Chance fir Lëtzebuerg: d’Politik ass gefuerdert

Eng Fräi Tribün op RTL Radio Lëtzebuerg vum Maurice Bauer, beigeuerdneten Generalsekretär

M_Bauer.jpgD’lescht Woch gouf an der Chamber den Budget fiir 2006 mat den Stemmen vun der Majoriteit ugeholl. Dest Gesetz ass traditionell een vun denen wichtegsten an dofiir och sinn d’Debatten zum Budgetsentworf emmer wichteg Diskussiounen: Am Budget gëtt schliesslech iwwer déi entspriechend Instrumentarien, a vrun allem déi noutwendeg finanziell Mëttelen décidéiert, déi de Staat brauch fir seng Aufgaben ze erfëllen.

De Budget ass d’Häerzstéck vun jidder politescher Aarbecht. Et gëtt iwwer den Asatz an d’Gestioun vun öffentleche Suen décidéiert. Hei gëtt schlussendlech festgeluecht, wat an Zukunft realiséiert soll ginn, wat Prioritéit soll hunn, a wat am Intressi vun allen geschafft soll ginn.

Och wann d’Konvergenzkriterien vum Maastrechter Vertrag fir 2006 problemlos agehale ginn, esou ass awer och gewosst, datt dëse Budget aner Parameteren ausweist ewéi séng Virgänger. Louch d’Scholdequote 2002 nach bei 0,6% vum BIP, esou muss am laafenden an fir dat kommend Joër mat engem Defizit vun 2% gerechent ginn, dëst bei enger Wuesstemsprognos vun knapp 3%. Besonnesch wéint eisem héijen Reserveniveau an eiser niddreger Staatsverschëldung verstousse mir nët géint Stabilitéistkritäre vun der Währungsunioun.

Trotz enger Steigerung vun 8,8% op der Dépense-säit an engem prognostizéierten Defizit vun 0.3 Mrd Euro däerf och dëse Budget als responsabel definéiert ginn, wuelwëssend awer och, datt sech par rapport zu fréiere Joëren eng méi strapazéiert Finanzsituatioun präsentéiert, an datt eenzel Budgetsproblemer sech méi staark ewéi soss manifestéieren.

D’Ursaach vun dëse Problemer läit net prioritär zu Lëtzebuerg, e läit an Europa dat et net fäerdeg bréngt un dat robust Weltwirtschaftswuesstum unzeknäppen. Op der anerer Säit dierfe mir nët verkennen, datt et awer och eenzel hausgemeete Problemer sinn. Problemer, déi net prioritär op der Recettesäit, awer éischter op der Säit vun den Dépensen leien.

Doriwwer eraus ass et eng Tatsach, datt d’Ausgaben méi séier wuessen ewéi d’Einnahmen.
Am Liicht vun dësen Entwécklungen hu mer verschidde Méiglechkeeten: ofwaarden a kukken, wat geschitt oder reagéieren.

D’Regierung huet sech fir den zweete Modell décidéiert. E Modell fir datt Lëtzebuerg och weiderhin seng Chancen huet, wirtschaftlech a sozial ze wuessen.

Eng Rei vu noutwendege Mossnamen ginn schons an dësem Budget definéiert: D’Steiere ginn nët gehéicht, awer de Steiertarif gëtt net un d’Inflatioun upasst. D’Investitioune bleiwen weiderhin op héichem Niveau a Lëtzbuerg behällt domatter déi héichsten Investitiounsquote an Europa.

An mier brauchen méi Suen fir wichteg zukunftsorientéiert Weichen ze stellen: fiir Famill an Aarbecht an Aklang ze bréngen, fiir Gesondheetsinfrastrukturen, Schoul a Forschung.

Et ginn awer och eenzel Beräicher, wou mer iwwer Aspuerunge musse nodenken, anescht gesot: iwwer d’Bremse vum automateschen Uwuesse vun verschidde Staatsdépense. Och musse mir iwwer d’Finanzéierung vun eiser sozialer Sécherhett schwätzen a verschidden Ausgaben an Déngschleeschtungen op hier Zweckméissegkeet an Effizienz hien iwwerpréifen an hannerfroën.

Et geet drëm, eng Politik ze gestalten, datt déi déi no eis kommen och nach vum Sozialmodell profitéiere kënnen an Zukunftsperspektiven hunn.

Et geet drëm Mëttel- a laangfristeg de Lëtzebuerger Sozialmodell ofzesécheren an gläichfalls gesond Staatsfinanzen bäizebehalen an ze garantéieren.
Em daat geet et, an dofir ass d’Politik gefuerdert. Awer nët nëmmen d’Politik, och d’Sozialpartner, je jiddereen, deen Responsabilitéit dréit, Verantwortungsgefill huet an op Solidaritéit baut.

Maurice Bauer, den 19. Dezember 2005 op RTL Radio Lëtzebuerg