Jonker soen JO zur EU Verfassung

Eng Fräi Tribün vum Gilles Bley, CSJ Nationalpresident op RTL Radio Lëtzebuerg

E scheine gudde Metteg Léiw Nolauschterer

De Verfassungsvertrag iwwer deen an der Läscht vill diskutéiert gett ass nët iwwer de Knéi gebrach. Schons virun der Grennung vun der EG waren éischt Iddien vertrueden fir Europa eng Konstitutioun ze gin a säitdeem sin och vill weider Ëntwerf viirgeluecht gin.

Fir den Verfassungsvertrag iwwer deen mir am Moment schwätzen ass de Grondsteen am Joër 2001 geluegt gin. 105 Leit hu während 16 Méint dru geschafft an den 13. Juni 2003 war t’ Propos färdeg. Lo ass et un eis, fir eis ze froën waat brengt en eis, waat brengt en Lëtzebuerg, a waat brengt en dem Friddensprojet Europa?

Mir Jonker sin an engem fräien Europa opgewues, een Europa ouni Grenzen an een Europa mam Mënsch am Mëttelpunkt. Daat alles ass fir eis eng gewessen Selbstverständlechkeet gin an dowéinst ass et fir eis wichteg dat mir erklärt kréien an drun erënnert gin wéi wichteg Europa fir eis eigentlech ass.

De Verfassungsvertrag iwwer deen mier hei schwätzen ass nët perfekt, mais en huet e ganze Koup positiv Aspekter.
Dorenner zum Beispill t’ Fräiheet fir all eenzelnen, t’ Demokratie an t’ Gläichheet, t’ respektéieren vun de Mënscherechter, t’ friddlech Koexistenz vu verschiddenen Usiichten, t’ Solidaritéit, keng Diskriminatioun a schliesslech, t’ förderen vum Fridden an t’ Wuelbefannen vun all Biirger.

Fir dat mir virun kommen muss den Verfassungsvertrag Europa no viir bréngen, e muss t’ Eenegung an Europa viirun dreiwen an déi Europäësch Institutioune stärken. Ausserdeem muss en d’Roll vun Europa an der Welt ausbauen.

Den Verfassungsvertrag huet sech Zieler gesaat: Dorënner déi friddlech Uerdnung op eisem Kontinent, déi ökologesch Maartwirtschaft, de sozialen Fortschrëtt mat dem Ziel Vollbeschäftegung, an den Erhalt vun eiser Ëmwelt.

Europa soll an Zukunft een Ausseminister kréien, an ausserdeem wärt den Europäëschen Root an öffentleche Sëtzungen zesummen kommen waat méi Tranzparenz fir den Biirger bedeit.

Secher ass den Verfassungsvertrag iwwer deen mer diskutéieren een Kompromëss den nët perfekt ass – daat aleng schon dowéinst well sou vill verschidden politesch Stréimungen mat agaange sin. Mais ech mengen daat huet déi Konstitutioun nët geschwächt, mäis éischter méi staark gemaach. Ech géif soën, an nët nemmen ech, mais déi ganz CSJ dat den Verfassungsvertrag deen hei viir läit deen bäschten Kompromëss ass deen Europa am Moment kann hun.

Sierf ët Bech, Werner, Santer oder Juncker, vill grouss Lëtzebuerger hun, a sin am gaang grouss Leeschtungen fiir Europa ze maachen, dofir kommt mir ënnerstëtzen se.
Duefir: Jonker soen JO den 10. Juli!

Gilles Bley op RTL Radio Lëtzebuerg, den 24. Mee 2005