De Präsident vun der parlamentarescher Bautenkommissioun Lucien Clement hëllt Stellung zu den Dépassementer am Cader vun der Châmberdébatt vum 14. Juli iwwert d’Cité judiciaire an iwwert d’Nordstrooss
Budgetär Depassementer vu Bauprojeeë si leider hefeg, an ëmmer nees féieren se derzou, datt mer hei am Haus Rallonge musse stëmmen, fir déi zousätzlech Ausgaben ze autoriséieren. Datt ganz vill Bauprojeeën, déi iwwerwältegend Majoritéit eigentlech, an hirem initiale Finanzkader kënnen oofgeschloss ginn, ass natiirlech manner spektakulär, wéi déi dacks ganz héich Zousazkrediter, denen d’Parlament regelméisseg fir gréisser Objeeë muss seng Zoustëmmung ginn.
Meeschtens sinn déi Adaptatiounen, déi mer hei stëmmen, reng finanziell Ugeleeënheten – sou wéi haut och d’Nordstrooss. Bei der Cité judiciaire hu mer awer mol eng Kéier mat engem ganz neie Projet ze dinn, och mat neien Inhalter, déi zousätzlech mussen an e neie finanzielle Kader gepaakt ginn.
De 6. Abrëll 1999 ass en éischte Projet Cité judiciaire gestëmmt ginn. Haut solle mer ee komplett iwwerschafft Konzept unhuelen, waat mat 26 Milliounen Euro weider zu Buch schléit. De finanziellen Depassement vun däer éischter Enveloppe ass deemno ee vun ronn engem Fënneftel vun deem ursprüngleche Volume.
Zwar gëtt et, wéi eigentlech ëmmer, duerchaus Erklärunge fir déi nei Entwécklung. Déi Erklärunge fannen sech virun allem an den Avië vun der UNESCO, dem internationale Rot vun de Siten a Monumenter, awer och an däer Haltung, déi d’Stad Lëtzebuerg an hire Buergermeeschter an dëser Affär ageholl hunn. Mäi Kolleg Marcel Sauber huet déi schon am Detail duergeluecht, an ech soen him och am Numm vu menger Fraktioun Merci duerfir. Mee och wann et Erklärunge gëtt, sou seet d’Evolutioun vum Dossier Cité judiciaire eis dach virun allem, wéi mer et an Zukunft wiirklech net méi solle maachen.
D’Schold fir dës Evolutioun, a fir den Ëmstand, datt mer haut alles mussen ëmbauen, läit net alleng beim Bauteminister a senger Verwaltung. Mir mussen se och bei eis selwer sichen, bei dene Prozeduren, déi mer an der Chamber selwer fir den Ëmgank mat grousse Bauprojeeën hunn, a bei deem, waat mer u Begledungsaarbecht am Dossier Cité judiciaire NET geleescht hunn. Zwar gouf d’Chamber iwwer d’Entwécklunge vun dësem Dossier um Lafende gehalen, mee d’Comexbu ass dach der Menung, datt et domat net méi duergeet. Well leider beschränkt sech déi parlamentaresch Begledung vun Investissementer, déi op eemol hir Richtung änneren, dorop, datt d’Chamber après coup hir Zoustëmmung zu Ännerunge gëtt, déi längst geschitt sinn oder amgaang sinn, ze geschéien.
Et ass deemno wichteg, datt d’Chamber selwer sech esou organiséiert, datt se méi fréi an op méi konsequent Manéier an d’Planung vu grousse Projeeën agebonne gëtt, an datt se dës en cours de route och kann am A behalen – wann et muss sinn, andeems se mat Zäit per Gesetz déi Adaptatiounen unhëllt, déi e Projet muss erfueren. Am Idealfall awer musse mer eis esou uleeën, datt et ganz einfach an Zukunft net méi zu denen enormen Ännerungen, finanziellen an aneren, kënnt, déi mer bis haut kannt hunn.
Mir wäerten am Hierscht deementspriechend eng Resolutioun hei stëmmen, déi esou eng nei a méi effizient parlamentaresch Prozedur festleet. Daat maache mer net elo am Kader vun dësem Gesetz, well mer wëllen eng propper Debatt iwwer de Prinzip vun enger neier Chamberprozedur am Ëmgank mat Bauprojeeë féieren, déi net an de Kader vun haut passt. Trotzdeem wëll ech déi grouss Linne vun dëser neier Prozedur eng Kéier hei duerleeën.
Mir hunn en Artikel 99 an eiser Verfassung, dee beseet, datt all gréisser Ausgab vum Staat parlamentaresch muss autoriséiert ginn. Deemno muss d’Chamber sech mat all eenzelem Bauprojet, dee méi wéi 7,5 Milliounen Euro no aktuellem Stand soll kaschten, auserneen ze setzen huet. An all Kéier, wann déi ursprénglech Finanzrumm gesprengt gëtt, kënnt de Bauteminister zréck an d’Parlament, fir weider Depassementer autoriséiert ze kréien. Dem Bauteministere selwer, der Verwaltung, de Membere vun der Kontrollkommissioun, an der ganzer Chamber sinn dës Exercicen dacks penibel gewiescht. Elo hu mer et fäerdeg bruecht, an der Kontrollkommissioun a mam Bauteminister Claude Wiseler zesummen, eis eng Prozedur ze ginn, mat däer an Zukunft Depassementer vu Baukrediter solle spiirbar méi rar ginn. Mir wëllen do esou virgoen, datt um Prinzip vum parlamentareschen Accord zu groussen Ausgabe fir ëffentlech Investitiounen näischt geännert gëtt. Waat ännert, ass d’Aart a Weis, wéi e Projet virbereet an duerchgefouert gëtt.
All Joer soll an Zukunft de Bauteminister um Enn vum éischte Semester der Chamber eng Lëscht mat deene Projeeën zoustellen, déi e Käaschtepunkt vu 7,5 Milliounen Euro iwwerschreiden. Déi opgefouert Projeeë sinn all déi, déi de Stat an Egeregie wëllt duerchféieren – daat heescht net déi, zu denen de Staat just e Subsid soll ginn. Op dëser Lëscht soll de Präis vun dene verschiddenen Investissementer just summaresch berechent ginn – bei der Analys an der Préifung vun den Projeeë vun dëser Lëscht geet et der Chamber ëm de Prinzip, ëm d’Opportunitéit vun de geplangten Investitiounen, a nach net ëm hir definitiv finanziell Enveloppe.
D’Bautekommissioun examinéiert d’Lëscht an hëllt d’Avië vun dene parlamentaresche Kommissiounen an, déi vun denen eenzele Projeeë betraff sinn: Edukatioun fir Lycéen, Famill fir Altersheimer, Transport fir Stroossen a Schinnen, an esou weider. D’Bautekommissioun bereet dann en egenen Avis an eng Debatt vir, déi an der Chamber am Laf vun der zweter Oktoberwoch vun all Joer soll iwwer dem Staat seng Investissementsprojeeë gefouert ginn. D’Chamber stëmmt dann eng Motioun, an däer se déi Projeeën oplëscht, déi se wëllt zréckbehalen. Am beschte géife mer suguer eng Motioun zu all eenzelem Projet stëmmen, fir datt d’Fraktiounen sech och am Eenzele fir oder géint déi verschidde Projeeë kéinten ausschwätzen.
Et ass op Basis vun dëser oder dëse Motiounen, wou de Bauteminister dann déi detailléiert Virberedung vun all Investissement, bis hinn zum Projet de loi d’autorisation, ka virhuelen. Déi Projeeën, déi per Motioun de feu vert kruten, ginn an engem Artikel vum Budgetsgesetz opgelëscht: et ass dësen Artikel, deen dem Bauteminister et erlaabt, Dépense fir déi detailléiert Planung ze engagéieren.
Uschléissend ginn dann, wéi bis elo och, der Chamber Gesetzprojeeë virgeluecht, déi all Investissement präzis erfaassen, dokumentéieren an ëmräissen. Wann d’Chamber esou Gesetzer gestëmmt huet, da muss se nodréiglech mat all gréisserem Depassement vun der Kreditrumm oder dem Konzept vum Bau befaasst ginn. E neie Gesetzprojet gëtt néideg, wann den Depassement vun engem Projet 5% vun dene virgesinnene Krediter iwwerschreit. Depassementer, déi manner héich sinn, wéi dës fënnef Prozent, ginn am Kader vum Staatskont regulariséiert – an zwar an deem Joer, wou de finalen Dekont vun engem Projet virgeluecht gëtt.
Dës nei Prozedur soll et der Chamber erlaben, all Joer en Iwwerbléck iwwer déi geplangte gréisser Investissementer vum Staat ze kréien an de Bauteminister fir all Projet eenzel ze autoriséieren, eng detailléiert Planung ze maachen. Déi fundéiert Detailplanung léisst haut dacks zu deem Moment, wou d’Chamber e Gesetz zu engem Projet stëmmt, nach ze wënschen iwwreg. Mat der neier Prozedur soll daat anescht ginn – an domat hoffe mer och, gréisser Depassementer an Zukunft ze verhënneren, well d’Planung méi präzis gëtt, wéi daat haut dacks de Fall ass, oder wéi et haut iwwerhaapt méiglech ass.
Kënnt et dann awer zu Depassementer vun enger bestëmmter Gréissenuerdnung, muss sech d’Kontrollkommissioun vun der Chamber mat dene wahrscheinleche Méikäschte beschäftegen. Déi, déi da méi wéi 5 Prozent vun der ursprénglecher Finanzrumm ausmaachen, mussen iwwer e neit Gesetz zousätzlech autoriséiert ginn. Wann ee beispillsweis e Projet vun 100 Milliounen Euro zugronn leet – daat kéint eng Schoul sinn – da musse méi wéi 5 Milliounen Euro Depassement ufalen, fir datt e neit Gesetz néideg gëtt.
Ech sinn iwwerzeegt, datt mat dëser Prozedur an Zukunft éischtens méi präzis wäert geplangt ginn, an zweetens dowéinst och manner depasséiert ginn. D’Chamber kritt ausserdeem d’Méiglechkeet, fir ganz um Ufank vun der Planung vun engem Projet dësen ze refuséieren, wa se en net fir opportun hält. Domat ginn onnéideg Planungsausgabe verhënnert, an am Bauteministère gëtt sech am Detail just nach mat Projeeë beschäftegt, déi schon eng prinzipiell parlamentaresch Zoustëmmung hunn.
Wa mer da manner dacks hei mussen zesummekommen, fir Rallongen ze stëmmen, ass daat e wichtege Schrëtt zu engem méi effizienten a méi zilorientéierte Plangen a Bauen zu Lëtzebuerg. An daat ass am Sënn vun dene groussen, noutwennegen Investitiounen am Land, mee virun allem awer och am Sënn vun engem méi transparenten Ëmgank mat staatleche Gelder.
Ech denken emol, datt nodeems d’Comexbu op Suggestioun vum Henri Grethen nach e juristeschen Avis zu dëser geplangter Prozedur wäert ageholl hunn, mer am Hierscht kënnen déi Resolutioun stëmmen, mat däer mer dës Prozedur op d’Schinn bréngen.
Zum Schluss wëll ech nach soen, datt d’Bautekommissioun kiirzlech op Initiativ vun der Madame Brasseur de Schantche vun der Cité judiciaire besichtegt huet. Dobäi konnte mer all gesinn, datt Projeeë vun däer Gréissenuerdnung net einfach ze plangen an ze realiséiere sinn. Ech mengen net, datt déi Leit, déi dru schaffen, net hiirt Bescht ginn, an ech wëll si och fir hir Leeschtung felicitéieren. Mat däer neier Prozedur kënne si méi genee plangen an de finanzielle Volet vun de Projeeë besser aschätzen. Wann en cours de route Konzeptännerungen, wéi bei der Cité judiciaire, ufalen, da kann denen hir finanziell Implikatioun nun emol schlecht am Viraus ageschat ginn. Duerfir brauche mer déi nei Prozedur, fir datt mer méi Planungssécherheet a méi Transparenz kréien.