D’Ost-Députéiert Marie-Josée hellt um Radio 100,7 Stellung zum néie Projet de loi.
Léif Nolauschterer,
Am Numm vun der CSV-Fraktioun wënschen ech Iech dat Bescht fir 2006, besonnesch eng gutt Gesondheet an eise kranke Matbierger eng gutt Besserung an eng individuell ugepasste Prise en charge.
D’Medizin huet sech an de leschte Jorzengten enorm weiderentwéckelt. E negativen Aspekt vun dësem Fortschrëtt ass awer d’Angscht vu villen Matmenschen, datt hirt Liewen ongewollt an domadder hirt Leiden a Stierwen onnéideg verlängert gëtt.
Wichteg ass et dofir, datt jidfer Eenzelnen sech mat sengem Liewensënn konfrontéiert, doriwwer schwätzt an esou seng Meenung a säi Wëllen auszedréckt. Wat ass awer, wann een opgrond vun enger onheelbarer Krankheet oder engem Akzident säi Wëllen net matgedeelt huet?
D’Regierung wäert dofir e Projet de loi an der Chamber déponéieren, fir och an dësem Domaine legislativ aktiv ze ginn.
An dës Gesetz soll d’Méiglechkeet vun enger Patientenverfügung geschriwwen ginn, op franzéisch “directive anticipée”. Mat dëser Patientenverfügung kritt jidferee d’Méiglechkeet, sech a gesondem Zoustand Gedanken iwwer säi leschte Liewensabschnitt ze maachen. Jidfereen kann an dëser directive anticipée säi Wëllen äusseren, dat heescht, seng Wënsch a Virstellungen schrëftlech festhalen. Dës Dokument ass, wann ee sech net méi selwer ausdrécken kann, eng wichteg Entscheedungshëllef fir de Dokter, d’Pflegepersonal an d’Famill.
Der CSV-Fraktioun ass et wichteg, datt e Mensch och sengem Stierwen respektéiert gëtt, mat sengen Erwaardungen an Ängschten. Alles muss gemaacht ginn, fir bis zum Doud e Liewen a Wierd an a Fridden ze erméiglechen, an dat kascht säi Präis.
En anere wichtege Aspekt vum neie “Projet de loi relatif aux soins palliatifs et à l’accompagnement de fin de vie” ass d’Reglementatioun vum Soins palliatifs. Aus perséinlecher Erfahrung weess ech, wéi wichteg et ass, fir d’Menschen, déi um Stierwen leien, ze begleeden. D’Soins palliatifs, dat heescht bis zoulescht déi kierperlech, seelesch a spirituell Souffrance en charge ze huelen an dat mat enger ugepasster, adäquater Schmäerztherapie.
Dëst verlaangt d’Präsenz vun enger interdisziplinärer Equipe, d.h. Dokteren, Infirmièren, Psychologen, Bénévolen a Famill, déi sech kompentent mam Patient auserenaner setzen. Dat gëtt schons méi wéi 10 Joer an der Escher Palliativstatioun mat vill Succès prakizéiert. Ech sinn awer frou, datt an der Tëschenzäit och an denen aneren Kliniken vum Land, Alters- a Pflegeheemer an am ambulante Beräich vill Efforte gemaach si ginn.
Aus menger Siicht ass et dofir néideg, datt schons an der initialer Ausbildung vun den Infirmieren d’Soins palliatifs enseignéiert gëtt, a net eréischt an der Weiderbildung.
D’Soins palliatifs ass net mat der aktiver Euthanasie ze verwiesselen.
Aus der Siicht vun der CSV ass d’Légaliséierung vun der aktiver Euthanasie geféierlech. Aus enger Etude geet nämlech ervir, datt schons am Joer 1995 an Holland 4.500 Menschen duerch aktiv Euthanasie gestuerwe sinn an datt vun dene 20 Prozent, nämlech 900 Menschen, ouni hiren Accord aus dem Liewe gescheed sinn.
Och däerf et net esou sinn, datt eis eler a behënnert Matmenschen duerch d’Méiglechkeet vun der aktiver Stierfhëllef Gefill kréien, datt si eng Laascht fir d’Famill a fir d’Gesellschaft wieren an aus dem Gefill vun Isolatioun, Enttäuschung a Verzweiflung Stierfhëllef froen.
Als CSV-Fraktioun begréissen mir, datt d’Regierung mat hirem Projet de loi net op dee Wee goen wëll.
Ech wënschen eis all, datt mir am neie Joer eis genuch Zäit huelen, fir eis mat eisem eegenen Liewensënn ze konfrontéieren, wëll Stierwen a Doud gehéiert nun emol zu eisem Liewen. Eist ganz Liewen sollen mir eis op eise Doud virbereeden.
Ech soen Iech merci fir d’Nolauschteren.