D’lëtzebuerger Aarbechts- a Sozialrecht bleiwt

D’Deputéiert hunn sech de Mëttwoch, 29. Juni fir den europäeschen Verfassungstraité ausgesprach. De Premierminister Jean-Claude Juncker huet a senger Interventioun däitlech gemach, datt den Traité d’lëtzebuerger Aarbechts- a Sozialrecht net touchéiert

” Den Nationalstaat alleng, dee fir sech a fir seng Noperen [inaudible], dee féiert zum Géigendeel vun deem wat mer haut als Europäesch Unioun kennen. Et ass weltwäit keen anert Beispill ze gesinn, wou aus fräier Entscheedung Parlamenter, Regierungen, Länner a Leit Attributiounen hunn, mat aneren deelen, fir datt déi Attributiounen, déi – hätten se se alleng – zu geféierlechen Entwécklunge géife féieren oder awer sech, wéi dat an eisem Fall wier, als total onwierksam géifen erausstellen.

Ech sinn dofir, datt een an der Politik de Leit d’Wouerecht seet. Ech sinn awer dogéint, datt ee fir d’Zoustëmmung vun de Leit ze kréien, de Leit Geschichten erzielt, fir se fäerten ze dinn a fir déi Angschtgefiller déi se hunn, nach wiesentlech ze verstäerken. Dat ass am héchste Mooss irresponsabel. Dat ass onmoralesch, fir de Leit Angscht ze maachen. Et mécht een de Leit keng Angscht, wa keng Ursaach dofir do ass, datt se Angscht sollen hunn. An dofir muss een de Leit hei am Land däitlech soen, datt dat wat do geschitt a wat do gesot gëtt, esou net geschitt, an esou och net däerf gesot kënne ginn.

“Emmer dee selwechte Loun”

Et kënnt hei op Lëtzebuerg, weder no der Erweiterung nach no Akraafttriede vun der Verfassung, ee polneschen Aarbechter schaffen ënnert de Mindestléin, ënnert den Tarifléin zu Lëtzebuerg an et ka keen hei ee Betrib opmaachen, dee sech net un d’lëtzebuerger Aarbechtsrecht, un d’lëtzebuerger Sozialgesetzgebung hält. Dat geet einfach net. Dat geet hei am Land net.

Mir hunn eis besser geschützt, net en vue vun deem Élargissement, wéi anerer, mä well mer ëmmer eng Rei vu Prinzipien hei am Land zur Uwendung bruecht hunn. An ee vun de Prinzipien ass, datt egal ween hei am Land schafft, deen dat nëmme kann zu engem gerechte Loun maachen an datt ee fir déi selwecht Aarbecht ëmmer muss mindestens dee selwechte Loun kréien. Dat ass ee konstante Prinzip vu lëtzebuerger Aarbechtsrechtgesetzgeung a vu lëtzebuerger Sozialgesetzgebung. Dat hu mir gemaach an dee Verfassungsvertrag, kënnt en, ännert dat net ëm ee Milimeter. Dat bleift esou. An déi déi esou maachen, wéi wann duerch de Verfassungsvertrag d’sozial Wüste zu Lëtzebuerg géif entstoen, verkennen total d’Rechtslag déi mer hei am Land hunn an och de politesche Wëlle vun der Regierung a vu villen aneren, fir dofir ze suergen, datt dat dobäi bleift.”