir alles daat, waat de Bauer muss méi machen.
Finanzéiert gin dës Moosnahmen iwwert eng sougenannt “Wasserentnahmegebühr” (de Moment 5 Cent um m3).
D’Stad München geet zënter Jooren nach méi wäit an huet am Einzugsgebitt vun hiire Quellen matt ganz ville Suën biologisch Landwirtschaft établéiert !
Erlabt mer genee an deem hei Kontext e puer Wierder zum SEBES ze soën: Vun deenen knapps 44 Milliounen m3 Wasser, déi 2005 zu Lëtzebuerg konsuméiert goufen, 40% aus dem Stauséi vun Esch-Sauer kommen – de Rescht kennt aus Grondwasserquellen!
An dann wëll ech och soën, dat mir all immens frouh kënne sin, dat mir de SEBES hun: Beispill: 2003 war en waaremen, drechene Summer, an 2006, wou mir mierken, dat d’Grondwasserreserven ferm ofgeholl hun, a mir méi wi je an der Zukunft wäerten op Öewerflächewasser ugewiss sin …
Elementär a wënschenwert wiir et deemno awer, wann dat gréissten Wasserwierk zu Lëtzebuerg, also de SEBES, de präventive Wasserschutz géif a seng Statuten ophuelen, an an Zukunft no auslänneschem Vierbild Projets’en mat der Landwirtschaft géif hëllefen finanzéieren.
Här President.
Am Anzugsgebitt vum SEBES stécht de Naturpark Öwersauer elo schon all Jor 150.000 Euro an de Wasserschutz – dovunner 75.000 déi d’Gemengen aus der Regioun selwer opbréngen.
Et wiir awer méi wi logisch wann, all d’Gemengen, resp. d’Konsumenten, uechtert Land, déi vum SEBES-Wasser profitéieren, sich un der Finanzéierung vun efficacen Projets’en fir de Schutz vum Einzugsgebitt vum Stauséi giffe bedeelegen.
Konkret misst daat heeschen, datt de SEBES Projets’en finanzéiert, déi iwert de Naturpark mat sengem Service fir LW-Berodung koordinéiert gin.
Vläicht nach ee Wuert zur Öffentlichkeetsaarbecht vum SEBES:
do misst a mengen Aën nach munches geschéien. An ech mengen daat elo nët nemmen am Kontext vun enger Noutfallsituatioun, wéi mir se virum iwert engem Jor haaten. Ech mengen, datt de SEBES sech insgesamt méi offensiv dee gudden an enorm wichtigen Produit deen en hirstellt – nämlich DRENKWASSER – misst an d’Fënster stellen !
An datt et nët nëmmen nët verbueden ass, Wasser aus dem Krunn ze drénken. Genau dowéinst gët nämlich Reenwasser mat enorm vill Opwand an Drénkwasser verwandelt.
Do gët et jo och eng gewëss Schizophrenie, datt Leit de Kaffi mat Wasser aus dem Krunn machen awer d’Wasser “eleng” aus der Fläsch drénken !
Zum SEBES wollt ech nach soen, dat d’Fro nom Katastrofenplang bei engem Eeschtfall daat lescht Jor jo di eng oder aner Kéier gestallt gouf: de Minister selwer huet gesot, dat dee Plang steet. An ech weess iwwert den Direkter vum Wasserwirtschaftsamt, dat nët nëmmen d’Buergermeeschteren an Zukunft iwwert den direkte Wee (SMS) informéiert wäerte gin – mee och alleguer di sougenannt Direkt-Clientën (Entreprisen, Syndikater wéi SICLER asw).
Déi Fro, déi deemols an der Intérieurskommissioun opgeworf gouf, op een déi ganz Bevölkerung kéint iwer SMS avertéieren, as dem Direkter vum Wasserwirtschftsamt no mat Neen beäntwert gin: 1. aus techneschen an 2. juristische Grënn (Dateschutz).
Ech well och ganz kuurz just de Problem vun de Foragen uschwetzen, also d’Pëtzer bueren, wat virun allem vun der LW gemeet get, an d’Zäiten wou de Wasserpräis klëmmt.
Ech mengen, dat d’Wasserwirtschaftamt misst esou Anlagen systematisch ofhuelen, fir dat sech nët, wéi dat ëmmer erëm geschitt, op eemol polluéiert Wasser am öffentliche Netz erëmfënnt.
A propos Wasserwirtschaftsamt.
Den Direkter vum Wasserwirtschaftamt zitt ee positiven Bilan vun den Aktivitéiten vum Wasserwirtschaftsamt, knapps 2 Joër no der Créatioun. An der Tëschentzäit identifizéieren sich nët manner wéi 115 Leit mat der Verwaltung, mat hiiren 4 Divisounen, 3 regionalen Servicer op nët manner wéi 8 Siten.
Daat eenzegt wat him Misère mecht, as de Fait, dat heen eng Parti zousätzlich Leit gefroot, mee keng kritt huet ! Meng Fro un de Minister as, op sich hei an Zukunft eppes deet ?
Iwrigens ass et fier mech am Endeffekt nët wichtig, ob d’Wasserwirtschaftsamt am Intérieur oder am Emweltministère ënnerbruecht ass. Et däerf een z.B. och nët vergiessen, datt de Ministère vum Intérieur och landesplanerisch Kompetenzen huet, waat eng wichtig Komponent ass, resp. eng nohalteg Wasserwirtschaft souwisou Ministère-iwergräifend Efforts’en brauch!
Doriwwer eraus as et éischter wesentlich, datt d’Philosophie vun däer Verwaltung eng ekologisch ass, an datt déi Leit, déi do schaffen an d’Soën hun, sich dem !emweltgedanken verpflicht spieren. Wat ech perséinlich iwwrigens eng gudd Approche fannen, as datt déi Verwaltung probéiert no beim Bierger ze sin.
An dann – Här President – wollt ech nach op ee ganz wesentliche Punkt agoen, dee vill an der Diskussioun ass, a waat definitif nit däerf geschéihen:
Dat as dee vun der Fro vun der Liberaliséierung !
D’Wasser als liewenswichtig Ressource muss och an d’Zukunft an öffentlicher Hand bleiwen, an däerf op kee Fall zum Spillball privatwirtschaftlichen Interessen gin!
A mir als EU-Memberland mussen vis-à-vis vun der Commissioun zu Bréissel däitlich machen, ouni équivoque, datt d’Wasserpolitik sich fir eng Liberaliséierung ënner kengen Emstänn eegent, an dat een d’Kritären vum Europäische Bannemaart nët op d’Wasser iwerdroën kann !
Och de “Conseil économique et social” mecht a sengem Avis fier déi finanziell, sozial an ekonomisch Entwécklung vu Lëtzebuerg, deen den 6, Abrëll soll virleien, däitlich, dat Wasserpolitik a Wasserproduktioun ënner staatlicher Kontroll bleiwen mussen.
Aufgaben am Zesummenhang mat der Wasserversuergung an -Entsuergung sin als öffentlich an universell Dengschleeschtung ze gesin a kommen fir Liberaliséieungs- a Privatiséierungs-Bestriewungen nët a Fro !
De Wirtschafts- a Sozialrot fuerdert däitlich eng Stäerkung vun der Roll vum Staat.
Wéinstens sin mir äis all eens, datt am Kontext vun enger effizienter a nohalteger Wasserwirtschaft de ganze Kreeslaf vun der Quell bis bei d’Kläranlag ënner der Responsabilitéit vun öffentlichen Instanzen misst stoën.
Oder anescht gesoot: Dat onersetzlicht Liewensmëttel WASSER muss enger demokratescher Kontroll ënnerleien !
Ech erënneren och un dëser Plaz drun, dat mir eis an der Intérieurskommissioun am Kader vum Débat iwert d’Kompetenzen Staat-Gemengen deemols schon alleguer eens waren, dat de Subsidiaritéitsprinzip hei eng wichtig Roll spillt. Eeben well et sich beim Wasser ëm eng lokal Ressource handelt, an d’Servicer ënnert der Responsabilitéit vu nationalen a kommunalen Autoritéiten stin.
Dat selwecht seet och de Conseil Economique et Social a sengem Avis, wann e vum Subsidiaritéisprinzip schwetzt:
Deenen europäischen Autoritéiten soll ee just déi Kompetenze gin, fir déi si eng Plus-Value kënne bréngen par rapport zu de nationalen a lokalen Stellen.
Zum Schluss wollt ech däitlich machen, datt et bei deem neie Gesetz nët nëmmen ëm d’Ëmsetzung vun enger Direktiv geet, mee dat mir ee fonkelneit a richtigt “Wassergesetz” kréien, mat alle Schikanen, d.h. wou all wesentlich Elementer, also och déi vum präventiven Wasserschutz, dran verankert sin !
D’Ëmsetzung vun dëser Direktive ass deemno een ambitiéisen an innovativen Usaatz an der Gestioun vum Waasser zu Lëtzebuerg.
Waat kann geschéihen, wann een dës liewensnoutwendig Ressource, de Gesetzer vum Maart ënnerwerft, daat weisen Beispiller aus Latäinamerika, zB. aus Bolivien an Argentinien.
Daat populärste Beispill as daat vun der “guerra del agua” zu Cochabamba, a Bolivien. Do hat eng US-amerikanisch Entreprise eng Konzessioun op 30 Joër kritt, fir d’Wasserversuergung vu Cochabamba z’organiséieren.
D’Resultat waren Präiserhéichungen mat parallel engem Qualitéitsverloscht, marod Réier, Reapaturleeschtungen déi éiweg op sich waarde gesoss hun, Entlossungen an d’Infrastrukturen déi nët weider ausgebaut goufen. Am Abrëll 2000 koum et zum Streik an de Konflikt as eskaléiert:
40 Doudiger bei Stroosseschlöechten waren d’Konsequenz vun däer Mobiliséierung, fir herno dann awer d’Wasserversuergung zréck an öffentlich Hänn ze bréngen. Haut huet dee klengen Anden-Staat iwrigens een eegenen Wasserministère.
Um véierten WeltWasserForum a Mexiko dëst Jor (am Mäerz) ass och erëm gefuerdert gin den Zougang zum Wasser als Mënscherecht a weltwäit als Allgemeingut anzestufen. Mee och dës Kéier, grad wéi 2000 zu Den Haag an 2003 zu Kyoto as dës Fuerderung gescheitert !
Här President,
Wasserressourcen verdengen eise Respekt an eegenen sech wéi gesoot iwerhaapt nët als Spillball fir privatwirtschaftlich Interessen, an eigentlich liicht et an, datt den Zougang zu propperem Wasser een elementart Mënscherecht misst sin!
Merci.