Eisem Stool seng Zukunft

Den CSV-Deputéierten an LCGB-Generalsekretär Marc Spautz um 100,7: “Et ass eis Verantwortung, duerfir ze suergen, datt den ARCELOR-Statut mat senge soziale Garantien respektéiert an agehaale gëtt”

D’Noriicht, datt de weltgréisste Stoolkonzern d’Mittal Steel d’ARCELOR wëllt opkaafen, huet zu Lëtzebuerg héich Welle geschloën. Grad eréischt haat dee Betrieb, dee mir och no der ARBED-Fusioun mat Aceralia an Usinor als “eise” gesinn, d’Course mat Thyssenkrupp ëm d’Iwwernam vum kanadesche Stoolproduzent Dofasco gewonn. De Lëtzebuerger Stoolhimmel kloer a frëndlech – bis leschte Freideg en indesche Geschäftsmann op d’Iddi koum, hien kéint d’ARCELOR kaafen.

Datt d’Offer vu Mittal Steel eng sougenannte “feindlech” ass, doriwwer besteet keen Zweifel. Et goufen am Virfeld vun däer Offer keng Gespréicher mat de Verantwortlechen vun ARCELOR, wéi daat soss üblech gewiescht wär. Et gouf och keng Kommunikatioun mat der Lëtzebuerger Regirung, oder mat denen aanere Regirungen, déi am ARCELOR-Kapital nach vertruede sinn. Nee, den Här Mittal ass einfach esou virun d’Press getrueden, an huet ugekënnegt, d’Fusioun vu sengem Betrieb mat ARCELOR wär e visionären a noutwennege Schrëtt zur Konsolidéirung vum weltwäite Stoolmaart, deen tëschent ganz ville Produzenten zersplittert ass.

D’ARCELOR, sënnbildlech fir d’Entwécklung vun eiser Ekonomie

Un der ARCELOR hänkt enorm vill kollektiv lëtzebuergesch Erënnerung. Ganz Familljegeschichten, besonnesch am Süde vum Land, goufe ronderëm d’ARBED geschriwwen, Generatioune vu Lëtzebuerger an Immigranten hunn op de Schmelze geschafft an do d’Grondlage vum Räichtum vum Land geluecht. D’ARBED, haut d’ARCELOR, ass net irgendee Betrieb. Et ass e Betrieb, dee sënnbildlech fir d’Entwécklung vun eiser Ekonomie steet. Fir vill Leit zu Lëtzebuerg stinn d’ARBED, déi aal HADIR, déi aal MMR-A die héideg ARCELOR, quasi op engem Niveau mat de formelle Symboler vun eiser Natioun.

An dach ass d’ARCELOR ee privatwirtschaftleche Betrieb, dee no de Regele vun der fräier Ekonomie funktionéiert. Iwwer 85 Prozent vum Kapital vun der ARCELOR sinn am Streebesëtz, just knapps 14 Prozent befanne sech an institutionellen Hänn. De Lëtzebuerger Staat hält als gréissten Eenzelaktionär just fënnef an en halwe Prozent – daat geet nët duer, fir d’Geschécker vum Betrieb eleng determinant ze beaflossen.

Elo läit eng éischt Offer vu Mittal Steel um Dësch. Wéi sie virgeluecht gouf, huet sie den duerchschnëttleche Wäert vun enger ARCELOR-Aktie aus dem Joer 2005 ëm ee Véirel iwwertraff. Direkt duerno huet de Cours awer ugezunn – ob déi ronn 19 Milliarden Euro, déi den Häer Mittal gebueden huet, genuch ARCELOR-Aktionären wäert duergoen, fir hir Pabeierën ofzeginn, bleiwt deemno mol nach erauszefannen. Mee mir wësse jo och, datt d’ARCELOR selwer an der Course ëm DOFASCO esou laang nogeluecht huet, bis Thyssenkrupp net méi konnt matthaalen. Genee daatselwecht ka Mittal Steel och mat der ARCELOR maachen, wann sie et finanziell packen, wat mir awer net wëllen. De Staatsminister Jean-Claude Juncker huet geeschter an der Chamber deklaréiert, hien wäert alles drusetzen, datt et nët zu der OPA kënnt an datt d’Arcelor d’Arcelor bleiwt.

D’Mittal Steel huet a senger offizieller Kommunikatioun zu der OPA op d’ARCELOR verschidden Engagementer geholl, déi een och sollt ernimmen. D’Mittal wëllt op d’mannst eng Majoritéit vun den ARCELOR-Aktien a Stëmmrechter, esouvill ass kloer. Mee wann d’Rechnung opgéing, wëll d’Mittal d’Beschäftegung vun den ARCELOR-Mataarbechter zu Lëtzebuerg erhaalen, ee gudden Deel vun der ARCELOR-Direktioun och an däer neier Struktur bäibehaalen, déi nei Gesellschaft op der Lëtzebuerger Bourse cotéiere loossen an eventuell de globale Siège vun däer Gesellschaft och zu Lëtzebuerg usiddelen.

D’Lëtzebuerger Politik muss elo viirdrénglech d’Intressië vun de Beschäftegten vun ARCELOR am Aa hunn. Et läit net an eisen Hänn, d’Fusioun ze verhënneren, wann d’Aktionären sie wëllen. Mee et ass eis Verantwortung, duerfir ze suergen, datt den ARCELOR-Statut mat senge soziale Garantien respektéiert an agehaale gëtt. D’Stoolindustrie zu Lëtzebuerg besteet virun. Am Minett gëtt och weider Stool produzéiert. Et bleiwt elo ofzewaarden, ënnert wéi engem Betriebsnumm daat wäert geschéien. Mir wënschen eis, ënnert dem Numm ARCELOR. Un der nationaler Politik ass et, duerfir ze suergen, datt d’Interesse vum Land geséchert bleiwt, an datt déi sozial Errungenschaften vun der Stoolbelegschaft erhaale bleiwen.

De Marc Spautz, CSV-Deputéierten an LCGB-Generalsekretär a freien Tribünen um 92,5, an 100,7, Méindes, den 31.1. a Mëttwochs den 1.2. 2006