D’europäesch Verfassung: Wichteg fir Europa, gutt fir Lëtzebuerg!

Argumentaire vun der CSV fir de Referendum vum 10. Juli

1. Europa gëtt méi staark an der Welt – Lëtzebuerg profitéiert mat!

Déi Europäesch Verfassung schaaft de Poste vum Europäeschen Ausseminister, deen och Vizepresident vun der Kommissioun gëtt. Den Ausseminister gëtt och zoustänneg fir déi europäesch Verdeedegungspolitik, mat där eng gemeinsam europäesch Verdeededung soll op d’Bee gestallt ginn.
Lëtzebuerg ass gläichberechtegte Partner vun deenen anere Memberstaaten an der europäescher Aussen- a Sécherheetspolitik. Mat der Europäescher Verfassung huele mir Deel un enger méi staarker a méi konsequenter Präsenz vun Europa an der Welt.

2. Europa gëtt eng Gemeinschaft vu Wäerter – dës Wäerter sinn och déi vu Lëtzebuerg!

Déi Europäesch Verfassung gëtt der Unioun kloer Ziler a Wäerter, déi hiert Handele bestëmmen. D’Unioun bekennt sech zu Fräiheet, Gläichheet, sozialer Ofsécherung, nohalteger Politikgestaltung an dem Respekt virun der Ëmwelt. Déi Europäesch Charta vun de Grondrechter gëtt an d’Verfassung integréiert, déi Rechter, déi si festschreift, kënne vum Bierger ageklot ginn.
Kee Land kann der Unioun bäitrieden, dat dës Wäerter an Ziler net deelt a respektéiert. Domat gi méi streng Critère fir nei Membere vun der Europäescher Unioun geschaf. Déi Europäesch Verfassung garantéiert, datt an Europa déi biergerlech Fräiheeten a Rechter, wéi mer se och hei zu Lëtzebuerg kennen, musse gëllen. Fir all Bierger, an an all Memberstaat.

3. Europa kritt eng sozial Dimensioun – Lëtzebuerg bleift Här a Meeschter iwwer seng eege Sozialpolitik!

Déi Europäesch Verfassung schreift fest, datt Europa sech zur sozialer an ekologescher Maartwirtschaft bekennt. De soziale Fortschrëtt, déi sozial Ofsécherung vun de Bierger, d’Vollbeschäftegung an de Kampf géint d’sozial Exklusioun ginn als Ziler vun der Unioun definéiert. Eng aklobar “horizontal Klausel” verflicht d’Unioun, all Politiken op hir sozial Wierkung ze préiwen.
De Lëtzebuerger Sozialmodell gëtt net ugetaascht. Mir bleiwen Här a Meeschter iwwer eis sozial Sécherheet, eis Krankekeesen an eis Renten. Déi sozial Konzertatioun tëschent Regierungen, Gewerkschaften a Patronat gëtt och an Europa zum Zil erkläert.

4. Europa gëtt e gemeinsame Raum vu Fräiheet a Sécherheet – Lëtzebuerg verstäerkt esou seng eege Sécherheet!

Mat der Europäescher Verfassung gëtt d’Unioun sech gemeinsam Regele fir Awanderung, Asyl an de Schutz vun de Baussegrenzen. D’Sécherheets- an d’Justizpolitik gëtt mat der Verfassung majoritär decidéiert. Esou kënne wichteg Fortschrëtter erziilt ginn am Kampf géint d’organiséiert Kriminalitéit a géint déi illegal Awanderung.
Et entsti gemeinsam Regelen am europäesche Strofrecht. Geriichtsdecisiounen aus engem Memberstaat gëllen an der ganzer Unioun a mussen och iwwerall ëmgesat ginn. D’Geriichter an d’Justizverwaltunge kooperéieren an informéiere sech géigesäiteg. Déi Lëtzebuerger Autoritéite ginn esou méi fréi a besser iwwer méiglech Sécherheetsrisiken an d’Bild gesat.

5. Europa respektéiert d’Souveränitéit vun de Staaten – Lëtzebuerg ka seng Standuertvirdeeler erhalen!

Mat der Europäescher Verfassung gëtt explizit festgeschriwwen, datt d’Europäesch Unioun nëmmen déi Kompetenzen a Pouvoiren huet, déi d’Memberen hir iwwerdroen. An allen anere Beräicher bleiwen d’Länner selwer responsabel fir hir Politik, a setzen se eegestänneg ëm.
An der Politik vun der sozialer Sécherheet an an der Steierpolitik mussen och an Zukunft wichteg Decisiounen eestëmmeg geholl ginn. Lëtzebuerg kann esou seng Steierpolitik viruféieren a seng Standuertvirdeeler ginn duerch déi Europäesch Verfassung net a Fro gestallt.

6. Déi national Parlamenter kënne matbestëmmen – d’Chamber gëtt en Acteur vun der europäescher Politik!

Déi Europäesch Verfassung schreift der Kommissioun vir, all Propositioun fir d’europäesch Gesetzgebung fir d’éischt den nationale Parlamenter zouzestellen. Wann een Drëttel oder méi vun de Parlamenter vun de Memberstaaten sech géint eng Initiativ vun der Kommissioun ausschwätzt, da muss dës Initiativ iwwerschafft ginn. Déi national Parlamenter kréien och d’Recht, beim Europäesche Geriichtshaff ze kloen, wa se der Meenung sinn, datt Europa seng Kompetenzen iwwerschreit.
Eis Chamber kann esou déi europäesch Gesetzgebung matbestëmmen. Nach ni war dat lëtzebuergescht Parlament esou an déi europäesch Politik agebonnen, wéi dat mat der Europäescher Verfassung de Fall soll ginn. Domat gëtt d’Matbestëmmung vun den direkte Vertrieder vum Vollek an europäeschen Ugeleeënheten enorm gestäerkt.

7. Europa bleift handlungsfäeg – Lëtzebuerg bestëmmt mat!

Déi Europäesch Verfassung bréngt mat sech, datt generell Decisioune vum Ministerrot an Zukunft solle mat Majoritéit geholl ginn. D’Kommissioun gëtt méi kleng a méi efficace. Den Europäesche Conseil kritt e gewielte President, dee seng Aarbechte méi dauerhaft soll féieren.
Dobäi behält Lëtzebuerg seng Vertriedung an allen europäeschen Institutiounen. Lëtzebuerg huet och an Zukunft sechs Europadeputéierter. Lëtzebuerg huet och an Zukunft ee Member an zwou Europäesche Kommissioune vun dräi, genee esou, wéi déi grouss Länner och.