Deklaratioun iwwert eis Aussen- an Europapolitik vum Ausseminister Jean Asselborn

Den aussenpoliteschen Spriecher Marcel Glesener hëllt Stellung fir d’CSV-Fraktioun zu aktuellen europa- an aussenpoliteschen Dossieren

Här Prësident,

Dir Dammen an dir Hären!

Fir d’alleréischt géif ech gären, am Numm vun der CSV-Fraktioun, eisem Ausseminister villmols Merci soen fir sein interessanten Iwwerbleck iwwert déi Lëtzebuerger Aussepolitik.

Zënter der leschte Kéier, wou mir hei iwwert Aussepolitik diskutéiert hunn, ass vill Waasser d’Baach erof gelaaf. Do hätte mir fir d’alleréischt d’Europäesch Union, wou mir mëttlerweil zu 25 a geschwënn zu 27 um Dësch sëtzen.

Aner Länner wéi’t Türkei, Kroatien, Bosnien-Herzegovina, Serbien-Montenegro, Albanien a Mazedonien klappen un’t Dier.

Zënter dem Echec vun den Referenden iwwert eng europäesch Konstitutioun a Frankreich an an Holland stécht d’EU bis un d’Oueren an enger déiwer Crise. D’Fro nom Zil an de Grenzen vun der Europäescher Unioun stellt sech haut méi ewéi je.

Letzebuerg huet säin Engagement fir Europa méi wéi gudd an der éischter Halschent vun dësem Joer ënner Beweis gestallt. D’Lëtzebuerger Présidence kann een nëmmen als gelongen bezeechnen. Lëtzebuerg huet et fäerdeg bruecht a wichtegen europäeschen Dossieren weiderzekommen, ech denken do zum Beispill un d’Reform vum Stabilitéitspakt oder d’Réorientéierung vun der Lissabonreformagenda. Déen eenzegen Bemol waar deen dass mer et net färdeg bruecht hunn fir een Accord iwwert di europäesch Finanzperspektiven fir 2007-2013 ze fannen.

An dësem Kontext géif ech och nach nach eng Kéier gären eisem Ausseminister Merci soen, well et ass och duech sein Engagemenent, wéi och daat vun all sengen Mataarbeschter, dass eis Lëtzebuerger Présidence zu esou engem Succès konnt ginn.
————————————————-

Den Terrorismus bleiwt weiderhin een trauregen Deel vun der heiteger Realitéit. No den Attentater vu Madrid, Bali, a Casablanca, bewaisen déi rézent Attentater vu London an Ammam op en néist, dass den Terrorismus keng Grenze kennt a virun näischt Halt mecht. Et gët ze denken dass déi islamistesch Terroristen mol nët méi zecken an hirer eegener Mett zouzeschloen. D’Virgangsmethoden glaichen sech emmer méi. D’Zilscheiwen spillen keng Roll méi. Héi geét et just nach drems esou vill Léit wéi méiglech Léit an den Doud ze rappen. Den Islam, niewent aaneren Alibien, dëngt als Rechfertegung am Kampf géint den Westen an sengen Valeuren oder déi Régimer déi hinnen no stinn. Den Kampf géint den Terrorismus ass besonnesch schwéier well en esou heimtückesch ass a well en nët op eng eenzeg Ursach zreckzefeieren ass. Héi heescht et op ville Fronten dogéint unzekämpfen. Dëst ass just méiglech wann esou vill Länner wéi méiglech, sech zesummen dinn an innerhalb vun den internationalen Gremien versichen Stratégien auszeschaffen fir géint dës Plo virzegoen.

————————————————-

Am Noen Osten huet sech iwwert dat lescht Jor vill gedoen. Den Ausgaangspunkt vun engem Déblocage vun der Situation tëschent Palestinenser an Israeliën war den Doud vum Yassir Arafat an den Amtsuntrëtt vun engem neie palestinensesche Leader, dem Mahmoud Abbas. Eng vun deene wichtegsten Entscheedungen war secherlech déi vun der israelescher Regierung iwwert de Réckzuch aus de Kolonien vu Gaza an dem Norden vum Westjordanland. Dës Evakuatioun gouf dunn och am August vun dësem Jor zur Réalitéit. Et ass wichteg, dëse Friddensprozess weiderhinn, sief et op bilateraler Basis wéi och um Niveau vun der EU, ze ënnerstetzen, besonnesch, well sech déi éischt positiv Zeechen vun engem Rapprochement bemierkbar maachen.

————————————————-

Den Iran mécht eis vill Suergen. Sief et un éischter Plaz duerch d’Pläng vun der Regierung, hiren Atomprogramm stuer weiderzeféieren oder sief et duerch déi nei gewielte reaktionär Regierung mam Präsident Mahmoud Ahmadineschad un der Spëtzt. Déi provokant Aussoën vum iranesche Präsident iwwert Israel annoncéieren schwiereg Bezéiungen mam Iran. Et ass eis Aufgab, esou provokativ Aussoën resolut ze condamnéieren an alles drunn ze setzen, fir den Iran zum politeschen Dialog an zur Trasparenz waat hir Atomprogrammer ubelaangt, ze encouragéiren. Enner Emstänn muss een dann och d’Saisine vum Secherheetsroot vun der UNO, als leschte Auswee aus der Saackgass, an Konsidération huelen.

————————————————-

Am Irak bleiwt d’Situation weider gespaant. Opwuel den Irak e gudde Schrëtt viru komm ass mat der Elaboratioun vun enger neier Konstitution, déi an engem Referendum mat 79% approuvéiert gouf, bleiwe Gewalt an Terror leider eng alldeeglech Realitéit géigeniwwer deeër een relativ machtlos ass. D’Géigesätz tëschent Sunniten, Chiiten a Kurden sinn zevill grouss a kéinten zu onversöhnbaren Oppositiounen tëschent deene verschiddenen Kommunautéiten féieren. Bësonnesch elo, just e puer Wochen virun den parlamentareschen Waalen am Irak, ass et wichteg dass déi chiitesch, sunnitesch a kurdesch Kommunautéiten et färdeg brengen hir Meenungsverschiddenhéeten ze iwwerwannen. Déi verschidden Parteien, esou wéi och hir Kandidaten, mussen versichen fir een veréenten Irak anzetrieden, een Irak wou déi dräi Majoritéitsgruppen, esou wéi och déi aaner Minoritéeiten, sech protégéiert an intégréiert fillen.

An dësem Kontext géif ech gären déi europäesch Efforten bei der Hëllef vum Opbau am Irak erfirhierwen. Ech denken hei virun allem un d’Missioun “EUJUSTLEX” vun der EU. Den 22. Februar 2005 hun déi europäesch Ausseministeren hire politeschen Accord ginn fir dës Missioun ze lancéieren, déi dem Irak hëllefe soll eng Polizei, eng zivil Administratioun an e Rechsstaat opzebauen. Et ass vu grousser Bedeitung datt mir dofir antrieden, dass nach aner ähnlech Missiounen op d’Been gesat ginn, déi dem Irak hëllefe kennen hirt d’Land op eng demokratesch Art a Weis nei opzebauen.

————————————————-

An Osteuropa hu mer e puer positiv Entwecklungen am leschte Jor ze verzeechnen. An der Ukraine ass dem Leonid Koutchma säi Régime zesummegebrach an een neien demokratesche Wand huet den Victorr Iouchtchenko am Januar vun dësem Jor un d’Muecht bruecht. Dëst kann een an de Kontext vun engem allgemenge Wandel vun de Mentalitéiten am Osten setzen. An Zentralasien war et Kirghizstan, dat sech dësem Mouvement ugeschloss huet an am Februar an der sougenannter Tulperevolution dem Askar Akaev säi Régime gestierzt huet. Obwuel dëst ganz positiv Entwecklunge sin, bleiwt et fir eis eng Erausfuerderung, dës Länner an hirer Sich no Demokratie a Mënscherechter ze ënnerstëtzen. Leider iwwerliewen nach ëmmer radikal Regimer an dëser Géigend, wou ee weiderhin versicht all demokratesche Wandel am Keim ze erstecken. Ech denken hei virun allem u Wäissrussland, wou den Alexander Loukaschenko weiderhi versicht allméiglech Freiheeten vum Vollek ze ënnerbannen. Et ass eis Aufgab mat alle Mëttelen ze versichen d’Bevölkerungen aus dëser Géigend an hirer Fuerderong no Démokratie a Freiheet ze ennerstëtzen.

————————————————-

Här President,

Den Tour duerch déi spezifesch Lëtzebuerger Aussepolitik, dee mer all Jor an der Chamber maachen, fänkt klasserscherweis an Europa un. Ech wëll mech och dëst Joer un déi Regel halen, nët zulescht, well Lëtzebuerger Aussepolitik e Phänomen ass, deen sech an éischter Linn duerch Europa artikuléiert.

D’Adhésion vun den 10 neie Memberstaaten den 1. Mee 2004 huet eise Kontinent, deen duerch den 2.Weltkrich zerstéiert an duerno duerch de kale Krich gedeelt ginn ass, zesummegefouert an dëst um économeschen wéi och um politesche Plang.

Den 1. Januar 2007 solle Bulgarien a Rumänien an d’EU opgeholl ginn, wann si dann, an mir sinn hei zouversichtlech, déi wirtschaftlech a politesch Haaptkritèren erfëllen.

Ech mengen et ass wichteg fir ze versichen een éischte Bilan vun dëser Erweiderung ze maachen. A méngen Aen fällt dëse Bilan positiv aus. Obwuel de Chômage an deenen neien EU-Länner bestänneg bleiwt, weisen dës néi Memberstaaten dach gudd wirtschaftlech Resultater op, déi iwwert der europäescher Moyenne leien. Fir just e puer Zifferen ze nennen louch de wirtschaftleche Wuesstum bei 4.9% am Jor 2004 géint 3,7% am Jor 2003 a kéint dëst Jor nach eng Kéier iwwer 4% leien. Dës Moyenne ass 2 mol esou héich wéi bei den ale Memberstaaten. Op der anerer Säit huet d’EU-Erweiderung keng significant Migrationswell mat sech bruecht, esou wéi dat vu ville Säite gefaart ginn ass. Ganz am Géigendéel hunn déi al Memberstaaten ganz däitlech kënne vun der Erweiderung profitéieren duerch d’Entwécklung vum Handel an den Investissementer. Et ass och nët esou, dass duerch d’Erweiderong de Fonctionnement vun den europäeschen Institutiounen paralyséiëirt gouf. Ech géif suguer mengen, dass ganz au contraire d’EU-Erweiderung een neie Wand an d’Europäesch Union bruecht huet. Duerch hier Geschicht hunn déi nei Länner eng ganz aner Opfaassung vun enger ganzer Rei Probleemer. Sou kënnen si zum Beispill besser verstoe wéi mir, wat et heescht ënnerdréckt ze gin a kënnen eis hiren Input gin, wann et drëms geet, Mënscherechter an demokratesch Wäerter dohin ze bréngen, wou dës Wäerter sech leider bis elo nach net duerchsetze konnten.

Selbstverständlech bréngt d’EU-Erweiderung eng ganz Partie Erausfuerderunge mat sech, déi et elo heescht gemeinsam unzehuelen. De wirtschaftleche Kontext vun den neien EU-Länner mécht, dass d’Interessen vun neien an ale Memberstaten munchmol wäit ausenaner leien, waat dovu kënnt, datt de wirtschaftleche Gruew tëschent deenen neien an ale Länner weider déif bleiwt. Ee Beispill dovu fanne mir wann et ëmt d’Zirkulatioun vun den den Déngschtleeschtungen geet. Hei wou déi nei Memberlänner staark dofier plädéieren, fäerten déi al Memberslänner negativ Konsequenze wéi de sozialen Dumping. Den Débat iwwert Délocalisatiounen provozéiert zudeems weider Tensiounen. Heifir schwätzen sech déi nei Memberstaaten däitlech aus, wougéint déi al méi rétizent sin an sech Suergen maache wéint dem Feelen vu fiscalen wéi och sozialen Harmonisatiounen.

T’Disparitéiten bleiwe grouss an d’Angscht an den Mentalitéite bleiwt bestoen.

Dir Dammen an dir Hären,

Et bleiwt leider nët aus, dass vill Leit, sief et Politiker wéi och normal Bierger, ufänken sech Froën ze stellen iwwert d’Modalitéiten oder suguer iwwert d’Opportunitéit vum Weiderféieren vum Erweiterungsprozess vun der Europäescher Union. Hei stellt sech och op eng Kéier d’Fro nom Zil vun der Europäescher Unioun. Wat wëlle mër eigentlech? Geet et hei drëms, eng wirtschaftlech Union op d’Been ze setzen oder wëlle mër hei ee politesche Projet verwierklechen, esou wéi dat schonns d’Grénnungsmemberen vun der Union als Visioun haten. Wéi wäit geet d’EU a wou sin hier Grenzen?

Dës Froen gi vill an oft débattéiert, virun allem zënter dem Echec vun de Referenden iwwert d’europäesch Konstitutioun a Frankräich an an Holland dëst Joer. Och bei eis war, obwuel de Referendum schliesslech mat 56% positiv ausgefall ass, d’Referendumskampagne dach net esou einfach, wéi mir eis dat ganz am Ufank virgestallt haten. D’Skepsis bei de Leit iwwert d’europäesch Union ass grouss gin, an Ursaachen dofier gët et zuhaf. Sief et, dass de Begrëff Europäesch Union dach relativ abstrakt bleiwt bei villen Leit, sief et dass d’Leit ëm hir économesch Zukunft fäerten oder sief et well d’Léit sech am grousse Kapitel Europa net méi richteg erëmfannen. D’Resultat ass nun eben dat wat et ass. D’Politiker an deene verschiddenste Gremien, sief et um nationalen oder internationale Plang, zerbriechen sech de Kapp doriwwer, wéi et mam Projet vun enger europäescher Konstitutioun weider goe soll. Europa stëcht an enger déiwer Crise.

Am Juni dëst Joer ass ënnert eiser Pésidence eng Réflexionspaus décrétéiert ginn. An dësem Kontext géif ech gären eise Premier citéieren deen an engem Discours virun der Humboldt-Universitéit zu Berlin, den 21 November, folgendes festgestallt huet : Ech wees mëttlerweil ganz genau wat eng Paus bedeit. Ech hunn och ëmmer gemengt ze wëssen wat eng Réflexion ass. Et geléngt mer awer am Moment net richteg ze egrënnen waat eng Réflexionspaus bedeit, well ech am Moment méi Paus ewéi Reflexioun feststellen.” Ech schléisse mech dëse Wierder vum Jean Claude Juncker un, well ech der Meenung sinn, dass et héich Zäit gët ons Gedanken iwwert déi europäesch Zukunft ze maachen. Ech well elo hei net am Détail an dësen Débat eragoen, well mer dëst schons virun e puer Méint laang a breet gemaach hun. Ech well just kuerz de Plang D ernimmen, deen den 13. Oktober vun der Kommissioun lancéeiert gouf. Dëse Plang “D wéi Demokratie, Dialog an Débat” soll d’Basis vun engem grondsetzlechen Débat an engem déifgraifenden Dialog iwwert Zukunft vun Europa duerstellen, deen an deenen nächste Méint duerch Europa stattfannen soll. Bei dësem Plang geet et drëms, Europa méi demokratesch ze man, andeems den öffentlechen Débat favoriséiert an en neie Konsens iwwert déi zukünfteg Orientéierung vun Europa fonnt gët. Ech sinn der Meenung dass dëst eng wichteg Piste ass, der mir nozegoen hunn. Et muss ee leider feststellen, dass den Intérêt bei de Leit fir Europa zënter der Referendumskampagne nees staark ofgeholl huet. Et ass elo un eis, an domat mengen ech nët nëmmen d’Regierungsmemberen mais och eis Députéiert, fir dësen Débat nei ze lancéeieren an d’Leit fir esou een Débat ze interesséieren.

————————————————-

Den 3. Oktober hun d’Ausseminister vun der EU hier gréng Luucht gin fir de Start vun den Adhésionsnégociatiounen mat der Türkei. Mir sin eis alleguerten am kloren doriwwer, dass dës Décisioun eng schwiereg war an och nëmme mat enger ganzer Rei Virbehalter geholl konnt ginn. De Wee zur Adhésion vun der Türkei zur EU wäert laang a schwéier gin. Et muss een och beifügen, dass se weder garantéeiert nach automatesch ass. Et gi vill Grënn dofier, mee ech wäert mech elo hei just op e puer Punkte konzentréieren, déi mir besonnesch wichteg erschéngen.

D’Tierkesch Regirung muss nach vill zousätzlech Efforte maachen fir déi europäesch Législatioun an hir Normen ze adoptéiren. Et muss ee leider feststellen, dass de Rhythmus vun de Reformen iwwert dëst Joer ofgeholl huet an dëst gëllt virun allem am Bereich vun de Menscherechter. Et ass dofier noutwenneg, dass déi tierkesch Regirung net nëmmen déi gülteg Législation méi strikt applizéiert mee awer och nei legislativ Initiativen an dësem Beräich ënnerhëllt. D’Folter an d’Ennerdréckung vun de religiéise Minoritéiten déi net muselmanesch sin wéi och vun de Rechter vun de Fraën gehéieren leider nach ëmmer zum Alldag an der Türkei. D’Ausdrocksfreiheet, an an deem Kontext d’Strofverfolgung géint Journalisten an Intellektueller, bleiwt ëmmer nach bestoen. Ee rezent Beispill dofier ass daat vum Schrëftsteller Orhan Pamuk, dee wéint sengen Aussoen zu der Massevernichtung vun den Armenier viru Gericht geholl gin ass. D’ Europäesch Kommisioun huet den 9. November ee Rapport publizéiert mat 150 Objektiven, déi d’Türkei a court terme en vue vun enger eventueller Adhésion zur EU am Beräich vun de Mënschenrechter erfëlle muss. Dëst gëlt et alles ze bedenken. Dës Violatiounen vun de Mënscherechter duerfe mir an eise Relatiounen mat eisem tierkesche Partner nët aus den Aen verléieren.

Et ass awer och wichteg, déi aner Säit vun der Medaille ënnert d’Lupp ze huelen. Beim türkesche Premierminister Tayyip Erdogan sengem Amtsuntrëtt am Joer 2002 konnt ee méi wéi dorunner zweifelen, dass dëse Mann, dee Jore vidrun nach énger islamistescher Partei ugehéiert huet, der Türkei de Wee an Europa géif fräi maachen. Wat virun 3 Jor nach Rhetorik wor, gouf zur Realitéit. Den türkesche Premier huet et fäerdeg bruecht, eng ganz Rei Reformen an d’Weër ze leeden, déi d’Diskussioun fir eng eventuell Adhesioun vun sengem Land an d’EU iwwerhaapt méiglech gemaach hun. Zu deenen néidege Reformen zielen ënner aanerem eng nei Verfaassung vum Code Pénal, demokratesch Fräiheeten, eng méi responsabel Haltung vis-à-vis vun der kurdescher Minoritéit an d’Reduktion vun der Roll vun der Arméi. Den Erdogan geet souguer méi wäit an senge Reformen. Hie schwätzt sech géint d’Bestroofung vum Adultère aus an ënnerstëtzt déi éischt Versich vun den tierkeschen Historiker sech un den Armeniergénocide erunzetaaschten. All Diskussioun iwwer dëst Thema war bis elo engem Tabu ennerworf a konnt Doudesmenacen oder gerichtlech Poursuiten mat sech bréngen.

Dëst Joër war et fir d’alleréischt an der Geschicht vun der Türkei méiglech eng wéssenschaftlech Konferenz iwwert dëst sensibelt Thema ze organiséieren. No e puer fehlgeschloenen Usätz konnt dës Konferenz schlussendlech stattfannen. D’Ziil héivunn war “onorthodox” Historiker zesummenzetrommelen, daat heescht där, déi sech net mat der offizieller tirkescher Version zur Massenvernichtung vun den Armenier zefridde ginn, an e wëssenschaftlechen Débat iwwer dës Fro lancéieren. Dëst ass eng Première an der tierkescher Geschicht a kann den Ufank vun enger Opschaffung vun hirer eegener Vergaangenheet bedeiten: Sëch mat senger eegener Mémoire beschäftegen ass och e Mëttel fir t’Démokratie no fir dreiwen.

————————————————-

Den Erweiderungsprozess am Balkan geet virun. An dëser Régioun ass vill geschitt iwwert dat lescht Jor. Den 3. Oktober hun d’Aussenminister vun der EU décidéiert, d’Adhésiounsnégociatioune mat Kroatien unzefänken. D’Kommission huet den 9. November dem europäesche Conseil recommandéiert Mazedonien den Kandidatenstatut ze accordéiëren. De 7. November sinn d’Négociatiounen tëschent der EU a Serbien-Montenegro fir ee Stabilisations- an Assoziationsaccord auszehandelen offiziell lancéiert ginn an d’Négociatioune mat Bosnien-Herzegovina fir esou een Accord fänken och an nächster Zukunft un. Wat Albanien ubelaangt sinn d’Négociatiounen heifir bal ofgeschloss.

D’Europäesch Union ass haut méi wéi soss an dëser Régioun präsent. Besonnesch erfierzehiewen ass d’Décisioun vun der EU, eng méi aktiv Roll ze spillen an den Négociatiounen iwwert den zukünftege Kosovostatut.

A mengen Aen hëlleft d’Attraktioun, déi vun Europa op de Balkan ausgeet, der Région Stabilitéit ze bréngen an ennerstëtzt dës jonk fragile Demokratien Léisungen fier déi komplex Problemer ze fannen, déi sech am Moment ukënnegen. Dozou gehéieren d’Négociatiounen iwwert een definitive Kosovostatut, déi geschwënn ufänken sollen, d’Négociatiounen a Bosnien-Herzegovina iwwert eng Verfaassung, déi viru kuerzem ugelaaf sinn, wéi awer och d’Ongëwëssheet iwwert d’Schicksal vu Serbien-Montenegro. Aner Froën wéi déi vun de Krichsverschollenen, déi vun den Flüchtléngen oder déi vun de Minoritéiten erschwéieren och nach ëmmer d’Relatiounen tëschent de Länner an der Régioun.

Ech méngen et ass net vu Mutwell, dass et muncheree gët, dee fäert, dass d’Scheitere vun dëse Projetën eng weider Zersplitterung vun der Région mat sech ka bréngen oder villäicht ënner Emstänn souguer een neie Krich ausléisen kann.

An dësem Kontext ass et wichteg, dass d’EU dëser Regioun ee kloeren an staarke Messsage schéckt zu hirer Adhésiounsperspektiv. D’Reformen, déi vu Bréissel gefuerdert gin, hëllefen de Balkanstaaten den europäësche Critèren a Valeuren méi no ze kommen an d’Ouverture vun den Négociatiounen mat der EU wäerten dës Länner encouragéieren fir hier Reformen ze accéléréieren. Et ass un eis, deene Länner ze beweisen, dass eng Mëschung vu Kulturen, Religiounen an Nationalitéiten eng Source vu Kréativitéit an net vu Konflikter ass. D’EU befënnt sech hei an engem Dilemma: Si huet de Choix de Westbalkan ze intégreieren mat der Gefoer, dass keng définitiv Reconciliatioun tëschent de Länner an der Régioun stattfënnt an domatt de Risk vu Konflikter an Europa ze importéieren oder awer ze waarden, bis de Fridden sech définitiv étableiert huet mam Risk, dass dëst nach Jorzéngte kéint daueren. Et gëtt ëmmer méi kloer, dass den europäesche Kader deen eenzegen ass, deen et der Régioun erméiglechen wäert aus dem aktuelle Status quo erauszekommen. Et ass eis Responsabilitéit dofir ze suergen, dass den occidentale Balkan net zu engem schwaarze Lach an der Péripherie vun Europa gët.

Här President,

Polen huet dësen Hierscht een neit Parlament gewielt. De Choix vun der neier konservativer Regirung vum Kasimierz Marcinkiewicz fir sech am Parlament op zwou Formatiounen ze stäipen, déi als euroskeptesch an extremistesch gëllen, an zwar handelt et sech hei em d’Ligue vun de polnesche Familljen an d’Populisten vun Samoobrena, ass een Défi fir d’Europäesch Union. Den néie polnesche Premier gesäit d’polnesch Integratioun an d’Europäesch Union als Garantie fir séng ekonomësch Entwecklung an d’Allianz mat den USA am Kader vun der NATO als eng Secherheetsgrantie. D’Sloganën vun dëse Parteien während dem Wahlkampf maachen een nodenklech wat d’Pläng vun der neier Regirung ugeet. Et ass wichteg der Regirung ze verstoen ze gin, dass Member vun der EU sinn net nëmmen heescht zu enger Fréihandelszone ze gehéiëren, mee och a virun allem zu enger Wertekommunotéit. Symbolesch ass hei zum Beispill d’Fro vun der Doudesstroof déi vun de polnesche Konservativen approuvéiert get, währenddeem d’Charte des droits fondamentaux dës kategoresch verwërft. Besonnësch an deenen neie Memberstaate brauche mir Politiker, déi enger oft euroskeptescher öffentlecher Meenung dat politescht Europa mat senge Regelen an Prinzipie méi no bréngt.

————————————————-

No laange Koalitiounsverhandlungen an Däitschland hunn d’CDU, d’CSU an d’SPD et fäerdeg bruecht, eng schwaarz-roud Koalition op d’Been ze setzen mam Angela Merkel un der Spëtzt. Et ass fier d’zweete Kéier ann der däitscher Geschicht, dass déi zwou grouss Parteien de Wee zu enger grousser Koalitioun fonnt hunn. Kee grousse Revirement schéngt sech am Bereich vun der Aussepolitik ofzezeechnen, sief et wat d’Wichtegkeet vun den transatlantesche Bezéiungen, d’europäesch Integratiounspolitik als Friddenspolitik, d’Entwécklungshëllef als Krisepréventioun oder de stratégeschen Intérêt fir eng gudd Entente mat engem démokratesche Russland ubelaangen. Ech limitéiëre mech hei op d’Aussoë vun eisem Premier no engem Gespréich mat der neier Kanzlerin zu Berlin den 21. November deen éng grouss Kontinuitéit an der europäescher Aussepolitik virausgesäit an affirméiërt, dass déi däitsch-franséisch Koppel een Accélérateur vun der Entweckelung vun Europa bleiwt. Mir sinn zouversichtlech dass déi gudd daitsch-letzebuergesch Bezéiungen an d’Zukunft naischt un hirer Densitéit ënnert der néeier Regiirung verléieren wärten.
————————————————-

Dir Dammen an dir Hären,

Wann der erlaabt, géif ech och nach een anert Thema uschneiden wat mir besonnesch wichteg erschéngt.

An zwar wollt ech nach e puer Bemierkungen iwwer den Europarot maachen.

Am Mee dëst Jor huet den 3.Sommet an der Geschicht vun dëser Organisatioun, déi am Joer 1949 an d’Liewen geruff ginn ass, zu Warschau stattfonnt. D’Staats- an d’Regirungschefen hunn sech hei Gedanke gemaach iwwert déi häiteg Daseinsberechtegung vum Europarot. Dësst ass net vu Mutwëll, well d’Evolutioun vun Europa huet et mat sech bruecht, dass hautdësdaags d’Kompetenzen vun deenen 3 groussen europäeschen Institutiounen, daat heescht vun der Europäescher Union, dem Europarot an der OSCE net méi kloer définieiert sinn an sech des öfteren iwwerkraïzen. Während deenen éischte Jorzéngten nom 2. Weltkrich war d’Verdeelung vun den Kompetenzen tëschent dem Europarot an der europäescher Communautéit relativ kloer: Den Europaroot war kompetent am Beräich vun de Menschenrechter an de fundamentalen Fraiheeten, währenddeem d’europäesch Kommunautéit, déi am Joer 1957 créeiert ginn ass, sëch em d’wirtschaftlech Entwecklung vun Europa gekëmmert huet.

D’Entweckelung vun den Kompetenzen vun der EU am Bereich vun der Aussepolitik, der Justiz oder der Immigratioun esou wéi och seng Erweiderung hu fir Duercherneen gesuergt. D’Memberstaaten vun der EU si vun 6 op 25 gewuess, zu deenen säit iwwer engem Joer och 8 Länner aus dem Osten gehéeieren. Et schéngt wéi wann den Europarot lues a lues zur Antichamber vun der UE ginn ass, an der déi Länner, déi sech vun der sowjetescher Tutelle befreit hunn, waarden bis se eng Marktwirtschaft an eng Demokratie opgebaut hunn. Esou verdächtegt zum Beispill Russland d’EU den Europarot wëllen ze instrumentaliséieren fir hier Politique de Voisinage mat deene Länner ze geréieren déi keng Vocatioun hunn fir der EU beizetrieden an dës Institution och ze benotzen fir den zukünftege EU-Memberen hir politesch Standarden méi no ze brengen. Dës Desaffektatioun illustréiert den Marginalisatiounsprozess deem den Europarot ausgesat ass.

Esou ass et nëmmen ze begréissen, dass de Sommet zu Warschau sech der Définitioun vum Europarot an sengen Aufgaben ugeholl huet. Héi sinn sech d’Staats- a Regirungschefen eens ginn, dass d’Verteidegung vun de Mënschenrechter esou wéi d’Promotioun vun Démokratie a Rechtsstaat d’Haaptmissioune vun dëser Organisatioun bleiwen.

Hei gouf och déi onentbierlech Roll vum europäesche Gerichtshaff fir Mënschenrechter ënnerstrach an d’Ausschaffen vun enger Stratégie décidéiert fir d’Efficacitéit vun dësem gerichtlechen Organ ze assuréieren. Ech géif gären ennerstraichen, esou wéi dat eise Premier zu Warschau gemaach huet, dass den Europarot all seng Aktualitéit a Wichtegkeet behällt.

Den Europarot bleiwt onersätzlech als Gespréichsforum um europäesche Plang, als dat kontinentalt Schutzinstrument vun de Mënschenrechter schlechthinn esou wéi och als Denkfabrik vu Rechtsnormen an den sougenannten “bonnes pratiques”. All Double Emploi an Iwwerschneiden vu Kompetenzen sollen an Zukunft évitéiert ginn. Jiddfer Organisatioun muss iwwert hir précisen Aufgabebräich verfügen an et muss eng effiace Kollaboratioun tëschent hinnen op d’Been gesat ginn.

Et ass och vu grousser Bedeitung dofir ze suergen, dass d’Attributiounen vun deene verschiddenen Organisatiounen no baussen hin méi sichtbar ginn. Eise Premier gouf als deemolegen President vum Conseil vun der EU, mat enger Klarifikatiounsmissioun vun den Rollen vun der EU an dem Conseil de l’Europe chargéiert.

Ech sin gespaant op dese Rapport.

————————————————-

Léiw Kollegen,

Wann een d’Aussepolitik kuerz en Revue passéiere léisst, get een sech bewosst, dass d’Erausfuerderungen, déi sech eis stellen, grouss sinn an dass d’Zuel vun den Aufgaben an dësem Bereich net méi kleng gëtt. Ech géif gären ennerstraïchen, dass Lëtzebuerg haut eng wichteg Roll op der grousser politescher Weltbühn spillt. Lëtzebuerg huet et iwwert déi leschte 60 Joer fäerdeg bruecht sech um internationalen Plang Gehéier ze verschafen a säi, proportionnell zu anere Länner, klengt Gewiicht déif an d’Wo ze leën. Lëtzeberg get gefroot an et gët him och nogelauschtert.

Aus dësem Grond bleiwt eis Aussepolitik an an deem Sënn och eis Kooperatiounspolitik vun extremer Wichtegkeet. Ech well just kuerz erwähnen, dass d’Kontributioun vun Lëtzebuerg fir d’Enweckelung bei 0,85% vum PIB fir d’Joer 2005 läit, wat eist Land ënnert déi eischt Länner an der ganzer Welt an dësem Bereich klasséiert.

Et muss een och ennersträichen wéi mir et fäerdeg bruecht hunn während der Lëtzebuerger Présidence vun der europäescher Union mat engem dach limitéierte Personal, d’Aarbechten vun der Europäescher Union ze strukturéeieren, ze dirigéeieren an och weiderzebréngen. Dës Présidence kann ee roueg zu deenen erfollëgräiche Présidencen zielen, déi mir schons hannert eis hunn an déi d’Réputatioun vun eisem Land gemaach hunn.

Ech mengen ech kann mer erlaben ze behaapten, dass mir d’Erwaardungen, déi sech eis gestallt hunn, zur Zefriddenhéet erfëllt hunn an erëm op een neist eisen Engagement fir Europa konnten ënner Beweis stellen. Dëst muss een ze schätzen wëssen an och an Konsideratioun huelen.

Et ass natierlech évident, dass eist klengt Ländchen sech net kann alleng, um bilateralen Niveau, all deene grousse Problemer an der Welt unhuelen. Et ass jo och dowéint, dass de Multilatéralismus esou wichteg ass fir eis. Mir si Member vun all deene grousse régionalen an internationalen Organisatounen. Et ass ann dëse Gremien, wou mir zesummen mat eise Partner versichen kënnen Léisungen zu deenen eenzelne Problemer, déi sech an der Welt stellen, ze sichen. An desem Kontext wär et nët vu Muttwell fir d’Zuel vun den Vertrieder op eisen Ambassaden oder déi, déi bei den internationalen Organisatiounen akkréditéiert sinn, eropzesetzen. Ech denken héi virun allem un den Europarot oder d’OSCE.

Et gët nach villes wât een kéint uschwätzen mee eis Zeit ass limitéiert.

Ech soen Iech Merci,

Marcel Glesener, 30.November 2005