Eng Opbrochstëmmung fir Lëtzebuerg

François Biltgen: “D’CSV ass gewëllt, hir Verantwortung an dësen kruzialen Zäiten ze iwwerhuelen, fir dat och muar zu Lëtzebuerg wirtschaftlechen Opschwonk mat sozialer Kohäsioun Hand an Hand ginn.”

Den CSV-Parteipresident François Biltgen de Meindeg 7. November 2005 an enger fräier Tribün op RTL 92,5.

“Mir wëllen eis fir d’Zukunft nei opstellen. Dofir setze mir eis an, doriwwer verhandele mir. Mir wëllen, datt déi, déi no eis kommen, och nach vun eisem Sozialmodell profitéiere kënnen. Mir wëllen, datt d’Solidaritéit lieweg bleiwt, mir wëllen net, datt se stierwt, well mer se haut zevill strapazéiere.

Mir Lëtzebuerger packen dat. Wa ier alleguer upaken, fir eis a fir déi, déi no eis kommen. Mir Lëtzebuerger hunn et nach ëmmer gepackt – wa mir fréi genuch ugepakt hunn.”

Mat dëse Wierder huet den 12. Oktober an der Chamber eise Premierminister, de Jean-Claude Juncker, eis all zu engem neien Opbroch opgeruff.

Mir Lëtzebuerger packen et, well mir et nach ëmmer gepackt hunn. Vrun e bësschen méi ewéi zwanzeg Joër, an de Joëren 1982 bis 1984 hu mir et eng leschte Kéier bis ewëll packe missen, wéi eis Stolindustri vrun der Faillite stung. A mär hunn et gepackt.

Chancen fir eis Kanner

D’Emstrukturéierung an der Stolindustrie gung ouni Massenentloossungen iwwert d’Bün. An et gëtt d’Stolindustrie nach haut. D’Bankplaz gouf opgebaut an Lëtzebuerg huet sech mat sénge Satelliten eng gudd Ausgaangsbasis verschaaft fir an enger Welt matzemëschen, déi vun Technologie an Fuerschung geprägt ass. Haut hu mer zweemol méi Aarbechtsplazen ewéi vrun 20 Joër, mär hunn d’Reserven beim Staat a bei den Investitiounsfongen.

D’Laag ass dofir haut wesentlech manner dramatesch ewéi deemols. Nee, mär sinn nët an enger Kris, ewéi muench vun eise Nopeschlänner. Nee, mär brauchen haut nët zu esou aschneidenden Moossnamen ze gréifen ewéi deemols.

D’CSV ass 2004 mam Slogan “De séchere Wee” ugetrueden. “De séchere Wee” heescht “och eis Kanner an Kandskanner mussen déi selwescht Chancen op en geséchert Liewen hunn ewéi mär. An dofir musse mir eis zesummen op de Wee maachen. E Wee vu Reformen. E Wee awer och, op deem keen op der Stréck bleiwen därf.”

Well mir laafen haut d’Gefor vun engem groussen sozialen Gruef. Mir laafen d’Gefor, datt eng Rei vun eis de Wee net packen. Deene meeschte geet et och nach ëmmer besser. Mä et ginn neierdéngs Entwécklungen, déi eis mussen ze denke ginn. Ass et richteg, datt ëmmer méi Kanner schoulesch Problemer hunn? Ass et richteg, datt e Véierel vun de Jugendlechen, déi all Joër d’Schoul verloosen, weder um Aarbechtsmoart sinn, nach eng Schaff sichen? Ass et richteg, datt eis Jugendlech ëmmer méi laang op der Schoul bleiwen, mä zevill nie en Diplom erreechen? Ass et richteg, datt eeler Leit aus de Betribber ausgemustert ginn? Ass et richteg, datt jonk Leit sech keen Egenheem méi leeschte kënen, wann nët hir Elteren oder Grousselteren op t’manst den Terrain sponsoren?

Erausfuerderungen

D’Erausfuerderungen, deene mer eis haut a muar stelle mussen, heeschen

• Landesplanung fir méi Liewensqualitéit

• Nei wirtschaftlech Initiativen fir méi a besser Aarbechtsplazen

• sozial Kohäsioun fir datt jiddereen eng Chance op eng Aarbecht kritt

Dofir wëlle mer an dëse budgetär méi ugespaannten Zäiten nët blann spueren a kiirzen. Mä mär wëllen nei Prioritéiten stellen. Nët gespuert, mä staark investéiere musse a welle mir

• beim öffentlechen Transport

• beim Wunnéngsbau

• bei der Fuerschung, der Uni, de Schoulen an der Bildung am allgeméngen

• bei der Iwwerbréckung vum neien soziale Gruef.

Jo, mär mussen eis och Froe stellen iwwer eise Sozialsystem. Ass et richteg, d’Sozialproblemer nemmen mat Suen ze léisen, déi d’Leit, oft ondifferenzéiert , an de Grapp kréien? Wär et nët besser, méi an d’Strukturen ze investéieren, déi de Kanner, Jugendlechen, awer och de Familljen an den Eeleren, déi Problemer hunn, hellefen des Problemer ze léisen an hir Plaatz an der Gesellschaft ze haalen, ze kréien oder erëmzekréien?

Ewéi vrun 20 Joer brauche mir eng nei Opbrochstëmmung an eisem Land. Eng Opbrochstëmmung an där mir all zesummen, awer och jiddereen op sénger Plaatz, Verantwortung iwwerhëllt, fir datt och eis Kanner eng sécher Zukunft hunn? D’CSV ass gewëllt, wéi emmer, hir Verantwortung an dësen kruzialen Zäiten ze iwwerhuelen fir dat och muar zu Lëtzebuerg wirtschaftlechen Opschwonk mat sozialer Kohäsioun Hand an Hand ginn.

François Biltgen
CSV-Parteipresident