Den Escher CSV-Députéierten Frunnes Maroldt an der Châmber zum neie Lycée
Här Präsident,
Dier Dammen an dier Hären,
Bei senger Regierungserklärung vum 4. August 2004, huet eise Statsminister kloer d’Zielsetzungen vun der neier Koalitioun a Saachen Schoulpolitik definéiert: d’Schoul moderniséiere mat Hëllef vun engem Dialog mat all de Concernéierten: den Enseignanten, de Schüler, den Elteren an de Sozialpartner. Den Erfolleg hängt vum Erfolleg vum eenzelnen of, den Erfolleg soll esou breetgefäschert ewéi méiglech sin. Jiddwer Schüler dee fréizäiteg de System verléisst ass en Échec fir eis all, an e Verloscht fir d’Gesellschaft.
Op een d’Zieler an dësem Domaine erreecht hängt vill dovunner ôf, op en den offensichtlechen Antagonism tëschent perséinlechen a gemeinschaftlechen Interessen depasséiert. An dësem Kader ass d’Afeierung vun enger Ganzdaagsschoul an Ännerungen um Niveau vun der Evaluatioun virgesinn. Daat, ewéi gesot, steet am Regierungsprogramm vum läschten Summer.
Här Präsident,
Dier Dammen an dier Hären,
D’CSV steet natirlech zu dësen Aussoen, an dofir welle maer dem Projet Neie Lycée dee mer haut an dësem Sall debattéieren eng Chance ginn, trotz aller Diskussioun a Polemik déi bei der Presentatioun vun dësem Projet entstan ass, well mer iwwerzeegt sinn dat et e Schrëtt an déi richteg Richtung ass. De Ministère bitt eis un en transparente Suivi ze maachen, dat heescht an zwee Joer kréie mer eng éischt Evaluatioun, a wann dës positiv ausfällt, wat mer hoffen, da kennen dës Erfahrunge benotzt gi fir weider Reformen um nationale Plang anzeleeden.
An engem gewësse Sënn ass die Diskussioun die mer haut em de Projet vun engem Lycée Pilote feieren eng Fortféierung vun dem Débat déi mer am Mäerz am Kontext vun der PISA Étude gefouert hunn.
Maer wuaren eis deemools eeneg dat Handlungsbedarf besteet an dat eppes geschéie misst. Et goufen deemools och schonns vun alle Säiten eng ganz Rei vu Virschléi gemat déi sech deelweis an dësem Projet erëmspigelen.
Lycée Pilote, Ganzdaagsschoul oder einfach alles nëmmen Zirkus? Schonns bei der Dénominatioun vun dësem Projet hun sech vill Leit schwéier gedoen. Menger Meenung no wär et falsch dese Projet op vereenzelt Aussoen iwwert den Horaire oder iwwert d’Opstellen vun engem Zirkuszelt nieft der Schoul, ze reduzéieren. Et geet hei em vill méi wéi d’Verlängerung vun de Schoulstonnen oder wéi finalement d’Fächer Sport an Expression Corporelle ugepaakt ginn. De Lycée Pilote soll virun allem inhaltlech nei Weeër goe. Mir sinn eis eens daat mer nett einfach nëmmen e “Copy-Paste” vun engem Modell dee mer a Fro gestallt hunn an dee mer mat Hëllef vun dësem Projet updaten, dat heescht verbessere wëllen.
D’Elteren déi hir Kanner an de neie Lycée wäerte schécken, musse sech bewosst sinn dat si sech an hir Kanner domat fir eng länger Zäit engagéieren. Die 4 Joer déi hiert Kand an dësem Lycée wäert verbréngen, bilden e Ganzt, et geet also nett dat een tëschent deenen zwou Lycéesformen willkürlech hin an hier wiesselt. Déi eenzeg Garantie déi si kréien, ass déi dat hier Kanner sech nom Ofschloss vun hiere Studien am Neie Lycée sech problemlos an hirer neier Schoul kennen integréieren.
Här Präsident,
Dier Dammen an dier Hären,
D’Initiateuren vun desem Projet maache sech et nett liicht! Beim Opstelle vun hirem éischte Stonneplang wäert et méi ewéi eng Noss ze knacken ginn. 3 Unitéiten Unterrecht, do tëschent Studiephasen a Relaxatioun matt engem begrenzte Kader, dat wäert nett einfach ginn! An dach ergëtt dat Sënn well doduerch méi en équilibréierte Stonneplang fir d’Schüler kann entstoen. Doduerch datt d’Enseignanten vill méi disponibel sinn a kengerlee Contrainte ënnerworf sinn, wéi beispillsweis d’Wiesselen an eng zweet Schoul oder d’Participatioun um Stage pédagogique, kennen déi Matièren wou d’Schüler am meeschte gefuerdert ginn op déi beschte Plage geluecht ginn, wat zu enger wésentlecher Verbesserung vum aktuelle System bäidroen wärt.
De Fait datt d’Enseignanten méi eng grouss Disponibilitéit hun brengt automatesch mat sech datt praktesch keng Stonnen méi waerten ausfaalen, waat ouni Zweifel en faveur de l’élève waert sinn.
Dier Dammen an dier Hären,
E wesentleche Punkt an dësem Projet ass d’Tatsaach, dat en de Grondprinzip vun de sougenannten “cycles scolaires”, déi och am Primaire sollen agefouert ginn iwwerhëlt. Déi 4 Joer am Neie Lycée bilden e Ganzt. D’Equipe Pédagogique décidéiert zesummen iwwert de Rhythmus mat deem enseignéiert gëtt. Aus Erfahrung weess een datt a verschiddene Branchen d’Programmer hoffnungslos iwwerluede sinn an anerer duerchweegs ze bewältege sinn, an datt esouguer genug Fräiraim entstinn. Iwwert Jore gesi kennen doduerch enorm Retarden entstinn oder wäertvoll Zäit onbenotzt bleiwen. Ech gesinn dëst als e sécheren Atout vun dëser Méthode.
Wann ee vu Programmer schwätzt, denkt een och virunallem u Schoulbicher an déi aenneren hei zu Letzebuerg matt grousser Regelméissegkeet. Déi meechten Schoulbicher ,well am Ausland verfaast si nett onbedingt eise Bedürfnisser ugepasst, an deem entspriichend gin se och ugewandt. Maer sollten awer virun allem d’Finalitéit vun eisem Enseignement am Aa behaalen. Waat wëlle mer erreechen. D’Kompetenzen vun engem Schüler déi mer entweckle wëlle sie vielsaiteg. Nett nëmme Grammaire, d’Erembrengen vun Daten a Wëssen , mee och Problemsbewältegung an sech eremschloen an enger moderner Welt sie gefuedert.
D’Iddi vun engem “Travail en Équipe” erlaabt et och dat an engem Fach méi ewéi een Enseignant kann intervenéieren. Dëst erschéngt mer besonnesch interessant ze sinn an de Sproochen. Och wann de Programm vum Neie Lycée nach keng intensiv Literaturstudien virgesäit, so ergëtt dat awer besonnesch an dësem Fall e gewëssenen Sënn. Deen ee kennt sech besser aus an enger Period ewéi an der anerer. An ass et net esou dat eng Dame muenchmol eng aner approche zur Literatur huet ewéi hire männleche Kolleg? Dëst nëmmen als Beispill, well dëst gelt och fir aner Sproochen a Branchen.
Mat der konsequenter Aféierung vun der Interdisciplinaritéit lait des Schoul och ganz am internationalen Trend, well am Ausland ginn des Methoden systematesch preconiséiert, Methoden déi och am Kader vun der Formatioun vun eise Stagiairen enseignéiert ginn.
Deen eenzege Problem deen ech am Moment gesinn, ass de Recrutement vun dem Personal oder Zesummesetzung vun de sougenannten “Equipes pédagogiques”. Et gëtt gesot dat en Enseignant méi ewéi ee Fach sollt op enger Klass enseignéieren. Dëst mach wuel fir deen een oder den aneren zoutrëffen, déi méi wéi eng Spezialitéit hunn (z.B. hun Biosproffen och oft Géo enseignéiert, mee dat ass net ëmmer de Fall). Ech hunn an der PISA-Débatt gefrot, op et net Sënn géif maachen fir “Native Speakers” an de lëtzebuergeschen Enseignement ze integréieren, daat heescht also eng wieider Spezialiséierung. Dëst erschéngt mer als jhust de contraire. Maer fannen dat ee besonnesch bei dem Recrutement vun de Enseignants op dësem Punkt eng besonnesch Suergfalt sollt leeën.
Dat mag eng perséinlech Meenung sinn, mee de succès oder den Echec vun desem Projet hängt vill vun der Qualitéit an de Kompetenzen vun hire Leit off. Niewt hirem grousse Wëssen, mussen sie och als Equipe zesumme schaffen kënnen. Der Direktioun fällt eng besonnech wichteg Roll zou, well sie muss matt diskreter awer fester Hand déi verschidden Equipen leeden kënnen.
De Punkt “Activités complémentaires” fannen mer ganz interessant, obwuel mer deen zu dësem Zäitpunkt als nett definitiv ugesinn, an als weider ausbaufäheg betruechten. Här Schreiner, maer si frou dat den Eemplacement den de Ministère fir de neie Lycée fond huet weit genug vun Esch a Schëffleng ass, well soss haet wuel näischt aus der Offer “Jardinage” kenne ginn, bekanntlech däerf dat Geméis wat an eise Gäert produzéiert gëtt am Moment nett konsuméiert ginn. Zirkus, oder besser gesot “expression corporelle” ass eng flott Saach, kann awer wuel kaum de Programm vun engem ganze Joer fëllen an dierft wuel méi als eng “offre complémentaire” betruecht ginn. Souwisou hunn eis Kanner hautdesdaags ganz genee Virstellunge wat fir Sportsaktivitéiten prioritär exercéiert wëlle ginn.
De ganzen Dag zesumme liewen a studéieren, dat heescht, dat och d’Molzechten zesumme geholl ginn. Am éischte Joer bei enger begrenzter Zuel vu Schüler dierft dat net zu allzegroussen Problemer féieren. Mee “au fur et à mesure” wou de Lycée wäert wuesse wäerten sech eng Partie organisatoresch Problemer astellen, wou ee Service beileiwen nett méi wärt duergoen. Die meeschte Lycée hei am Land léisen dëse Problem andeem se en A zoudrécken an hir Schüler an d’Périphérie auswäiche loosse. D’Imbisstuben, Kebab a Pizza reiwe sech d’Haenn, mee ass dat d’Léisung? Op verschiddene Platzen hei am Land gouf versicht d’Schüler an d’Philosophie vun enger “Nutrition et vie saines” ze begleeden, dëst däerf also nett scheitern.
Oft gett gesot den Transport décidéiert iwwert den Horaire an de Schoulen, am Moment trefft dëst waat eng gesond Ernährung an eise Schoule betrëfft, leider och op de Service “restauration scolaire” zou. Maer hu vill Versteesdemech fir hir budgetaire Contrainte, déi leider ze oft als Excuse ugefouert ginn fir de Manktum u Flexibilitéit a guddem Wëllen ze iwwerdécken. Et kann dach nett sinn dass eng Diéticienne de Schüler erkläert wat se iessen kennen a sollen a dat d’Kichen dann net déi néideg Moyenne huet fir des Wueren anzekaafen.
Léiw Kolléginnen an Kollégen,
Muncheree mengt ouni seng 01 oder 60 déi dach kaum ee kritt, « la perfection n’est pas de ce monde ci » kéint e nett liewen. D’Englänner fueren mat Buschtawen, A+, B++, am Ufank brauch een Zäit fir sech drun ze gewinnen, mee et fonctionnéiert. Ech kann mat deene zwee liewen, mee wat ech virun allem begréissen ass déi méi detailléiert Bewäertung vum Schüler déi sech nett op eng “réussite douteuse”, oder “doit faire des efforts en”, “remarque 1 oder 2” limitéiert. Déi kontinuéierlech Evaluatioun vum Schüler erlaabt et der Equipe pédagogique en detailléierte Profil vum Schüler opzestellen an esou en objectiven a fiablen “Avis d’orientation” um Enn vum Zyklus ze offréieren. Am Plaatz dat e gesoot kritt , “l’élève peut choisir toutes les sections”, kritt en genau gesoot waat fir heen dat bescht ass, op en dat elo un hëlt oder nett dat ass eng aner Saach.
Den “Avis d’orientation” no der 4e get finalement vun neutralen Experte jugéiert. Trotz allem Respekt fir d’Direktioun vun der neier Schoul, fannen ech perséinlech dat och en Délégué vun der leschter “Équipe Pédagogique” dobäi sollt sinn, well menger Erkenntnis no, an domat well ech kengem ze no trieden, ass et bis elo nëmmen dem Direkter vum Athenäum gelongen all seng Schüler perséinlech, an dat sinn der eng Partie, mam Numm ze nennen.
De Fait dat de Neie Lycée seng Dieren opmécht, an extern Experten ufreet fir seng Schüler um Enn vum Zyklus ufuerdert fannen ech luewenswäert. Duerch déi gewonnen Transparenz an den Dialog deen doduerch entsteet kenne Malentenduen a Beréierungsängscht ôfgebaut ginn, well och an anere Lycée gett gutt an innovativ Aarbecht geleescht. Et gett vill genial Projete vun deene leider an der Presse net geschwat gett. Des Leit déi des Projete lancéiert hunn, fille sech berechtechterweis un de Kapp gestouss. Loosse mer also des Kéier aus der Vergaangenheet léieren an déi selwecht Fehler vermeiden. Loosst mer also a kontinuéierlechen Dialog matt den anere Schoule sichen, versiche si mat an eis Recherche an Aarbecht anzebannen, nett géint si, mee zesummen. Doduerch kennen och wäertvoll Leit an anere Lycée, déi ähnlech Weeër wëlle goen, sech bestätegt fillen an déi néideg Ënnerstëtzung, déi si fir hir Aarbecht brauchen, fannen.
Dann zu gudder Läscht ass et wichteg dat d’Schüler beim Passage vun hirer Schoul no der 4e nett onnëtz op Virurteeler a Widderstand stoussen. Sot nett nee well c’est du déjà vu, ech well bewosst keng Nimm nennen.
Dier Dammen an dier Hären,
Meng positiv Anstellung zu desem Projet kritt awer e kléngen, mais oniwwerhéierbaren Bémol. Viru kuerzem huet meng Fraktiounskollegin Nelly Stein de Projet Jenker zu Déifferdang virgestallt. Et gett haut nach vill Schoulen déi hei am Land ongedëlleg op eng Réadaptation oder eng Mise en conformité vun hiren Infrastrukture wuarden, besonnesch well hinnen eréischt doduerch erméiglecht gett, ënner zäitgeméissen a würdege Konditiounen ze schaffen. De Minister Wiseler haat eis an der Débatt iwwert d’Annexe Jenker versëchert, daat d’Regierung dese Problem wëll ugoen.
Här Präsident,
Dier Dammen an dier Hären,
Erlaabt zum Schluss vu menger Interventioun nach kuerz drop anzegoe wat mech besonnesch motivéiert huet an des Diskussioun anzegräifen. Ech sinn als virsiichtege Mënsch bekannt an am Ufank bei der Presentatioun vum Projet stoung ech dësem éischter skeptesch géint iwwer, mee jee méi ech mat dem Projet ausenaner gesat hunn, hunn ech d’Begeeschterung, den Enthousiasmus an déi héisch Motivatioun vun de Leit déi dohannert stinn, gespuert. An all de Jore wou ech an der Schoul wuar, hunn ech sou Leit ënnerstëtzt, och wann ech heiansdo meng Douten hat. Si setzen awer schlussendlech Energië fräi déi eise Schoulsystem onbedingt braucht. Aus desem Grond well ech zu deene gehéieren déi soen, komm mer ginn hinnen eng Chance, et ass et waert.
Ech soen aerch merci.
François Maroldt
Juillet 2005