Kyoto – eng ökologesch Erausfuerderung

Eng fräi Tribün vum Marcel Oberweis op RTL zum Thema Kyoto
Léiw Nolauschterer,

De Kyoto-Protokoll ass den 16. Februar 2005 a Kraft getrueden a Lëtzebuerg huet sech verpflicht, seng CO2-Emissiounen bis 2012 em 28 % ze reduzéieren — an dat par Rapport zu 1990. Mir dierfen dann net méi wéi 9 Mio t emettéieren. Am Joer 2005 hu mir 13 Milliounen t émettéiert, a wa mir näischt ennerhuelen, da klemmt dëse Wert op 14 Milliounen t am Joer 2012.

Mir wëssen, dass d’Emissiounen de Klimachangement ervir rufen an eis Emwelt schwéier Schied erleid. An déi kaschten Milliarden vun €, déi eis feelen, eng méi gerecht Welt opzebauen.

Kyoto stellt fir eis eng ökologesch Erausfuerderung duer a mir mussen elo déi néideg Mesuren ergräifen.

Lëtzebuerg huet eng héich Energieofhängegkeet a mir wëssen mettlerweil, wéi onsécher den Import vun Erdueleg an Erdgas ass. Duerfir muss mir alles ennerhuelen fir d’Energie 1° anzespueren an 2° se efficace ze notzen.

Den Asaaz vun den thermeschen Solarkollektoren musse mir ennerstetzen. Duerch d’ Förderung vun dem Bau vun Niddreg- an Passivenergiehäiser kenne mir an de kommende Joeren vill Energie aspueren an domat eis Ofhängegkeet reduzéieren.

Als eng eminent wichteg Sach solle mir d’Isolation vun de besteende Gebäier ugesinn, hei kenne mir zesumme mat eisen Handwierker eng selleche nei Aarbechtsplaazen schafen.

Well den Tanktourismus awer ronn 5 Milliounen t CO2 ervir rift, gett sech dësem Thema ganz besonnesch ugeholl.

An dem Wirtschaftssekteur Verkéier sollte mir vill méi staark op den Ëffentlechen Transport setzen. Ganz besonnesch musse mir der Eisebunn eng eminent wichteg Roll zoukommen loossen. De « Fonds du Rail » ass dëst Joer mat méi Budgetmëttelen dotéiert gi wéi de « Fonds des Routes ».

Well mir awer, mat grousser Wahrscheinlechkeet, déi gefuerdert Reduktioun vun den CO2-Emissounen bis 2012 net erreechen wäerten, musse mir op déi 3 flexibel Mechanismen vun dem Kyoto-Protokoll zeréck gräifen.

D’CSV setzt ganz besonnesch op d’ Jugend fir déi gefuerdert nohalteg Entwécklung vun eiser Gesellschaft ze erreechen.

Als e wichtege Message muss gëllen, dat mir domat ophale sollen, d’Emwelt géint d’Wirtschaft auszespillen. Dat ass net gescheit, well beid si Partner vun der selwechter Medaille.

Kyoto ass fir eis eng ökologesch Erausfuerderung, duerfir setzt sech d’CSV fir eng Energie- an Emweltpolitik an, déi vum Wëlle gedroen ass – d’Energie ze spueren a se efficace ze notzen an dat alle Sekteuren vun der Wirtschaft.

Doniewend musse mir ëmmer méi op déi erneierbar Energiequellen setzen.
Maache mir eis näischt vir: d’Bewosstsinn ëm de Klimawandel muss bei eis alleguer e Mentalitéitswandel ustoussen.

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschtern.