D’Europäesch Verfassung:Gutt fir Europa, gutt fir Lëtzebuerg!

Eng Fräi Tribün vum CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz op RTL Radio Lëtzebuerg

D’Fransousen hunn NEE gestemmt, d’Hollänner och, d’Englänner hunn agefruer, elo kuckt ganz Europa an d’hallef Welt gespaant op Lëtzebuerg.

Bréngen d’Bierger vun engem vun de Grënner et fäerdeg Europa nees eng Kéier en neien Opdriff ze ginn oder loossen se sech ustieche vum Pessimismus déi lénks a riets lauert?

Mir stëmmen den 10. Juli iwwer d’Verfassung oof, dobäi solle mir jhust no eis kucken. D’CSV ass fir d’europäesch Verfassung.

Mat der Verfassung kritt Europa eng sozial Dimensioun – ma Lëtzebuerg bleiwt Häer a Meeschter iwer seng ege Sozialpolitik!
Déi Europäesch Verfassung schreiwt nämlech fest, datt Europa sech kloer zur sozialer an ekologescher Maartwirtschaft bekennt. Eng aklobar “horizontal Klausel” verflicht d’Unioun, all Politiken op hir sozial Wiirkung ze préifen.
De Lëtzebuerger Sozialmodell get net ugetaascht an mir bleiwen Här a Meeschter iwer eis sozial Sécherheet, eis Krankekeesen an eis Renten. Dat ass extrem wichteg.

En aanert Beispill firwat d’Verfassung gutt fir Lëtzebuerg ass: Déi nei Verfassung respektéiert d’Souveränitéit vun de Staaten a Lëtzebuerg ka seng Standuertvirdeler erhalen!
Mat der Europäescher Verfassung get explizit festgeschriwen, datt d’Europäesch Unioun nëmmen déi Kompetenzen a Pouvoiren huet, déi d’Memberen hir iwerdroen. An allen anere Beräicher bleiwen d’Länner selwer responsabel fir hir Politik, a setzen se egestänneg ëm.

An der Politik vun der sozialer Sécherheet an an der Steierpolitik mussen och an Zukunft Décisiounen eestëmeg geholl ginn. Lëtzebuerg kann esou seng Steierpolitik viruféieren a seng Standuertvirdeler ginn duerch déi Europäesch Verfassung net a Fro gestallt.

D’Zäit erlaabt et mer net hei weider Beispiller unzeféieren.
D’CSV mengt et éscht mat hierem Engagement fir d’Verfassung. CSV Ministeren an Deputéierten stinn an dénen nexten Wochen zu ärer Verfügung fir mat iech iwert d’Verfassung and d’enjeu-en vum 10. Juli ze schwätzen. Wann dir
Froen hutt, mir kommen gär bei iech fir mat iech ze diskutéieren.

Wann dir e Veräin, eng Associatioun, e Grupp, dann rufft eis un op der Nummer 22573130 oder kuckt um Internet ënner csv.lu. Mir komme bei Iech, fir mat Iech ze schwätzen. Einfach, onkomplizéiert.

Mach Dech schlau mat der CSV, ruff un op der Nummer 22573130