Europa weiderbréngen, Jo zur europäescher Verfassung soen!

Den CSV-Fraktiounschef Michel Wolter am Kontext vun der Chambersdiskussioun iwwer déi europäesch Verfassung

Den CSV-Fraktiounschef Michel Wolter huet am Kontext vun der Chambersdiskussioun iwwer d’Resultat vum Referendum iwwer déi europäesch Verfassung gesot: Et ass net ze leegenen, dass den Europäeschen Entwécklungsprozess sech zur Zäit an enger delikater Situatioun befënnt. No dem Neen a Frankräich an an Holland, huet d’Veronsécherung queesch duerch Europa sech vergréissert. A wat eis guer net gefall huet a wat eis muss interpelléieren, dat ass dass an der leschter Woch duerch deen Nee a vläit och op Grond vun deem Nee, Leit, Tendenzen a Stréimunge queesch duerch Europa mengen nees missen iwwerhand ze kréien, déi absolut net an déi Richtung schwätze wéi mir.

Mir mussen also hei zu Lëtzebuerg mat kloerem Kapp verschidden Tendenzen, verschidden Entwécklungen, an Nopeschlänner gesinn, mir musse si analyséieren, mir däerfen hinnen awer net nolafen, mä mir musse kucke wat ass eis Positioun dozou,wat sinn eis Intérêten dozou, a wou leien d’Erausfuerderungen, d’Potentialer, fir eist Land an deem Ratifizéierungsprozess deen elo amgaang ass.

Mir sinn der Meenung, dass mir als Lëtzebuerger objektiv am meeschten ze verléieren hätten, wann Europa an eng Kris géif kommen. Souwuel wirtschaftspolitesch wéi sozialpolitesch kann ee Land wat viru 50 Joer dat äermste Land war vu sechs, déi deemools Europa geschafen hunn, an entre temps dat räichst vu 25 ass déi an deem Europa dra sinn, nëmme verléieren, wann dee Prozess an d’Stocke kënnt. Mir wollten eng Diskussioun iwwer Europa, mir hu si kritt. Zu Lëtzebuerg an an Europa.

Déi Diskussioun an déi Debatt déi d’Leit mat eis féieren, déi geet zur Zäit net grad esou wéi mir si vläicht gäre gehat hätten.Well d’Leit mat eis iwwer villes aneschteres diskutéiere wéi grad just iwwert deen Traité, iwwert déi Ratifikatioun. Si schwätze mat eis iwwer hir Ängschten, iwwer hir Aart a Weis, fir si Europa gesinn, iwwert déi Aart a Weis wéi Europa sech an deene leschte Joren entwéckelt huet an iwwert déi Aart a Weis wéi si gären hätten, dass dat Europa sech an deenen nächste Jore soll weider entwéckelen.

Dat ass, Dir Dammen an Dir Hären, ee staarke Message, dat ass ee Message deen ass méi staark wéi vill vun eis sech en erwaart hunn. An op dee staarke Message musse mir als Politiker och ee staarke Message dogéint setzen. Ee staarke Message vun der Diskussioun mat eise Leit iwwer Argumenter, iwwer Zilsetzungen, déi mir eis an deem Europa vu mar wëlle ginn.

Et muss een de Leit soen, dass de Jo sech op eppes konnt eenegen. Dass de Jo, och wann hie vu ganz villen Tendenze geprägt war, an engem Kompromëss een Text op den Dësch geluecht huet deen Europa virubréngt. An ech mengen, dass een och de Leit muss d’Fro stellen op si der Meenung sinn, dass deen Neen, dee si elo héieren, europawäit, an och zum Deel hei zu Lëtzebuerg, op deen Nee dann Europa méi wäit ka brénge wéi dee Jo dee sech an deem Traité dee mir sollen den 10. Juli iwwer Referendum ofstëmmen erausgeschielt huet.

Et ginn da Leit an Europa, och hei zu Lëtzebuerg, et héiert ee si elo manner haart, déi mol der Meenung waren, et soll een dee Prozess elo am Fong op Äis leeën, et soll ee sech eng Denkpaus ginn, et soll een net virufueren, an et soll een op engem spéideren Datum op déi Froen zréck kommen.

Eu_Verfassung_Affiche_Schlau.bmpMir sinn net der Meenung, dass een dat soll maachen. Mir sinn an engem Prozess dran, mir sinn an enger Diskussioun dran, mir spieren den Intérêt vun de Leit hei zu Lëtzebuerg fir mat eis iwwer Europa ze diskutéieren, a mir sollen dat zum Deel och als eng Chance gesinn, dass mir zu engem Sujet wou mir soss an eise Versammlunge knapps 20 Leit sëtzen hate fir mat hinnen iwwert eppes ze diskutéieren, haut alt 200 an 250 Leit hunn, déi bei eis komme fir mat eis doriwwer ze diskutéieren. A mir sollen eis och eppes aneschters net virmaachen, nämlech dat, dass Europa net géif op Lëtzebuerg den 10. Juli kucken.

Ganz Europa an iwwer Europa eraus wäert op Grond vun der rezenter Entwécklung déi sech gemaach huet, op Lëtzebuerg kucken. Meng perséinlech intim Convictioun ass et, dass wa mir den 10. Juli als Lëtzebuerger,wat ee souveräne Choix ass vun eis alleguerten, mat Nee stëmmen, den europäeschen Integratiouns- an Entwécklungsprozess wäert zum Stoppe kommen.

Ech weess net ob, wa mir Lëtzebuerger den 10. Juli Jo stëmmen, mir definitiv um Enn, am November vum Joer 2006, wäerten op dat kommen,wat mir gären hätten. Mä ech si fest dovunner iwwerzeegt, datt wann den 10. Juli d’Lëtzebuerger, déi vu ganz ville Leit trotzdem als een Idealbild oder Virbild och fir d’europäesch Integratioun gesi ginn, an enger Majoritéit géint d’Verfassung géife stëmmen, dass dann ee Message wäert erausgoen, deen am Cumul da vun dräi Grënnungslänner, Frankräich, Holland a Lëtzebuerg am Fong wäert zu engem Stopp vum europäeschen Integratiounsprozess féieren.

Michel Wolter CSV-Fraktiounspresident