De Staat soll virun allem de Geméngen verstärkt finanziell ennert d’Ärm gräifen
Här President, dir Dammen an dir Hären
Mir hate Chance dise Wanter mam Wieder, de Schnéi dee mir haten as ouni Reen ofgaange, an dofir si mer och vun Héichwaasser verschount bliwen. Mee well mir Chance haaten, a well d’Wiederkonditiounen esou woaren ewéi se woaren, as dis Interpellatioun villeicht net esou aktuell, wéi se et gewiescht wéier am Fall wou mir keng Chance gehaat hätten.
Mee Här President , neischt as esou secher ewéi daat next Héichwaasser, et kennt esou secher ewéi den Amen am Gebied, an dann as Thema Héichwaasser an Héichwaasserschied erem un éischter Front an der Aktualitéit, an demno och erem Ursach fir verschidden politesch Ufroen an Debatten, esouwuel um nationale Plang, ewéi och um lokale Plang. Dofir fannen ech disen Zeitpunkt u sech ideal, fir lassgeléist vun allem Aktualitéits-Drock an allem Misère, deen esou eng Héichwaasserkatastrophe mat sech brengt, elo haut an aller Rou an ouni Opregung iwert dist Thema ze diskutéieren.
Virun ronn 2 Joar haate mir eng schons eng Interpellatioun hei an der Chamber iwwert d’Problematik Héichwaasserschied an Iwerschwemmungen. Dis Interpellatioun woar vun Iech selwer Här President deemols ugefroot gin. Et woar eng goud a konstruktiv Debatt, ee Joar virun de Walen. Dunn 1 Joar méi spéid haate mir Walen, an all Parteien hun an hire jeweilegen Walprogrammer méi oder manner deitlech kloar gemacht, waat an disem Domaine nach ze geschéien hätt. Sihun och méi oder manner deitlech koar gemacht, datt och nach eppes misst geschéien. Ech zitéieren e puer Sätz aus deenen Eenzelnen Walprogrammer.
Esou schreiwt zum Beispill Demokratesch Partei.
Neben der Renaturirung sind Massnahmen zum Schutz des Hochwassers notwendig.
LSAP schreiwt.
Hochwasserkatastrophen bewirken hohe volkswirtschaftliche Schäden. Die Sozialisten sprechen sich deshalb für eine höhere staatliche Beteiligung an Hochwasserschutzmassnahmen aus, welche die Gemeinden vornehmen.
CSV schreiwt an hirem Walprogramm.
Dem Hochwasserschutz wird auch weiterhin verstärkte Aufmerksamkeit gewidmet werden müssen. Die CSV setzt sich für vorbeugenden Hochwasserschutz ein,wobei es zunächst gelten wird, die natürlichen Ueberschwemmungsgebiete zu erhalten bezwecklich zurückzugewinnen.Wo dies erforderlich ist, muss deren Wirksamkeit durch kleinere bauliche Massnahmen erhöht werden. Prävention allein reicht jedoch kaum aus, um die hochwassergefährdeten Gemeinden entlang der grossen Flüsse, wie z.B. Sauer und Mosel, zu schützen ;die CSV ist der Meinung, dass man hier nicht ohne technische Massnahmen ( Schutzmauern u.a. )auskommen werden wird.
Der Hochwasserschutz kostet Geld, und die am meisten betroffenen Gemeinden sind finanziell kaum in der Lage, sämtliche erforderlichen Schutzmassnahmen zu finanzieren. Hochwasser ist kein lokales oder regionales, sondern ein nationales Phänomen, da durch überall stattfindende Flächenversiegelung im ganzen Land die natürliche Absickerung und der ursprüngliche Wasserablauf gestört werden. Das Vorgehen gegen Hochwasser ist deshalb ein nationales Anliegen, dessen Finanzierung auf staatlicher Ebene koordiniert werden muss. Wir wollen studieren, inwieweit nicht direkt betroffene Gemeinden zukünftig im Rahmen eines solidarischen Finanzierungsinstrumentes der Massnahmen zum Hochwasserschutz einen angemessenen Beitrag zum Gesamtaufwand leisten könnten.
Den ADR schreiwt a sengem Walprogrammm : Wir wollen Hochwassergefahr in Zusammenarbeit mit den Landeigentümern durch ein flächendeckendes System von Rückhaltedämmen an ihrem Ursrung entgegenwirken. Punktuell sind zusätzliche Massnahmen, wie der Bau von Schutzwällen oder-mauern usw. zu ergreifen.
Bei deene Grengen as den Héichwaasserschutz éischter dürfteg behandelt gin an hirem Walprogramm.
Ausser Wir werden Wasserschutzprogramme, getrennte Kanalisationssysteme für Niederschlags-und Schmutzwasser sowie Regenrückhaltebecken fördern, hun ech neischt fonnt.
Dir geséit, Här President, all Parteien woare virun de Walen där Meenung datt a Sachen Héichwasserschutz eppes misst ennerholl gin. Ech gin dann och dervun aus datt sech un diser Meenung och no de Walen neischt geännert huet. Mir wärten daat secher am Verlaaf vun diser Debatte vun deenen eenzelne Riedner heieren. Dofir as et och net weider verwonnerlech datt een am Accord de Coalition deen heiten Textpassage eremfënnt.
En matière de gestion des crues et des inondations, le Gouvernement établira un plan national des zones inondables et des zones de rétention des cours d’eau du pays. Un concept de gestion des risques liés aux crues et de protection contre les inondations définissant notamment les possibilités de financement des mesures anti-crues sera mis en place. Les travaux de renaturation des cours d’eau seront poursuivis suivant un plan d’intervention prioritaire à établir par l’Administration de la gestion de l’eau.
Ech haat ufangs gesoot, mir hätten dest Joar Chance gehaat, daat heescht awer net dat d’Héichwasserkatastrophen vun 1993, vun 1995 a vun 2003 vergiess wieren. Se sin, haut net méi direkt aktuell, mee se sin mat Secherheet net vergiess, virun allem net bei deene Leit déi direkt dervun betraff woaren. All Regiounen uechter d’Land, wou ee Floss leeft, op grouss oder kleng, kënnen vun Héichwaasser betraff gin. Kritären oder besser gesoot déi äusserlech Emstänn déi zu Héichwaasser féiere sin bei all Floss baal emmer déi nämlecht, an d’Spueren an de Schued deen ugeriicht gett, déi si méi oder manner och emmer déi selwecht. D’Héichwaasser op der Musel kënnt awer éischter mat Annonce , ewéi et bei der Sauer, oder bei aanere Flëss de Fall ass. No Schnéischmelzen an de Vogesen, no undauerndem starkem Reen, as direkt a ganz secher Héichwaasser ugesoot. Mee ewéi schons gesoot d’Musel kennt net iwer Nuecht, si kënnt net ouni Virwarnung, wéi daat bei aaneren méi klenge Flëss awer duerchaus de Fall ka sin.
Héichwaasserprognosen fir dee gréisste Floss aus éisem Land, sin, dank eem dach schons performantem Informatiounssystem als relativ fiabel un ze gesinn, obschons se awer nach kënne verbessert gin. Déi eenzel Ortschaften un der Musel hun ennerschiddlech performant Informatiounssystemer. Et konnt een de leschten Donneschdeg an der Zeitung liesen, datt zu Wasserbelleg en neien elektroneschen Pegelanzeiger giff installéiert gin. Daat as mat Secherheet ze begréissen, a wärt den Awunner vu Wasserbelleg zu gegebener Zeit och een grouss Hellef a Sachen Héichwaasser sin.
Och as Zesummenarbecht mat deene eenzelnen Statiounen aus Frankreich an Deitschland séier wichteg. Ech muss allerdengs festhaalen datt den Informatiounsaustausch mat éisen Nopeschstaaten séier goud funktionnéiert. Ech hu mech selwer bei der Statioun zu Trier informéiert, a krut een ganz goud Kollaboratioun mat Letzeborg confirméiert. Een Tréier-Statioun déi d’ailleur séier performant équipéiert as, mat Virwarnsystemer, mat Donné’en iwert d’Regeneinzugsbebieter vun der Musel a vun all hiren Nieweflëss, mat direktem Uschloss un déi betreffend Wiederstatioune asw. Ech haat och d’Impressioun datt déi Statioun net nemmen goud équipéiert as, mee datt se och grad esou goud a performant schafft. Do wou een an disem Domaine, hei zu Letzeborg nach verbesseren kann, soll daat och gemacht gin. Bei der Musel as et op jiddfer Fall net esou, dat een owes schloofe geet, a muerges steet Waasser am Haus, ouni dat Prognosen daat virausgesoot hätten.
Bei der Sauer, der Uelzecht der Our oder aanere nach méi klenge Flëss, ass daat awer no enger Nuecht zoliddem Reen, duerchaus am Bereich vum Méiglechem, datt een Owes schlofe geet, a Moies huet een de Keller oder d’Garage voll Waasser stoen, ouni datt een direkt den Daag oder den Owend virdrun dru geduecht hätt.
Daat ännert allerdengs neischt un der Tatsaach dat Musel trotz allem Schéine waat se mat sech brengt, ech denken hei besonnesch un den Tourismus, un d’Wengerten, un d’Landschft, un de Floss selwer, awer och schons vill negativ Spueren hanner looss huet.
All Héichwaasser, egal wou am Land , as als nationale Problem ze gesin, an demno och esou ze behandelen. Hei dierfen déi betraffen Gemengen oder Regiounen net eleng gelooss gin, hei muss déi national Solidaritéit spillen. Et as ze einfach fir drop hin ze weisen, datt fir d’Waasser, egal waat fir enger Aart, hei zu Letzeborg d’Gemengen zoustänng sin.
Et gett verschidden Ursachen déi zu Héichwaasser féieren. Et gett der déi een net ka beaflossen, wéi de Reen, de Schnéi oder d’Wieder am allgemengen, aaner Ursachen déi zu Iwerschwemmungen féieren, déi kann een beaflossen oder du moins corrigéieren.
Eng Deelursach vum Héichwaasser as iwerméisseg vill Reen an engem kurzen Zeitraum. Mee dise Reen fällt jo awer net nemmen an deenen Ortschaften, déi un engem Floss leien, neen e fällt am ganze Land, an der ganzer Régioun.Daat selwecht gellt iwregens och fir iwerméisseg vill Schnéi deen dann mat Reen ofgeet. Ech mengen Gesamteinzugsgebiet vun der Musel beleeft sech op 22000 km2, a betrefft 3 Länner oder Regiounen, nämlech d’Lorraine, Letzeborg a Rheinland-Pfalz.
Eng aaner Deelursaach gett mat Secherheet duerch de Mensch selwer erbei gefouert. Ech denken hei un eng iwerméisseg Versigelung vum Buedem, an daat ouni Kompensatiounsmesuren, ech denken un d’Kanalnetzer, déi d’Waasser schnell, fir net ze soen ze schnell deenen eenzelne Flëss oder Baachen zouféieren. Net dax genoug gett hei, wa gréisser Bauprojéen ustinn, dru geduecht, fir ufaalend Iwerflächewaasser fir d’éischt a Rétentiounsbecken of ze féieren.
Derbei könnt nach dat op ville Platzen am Land an der Zeit, op deene falsche Plaatzen gebaut gouf.
Eréischt d’Kopplung vun all dise Méchanismen, de Reen, de Schnéi, d’Versigelung, fehlend Rétentiounsbecken, zum Deel falsch Bebauungspolitik, féieren zu engem bestemmten Moment zu Héichwaasser, ergo och zu Héichwaasserschied.
Well awer bal iwerall am Land, dis vu Menschenhand ervirgeroufe Fehler, gemacht goufen, a well de Reen och am ganze Land oder an der ganzer Regioun fällt, dofir geet d’Héichwaasserproblematik éis alleguer eppes un, an dofir musse mir och alleguer zesummen no Léisungen séichen.
Alleguer, daat heescht un éischter Stell de Staat an d’Gemengen, mee an disem Dossier as awer och d’Responsabilitéit an d’Solidaritéit vun all Eenzelnen gefuerdert.
Här President, et gett Léisungen fir deem Misère Iwerschwemmungen a Schied beizekommen. Et get zwar keng honnert prozenteg Léisungen, mee et gett der. D’Méiglechkeeten, dem Héichwaasser mat Menschenhand entgéint ze wierken, sin zwar zum Deel begrenzt, mee daat dierf dofir net heeschen, dat een se net soll notzen.
Op der deitscher Seit sin déi Méiglechkeeten genotzt gin. Dee leschten baulechen Héichwaasserschutz op deitscher Seit as vis-a-vis vu Waasserbëlleg zu Wasserliesch d’lescht Joar virdeg gestallt gin. Bis erof op Bernkastel sin esou zum Deel dach séier effikass Moossnahmen realiséiert gin. Bis zu 50jähreg Pegelen sin esou an de Greff ze kréien. Ech giff jidfereen heibannen invitéieren fir sech esou Schutzmoosnahmen ukucken ze goen, viraus gesaat en huet Zeit a Loscht dozou. Et as jo net nemmen de Schutz eleng dee wichteg fir déi jeweileg Ortschaften as, et entsteet och en neit en aanert Liewen an disen Ortschaften. E Paradebeispill heivir as Saarburg. E ganzen Deel vun diser Staadt, deen Deel deen ennerhalb dem Waasserfall leit, woar virun de Schutzmoosnahmen ee verfaalene Quartier ouni Aktivitéit, an et wollt och kee Mensch méi do wunnen. Haut nom installéieren vun verschiddenen Schutzmoossnahmen fënnt een do kleng Künstlergeschäfter an Atelier’en, an d’Heiser sin restauréiert gin, a gin och erem zu Wunnzwecker genozt, et ass derwert sech daat ukucken ze goen.
Wichteg scheint et mir awer datt wann een vun Schutzmoossnahmen schwetzt, de Leit allerdengs kloarmachen muss datt et keen 100 prozentegen Schutz géint Héichwaasser gett, an och nie gi wärt, mee wéi schons gesoot, daat dierf awer keen Argument oder keng Ursaach sin fir keng baulech Moossnahmen virzehollen. Fazit as awer datt a Sachen Héichwaasserschutzmesüren Deitschland Letzebuerg 10 bis 15 Joar viraus as.
D’Etuden iwert d’Héichwaasser an den Héichwaasserschutz op der Musel an op der Sauer, déi dee virregen Innenminister, den Här Wolter an Optrag gin haat sin oofgeschloss, an d’Resultater leie fir. Virweg geholl de Schutz géint Héichwaasser as technesch duerchaus machbar, wann och net iwerall mat deene selwechte Moi’en. D’Etuden gesin net fir all Ortschaft déi selwecht Mesüren fir. Fir verschidden Ortschaften gett Linienschutz, daat heescht am Kloartext datt all Heiser geschützt solle gin, virgeschloen. Well d’Etude sech awer och ausschwetzt iwert de finanziellen Volet, gett bei aaneren Ortschaften nemmen en Objektschutz proposéiert. Et gett hei nom Kosten-Nutzungsprinzip verfuer, daat heescht wann ech z.B. 10 Mio Euro fir Héichwaasserschutz bereed stellen, muss ech op där aanerer Seit op mannst och fir 10 Mio Euro Heiser könne schützen. Schied déi duerch grouss Iwerschwemmungen entstinn si meeschtens verheerend fir d’Existenzen vun deene Leit déi et trefft.Et spillt och keng Roll op et Geschäftsleit, Wenzer , Handwerker oder Privatleit sin, de Schued spiere se all, jidferen op sein Manéier. An ech well dofir och ee Passage aus der Etude zitéieren.
Der in der Untersuchung ermittelte mögliche Gesamtschaden für den heutigen Zustand an der Luxemburger Mosel ist beeindruckend :falls heute ein Hochwasser wie 1983 auftreten würde, müsste mit Schäden von circa 38,6 Mio Euro nur auf Luxemburgischer Seite gerechnet werden.Die Schäden verteilen sich dabei sehr unterschiedlich auf die einzelnen Gemeinden.
Dir geseit Här President, eleng dis Zommen déi hei am Raum stin, waat d’Schied ugeet, beweisen iis datt et secherlech net vu Moutwell as, nee si gëllen esouguer als Rechtfertigung, fir haut heibannen, iwert dise Sujet ze discutéieren.
Niewt enger ganzer Rei vu méi punktuelle Moossnahmen geseit d’Etude och eng Verbreederung vum Muselbett ennerhalb Réimech fir. Dis Mesure as mat Secherheet nemmen mam Accord vun éisem Nopeschland Deitschland méiglech, an iwerschreit mat grad esou grousser Secherheet Kompetenzen an virun allem och d’Méiglechkeeten vun der Réimecher Gemeng.
Ech hun an deene verschiddenen Ortschaften an Deitschland gesinn datt Maueren oder natirlech Wäll déi eng Ortschaft schütze sollen sech relativ goud an d’Bild vun der Landschaft integréieren. Mee et as net nemmen daat, waat ee vum Wall geseit, waat richteg vill Geld kascht, neen de Gros vum Käschtepunkt leit nämlech am Buedem selwer.
Et sin daat Pallplanchen, déi an de Buedem musse gerammt gin, fir daat natierlecht Grondwaasser vum Floss ze éliminéieren. De ganze Kanalréseau muss mat Drockklappen ausgestatt gin fir den Ooffloss ze garantéieren, an de Reckfloss ze verhënneren. Pompelen mussen am Fall vun Héichwaaser daat ufallend Iwerflächewaasser an de Floss transportéieren. D’Staadt Echternach huet elo kierzlech esou ee System installéiert. Ech hoffen a wensche mir datt den Succès vun diser Mesüre, d’Erwoardunge vun de Leit, an och vun der Gemeng erfellt.
Daat alles awer kascht vill Geld, esou vill Geld dat eng eenzel Gemeng déi betraff ass, daat onméiglech eleng opbrenge kann. Dofir as et wichteg, dat éier een iwert Héichwaasserschutzmoossnahmen discutéiert, ee zolidde Finanzplang mat enger Prioritéitelescht stoen huet.
Dir Här President, huet virun 2 Joar fir eng Solidaritéit ennert de Gemengen plädéiert an iwert de Finanzement daat heite gesoot. Hei wärt sech ganz séier erausstellen, wéi grouss d’Solidaritéit ennert de Gemengen ass. Eng , denken ech, interessant Aufgab fir de Syvicol an de Conseil supérieur des Finances Communales.
Esou ee Solidaritéitsfong, daat wéier, giff ech soen eng Méiglechkeet, mee et gett nach aanerer.
Haut geseit d’Finanzéierung vum Bau vu Schutzmoossnahmen géint d’Héichwaasser esou aus, datt déi concernéiert Gemeng 50% vun de Käschten dréit, an déi aaner 50% vum Staat iwerholl gett. Daat mag ee Modell sin dee funktionnéiert bei Beträg bis zu soe mir emol 2,5 Mio Euro.
Planung allerdengs gett mat 80% vum Staat subventionnéiert.
Déi rezent Etude iwert Musel geseit am Fall vu Réimech ee finanziellen Opwand vu 16 Mio Euro vir, d’Muselverbreederung inclus. Well ech awer elo de Budgetsiwerschoss am ordinaire Budget laut Compten, vun der Staadt Réimech kennen, an dovir och wees datt, daat plus minus 1,5 Mio Euro sin, wees ech datt Staadt Réimech mat deem bestehenden Finanzéierungsmodus vu fifty-fifty, keen Héichwaasserschutz an där Gréissenordnung baue kann.
Ech hun elo vu Réimech geschwaat, net well ech do eng Prioritéitslescht opstelle well, mee ganz einfach, well ech déi finanziell Méiglechkeeten vun do kennen.
Ech sin awer grad esou secher, datt aaner Gemengen déi un deenen eenzelnen groussen an och manner groussen Fless uechter d’Land leien, an deene Gemengen hir Finanzsituatioun as Iech Här Minister bekannt, op mannst ären Servicer as se bekannt, datt déi Gemengen ähnlech gelagerten Finanzéierungsproblemer wärte kréien, wa se Héichwaasserschutz baue wellen.
Egal wéi elo de Finanzéierungsmodell ausgeseit, sin ech der Meenung dat déi concernéiert Gemeng op kee Fall méi ewéi 10% vun de Frai’en droe kann. All aner Modeller sin fir déi kleng Ortschaften laanscht d’ Flëss finanziell net tragbar. Et misst meiner Meenung no e Programm opgestallt gin, ewéi mir en vun de Kläranlagen hir kennen. E Programm deen d’ Zeitschinn an där mir dee gesamten Héichwaasserschutz laanscht een an dee selwechte Floss welle realiséieren, festleet. E Programm deen de Finanzéierungsmodell définéiert, an deen Prioritéiten festleet, waat fir Ortschaften am meeschten betraff sin, a wou dann och mat de baulechen Moossnahmen fir d’éischt soll ugefange gin.
An Deitschland as de Finanzéierungsmodell och 90 zu 10 , mat dem Ennerscheed datt do d’Land a net d’Gemeng de Bauhär as. Do as et also esou datt d’Gemeng 10% vun de Käschten un d’Land rembourséiert. Mat Secherheet, Här President, dir Dammen an dir Hären, ee Modell iwert deen een och hei nodenken kann.
National Solidaritéit gesinn ech awer net nemmen um finanzielle Plang, obschons se hei séier wichteg as fir déi verschidde Projet’en iwerhaapt realiséieren ze kënnen.
National Solidaritéit geet méi weit. All eenzel Gemeng am Land, misst hire Bebauungsplang esou gestalten, datt haaptsächlech bei gréisseren Bauprojet’en oder Lotissementer, Rétentiounsbecken virgeschriwwe wieren. Daatselwecht gellt och fir de Staat, beim Bau vu Stroossen, Schoulen, Altersheimen, Cliniquen oder aaneren grousse Gebeier. Duerch dis Bassins de Rétention giff verhënnert gin, datt d’Waasser ewéi bis elo, um schnellste Wee, an deen nexte Floss oder Baach giff ooffléissen. Vill esou dach éischter kleng Moossnahmen, giffen awer an hirer Gesamtheet en zolitten positiven Effet kréeieren.
Och wann een déi verschidden Héichwaasseren an hirem Mooss vu Verwüstung wuel mateneen vergleiche kann, sou kann een allerdengs déi gewalteg Waassermengen déi Musel bei Héichwaasser féiert, net mat annere Flëss hei am Land vergeichen. Sou as zum Beispill nozeliesen datt d’Musel 1993, wou mir Katastrophen-Héichwaasser haaten, 4200 m3 an der Sekonn an de Rhein déverséiert huet. Rechent een daat emol héich, mecht daat 252.000 m3 an der Minute, an 15.120.000 m3 an der Stonn aus. Daat Här President ,daat si gewalteg Waassermengen déi do transportéiert gin. Wéi gewalteg daat as, well ech un engem Beispill dokumentéieren. De Barrage vun der Sauer huet eng Gesamtkapazitéit vun 58 Mio m3. A knapp 4 Stonnen wier also d’Waasser vum gesamte Barrage demno zu Reimech ennert de Breck duerch gefloss. Bei den Héichwaasseren vun 1993 a vun 1995 si ronn 3000 Mio m3 Waasser duerch d’Musel gefloss also ronn 50 mol Kapacitéit vum Stausee. Ech hun déi Chiffren hei genannt, fir eemol ze illustréieren, wéi gewalteg déi Waassermengen bei richteg groussem Héichwaasser kënne sin.
Här President,
Ech hun dis Interpellatioun un d’Regirung ugefroot, éischtens fir meng Meenung soen ze kënnen, an 2tens fir iwert verschidde Punkte Opschloss ze kréien.
Den éischte Punkt woar deen vum Finanzement. Mein Meenung dozou hun ech elo grad duergeluecht. Ech kennen d’Iddien vun der Regirung net, sin awer trotzdem gespaant ewéi d’Regirungspropose ausgeseit.
Den zweete Punkt behandelt d’Frô iwert d’Iwerschwemmungszonen déi a verschiddene Gemengen ausgewisen goufe, an daat als Conclusioun no den Iwerschwemmungen vun 1993 a vun 1995. Et gett mat Secherheet Iwerschwemmungsgebieter wou net drop gebaut soll gin an och net därf gin. Et handelt sech hei zum Deel och schons em Terraien déi net bebaut sin, an déi als Rétentioun eng Roll spillen. Wann awer ewéi zu Echternach Schutzmoosnahmen geholl gi sin misst een de Verbued ze bauen nei iwerdenken.
Den drette Punkt as d’Frô un d’Regirung, wéi geet et weider mat den Etuden iwert d’Sauer an d’Musel. Wien kemmert sech drem. Wéi geseit den Här Minister de Timing oder besser gesoot Zeitschinn op där geschafft gi soll. Et wier Schued wann dis dach deier a wervoll Etuden kee Suivi kréichen, an se giffen am Tirang verschwannen. Eng eenzel Gemeng, an ech hun et schons gesoot, as meiner Meenung no mat der Handhabung vun esou engem Riesendossier, ouni Ennerstetzung vum Staat, iwerfuedert. Hei wier et wichteg eng Cellule d’accompagnement oder de coordination am Ministere selwer ze installéieren, déi sech, wann et politesch och wirklech gewollt as, em d’Emsetzen vun der Etude giff kemmeren.
Dee véierte Punkt freet, op schons e Plang oder ee Konzept do as, iwert d’Renaturatioun a selbstverständlech och déi natirlech Rétentioun bei a vu méi klenge Fless. Bei deene klengen- oder esou genannten Nieweflëss, an och bei de Baachen si Mesüre ewéi Renaturéierung a Rétentioun secher vu grousser Wichtegkeet. E Landesplang dee séier wichteg as an deen och d’Prioritéite festlé’e soll a muss as jo hei virgesinn. Dofir d’Frô un Iech Här Minister, wou sin des Arbechten drun.
Dee fönnefte Punkt enchainéiert gewessener Mooss un d’Frô vu Punkt drei waat de Suivi vun der Etude ugeet. Et wier trotzdeem interessant vum Minister ze héieren, op nach aaner Gemengen Mesures anti-crues laafen hun oder envisagéiert hun.
Daat gesoot, awer och gefroot Här President, sin ech gespaant op d’Aentwerten vun der Regirung. Ech hoffe schons datt se esou ausfaalen, datt endlech Mesüre machbar gin, déi deene Leit hellefen, déi Joar fir Joar baange musse wann et Wiederbedingungen gett, déi zu Héichwaasser féieren kënnen. Et as mat Secherheet net vu Moutwell fir am Bereich vum Héichwaasserschutz, esou wéi dir et emmer soot, Här Minister, Neel mat Käpp ze maachen.
Ech soe Merci fir d’Nolauschteren.