Fräi Tribün vum Maurice Bauer op RTL Radio Lëtzebuerg
Gudden Metten,
An dësen Deeg geet ganz vill iwert Europa geschwaat. Mir sinn alleguer opgefuedert fir den 10ten Juli dëst Joer ze soen, ob mir mat der neier europäescher Verfassung averstann sinn.
D’CSV hirersäits wäert sech an denen nächsten Wochen an Méint am ganze Land fir e kloren JO zum proposéierten Text asetzen.
Et ass evident, datt dësen Text een Kompromess duerstellt, den während 16 Méint vum Convent, enger Verammlung vun 105 Vertrieder vun denen eenzelnen Regierungen, Parlamenter, aus dem Europaparlament an der europäescher Kommissioun an enger Rei Observateuren ausgeschafft gouf. Mee speziell doduerch, an dat ass wichteg ze ennerstreichen, woren bei dësen Aarbechten all die eenzel politesch Stréimungen vertrueden, an hunn dëst Dokument guttgeheescht.
D’CSV, d’LSAP, d’DP an dei Gréng hu sech kloer hannert dëse Projet gestallt an hunn sech net engem bellege politeschen Opportunismus higinn an rezent op eemol hier Meenung kurzfristeg geäennert.
Wann een elo den Opbau vun dem Dokument vun iwert 320 Säiten an 448 Artikelen kuckt, daerf een net erschrecken. Hei ass et wichteg ze ennerstreichen, datt d’Ziel vun der neier Verfassung ass, fir amplaaz vun all denen verschiedenen aktuellen Texter ewei den Maastrichter Vertrag, den Traité vun Amsterdam oder den Traité vun Nice, een eenzegen kloren Text ze proposeieren.
Den Text ass opgedeelt a 4 Deeler:
– een éischten Deel mat 60 Artikelen, déi d’Objectiver, d’Organer an Kompetenzen vun der Europäescher Unioun festleeen
– een zweeten Deel vun 54 Artikelen, an dem dei Europäesch Grondrechter opgezielt sinn, dei op der europäescher Menschenrechtskonventioun baseieren
– een drëtten Deel, iwregens bei weitem die greissten Deel mat 322 Artikelen, wou all dei intern an extern Politikberäicher an hiren Fonctionnement festgeluegt sinn an beschriwwen ginn. Dësen Deel ersetzt eigentlech all die aktuell Traitéën déi nach an Kraft sinn
– schlussendlech, een véierten a leschten Deel mat 11 Artikelen leet d’Iwwergangsmossnahmen fest an d’Prozeduren wéi d’Verfassung muss ugeholl ginn
Esouwäit zur Form; mee wann een elo no dem Fong kuckt, an fir d’CSV kennt et dorop un, wäert dësen Text allen Bierger hei am Land erlaaben, Europa mei konkret ze spieren;
– am Traité ass d’Nohaltegkeet verankert, an een heigen Niveau vun Emweltschutz muss prioritär verfollegt ginn
– an der neier europäescher Verfassung ass ee ganz kloert Bekenntnis zu engem sozialen Europa viirgesinn. D’Unioun soll fir eng kompetitiv an sozial Maartwirtschaft suergen, mat dem Ziel fir Vollbeschäftegung. An dem Zesummenhang kreien d’Sozialpartner och hiren Rôle zouerkannt.
– doniewt soll den sozialen Fortschrett weidergedriwwen ginn an all Formen vun sozialer Ausgrenzung oder Diskriminatioun sollen bekämpft ginn.
– all Bierger huet och d’Méiglechkeet sech un den Europäeschen Gerichtshaaf ze wenden, wann hien sech an sengen Rechter vis-à-vis vun der Euroäescher Unioun verletzt gesäit
– een vun den wichtegsten Punkten an dem neien Text ass sécherlech, datt all Bierger selwer eng Initiativ kann huelen, fir nei Gesetzer ze fuederen; andeems hien mei ewei 1 Millioun Ennerschrëften sammelt, aus ee puer EU-Memberstaaten, kann hien d’EU-Kommissioun forceieren een Gestzestext auszeschaffen
– den Subsidiaritéitsprinzip gett fest verankert an dei national Parlamenter ginn durch dësen Text gestäerkt, well all nei Gesetzesprojeten vun der EU-Kommissioun mussen allen Nationalen Parlamenter viirgeluegt ginn, an wa mei ewei een Drëttel der Meenung sinn datt d’Kommissioun dësen Text misst iwerschaffen, muss dat gescheien.
All des Elementer waerten dozou bäidroen datt d’Menschen nees mei Vertrauen an dëst Europa vun muer kennen kreien.
Haut machen sech d’Menschen an Europa Suergen iwert hiir Zukunft an engem groussem Europa oder awer sinn veronséchert virun dëser neier Verfassung. Dofir wäert sech och d’CSV weiderhin an denen nächsten Wochen mat Iech zesummensetzen fir ze probéieren all meiglech Froen oder Zweifel aus der Welt ze raumen. Dofir si mir do!
Fir d’CSV ass et kloer datt déi zukünfteg Verfassung d’Elementer fir e sozial gerecht an menschlecht Europa an sengen Prinzipien festgeschriewwen huet.
Dëst si fir d’CSV die richteg Zeechen; dofir seet d’CSV kloer JO zur EU-Verfassung.
Ech soen Iech villmols Merci fir Ären Interessi.
Maurice Bauer, op RTL Radio Lëtzebuerg, den 21. Mäerz 2005