D’Offer vu Mittal Steel, fir ARCELOR ze iwwerhuelen, schléit zënter leschten Freideg héich Wellen zu Lëtzebuerg. Et ass eng onerwaarten Offer, eng net ugekënnegten Offer, deemno eng feindlech Offer, déi den indeschen Industrielle Lakschmi Mittal op den Dësch geluecht huet. Well d’ARCELOR net irgend ee Betrieb zu Lëtzebuerg a fir Lëtzebuerg ass, a well den Här Mittal déi Reputatioun huet, déi en huet, gëtt dës Affär mat vill Passioun, awer och mat villen Ängscht an Appréhensiounen diskutéiert. Et ass eben anescht, wéi wann um Finanzmaart Lëtzebuerger Banke vun auslännesche Kreditinstituter geschléckt ginn a mat hirer Aktivitéit normal weiderfueren – d’Bedeitung vun der ARCELOR gëtt vu ganz ville Lëtzebuerger esou ageschaat, datt et hei kéint ëm daat Liewegt goen.
D’ARCELOR, déi al ARBED, ass quasi e Synonym fir den industriellen Erfolleg vun eisem Land. Méi nach, si steet am Fong sënnbildlech fir den Opstieg vu Lëtzebuerg vun enger aarmer a schwaacher Agrarnatioun zu engem moderne staarke Staat, op deen uechter d’Welt gekuckt gëtt. Dausende Lëtzebuerger Familljegeschichte si mat der Geschicht vun der ARBED verbonnen. Dosende Familljenimm, déi et virun 100 Joer zu Lëtzebuerg net gouf, sinn haut besonnesch am Süde gängeg Nimm vu Landsleit, deenen hir Grousspappen aus Italien an duerno aus anere Länner op d’ARBED schaffe koumen, well se do Aarbecht kruten. D’ARBED, haut d’ARCELOR ass e Stéck vun eiser Geschicht, si ass e Stéck vun der individueller a Familljegeschicht vun Zengdausende Leit zu Lëtzebuerg. Si ass e Stéck Lëtzebuerg.
D’ARCELOR vun haut ass net méi d’ARBED vu viru 50, 25 oder och nach 10 Joer. Aus der Lëtzebuerger ARBED ass déi multinational ARCELOR als modern Kapitalgesellschaft ginn, vun däer hirem Kapital 86% iwwer de Globus am Streebesëtz sinn. De Lëtzebuerger Staat als gréissten Eenzelaktionär hält nach 5,6% vum ARCELOR-Kapital. D’Struktur vum Betrieb huet geännert. Villes vu senger Philosophie, sengem Fonctionnement a senger sozialer Roll ass awer d’selwecht bliwwen.
D’ARCELOR ass en Traditiounsbetrieb an der Systemlogik vum Lëtzebuerger Modell. Virun e puer Wochen eréischt – dëst soll keen als Omen deiten – ass dee Mann gestuerwen, duerch deem seng historesch Mediatioun am Lëtzebuerger Stoolsecteur de kooperative Modell, de Modell vum sozialen Dialog, definitiv institutionaliséiert gouf. De Schwäizer Professer Henri Rieben, e perséinleche Frënd vun e puer vun de Grënnungspappe vun Europa, huet 1959 op Demande vum Staatsminister Pierre Werner tëschent ARBED-Direktioun a Personal vermëttelt. Dobäi koum eng Lounerhéigung vun engem Frang d’Stonn eraus – dee sougenannte Rieben-Frang. Zënterhir gëtt et e permanenten a konstante Sozialdialog am Stoolsecteur zu Lëtzebuerg, an also bei ARBED an ARCELOR. D’Stooltripartite ass duerno eng Konstant vun de Lëtzebuerger Industrierelatioune ginn.
Wéi et bei der ARBED méi lues goung, wéi d’Stoolkriis gedroht huet, Lëtzebuerg a sengem wirtschaftleche Fundament ze erschütteren, gouf der ARBED vum ganze Land gehollef. Fir si gouf d’Solidaritéitssteier agefouert a vun all Steierzueler tëschent Huldang a Rëmëléng bezuelt. D’ARBED, haut d’ARCELOR ass an den Ae vun de Leit am Land net nëmmen e Betrieb, mee eng national Gréisst, fir déi vill Affer bruecht goufen, mee déi dem Land erlaabt huet, zu deem ze ginn, waat et haut ass. Wa géint esou e Betrieb eng feindlech Iwwernampropositioun formuléiert gëtt, da beonrouegt daat.
Alles daat, waat d’ARCELOR ass an d’ARBED war, ass Mittal Steel net. Mittal Steel huet eng aner Produktpalett, eng aner Geschicht, an eng ganz aner Betriebsstruktur. D’Famill vum Grënner Lakshmi Mittal hält bei Mittal Steel 85 Prozent vum Kapital an huet 97 Prozent vun de Stëmmrechter. Et ass e Familljebetrieb, dee net mat engem bestëmmte Land verbonnen ass, an deen de Ruff huet, marod Stoolbetrieber opzekafen an zu engem héige soziale Präiss ze sanéieren. Ob daat am Detail esou ass, wéi et elo duergestallt gëtt, wëll ech net weider kommentéieren. Wa mer éierlech matenee sinn, da goufen et viru leschtem Freideg ganz wéineg Leit heibannen, déi iwwerhaapt schon eng Kéier vun deem Betrieb héieren haaten. Mir sollten en deemno net virveruurteelen. Mee Tatsaach ass: Mittal Steel an ARCELOR hu vun der Firmephilosophie hir, vun hirer respektiver Traditioun hir a vun hirer Struktur hir net vill mateneen ze dinn.
Nun ass et esou, datt de Kapitalmaart awer feindlech Iwwername kennt. Déi maachen, op d’mannst als Offer, och viru Lëtzebuerg net halt – och wa jo nach alles anescht ewéi feststeet, ob den Här Mittal mat senger Tentative duerchkënnt. Virun e puer Wochen huet ARCELOR selwer eng feindlech Iwwernam vun der kanadescher DOFASCO probéiert an duerchgesaat. Ob Mittal sech bei der ARCELOR duerchsetzt, steet op engem ganz anere Blat.
Déi Offer, déi Mittal virgeluecht huet, ass eng, déi zu 75% soll aus Aktientausch a nëmmen zu héchstens 25% aus Cash bestoen. Bei ARCELOR an DOFASCO war daat anescht, daat war eng reng Cash-Offer un d’Aktionäre vun deem kanadesche Betrieb. Ob Mittal deemno iwwerhaapt fäheg wir, am Fall vun engem duaerhaften Ustieg vun der ARCELOR’s Aktie, mat enger anstänneger Geldoffer nozezéien, bleiwt oofzewaarden. An ob déi aktuell Mittal-Offer duergeet, fir eng Majoritéit vun ARCELOR-Aktionären derzou ze bréngen, hir Pabeieren ze verkafen, ass beim aktuelle Cours vun dësen Aktien och nach laang net gesoot.
Tatsaach ass, datt de Verwaltungsrot vun ARCELOR unanime decidéiert huet, d’Offer vu Mittal zréckzeweisen. Och – natiirlech net nëmmen – well kee wiirklech novollzéibaren industrielle Projet virgeluecht gouf, wéi gëschter de franséische Finanzminister Thierry Breton ënnerstrach huet. Virun allem awer huet de Verwaltungsrot vun der ARCELOR festgestallt, datt am Fong bal alles ARCELOR a Mittal vuneneen trennt an ënnerscheed, aplaz datt besonnesch vill Gemeinsamkeeten oder Affinitéite feststéingen. Daat ass wuel och esou.
Elo ass et an éischter Linn um Maart, fir déi Decisiounen ze huelen, déi hien a seng Acteure fir richteg halen. Un der Politik zu Lëtzebuerg an och an aneren europäesche Länner ass et, derfir ze suergen, datt wann eng Iwwernam sollt stattfannen – déi mer net wollten, an déi mer am Fong och net wëllen – dëst ënner dene beschtméiglechen Ëmstänn fir déi Beschäftegt vun der ARCELOR geschitt.
Mittal Steel huet a senger Pressematdelung leschte Freideg schon eng Rei vun Aussoe gemaach, déi an dëser Hisiicht musse gepréift ginn. Esou wéilten sie déi Beschäftegt vun der ARCELOR behalen an all Engagementer vum Betrieb vis-à-vis vu senge Mataarbechter respektéieren. Se wéilten och e groussen Deel vun der Direktioun vun ARCELOR an däer neier Struktur iwwerhuelen an dës op der Lëtzebuerger Bourse kotéiere loossen. Schliesslech wéilt Mittal och gegebenenfalls säi globale Siège op Lëtzebuerg bréngen, wann daat steierlecht Ëmfeld géif stëmmen. Dës Engagementer – wann et der da sinn – mussen ëmmerhinn als positiv gewäert ginn. Den Här Mittal selwer huet gëschter ënnerstrach, hie géif keng Betrieber iwwerhuelen, fir se zouzemaachen.
ARCELOR huet verschidde Méiglechkete, fir sech enger feindlecher Iwwernam ze widersetzen. Esou kann d’Gesellschaft duerch Opkaf vun hiren egenen Aktien de Cours esou héich halen, datt d’Offer vu Mittal net méi intressant ass…mee kann d’ARCELOR daat laang genuch, respektiv ka Mittal net weider mat senger Offer an d’Luucht goen, esou wéi eise Betrieb et mat der DOFASCO gemaach huet? ARCELOR kéint sech och vun enger oder méi vu senge Filialen opkafe loossen, oder vun engem anere grousse Stoolbetrieb, mat deem eng Fusioun besser géif an déi Lëtzebuerger Konzepter passen, ewéi mat Mittal. Mee all dëst ass elo nach Spekulatioun. Daat, waat sécher ass, daat ass, datt ARCELOR muss handelen, an dobäi d’Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Politik an der Regierung brauch.
Un eis alleguer ass et, Mittal kloer ze maachen, datt d’ARCELOR net just eng Trophäe ass, déi ee sech op engem industrielle Feldzuch duerch déi zersplittert Landschaft vum Weltstoolmaart ka verdingen. Daat soll net an de Medie geschéien, oder duerch grondsätzlech negativ Bewäertunge vum Här Mittal sengem Konzern, mee an eeschte Gespréicher tëschent den Acteure vun engem Viirgank, deen am wesentlechen en ekonomeschen ass. Mee Ekonomie zu Lëtzebuerg an Ekonomie an der ARCELOR ass net daat selwecht wéi Ekonomie an däer Welt, wou den Här Mittal bis elo ënnerwee woer.
Lëtzebuerg ass net d’Ukrain, Algerien oder Südafrika, wou grouss Deler vum Mittal-Imperium stinn. An d’ARCELOR ass keng bedürfteg Industrie an engem Entwécklungs- oder Transitiounsland, mee e weltwäit operéirende Konzern Lëtzebuerger Prägung, mat senger ganzer finanzieller, sozialer an och kultureller Wiirklechkeet. ARCELOR huet kee Keefer gesicht, a sicht nach ëmmer kee Keefer. ARCELOR brauch och kee Keefer, an et kann duerchaus sinn, datt eng Majoritéit vun ARCELOR-Aktionäre wäerte fannen, si wire bis op weideres an hirer Investissementsplanung besser bei enger onoofhängeger ARCELOR opgehuewen, ewéi an engem nach méi grousse Fusiounskonzern. Dëse Message huet d’ARCELOR-Direktioun an de Verwaltungsrot vun der Entreprise hiren Aktionäre scho vermëttelt, an et ass e Message, deen d’Lëtzebuerger Politik kann a muss matdroen. Ultimativ läit awer d’Entschedung bei den Aktionären.
Et ka keng national Politik dës Iwwernam duerch politesch Decisiounen definitiv verhënneren. Daat wir och eng gelungen Amëschung a wirtschaftlech Zesummenhäng a Realitéiten, wéi se am Joer 2006 sinn. Et wäert och kaum e Régulateur wéint konkurrenzpoliteschen Grënn d’Iwwernam blockéieren – Mittal huet keng wiirklech relevant Maartpositioun an der Europäescher Unioun, an ARCELOR huet däer keng do, wou Mittal se huet. Och déi gemeinsam Leeschtung vun denen zwee Betrieber wir deemno wettbewerbsrechtlech akzeptabel, well geografesch genuch gestreet.
ARCELOR stellt sech hiren egenen Aussoen no op eng Ausenanersetzung an, déi ka 4 bis 6 Méint daueren. Während däer Zäit ass et eis Flicht, derfir ze suergen, datt an allen Eventualitéite d’Intérête vun de Beschäftegte vun der ARCELOR gewahrt ginn, an datt eisem Land a senger wirtschaftlecher an industrieller Struktur kee Schued entsteet. Mir mussen eis zoutrauen, daat fäerdeg ze bréngen.