De politeschen Alldag huet eis erëm

De Luss Clement, CSV-Vizepresident an Ostdeputéierten huet an enger fräier Tribün op RTL 92,5 an um 100,7 een Ausbléck op d’Herausfuerderunge ginn, déi sech der lëtzebuerger Politik déi nächst Méint stellen.

De politeschen Alldag huet eis erëm. No dräi Walcampagnen bannent annerhalwem Joër, wat fir Lëtzebuerg ongewéinlech vill ass, si mir nees um Buedem vun de nationale politesche Realitéiten ukomm.

Dem Staatsminister seng Deklaratioun iwwert d’politesch Prioritéite vun der Regirung an duerno dem Budgetsminister Luc Frieden sein Explikatioune beim Dépôt vum Budgetsprojet fir 2006 hu gewisen, datt et zu Lëtzebuerg méi enk gëtt. Villes musse mir nei iwwerdenken. Mee mir brauchen, wäerten, a wëllen, awer net esou fest schrauwen, datt d’Loft eis ewechbleiwt.

De Lëtzebuerger Sozialmodell konsolidéieren

Déi next Joëren gi finanziell méi schwiereg Joëren. Schwiereg, wëll mir op däer enger Seit net méi déi héich Staatsrecetten hun, ewéi mir se bis 2000 kannt hun, op däer aanerer Seit, awer héich Investitioune beibehale wëllen. Selbstverständlech leit et der CSV och um Häerz, fir de Lëtzebuerger Sozialmodell ze konsolidéieren. Lëtzebuerg as a kenger Kriis an och a kenger Rezessioun, a mir maachen och keng Austeritéitspolitik. Am nächste Joër wäerten d’Budgetsausgaben ëm iwwer aacht Prozent klammen. Mee d’Ausgabe klamme méi séier a méi hefteg, ewéi d’Recetten, an do läit de Problem, dee mir an deene nächste Joëren an de Grëff kréien mussen.

Et wäerten keng Attacken op de Sozialstaat geridde ginn. En héiche Niveau vu soziale Leeschtungen a sozialer Oofsécherung bleiwwe charakteristesch fir d’Politik vun der CSV. Mir brauche Kaafkraaft an Beschäftegungssécherheet bei de Leit, fir eisen interne Konsum ze stäipen an domat eis Wirtschaft um dréien ze haalen. Mee mir kënne keng nei, keng zousätzlech Leeschtungen ubidden, déi an dësem Moment net ze finanzéiere sin.

Mir wandere nët an de Scholdestaat

All Mensch weess, datt een op Dauer net méi Geld kann ausginn, wéi en es erakritt. Daat muss och d’Leitlinn vun eiser nationaler Politik sinn. Belsch Verhältnisser, wou de Staat ee Véirel vu senge Recetten all Joër an de Remboursement vu senger Schold steeche muss, wëlle mir zu Lëtzebuerg net. Mir däerfen se och net kréien. Daat wär Gëft fir éis Konjunktur, Gëft fir eis Wirtschaft, a Gëft fir eis sozial Systemer. Mir wandere net an de Scholdestaat. Wa mir Scholde maachen, dann ausschliesslech, fir wichteg Zukunfts- Investitiounen ze finanzéieren.

Mat der CSV wäert et keng Scholde ginn, fir dem Staat seng laafend Ausgaben ze decken. Am Budget fir 2006 geet dofir och ee Poste spiirbar zréck: daat sinn d’Konsumausgabe vum Staat a senge Verwaltungen.

Wichteg Rendez-Vousën stinn an dëse Wochen un. An der Tripartite gëtt iwwer d’Leeschtungsfähegkeet vun eiser Wirtschaft an iwwert d’Zukunft vun der Eisebunn diskutéiert. Mir wëllen déi Leit, déi an der Wirtschaft an am soziale Liewe Verantwortung droën, mathuelen op deem Wee, deen d’Politik während dëser Legislatur goe muss.

Lëtzebuerg geet et net méi esougutt wéi um Enn vun de nonzeger Joëren. Et geet eis awer och net schlecht. An aanere Länner gëtt de Budget gekiirzt. Bei eis kann en ausgebaut ginn – awer a Moossen. Mir wäerten an deene nächste Joëren eppes méi derzou beidroë mussen, fir eis och an d’Zukunft, dee Staat ze leeschten, ewéi mir en gewinnt sinn.

Daat musse mir zesumme maachen: de Staat, seng Verwaltungen, eis Betriber, an all déi Leit, déi hei zu Lëtzebuerg schaffen. Wa mir et zesumme wëllen, da wäerte mir et och zesumme packen.

Luss Clement
CSV-Vizepresident