Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwert d’Eskalatioun an de Sträit em déi emstridde Mohammed Karikaturen

Den CSV-Zentrumsdéputéierten Laurent Mosar bezitt Stellung fir d’CSV-Fraktioun

Den Dialog ënner de Kulture ruffe mer ëmmer dann erbäi, wa mer eis an engem interkulturelle Konflikt befannen. Esou och elo, e puer Méint no der Publikatioun vun enger Dosen eigentlech méi schlechter wéi béiswëlleger Karikature vum Prophéit Mohammed, déi di dänesch “Jyllands Posten” leschte September publizéiert huet, ouni datt et zu vill Gedäisch komm wir. D’Gedäisch koum no, d’éischt lues, dunn ëmmer méi haart, bis schlussendlech dänesch Fändelen an der arabescher Welt gebrannt hun, dänesch Produkter boykottéiert an dänesch Botschafte gestiirmt goufen a bei de Protester Leit gestuerwe sin. Ass daat déi Basis, op däer sech Dialog féiere léisst? Wuel kaum.

De Respekt vun der Würd vum Mensch, d’Reliounsfräiheet souwéi d’Meenungsfräiheet gehéieren zu den héchste Gidder an enger demokratescher Gesellschaft. Fir eis däef een dës Grondprinzipien nët liichtfankesch op d’Spill setzen.
Och d’Gläichheet tëschent Mann a Fra an déi domadder verbonne Rechter fir d’Fra si fir eis nët verhandelbar. Mir sin dofir och der Meenung, dass egal zu watfir enger Relioun een sech bekennt, dës Grondprinzipien nët können zur Dispositioun stoën, ouni eist eegent Weltbild a Fro ze stellen.

Et gët eis gesot, datt de Koran et géif verbidden, sech e Bild vu Gott oder sengem Prophéit ze maachen. Daat ass nët wouer. Am Koran selwer steet zu dësem Sujet näischt, d’islamescht Billerverbot fënnt sech eréischt an den Hadithen, Léierschrëften, déi nom Ëmfänke vun de koranesche Versen duerch de Mohammed verfaasst goufen. Waat awer am Koran steet, daat ass, datt all d’Leit vum Buch – also déi moslemesch, déi jiddesch an déi chrëschtlech Monotheisten – sech solle géigesäiteg Respekt entgéintbréngen. Ech betounen: géigesäiteg.

Respekt virum Islam, daat ass fir eis awer ëmmer d’Akzeptanz vun deem, waat eigentlech inakzeptabel misst sin, an enger fräiheetlecher Gesellschaft wéi eiser, déi d’Mënscherechter uecht. Et ass ni de Géigendeel. Queesch duerch Europa sti Moscheen, a mir akzeptéieren, datt een a Saudi-Arabie kee Rousekranz däerf bei sech hunn, déif an der Paltongstäsch. Queesch duerch Europa fënnt ee verschleiert moslemesch Fraen op der Strooss, déi sech fräi könne bewegen ouni datt mir do eppes dobäi fannen.

Mir respektéieren den Islam souwéi mer all Relioun op dëser Welt ze respektéieren hun, och wann daat Weltbild, fir daat den Islam steet, op ville Punkten am Géigesaz zu eisen Grondiwerzeegungen steet.

D’Meenungs- an d’Pressefräiheet gehéieren zu de Päiler vun enger gudd fonktionnéierender demokratescher Gesellschaft. Wéi soot mol e gewësse Voltaire zu engem Mënsch, deem seng Usiichten en nët gedeelt huet: “Ech veruerchten Äer Meenung, mee ech géif mäi Liewen derfir ginn, datt Der se sollt kënne soën”. Dovu si mer am Billersträit mam Islam schrecklech wäit ewech.

Jo, et däerf een och reliéises karikaturéieren, och wa mir können novollzéien, dass vill gleeweg Mënschen dëst als en Nët-Respekt vun hiren reliéisen Iwwerzeegungen empfannen. Hei an Europa däerf een daat, well hei gëlle Gesetzer a Gewunnechten, déi daat erlaben. Wéivill Karikature vum Herrgott a vu Jesus Christus hu mer scho gesinn, a ville Fäll selwer driwwer gelaacht, an anere fonnt, daat wir awer elo vu schlechtem Goût – an domat haat daat sech?

An dene läschten Deeg goufe Grenzen iwwerschratt, déi nët däerfen iwwerschratt gin. Et ass inakzeptabel, datt Staate bewosst näischt ënnerhuelen, fir déi diplomatesch Vetriedungen vun anere Staaten op hirem Territoire ze schützen. Daat geet nët. Daat ass keng Viraussetzung fir kulturellen Dialog, well daat, waat eis a Syrien, an Indonesien, am Libanon, am Iran an op anere Plaze gebuede gouf, haat an huet mat Kultur näischt ze dinn. Et kann een der Menung sin, datt déi dänesch Mohammed-Karikaturen nët vun deem beschte Goût waren. Et kann een als Moslem wahrscheinlech och driwwer rose sinn. Mee duerfir stécht ee keng Botschaften a Brand. A virun allem: et akzeptéiert een als Staaten, als Regirungen, als Autoritéiten nët, datt Botschaften a Brand gestach gin. Dogéint ënnerhëllt een eppes, wann een och no de Protester nach gäer Dialog hätt. Et gouf awer näischt dergéint ënnerholl.

Et huet een an dene leschte Wochen aus der islamescher Welt, mat Ausnam vun e puer Intellektuellen, nët vill Leit héieren, déi zum Dialog vun de Kulturen opgeruff hätten. Daat ass schued. Well et schéngt, wéi wa mir neess eng Kéier dësen Dialog misste mat eis selwer féieren. Et gët Zäit, datt déi moslemesch Welt versteet, datt nët alles an Europa einfach esou higeholl gët. Daat gehéiert och zum Dialog.

Virun allem: Dialog ass de Géigendeel vu Monolog. Fir datt Dialog ka stattfannnen, mussen op d’manst zwee Interlocuteuren e wëllen. Alleng féiert ee keen Dialog. Mir wëllen a mussen den Dialog féieren. Mee och di gesamt islamesch Welt ass gefuerdert, fir datt den Dialog nët e Monolog bleift.