Jo fir Lëtzebuerg, Jo fir d’Verfassung

Invitatioun op eis Ofschlossmanifestatioun fir de Jo mam Jean-Claude Juncker

Léiw Parteifrënn,

Mat dësem Schreiwes invitéiere mir Iech op eis Ofschlossmanifestatioun fir de Jo mam Jean-Claude Juncker, déi Freides, den 8. Juli 2005 ëm 18.30 Auer zu Nidderaanwen am Centre Loisirs Am Sand ofgehal gëtt. Mat dësem Schreiwes soen mir Iech awer och gären elo schons e grousse Merci fi r Ären Asaz an de leeschte Deeg bei allen Initiativen, déi vun der CSV uerschtert d’Land fi r de Jo organiséiert gi sinn. Mat Leidenschaft hunn vill Leit a Mandatäre vun der CSV fi r de JO gekämpft a sech staark gemeet.

Léif Frënn, den 10. Juli 2005 ass mam Referendum e wiichtege Rendez-vous fir d’Lëtzebuerger. Et geet ëm eis Plaz an der Europäescher Unioun, et geet ëm Lëtzebuerg. De Premier Jean-Claude Juncker huet Recht wann hien seet, datt d’Decisioun vum 10. Juli 2005 eng Saach vum Häerz ass. Et geet drëms, ob mir eis versöhne mat dem, wat mer an der Vergaangenheet gehollef hunn opzebauen, a wat mer wëlle mathuelen an d’Zukunft eran.

Dës Aussoë ënnersträiche d’Wichtegkeet an d’Noutwendegkeet fir grad elo Jo ze soën. Europa brauch dës Verfassung. Sie ass e wichtege Pilier mat neie Perspektiven fi r Europa a fir Lëtzebuerg. Fir Lëtzebuerg ass d’Verfassung e Gewënn. Iwwregens huet den europäeschen Integratiounsprozess eist Land emmer nees no vir bruecht, datt war de Fall bei der Ofsécherung vun der Stolindustrie, beim Erfolleg vun der Satellitegesellschaft a beim Opschwonk vun der Finanzplaz Lëtzebuerg.

Mir wëllen zesumme mat de Lëtzebuerger dësen erfollegräiche Wee an Europa fortsetzen a weider goën. Mir wëllen dofi r den 10. Juli 2005 een Zeechen setzen. Mat engem däitlechen Jo. Léif Frënn, mir hu beim Referendum näischt ze verschenken. Bis zum leschte Moment musse mir eis fi r de Jo staark maachen. All Jo ass eng Stëmm fi r Lëtzebuerg an Europa. All Jo ass eng Stëmm fi r eng méi staark Positioun vu Lëtzebuerg an Europa.

Mir sinn iwwerzeecht, datt d’Lëtzebuerger ewéi emmer an hierer Geschicht déi richteg Décisioun treffen.

François BILTGEN, Parteipräsident
Jean-Louis SCHILTZ, Generalsekretär
Michel WOLTER, Fraktiounspräsident

PS: Aus organisatoresche Grënn ass eng Umeldung fi r d’Ofschlossmanifestatioun fir de Jo wichteg. Sot eis Bescheed um Tel: 22 57 311 oder Fax 47 27 16 oder per email [email protected]