La stratégie de Lisbonne vise à faire de l’UE l’économie de la connaissance la plus compétitive et la plus dynamique du monde, capable d’une croissance économique durable accompagnée d’une amélioration quantitative et qualitative de l’emploi, d’une plus grande cohésion sociale et d’un respect de l’environnement – Le député Marcel Sauber prend position pour le groupe chrétien-social à la Chambre des Députés
Här Präsident, Dir Dammen an dir Hären,
Daat waat een haut den Agenda vu Lissabon nennt, am Fong also d’Conclusiounen vum Sommet vu Lissabon am Joer 2000, huet folgend Ziilsetzung:
“La stratégie de Lisbonne vise à faire de l’UE l’économie de la connaissance la plus compétitive et la plus dynamique du monde, capable d’une croissance économique durable accompagnée d’une amélioration quantitative et qualitative de l’emploi, d’une plus grande cohésion sociale et d’un respect de l’environnement » Daat Ganzt um Horizont vun 2010.
Op lëtzebuergesch iwwersaat musse mer eis deemno folgend Froe stellen.
Wéi kënne mer déi europäesch Wirtschaft esou fit maachen, dat se nët nëmmen konkurrenzfäheg get vis-à-vis vun deenen groussen Wirtschaftsblek op der Welt, mä och eng Entwert gët op eng Viiraussetzung:
Wéi réaliséieren mer d’Transitioun vun eiser traditionneller Economie an eng Wëssensgesellschaft ;
Wéi kënne mer d’Vollbeschäftegung erreechen ;
Wéi sollen d’Accenter vun deenen eenzelnen Länner gesaat gin, fir déi national Wirtschaft ze stabiliséieren, an haaptsächlech nei unzekurbelen.
D’CSV begréisst et, datt ënner der Lëtzebuerger Présidence am Joer 2005 den Objectif Lisbonne méi wéit gespaant gouf, an niewent dem Wirtschaftsaspekt och zwee weider gleichrangeg Komponenten mat eran geholl goufen: nämlech déi sozial an mënschlech Komponent ënnert all hire Facetten an d’Notioun vu der Nohaltegkeet.
Op europäeschem Plang goufen daat waat mer nennen d’ « Grandes Orientations des politiques économiques » (GOPE) engerseits, de « Pacte de stabilité et de croissance » aanererseits concrétiséiert, daat Ganzt ergänzt duerch Iwerléungen zum Erreeche vun der Vollbeschäftegung.
Dem fréieren hollännesche Premier Wim Kok sein Bericht iwert den Fortgang oder besser gesoot den quasi échec vun der Ëmsetzung vum Lisabonner Agenda am November 2004 huet als Resultat gehaat, datt neien Wand an déi Gesamtproblematik eran koum.
Déi eenzel Länner droen an hiirem respektiven “Plan national” deenen vun der Bréisseler Kommissioun ausgeschafften Rekommadatiounen, deenen sougenannten “Lignes directrices” dann och Rechnung.
Heibei leet all Land seng Gewiichtung vun deenen Mesüren, déi et proposéiert, esou fest, wéi et him noutwendeg schengt.
Daat Ganzt an der Optik “Pour une Europe compétitive, sociale et durable”.
D’Chamber ass haut befasst mat dem Lëtzebuerger nationalen Plang fir Innovatioun an Vollbeschäftegung.
Daat Dokument dréit elo nach de Charakter vun engem Projet a soll, no eisem Débat, formaliséiert an un d’Bréisseler Kommissioun weidergeleet gin.
Am Délais sin mer nët méi esouganz. D’Date limite fir d’plans nationaux oofzegin wor den 15. Oktober 2005. Mä do wäerten mer nët eleng do stoen.
D’Kommissioun évaluéiert dann déi national Plangen a soll bis Januar 2006 en Zwëschenrapport viirléen.
Virun dësem kontraignanten Kalener stin mer also am Verzugszwang an Meiglechkeeten fir substantiell Äennerungen an de Lëtzebuerger Projet eranzekréien schengen éischter limitéiert ze sin.
D’CSV begréisst et, datt de Projet de Plan national op enger breeder Konsultatioun opgebaut ass.
D’Berufsorganisatiounen an d’Sozialpartner goufen mat agebonnen.
Déi concernéiert Chamberkommissiounen ënner der Koordinatioun vun der Economieskomissioun hun hiiren Point de Vue un d’Regierung weidergeleet.
D’Tripartite huet iwer de Projet getaagt, wou menges Wëssens no, awer keen définitiven Konsens sech erausgeschielt huet.
An schlussendlech ass elo d’Chamber an hiirem Plenum dermat befaast.
Bei der Lektüre vun dem viirleienden Projet wor mein Gefill, an enger éischter Approche, datt ganz vill an dësem Pabeier enthaalen ass;
• datt ganz wichteg an verschiddentlech ganz déifgreifend Reformen an Mesüren ugeschnidden gin;
• datt deelweis esouguer vill eenzel Moosnahmen méi kloer definéiert goufen;
• datt aanerer nach weider missten studéiert gin;
• awer och datt esou muenecher, an nët déi onwichtegst ganz vague gehaalen sin oder fehlen.
An enger zweeter Approche vun dësem Papéier – deen ech dann emol an e Gesamtkontext, an deen en schlussendlech gehéiert – setzen, ass meng Conclusioun, an och déi vun der CSV – Fraktioun déi, datt dëse Projet an enger mëttelfristeger Perspektiv en éminent wichtegen Komplément zu aaneren wichtegen rezenten politeschen Deklaratiounen ass.
Wann ech dësen Plan national zesummen liesen mat
• der déclaration de politique général vum Premier;
• der déclaration vum Budgetsminister an den Réalitéiten aus dem Inhalt vum Budget 2006 ;
• awer och mat der Regierungserklärung,
daat Ganzt virun dem Europäeschen Hannergronnd vun
• de grandes orientations de politique économique ;
• den kontraingnanten Ufuerderungen vun dem pacte de stabilité – deen elo och fir lëtzebuerger Perspektiven Auswiirkungen mat sech brengt;
• awer och den Recommandatiounen iwer d’Sozial- an Beschäftegungspolitik.
Wann ech also de Plan national an diemdoen Kontext setzen – wou en absolut hingehéiert – dann ergët hien eng ganz valabel an wichteg Zielsetzung fir d’Zukunft.
Vernetzt denken ass hei méi ewéi je noutwendeg. An deem Ganzen ass méi wéi kloer erauszeliesen, datt:
• hei am Land, d’Beem och nët an den Himmel wuessen;
• datt eis Wirtschaft onbedingt an séier en neien an zousätzlechen Opwand brauch;
• datt déi 10.100 Chômeuren déi mer elo hun kloer drop hinweisen, datt am Sozialbereich zousätzlech, an deelweis nei iwerluecht muss gin;
• an datt eis Wëssensgesellschaft onbedingt zousätzlech gepuscht muss gin.
Mir sin deementsprechend alleguer gefuerdert durch den Sérieux vun der Problematik an der Noutwendegkeet, zoukonftsträchteg an nohalteg Léisungen unzegoen.
Alleguer, daat heescht:
• d’Politik: Regierung a Parlament
• d’Sozialpartner
• d’Société civile
• an schlussendlech jidder Eenzelnen.
Verschidden méi kruzial Froen, déi elo nët an dësem Pabéier stin, – mat Recht – , leien den Sozialpartner zur Zäit als Diskussiounsthema viir. Sie hun eng besonnesch wichteg Roll am Kader vum lëtzebuerger Modell ze spillen.
D’CSV-Fraktioun begréisst den logeschen Opbau vun dem Plan National deen ënnert engem éischten Kapitel déi “Grouss wirtschaftspolitesch Orientatiounen” ënnerdeelt an
Eng makroekonomesch Approche zu Gonschten vun dem Ausbau vun der Beschäftigung, engersäits, an
microekonomesch Reformviirschléi, déi d’Wuestum sollen eropsetzen, op däer anerer Säit.
Daat zweet grousst Kapital behandelt dann d’Richtlinien fir d’Beschäftegungspolitiken.
Ewéi e rouden Fuedem zitt sech duerch déi zwee Kapitelen de Nohaltegkeetsprinzip.
An menger weiderer Interventioun wird ech elo nët op sämtlech lignes directrices an national Aentwerten agoen. Ech wäert mech op eng limitéiert Zuel vun Themen beschränken.
Ech schecken dann och eemol gleich viraus, datt et gudd ass, datt déi dräi Pillierën, wirtschaftlech Impulser, sozial an Aarbechtsmarktpolitesch Orientéiereungen an noohalteg Entwicklung mateneen an dësem Plang behandelt gin.
Eng modern sozial ausgeriichten Marktwirtschaft kënnt nët méi derlaanscht, och Ëmweltkritérien, Energieversuergung an Nohaltegkeet an engem mëttelfristeg orientéierten Entwecklungsplang mat anzebauen. Daat geschitt an dësem Plang.
De Constat, datt mer hei am Land wirtschaftspolitesch a beschäftegungspolitesch eng ganz Rei vun Problemer hun, ass gemaach – och wann verschidden Berufsgruppen daat vläicht elo nach nët esou empfannen oder ze spiiren kréien.
Eis Wirtschaft huet Problemer
• nët nëmmen Konkurrenz- a Compétitivitéitsproblemer an enger ëmmer méi globaliséierter Welt, mä
• och Strukturproblemer
• Diversifikatiounsproblemer
• Kompetenz- an Innovatiounsproblemer
fir der emol e puer als Beispill opzezielen.
Problemer déi sech elo erausschielen, an déi, wann mer nach mëttelfristeg um Ball wëllen bleiwen, geléist mussen gin.
Et geet leschten Enns jo drëm, deen Liewensniveau, deen mer elo gewinnt sin, ze erhaalen, an wann méiglech an der globaliséierter Wirtschaft mëttelfristeg weiderzeschreiwen.
D’konsequent Moderniséierung vum Land ass eng Noutwendegkeet gin
• eng Noutwendegkeet, déi eis alleguer concernéiert;
• eng Noutwendegkeet déi et och mat sech brengt, datt iwer esou muenches nei muss diskutéiert gin.
D’CSV – Fraktioun weist drop hin, datt den wirtschaftlechen Succès, deen mer bis elo kannt hun, mat sengen positiven Auswiirkungen op eisen allgemengen Liewensstandard – och e Succès ass vun dem lëtzebuerger Sozialmodell.
Esou Muenesches konnt duerch Konsensus erreecht gin, waat sech positiv op Wirtschaft a Beschäftegung ausgewiirkt huet.
De lëtzebuerger Modell ass elo méi wéi jee gefuerdert an gët virun nei Feierprouwen gestallt, daat Ganzt an der Optik mëttelfristeg souwuel d’Wirtschaft, wéi d’Beschäftegung ze konsolidéieren an auszebauen.
D’CSV huet d’Vertrauen an de lëtzebuerger Modell an de Premier wäerd mat sengen Ministerkolleginnen a Kollegen mat vill Gescheck a Fangerspëtzengefill verschidden kruzial Themen, déi elo schons ugeschnidden sin, mat den Sozialpartner an der Tripartite op de Leescht huelen missen.
Dest steet nët esou kloer an eisem Plan National. Zwëschen den Zeilen ass et awer ze liesen.
Dir Dammen an dir Hären,
Mat Recht geet aus dem Papéier erfir, datt de Wuestum d’Basis ass vun der Beschäftegung. Et gin nun eemol keng zousätzlech Aarbechtsplaatzen ouni zousätzlechen Wuestum.
Wuestem, Innovatioun a Vollbeschäftegung sin nët vuneneen ze trennen.
Wann een Wuestem a Beschäftegung seet, dann seet een och – Betrieber
an seet een och – Staat:
• d’Betrieber sin gefuerdert fir sech deem ëmmer méi séier évoluéierendem Maart unzepassen;
• dem Staat seng Roll ass et, d’Ëmfeld vun de Betrieber esou ze gestalten, datt déi noutwendeg Upassungen un de Maarkt kennen geschéien;
• de Staat ass awer och gefuerdert sein Deel derzou beizedroen, datt déi strukturell Upassung – Diversifizéierung also -, méiglechst gudd geschéien kann.
• daat Ganzt nët an der Optik vun der Wirtschaft als Selbstzweck, mä
• an der Optik vun dem Erhaalen an dem Ausbau vun der Beschäftegung, an der Liewensqualitéit vun eiser Gesellschaft, mëttel- a laangfristeg gekuckt.
D’CSV – Fraktioun stellt fest, dass d’Äentwerten op de Lignes directrices an déi richteg Richtung gin.
Wou et also drop ukënnt, ass déi viirgezeechent Richtlinien bestméiglechst an esou séier wéi méiglech um Terrain praktesch ëmsetzen.
Fir en nohaltegen Wuestum ze erreechen, ass d’Wirtschaftsstabilitéit eng macroéconomesch Viiraussetzung.
Deen relativ nideregen Verschöldungs Prozentsatz am Budget ass hei, dank enger viirsichteger an ëmsichteger Finanz- a Budgetspolitik aus der Vergaangenheet, e Viirdeel.
Daat verhënnert allerdings net, datt mer och Budgetsproblemer fir déi kommend Joeren hun, an ganz seriös Konsolidatiounsmesüren durchgezun mussen gin. Daat nët nëmmen beim Staat, mä och bei den Gemengen. Hei wäert et an den kommenden Joeren nët mat einfachem Gepléischters duergoen. Et geet och ëm Strukturelles.
D’Regierung huet jo schons duerch de Mond vum Premier a vum Budgetsminister erklärt, datt eng fundamental Réévaluatioun vun den Prioritéiten am Budget an vun der Ëmverdeelung vun den Budgetsmëttelen geschitt.
D’CSV-Fraktioun ënnerstëtzt dës Vüën, déi noutwendeg sin, fir déi strategesch Objektiver ze erréchen, déi mer als verantwortlech Politiker eis selwer setzen am Rum vun enger mëttelfristeg ausgeriichtener Zielsetzung.
Als Viiraussetzung fir méi Aarbechtsplatzen ze schaafen gëllt et, kuurz a mëttelfristeg de Fortbestand vun eiser Economie an enger ponderéierter Budgetspolitik ze erhaalen.
D’Regierung huet an deem Sënn wëlles, bis Mëtt vum nächsten Joer eng zesummenhängend Strategie auszeschaffen, fir den Fortbestand vun eisem Sécurité Sociale – System ze festegen an deem e Gläichgewicht zwëschen den Generatiounen an och an den Generatiounen soll bestoen bleiwen.
De Premier huet jo an desem Beräich schon esou munesch Pisten opgezeechent an ugesprach:
Datt déi praktesch Ëmstezung nach vill Kappzerbrieches an Verhandlungen mat an zwëschen den Sozialpartner brengen wäerd, dierft gewosst sin.
Hei muss all Partner seng Responsabilitéit iwerhuelen an wuel esou muenches matbrengen.
Dobei dierf nët vergiess gin, datt mer och hei am Land arm Leit hun, Leit deenen et elo schons nët esou gudd geet, Leit déi nët konnten, – aus welchen Grënn och ëmmer -, um Wuelstand deelhuelen. Hiir Problemer verdengen eis besonnesch Opmierksamkeet.
A senger Regirungserklärung huet de Staatsminister ënnerstrach, datt d’Parlament bei all dénen eminent wichtegen Diskussiounen an Initiativen mat agebonnen gët, an deementsprechend mat an d’Verantwortung gesaat gët.
D’CSV – Fraktioun begréisst daat, an ass och bereed hirt derbei ze droen, datt daat Ganzt e Succès gët.
Am micro économeschen Beräich spillt d’Objectif Wëssensgesellschaft eng wichteg Roll.
Mir hun zur Zäit nët onbedingt déi gudd Platz am europäeschen Kontext vun der sougenannter Recherche + Développement. Daat soll elo aanescht gin.
Vun 1,8% vum PIB am Joer 2004 sollen mer 2008 bei 2,4% an 2010 iwert 3% leien mat dénen parallellen Auswiirkungen op den Emploi.
D’CSV – Fraktioun begréisst nët nëmmen déi viirgeschloen Orientéierungen a Propositiounen, mä stellt och fest, datt de Budget fir d’Joer 2006 schons ganz konkret der viirgeschloener Optik entgéint kënnt.
Recherche fondamentale oder Recherche appliquée: daat eent oder daat aanert? Oder awer: daat eent an daat aanert?
Meng Fraktioun ass der Meenung, datt mer souwuel déi eng ewéi déi aaner brauchen, datt mer awer déi richteg Akztenter setzen mussen.
Wou et eiser Meenung no drop ukënnt, daat ass datt déi eenzel Chercheuren op an öffentlechen oder an privaten Centren de Recherche et Développement nët niewenteneen, mä mateneneen schaffen.
Vernetzt denken a schaffen, an eng zielstrebeg Koordinatioun vun deenen eenzelnen Kräften ass hei noutwendeg. Der Uni Lëtzebuerg dierft an dësem Kontext ganz besonnesch eng wichteg Aufgab zoufaalen.
Recherche a Wëssensgesellschaft ass nët de l’art pour l’art. D’Resultat muss sech och um Terräin erëmfannen, d.h. – an der Beschäftegung och ausserhalb vun den Centren – , an bei de Betrieber an der Innovatioun.
De Plan National dréit dann och der Förderung vun der Innovatioun an all hiiren Formen Rechnung.
D’Regierung ass gewëllt, d’Innovatiounseffortën vun de Betrieber, op nei oder bestehend, besonnesch ze ënnerstëtzten. Op dës Manéier kënnen muenesch nei Aarbechtsplaatzen geschaafen, oder awer – an daat ass wuel esou wichteg – , bestehend Aarbechtsplatzen konsolidéiert an erhaalen gin.
An Aussicht gët dann och d’Ausaarbechtung an d’Realiséierung vun engem besonneschen, pluriannuelen nationalen Plang fir d’Innovatioun an d’Grënnung vun Entreprisen gestallt.
An dësem Zesummenhang soll dann och Zesummenaarbecht vun de Betrieber, an Etablissementer, déi an der Recherche aktiv sin, esouwuel hei am Land, wéi awer och grenziwerschreidend renforcéiert gin.
Der Förderung an der Créatioun an dem Développement vun neien Betrieber gët am Plang eng ganz besonnesch Bedeitung zougemoss, mat enger ganzer Rei vun méi konkreten Initiativen, déi kommen sollen.
Daat ass och gudd esou.
Mä, déi traditionnel a bestehend Betrieber dierfen heibei nët ze kuurz kommen.
Och hiirt Ëmfeld muss et hinnen erlaaben, sech weider unzepassen un déi ëmmer erëm nei Ufuerderungen vum Maart. Daat nët zulescht och am Interessi vun hiiren Mataarbechter an der Beschäftegung am allgemengen.
Et sin jo besonnesch sie, déi zu dem héichen Stand vun der Beschäftegung hei am Land beigedroen hun.
Wann eis exposéiert Wirtschaftsleit esou gären eist Land am Ausland als daat Land vun de kuurzen Verwaltungswéer verkaafen, an dann daat och eventuell nach bei nei ugelackelten auslänneschen Betrieber muer maachen, sou gin ech awer ze bedenken, datt fir déi bestehend, aalagesiéssen lëtzebuerger Betrieber daat meeschtens nët de Fall ass.
An hei geet et ëm d’Mass vun de Betrieber, haaptsächlech ëm mëttel a kleng Betrieber, déi de Gros vun eisen Salariéën ausmaachen.
• Déi awer och nach e Potential vun Wuesstum hun deen de Moment brooch leit, wëll fir sie déi kuurz Wéer einfach fehlen.
• Wëll trotz allen politeschen Verspriéchen, verwaltungs- an gesetzlech oder reglementaresch Hürden einfach nët méi an normalen Déläiën kënnen iwerwonnen gin.
Sin mir eis esou richteg bewoosst, datt mer “made in Luxemburg” d’Créatioun vun enger ganzer Mass vun Aarbechtsplaatzen einfach virun eis eraus drecken, wann nët esou guer verhënneren.
Ech hun neischt dergéint, datt een sech mat engem auslänneschen Betrieb deen elo op Lëtzebuerg kënnt an e puer oder och nach e puer Dozen Leit beschäftegt, bretzt.
Mä ech hätt awer eppes dergéint, wann mer der Problematik vun deenen laangen, an deelweis onméiglechen Wéer fir déi bestehend Betrieber, mat hiirer Auswiirkung op de Beschäftegungsmaart nët dee Stellenwert géife bäimoossen, deen se verdengt.
Dës Problematik ass och eng fir d’Zukunft.
D’Erhaalen an den Ausbau vun de Betrieber kënnt vleicht an der Prosa vun dem Plan National nët esou direkt genug zum Viirschein, muss awer um Terrain ugepackt gin.
D’CSV ass sech dëser Problematik voll bewosst an wäerd sech och fir dës nët onwesentlech Herausfuerderung asetzen.
Eng méi breet Diffusioun vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien ënnerschreiwen mer voll mat.
D’Grëndung vu Luxtrust dierft d’Viiraussetzung fir en “e – commerce certified” Certificat sin, an domat déi néideg Infrastruktur mat der signature électronique fir en Développement vum “e-commerce” liweren.
Ambitieus, awer gudd, ass sonderzweifel daat gesaatend Ziel, aus Lëtzebuerg eng Viirzugsplaatz fir d’Uwendung vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien, fir d’Betrieber wéi fir d’Privatleit, ze maachen.
Dir Dammen an dir Hären,
Ausgehend dervun, dat hei zu Letzebuerg d’Industri d’Grondlag vun der wirtschaftlecher Entwecklung an domat och der Sozialentwecklung wor, get festgestallt, dat dei industriel Basis am relativen Verglach stark zereckgangen ass, dat zu Gonschten vun den Servicer.
D’Présence vun enger effizienter a konkurrenzfähiger Industrie ass a bléiwt och fir t’Zoukonft virrangig.
T’Regierung favoriséiert an desem Bereich eng Partie Virschléi, déi héschen:
• Une meilleure connaissance de la compétitivité
• Un renforcement de la société de connaissance,
Mais dann aawer méi konkret :
• Un marché de travail plus fexible réagissant plus facilement aux sollicitations des entreprises
• Un climat favorisant la compétitivité des entreprises via la réduction de la charge administrative globale.
An desen 2 leschten Punkten leit nach esou munschen Sprengstoff dran an iwwert Détailler wärt nach verschiddentlech vill ze schwätzen sin. Och hei musse mer, nom letzebuerger Model, Consensussen sichen an fannen.
Mei ewei je gellt et, an den Aen vun der CSV Fraktioun, dei Konkurrenzavantagen déi mer nach hun, ze consolidéieren an ze erhaalen.
Do geet et em:
• Längt vun den administrativen Décisiounswéer
• Lohn- a Lohnniewekosten
• Flexibilitéit vun der Aarbechtszäit
• Rationaliséirung vun der Verwaltungsarbescht
Et geet aawer och öm : Landesplanung an Implantatioun vun Betrieber.
Wou solle wéi eng Betrieber ugesiedelt gin?
Den Plan sectoriel “Zone d’activités” wäert eng besonnesch Bedeitung am Landesplanungsemfeld kréien, wobei d’Emwelt an de Kiotoaccord mat an d’Ewerléungen eran fléissen mussen, an t’Energieversuergung gesechert ass an zu kompetitiven Präisser kann bezun gin.
An desem Bereich geet et och em d’Entwecklung vun neien Energien an erneierbaren Energien, alles Elementer déi méi einfach gesoot ewei gemaach sin.
D’CSV ass sech deser Problematik voll bewosst an wäert och op desen Gebidder hiren konstruktiven Beitrag brengen.
T’Problematik vun der Emsetzong vun den europäischen Direktiven gett am Kader vun dem Marché intérieur belicht.
Dat e substantiellen Retard bei der Emsetzung opzehuelen ass, dierft bekannt sin, an dat hei ëppes geschéie muss schengt mer kloer.
Eis Fraktioun begréisst besonnesch déi Ausso am Plan National, dat soll verhennert gin, zousätzlech zou den Virschreften vun den europäeschen Direktiven, nach weider national Contrainten matanzebannen. Duerch eng derartig Praxis maachen mer et eisen eegenen Betrieber méi schwéier, an t’Konkurrenzverhältnis zu aneren Länner gett gestéiert.
T’Analyse ex-ante vun den Proposition de Directive duerch t’Parlament kennt am Virfeld och esou munesches verhenneren.- à condition dat t’Parlament sech och déi néideg Virraussetzungen gett fir dat ze machen.
An dem PNB an an der Beschäftigung kommen den Servicer eng besonnesch Bedéitung zou. Mir begréissen et, dat t’Regierung gewellt ass en richtigen Binnenmarkt vir t’Servicer ze ennerstetzen wobei de letzebuerger Modell erhaalen muss bleiwen. Wann Letzebuerg sech och fir den Prinzip vum Pays d’Origine ausdreckt esou dierf desen Prinzip sech nett op d’Arbechtsrecht bezéien. Fir t’Arbechtsrecht muss die national letzebuerger Gesetzgebung zoustänneg bleiwen.
T’CSV vertrett an ennerstetzt voll des Haltung.
Dir Dammen an dir Hären,
Och an der Zéit vun der Globalisatioun vun der Wirtschaft, deem neien Elan fir eis Industrie, der Konsolidatioun an dem Ausbau vum Secteur vun den Servicer, spillen die Kleng- a Mëttelbetrieber eng bedéitend Roll.
Dat ass net nemmen wouer fir t’Formatioun vun eiser Jugend.
Dat ass haaptsächlech wouer um Plang vun der Beschäftigong. T’statistesch Evolutioun beweist dat ganz Kloer, – wann et iwwerhapt nach misst bewisen gin.
Ausser desen Virschléi die mer am Plan National eremfannen, an dat quesch duerch eng Rei vun “lignes directrices” bestéét och nach e Programm dien am Mëttelstandsministär ausgeschafft gin ass.
Des Punkten sin alleguer wichteg, a ganz besonnesch
• Vereinfachung vun den administrativen Contrainten an t’Vernetzung zweschen eenzelnen Verwaltungen
• T’Stimulatioun vum Entrepreneursgeescht
• Weider gezielt Finanzementsméiglechkeeten
• T’Ennerstetzong beim Premier Etablissement
• Genuch Déchargen
• Oder Förderung an Ausbau vun den Betrieber, – wou t’Loi cader schons eng wichteg Roll spillt.
Mé och hei géét et net duer mat Programmer an Leitlinien.
Um Terrain muss nach munnesches nogeholl gin, fir dat d’PME och weider déi Roll spillen kennen, déi hinnen zoustéét.
Ech hun mer alt schons iwwerluecht, dat, wann één duerch gezielt Mesuren um sozialen Plang et geng färdeg brengen, datt d’PME zousätzlech Léit geingen astellen, déi elo am Chômage sin, dann könnt één domat méiglecherweis verschidden Zielgruppen vum Chômage besser an emei produktiv an de Greff kréien. – Affaire à suivre.
Dir Dammen an dir Hären,
Letzebuerg an Europa héscht aawer och Letzebuerg un Europa esou ubannen – am bildlechen Sënn – , dat Europa net lanscht Letzebuerg fiert.
En Prioriteit bestéét ouni Zweifel doran, dat eis grenziwwerschreidend Infrastrukturen un die europäesch Infrastrukturen ugebonnen sin.
Dat gelt fir d’Eisebunn y compris TGV.
Dat gelt fir eis Strossennetz.
Dat gelt och fir eise Flughafen.
Bestëmmt kaschten des Prioritéiten eng Stang Geld, mé si sin an eisen Aen notwendig, wa mer bildlech gesinn den Zuch nöt verpassen wöllen. Si sin och dringend. An den IVL spillt och hei eng substanziell Roll.
De politischen Débat wärt an deser Matière an Zukunft bestemmt méi interessant gin. D’Eisebunnstripartite gött eis elo schons e klenge Virgeschmach.
Op dem Plang vun den Strukturen machen sech aawer och nei an zousätzlech Opportunitéiten op. Dodurch dat eis Land zentral léit kennen duerch t’Zesummespill vun déénen verschiddenen Transportméiglechkeeten Logistik-Servicer a gréisserem Moss hei Fous Fassen. Waat dann och erem sech positiv op t’Beschäftigung auswierkt.
Dir Dammen an dir Hären,
Duerch die verschidden Lignes Directrices déi mer eis am Nationalen Plang gin, an an déénen Schwéierpunkten déi ech elo ugeschnidden hun lééft méi wéi kloer den Rouden Foudem vun der Beschäftigong durch.
Daat ass och sou gewollt
Iwwert d’Beschäftigong an de Chômage hat des Chamber virun kuerzem (31. Mai ) een débat de consultation.
An desem sinn eng ganz Reih Iwwerléongen a Suggestiounen gemach gin, die zesummengefasst an enger Motioun vum Marcel Glesener déposéiert goufen.
Déi Propositiounen vun der Motioun fannen mer och am plan national eröm.
Et ass onemgänglech t’Beschäftigungspolitik an enger globaler Approche unzegoen. Dess Approche muss déi verschidden Akteuren déi an der Beschäftigongsproblematik agebonnen sin mat an t’Verantwortung zeien.
D’Beschäftigongspolitik concernéiert souwuel
• D’Wirtschafts- a Mëttelstandspolitik wéi
• T’Erzéiung, d’Aus- a Weiderbildungspolitik, wei och
• T’Familien a Fraenpolitik.
Mat Recht weist t’Commission du Travail et de l’Emploi vun der Chamber dorop hin, dat, wei vun Breissel aus virgeschloen, néi Wéer mussen ageschloen gin.
Wann an der Vergangenhéét den Akzent vun der Beschäftigongspolitik doran louch, de Chômage ze bekämpfen, so soll an Zoukonft de Schwéierpunkt méi dorop geluecht gin, de Chômage ze verhidden.
T’CSV önnerstötzt déi am Plang National festgehaalen Vuen.
T’Vollbeschäftigong usteieren ass dat gesaten Ziel.-
Dat hééscht och t’Qualitéit an t’Productivitéit vun der Arbecht verbesseren.
Den Arbechtsprogramm “Education et Formation 2010” ausgeschafft vun deenen fir d’Educatioun an t’Formatioun zoustännigen Ministèren proposéiert eng Stratégie an en Ensembel vun Mesuren déi emgesaat sollen gin.
Den Investissement an t’Menschen, an t’Arbeschtskraaft, ass a bléift e wesentlechen Schwéierpunkt fir eng compétitiv Wirtschaft ze entweckelen an t’sozial Kohesioun ze erhalen.
D’Inadéquatioun zwëschend der Offer an der Demande op eisem Aarbechtsmarkt brengt et mat sech, datt trotz deenen villen zousätzlechen Aarbechtsplatzen déi geschaafen goufen, mer fir lëtzebuerger Verhältnisser vill ze vill Leit hun, déi eng Platz sichen.
Fir deem entgéintzewiirken, gëlt et méi wéi jee an d’Ausbildung an an d’Weiderbildung ze investéieren an och hei nei Pisten op ze zeechnen, an den effektiven Besoinen vun den Betrieber bestméiglech unzepassen.
D’Approche globale an der Beschäftegungspolitik begréift dann och niewend den Aspekter Education, Formation, Formation continue, déi vun der Conciliation zweschen Aarbecht an Familienliewen, déi vun der Sëcherheet an der Gesondheet an déi vun den Aarbechtsbedingungen en général.
Déi an den Plans d’action nationaux en faveur de l’emploi, en matière de qualité et de productivité du travail et en matière de cohésion sociale, proposéiert Initiativen gin forgesaat. Wobei awer och déi bestehend mesures de réinsertion enger Analyse op hiir Efficacitéit ze ënnerzéien sin.
All Chômeur, ass e Chômeur ze vill.
D’Aféierung vun engem System vun « maisons relais », also Strukturen déi d’Kanner vun schaffenden Elteren och no der normaler Schoulzäit betreien wärten, ass eng noutwendeg Viraussetzung, besonnesch wann méi Fraen um Aarbechtsprozess sollen deel huelen.
Och de Wee zreck an d’Berufswelt kënnt ëmmer manner laanscht eng adequat Formatioun a Weiderbildung.
Weider ass et an eisen Aen un der Zäit, am Beräich vun eisem Sozialversëcherungssystem, deenen Persounen, déi aus familiären Grënn nët oder nët laang genuch schaffen gaangen sin fir sech ëm hiir Kanner ze këmmeren, eegen Pensiounsrechter ze gin.
Eng Modernisatioun vun eisem Sozialversëcherungssystem implizéiert den Splitting vun den Pernsiounsrechter am Kader vun enger Scheedung, an, méi wäit gekuckt, d’Individualisatioun vun dëse Rechter.
Gläiche Loun, bei gläicher Aarbecht fir Mann a Fra muss, do wou en nach nët ass, eng Réalitéit gin.
Am Beräich vun der Vermëttlung vun den Aarbechtskräften spillt d’ADEM (Administration pour l’emploi) haut schons eng wichteg Roll, – daat och bei deenen eenzelnen Mesüren fir d’Leit an den Aarbechtsprozess eran oder erëm eran ze féieren. Och hei sin zousätzlech Initiativen erfouerdert fir datt d’Administratioun mat der néideger Dynamik an Efficacitéit op hiir nei an och aal Missioun réagéieren kann.
Méi Flexibilitéit, awer och méi nei Aarbechtsformen wéi z.B. den Télétravail, e System vum “compte épargne temps an den travail volontaire à temps partiel ” sin unzepacken. Woubei eng Précariséierung vun den Aarbechtsplatzen vermidden muss gin.
Och dierft den Sozialpartner am Rum vun den Kollektivvertragsverhandlungen en gréissert Diskussiounsfeld opgoen iwer spezifesch Sektor oder Betriebs Aspekter am Beräich vun der Organisatioun vun der Aarbecht, an der bestméiglecher Oofsëcherung vun der Aarbecht an der Formation permanente.
Dir Dammen an Dir Hären,
Il y a du pain sur la planche.
Mir stin mat an der Verantwortung.
Loose mer zesummen déi spannend awer ongeheier wichteg Problematiken ugoen a kuurz- a mëttelfristeg déi Léisungen mat hëllefen sichen an réaliséieren., déi nun eemol noutwendeg sin, fir datt mer och muer eisem Land an sengen Awunner déi Gesellschaftsform an deen Liewensstandard, deen mer eis wënschen, erhaalen.
Marcel Sauber, 16 novembre 2005