Invitatioun

Den CSV-Nationalkomitee invitéiert Iech vun Häerzen op de Meeting nom Referendum e Sonndeg, den 10. Juli 2005

Léif Parteifrënn,

Fir d’Evenement vum Referendum fir d’europäesch Constitutioun « live » ze erliewen, invitéiert den CSV-Nationalkomitee Iech häerzlech op de

Meeting nom Referendum

e Sonndeg, den 10. Juli 2005 vun 15.00 Auer un
am Hôtel Parc Belle-Vue
(5, av. Marie-Thérèse zu Lëtzebuerg).

Mir verfollegen a kommentéieren zesummen d’Resultater vum Referendum: Internetposten a Radioe sinn installéiert. D’Retransmissioun vun den Emmissiounen op der Telé ass assuréiert an den aktuelle Stand vun de Resultater gëtt permanent präsentéiert.

Fir Iessen an Drënken ass och gesuergt.

Et soll e flotten an agréablen Ofschloss vun eiser Campagne sinn. Dir sidd alleguer häerzlech wëllkomm, zesumme mat eis, e flotten Owend ze verbréngen.

François Biltgen

Jean-Louis Schiltz
EU_smily.bmp