Den Nord-Députéierten Jean-Paul Schaaf hellt Stellung zu Gesetzesprojet 5507 deen Regierung autoriséiert, sech um Financement vun verschiddenen Sanéierungs- wéi och Moderniséierungsmossnahmen um Dreckstipp um Friddhaff ze bedeelegen.
Här President, dir Dammen an Dir Hären,
Ech wollt an éischter Linn dem honorable Rapporter, dem Här Romain Schneider, Merci soe fir säi schreftlechen an mendlechen Rapport, zu desem Gesetzesprojet deen Regierung autoriséiert, sech um Financement vun verschiddenen Sanéierungs- wéi och Moderniséierungsmossnahmen um Dreckstipp um Friddhaff ze bedeelegen.
Här President,
Jidereen un eis, hei bannen an dobaussen, mecht emol an der Woch de selweschten Geste: e setzt seng Drëckskescht moies virun d’Dir, an hellt se owes eidel rëm ran. Fir vill Léit ass domadder de Problem vun der Entsuergung vum Haushaltsdrëck ofgeschloss. Vill, an ëmmer méi Léit, man do derniewt den Effort vum getrennten Recycling vun Glas, Pabeier, Metall, Plastik, Grengschnëtt, Problemstoffer a Kompostoffäll déi si separat enger Verwertung zouféieren.
Dese Projet de loi – u sech en einfachen Text iwer eng Kofinanzéierung vum Staat – gëtt eis d’Geléenheet mol erfirzesträichen dass di Sach mam Drëck keng einfach Missioun fir di 3 Offallsyndikater a hir Matarbechter (42 Léit beim SIDEC) ass, an dass di Sach mam Knascht eng komplizéiert an oft ondankbar Affär duerstellt.
Eng modern Offallwirtschaft huet prioritär zum Ziel, am Beräich vun Haushalt, Handel an Industrie Offall ze vermeiden. Et ass ganz kloer dass d’Endlagerung vum Offall an enger Deponie emmer déi leschte Léisung ass. Et muss also virdrun probéiert gin, iwwert eng ganz Réi vun Weer an Mettelen den Oofall ze réduzéieren. Duervir ass d’Préventioun an och déi getrennten Kollekt vum Offall eng absolut Priortéit, fir dass am Endeffekt nemmen den Reschtmüll, deen net méi reycléiert oder kompostéiert ka gin, dann déponéiert oder verbrannt gett.
De legislative Kontext an dem sech d’Offalsyndikater bewegen imposéiert och d’Behandelen vum gesammelten Offall. Doropper réagéiert de SIDEC mat den Investissementer déi zënter 1998 gemach gi sin a Form vun der mechanescher Opbrédung, an dénen vun der biologescher Behandelung déi elo nach kommen.
Interessant ass et ze gesin, dass all déi Ustrengungen Sënn machen. Pro Kapp sin 1994 am Schnëtt 489 kg Dreck bei den 3 Syndikater ofgeliwert gin, 10 Jor dono (2004) waren et nach 428 kg. Dat ass eng Reduktioun vun 12,5%.
Ennert dem Impuls vu Staat, mä aawer besonnesch vun de Gemengen, iwer de Wee vun hiren Syndikater, sin an de leschten Joren eng ganz Réi Initiative geholl gin, déi als Ziel souwuel d’Vermeidung wéi och de Recyclage vum Oofall hun. Ech errenneren an desem Kontext un déi sëlleg Recycling-Parken, getrennten Kollekten an och Kompostéierungsanlagen déi op Gemenge- respektiv Syndikaatsniveau entstaane sin. Sou och beim SIDEC deen zenter 1972 eng Hausmülldeponie um Fridhaff exploitéiert a wou bis haut well iwwert 1 Millioun Kubimeter Dreck déposéiert goufen.
De SIDEC bedréift am Moment 5 Recyclingparken an huet an der Vergangenheet ganz vill Suen um Site vum Friddhaff investéiert vir den Dreck deen ugeliwwert gett maximal ze recycléieren an deemno de Restmüll op een Minimum ze réduzéiren.
Di Zomm vun emmerhin 32 Milliounen Euro, déi vun 98 bis 2007 investéiert goufen a gin, an déi elo sollen mat 25% vum Staat subsidiéert gin, weisen ganz klor dass Offallentsuergung nët fir näischt ze kréien ass.
Duerch déi méchanesch a biologesch Behandlungsanlag gett den ugeliwweretn Reschtoofall zerklengert an duerno an 3 Sorten vun Müll opgedeelt an wéiderverschafft.
Daat sin :
1. déi Oofäll déi duerch hiiren gudden Brennwert kennen an der Müllverbrennungsanlag verbrannt gin, (20-35%)
2. déi Ooffäll déi direkt kennen recycléiert gin sou z.b. Eisen oder aaner Metaller (2-3-%), an
3. den Reschtmüll deen no engem biologeschen Traitement défintiv um Tipp déponéiert gëtt. (62-78%).
Den biologeschen Traitement vun dem Reschtmüll ass nach nit fonctionnel, d’Aarbechten sin aawer vir dest Joer programméiert an sollen am Fréijoer 2007 ofgeschloss gin. De Staat partizipéiert, sou wéi am Gesetzesprojet virgesin, un deser « biologescher Reschtoofallbehandlungsanlag » an enger Héigt vun iwwert 2,9 Milliounen Euro.
Duerch den meschaneschen an och biologeschen Traitement vun den Oofäll wärt den Volume vum Dreck deen définitif um Tipp endgelagert gett méi kleng, an brauch demno och manner Plaatz an der Deponie. Den Drëck produzéiert manner Gazen, d’Sickerwasser gëtt fir d’Ufiichten beim biologescher Behandelung genotzt an d’Deponie wäert manner désagréabel Geréich vun sech gin. Di besser Ausnotzung vun der Platz huet zur Konsequenz, dass den Dreckstipp um Friddhaff nach 10 Joer kann exploitéiert gin, ronn 5 méi wéi ursprünglech virgesin.
Dat werft awer d’Fro ob, ob dat nët en déieren Invest ass fir di puer Jor wou nach kann hei deponéiert gin. Et muss en dofir bemierken, dass och no 2017 den Offallrecykling, den Tri an di mechanesch a biologesch Virbehandelung kennen a mussen weider genotzt gin. Um Friedhaff gin 2017 nët d’Luchten aus.
Här President,
De Projet de Loi 5507 handelt aawer net nemmen iwwert Partizipatioun vum Staat un den Onkäschten vun der « mechanescher a biologescher Reschtoofallbehandlungsanalg », en soll och een Deel vun de Käschten vun den Erweiderungs- an der Sanéierungsarbechten oofdecken, déi an de Joeren 1998 bis 2004 op der Deponie Friedhaff ennerholl goufen.
Dess Aarbechten waaren noutwendeg gin, well wéi an allen Deponien huet sech och um Friedhaff am Laaf vun der Zäit e Problem vun Ofdichtung a vun Sickerwaasser gestallt, wat eng Gefor vir Mensch a Natur kann duerstellen. No enger Bauzäit vun insgesamt 6 Joer konnten d’Aarbechten zur Erweiderung a Sanéierung vun der Deponie Friddhaff oofgeschloss gin. Dess Aarbechten zeechnen sech virunallem duerch enorm Oofall- an Äerdemlagerungsaarbeschten aus. Op enger Fläch vun 37.000 m2 gouf den Ärdbuedem duerch opwännesch Dichtungsschichten virum Schmotzwaaser geschützt. Fir eng getrennten Erfaassung an e kontrolléiert Offleeden vum onverschmotzten Uewerfläche-, Schmotz- a Sickerwaasser, goufen desweideren Kilometeren vun Dräinage- a Kanalroueren verluegt souwéi verschidden Opfaangbecken gebaut mat enger Gesamtkapzitéit vun baal 2000 m3.
Grouss Deeler vun der Deponie déi net méi a Betrieb sin, goufen ausserdem mat enger decker Uerflächenoofdeckung aus Lehm versin, sou dass dess Beräicher lo greisstendeels géint Witterungsafless geschützt sin. Desst brengt mat sech dass baal keen Reenwasser méi duerch den Deponiekiirper kann drengen, demno d’Sickerwaasser réduzéiert konnt gin grad ewéi déi intensiv Gerochsentwecklung déi duerch Zersetzen vun organeschen Stoffer op enger Deponie entstin.
Här President,
Duerch dess Arbechten konnt Kapazitéit vun der Deponie vergréissert gin an deemno och wéi schons virdrun schon gesoot hir Liewensdauer. Mä net nemmen. Sanéirungsaarbechten haaten och zum Ziel een besseren Schutz vir Mensch an Emwelt.
Deen deen en Tipp bedréiwt ass ëmmer och e bessen op der Uklobänk. Offall gëtt als potentiel geféeirlech agestufft, an dat ass och richteg esou. Dofir kennt op di Verantwortlech vum SIDEC eng grouss Noutwendegkét vun totaler Transparenz an Offenhét zou. An de läschten Wochen hun sech an der Öffentlechkét eng Rei kritesch Stëmmen bemierkbar gemach, déi dem SIDEC Tipp nët trauen.
Mir wessen dass en aalen Deel vum Tipp nët esou ofgedicht ass wéi di modern Deponiedéler, dass den Ofwaasserkollekter nët ofgeschirmt bis an d’Kläranlag vum SIDEN leeft, mé einfach an de Kanal vun Ierpeldeng, dass e Risiko vun Kontaminatioun vum Grondwaasser besteet, dass eng Rei Analysen héich Wärter obweisen, och wann se nët iwer de Grenzwerter fir d’Aspeisung an eng Kläranlag leien.
Ech mache mir Gedanken, wann ech d’Resultater vun de Waasseranalysen vun der Emweltverwaltung vum 27. Dézember 2005 méi genee ukucken, déi op verschiddenen Plaatzen um Tipp geholl goufen. Do goufen an enger Waasserprouf, déi am Drainagesystem vum Tipp geholl gouf enneraanerem, anormal héich Konzentratioun vun Ammoniak nogewiesen, deen haaptsächlech duerch den Oofbau vun organeschen Substanzen entsteet, déi och am Tipp existéieren.
Well Onklorhét besteet duerch eng Rei vun Analysen, huet den neien Gemengerod vun Ierpeldeng décidéiert égen, onofhängeg Analysen duerchzeféieren an öffentlech zougänglech ze man. Domadder soll vun neutraler Plaz nogewisen gin, ob eng Gefor fir de Mensch an d’Emwelt besteet – jo oder neen. An et soll sécher gestallt gin, dass d’Quellenaspéisung vum Ierpeldenger Drenkwasser nët durch den Tipp a Gefor ass.
Ech well hei kengem de Prozess machen. Ech well awer d’Noutwendegkét ënnerstetzen, Transparenz gëllen ze lossen, Informatiounen publik ze man, Kritiker ze empfänken, Léisungen ze erklären.
Mat dénen Investissementer déi haut hei décidéiert gin gëtt déi Deponie méi sécher, kritt méi eng lang Liewensdauer, a erfellt besser di emweltspezifesch Ufuerderungen. Wann och nach dest Jor vum SIDEN den neien Uschloss un d’Kläranlag geluegt gëtt, dierwt keen Wasser vum Tipp méi mat dem Buedem a mat dem Kanalnetz vun Ierpeldeng a Kontakt kommen.
De Fait dass hei de Staat hëlleft bezuelen heescht nët dass elo alles an der Rei ass an all Zweifeler Onrecht hun. De Fait dass mir haut dest Gesetz stëmmen gëtt dem SIDEC Sécherheet a finanziell Moyen’en seng Investissementer am Intérêt vun der Sach a vun der Sécherheet vun de Biirger wieder ze dreiwen.
Här President
An engem leschten Punkt well ech nach eng Kéier op Laafzäit vun der Déponie um Friedhaff zreckkommen. Et ass virgesin dass den Tipp bis Joer 2017 wärt voll sin. Duervir wier et net schlecht wa mer eis haut schons géife Gedanke maachen wéi eis national Offallpolitik an Offallstrukturen an den nexten 10 Joeren an iwwert Joer 2017 eraus kéinten ausgesin.
Brauche mer an Zukunft eng néi Deponie am Norden? Bléiwe mer beim System sou wéi mer en haut kennen ? Brauche mer a Zukunft am Beräich vum Oofall nach 3 verschidden Syndikater ? Kennen di 3 Syndikater nach besser zesummenschaffen? Musse mer net eng néi Müllverbrennungsanlag bauen, déi dann d’Kapazitéit misst hun fir an Zukunft émol als national Verbrennungsanalag ze funktionnéieren?
Dess Froen no enger zukünfteg sécherer Offallentsuergung sin nët nëmmen politesch Froen, et sin och technesch a wëssenschaftlech Froen.
Dofir , Här Emweltminister, sidd dir gewellt mat allen 3 Syndikater un engem flächendeckenden System fir ganz Letzebuerg ze schaffen, woubei di Reschtlafdauer vun der SIDEC den Timing muss virgin? Respektiv d’Fro wéi dem Enweltministär seng Visioun fir d’Offallentsuergung no 2017 ausgesäit?
Ech well elo schléissen, mat 2 Bemierkungen:
• Mam Accord vun der CSV Fraktioun zu desem Projet,
• An trotz aller Polemik an Kritik déi verénzelt un der Gestioun an un der zaghafter Öffentlechkétsarbecht geäussert gëtt, well ech de Verantwortlechen an allen Matarbechter vum SIDEC Merci soen dofir, dass all Woch d’Awunner aus 57 Gemengen hir Dreckskëscht moies voll kënnen raussetzen, an owes eidel rëm kënnen ranhuelen.
Merci.