Den CSV-Deputéierten an LCGB-Generalsekretär Marc Spautz um RTL 92,5: Solidaritéit as an dem Sënn ee Wuert, wat mir néi definéiere an mat neien Inhalter fëlle mussen, ouni awer un de Fong vun dësem Prinzip ze goen.
Zenter e puer Méint gin och zu Lëtzebuerg méi haart Iwwerléungen op Käschten vun eisem Sozialstaat gefouert, an dëst virun allem vu Säite vun der Regierung an dem Patronat. D’Diskussiounen, déi d’lescht Woch bei der Generalversammlung vun der Krankenkeesenunioun gefouert goufen, sin do nëmmen ee vu ville Beispiller. Tripartite ass een aanert.
Wann elo d’Regierung der Iwwerzeegung ass, och zu Lëtzebuerg de Rimm méi enk ze zéien, esou ass daat hiirt gudd Recht. Et as och sëcher richteg, datt am Kader vun de Budgetsdebatten bestëmmten Adaptatiounen noutwendeg sin. Awer muss daat wiirklech fir jidfereen am gleiche Mooss gëllen?
Ajustementer sinn neideg
Ech mengen Nee.
Sozial Gerechtegkeet heescht datt d’Allgemengheet – also an eisem Fall de Staat – fir déi aspréngt, déi an engem bestëmmte Moment vun hiirem Liewen net fir sech selwer an hir Famill kënne suergen. Et ass onverantwortlech, nëmmen well gespuert muss oder soll ginn, an engem seng Tësch ze gräifen, wou schon’s net vill méi ass. Niewt dem Staat, also der Allgemengheet, déi souwisou schon’s ëmmer gefuedert gëtt, feelt mir de sozialen Beitrag vun eise Betriiber. Wéivill Betriiber bezuelen nach Solidaritéitssteier? Och sie missten an d’Verantwortung mat eran gezun ginn an hiren finanziellen Beitrag leeschten. Et kann net esou sinn, datt deen Klengen vun der Strooss muss bludden, während d’Betriiber ëmmer méi finanziell vum Staat ennerstëtzt ginn. Ech erënneren drun datt de Staat mir all sinn, also och erëm déi Kleng, déi zur Keess gebieden gin.
Ech ginn Iech elo nach d’Beispill vum Chômage.
Et ass jo nach ëmmer esou, datt zu Lëtzebuerg nëmmen deen Chômage kritt, deen onfraiwëlleg, also net aus eegener Schold, seng Aarbecht verluer huet. Vun dene ronn 10.000 Chômeuren sin daat der am Moment ronn 5000. Fir elo an dëser fir déi Léit schon’s schwiereger Situatioun eng Diskussioun iwwert de Chômage ze féieren, ass net an der Réi!
Ech verwieren mech, datt Chômeuren als Buhmänner oder Lidderhanesen dohinner gestallt ginn. Dobei behaapten ech datt ganz vill Leit, jo déi grouss Majoritéit, ouni hirt eegen Verscholden an de Chômage gefall ass. An eisen Zaiten kann de Chômage jidfereen zu all Moment treffen. Vergiesse mir dobei net datt un engem Schicksal meeschtens och nach d’Schicksal vun enger ganzer Famill hängt. Maache mir eis dach keng Illusiounen, d’Zäite vun enger secherer Aarbechtsplaatz sinn doud.
Un der Regierung ass et, dofir ze suergen, datt déi Léit, déi Aarbecht sichen a nët dem Profil vum Patronat entspriechen, déi néideg an noutwenneg Formatiounen och kréien. Huet iwwerhaapt schon’s een sech iwwerluecht, wéi frustréierend et muss sinn, wann déi jonk Schoulofgänger frësch motivéiert an den Aarbechtsprozess iwerginn an dann mat eiser Aarbechtsmaartsituatioun konfrontéiert ginn?
Et kann net esou sinn, datt monter weider qualifizéiert Leit aus eisen Noppeschlänner engagéiert ginn, währenddeem eis eegen Leit, déi hei am Land wunnen, keng Plaatz fannen, well hir Qualifikatioun net der entsprëcht, déi eis Betriiber och wiirklech brauchen.
An dësem Punkt sinn virun allem d’staatlech Akteuren um Terrain gefroot wéi de Wirtschafts-, den Aarbechts- an den Edukationsministère an daat an enger Zesummenaarbecht mat dem Aarbechtsamt. Wann Wirtschaftsmissiounen an d’Ausland gemaat ginn, wier et logesch a noutwendeg d’Akteuren vum Aarbechtsamt a vum Edukatiounsministär mat anzebannen. Dëst géif op jiddfer Fall verhënneren datt nei Betriiber an d’Land kommen ouni daat mir awer déi qualifizéiert Leit um Marché hun.
Wichteg ass et emol, doriwer ze schwätzen, firwaat esou vill Leit – an hei virun allem eis eeler Matbiierger hir Aarbecht verléieren oder ganz einfach aus dem Aarbechtsmaartprozess erausgeekelt ginn.
D’Verantwortung vun de Betriiber
Ech appeléieren hei virun allem emol un d’Verantwortung vun eise Betriiber! E Betriib kann sech nët alleng hannert sengen Zuelen verstoppen. Et ass och net alleng den Profit deen ze zielen huet. Ech erënneren dorun datt et net Betriiber sinn, déi erwirtschaften, mee et sinn déi Leit, déi an de Betriiber schaffen, déi erwirtschaften. Ech fuederen Betriiber op, niewt hiirer betriiblecher Responsabilitéit och hir sozial Verantwortung endlech ze iwwerhuelen. An hei ass et um Staat an un der Regierung dofir ze suergen, datt dëst och geschitt.
Un der Regierung ass et dofir ze suergen, dat déi Léit, déi Aarbecht sichen an nët dem Profil vum Patronat entspriechen, déi néideg a noutwenneg Formatiounen och kréien. Et kann net esou sinn, datt monter weider qualifizéiert Leit aus eisen Noppeschlänner engagéiert ginn, währenddeem eis eege Leit, déi hei am Land wunnen, keng Plaatz fannen, well hir Qualifikatioun net der entsprëcht, déi eis Betrieber och wiirklech brauchen. An dësem Punkt sinn virun allem d’staatlech Akteuren um Terrain gefroot wéi de Wirtschafts-, den Aarbechts- an den Edukationsministère an daat an enger Zesummenaarbecht mat dem Aarbechtsamt. Wann Wirtschaftsmissiounen an d’Ausland gemaat ginn, wier et logesch a noutwendeg d’Akteuren vum Aarbechtsamt a vum Edukatiounsministär mat anzebannen. Dëst géif op jiddfer Fall verhënneren datt nei Betriiber an d’Land kommen ouni daat mir awer déi qualifizéiert Leit um Marché hun.
Am Rumm vun de Kollektivvertragsverhandlungen musse mir et fäerdeg bréngen dem Volet Formatioun e gréisseren Impakt zouzegestoen. An eiser heideger Gesellschaft, mat de rasant sech entwëckelnden betriiblechen Ännerungen, as dëst ganz sëcher net vu Mutwëll. Nee et as eng dringend Noutwendegkeet.
Solidaritéit as an dem Sënn ee Wuert, wat mir néi definéiere an mat neien Inhalter fëlle mussen, ouni awer un de Fong vun dësem Prinzip ze goen.
Losst eis dach endlech handelen, wéineger egoistisch an egozentrisch, mee méi solidarisch.