De François Maroldt plädéiert fir Reformen, déi hieren Impakt op eise ganze Schoulsystem hun. Gläichzäiteg warnt hien virdrun, d’PISA-Etüd als e Selbstzweck ze gesinn.
Haer Präsident,
Dier Dammen an dier Hären,
D’PISA Etude als solch suergt schons sait laengerem hei am Land fir Gespréichsstoff. Haut befasse maer eis virun allem matt PISA 2003. No PISA 2000 ass et schons déi zweete Kéier datt eis Schüler sech desem Test hu missen ennerzéien. Déi offiziell Resultater leien schons zenter enger gewessen Zait fir, deemno kann ech dovunner ausgoen datt der am Virfeld vun deser Debatt, aerch dess Texter selwer ugekuckt hutt, a brauch also nett weider drop anzegoen. Mee well ech mech trotzdem esou vill matt desen Tester oofginn hun well ech versichen dës an enger eischter Approche durch de Brëll vum Mann vum Terrain ze gesinn an aerch meng Erfahrungen ze vermettelen.
Waat dess Kéier anechter wuar, wuar virun allem d’Astellung an den Ooflaaf vun desem Test. Den Test ass nett méi an engem groussen anonymen Sall geschriwe gin, mee an der familiärer Atmosphere vum Klassesall. Dess Kéier woosten sowuel d’Schüler ewei d’Enseignants waat op sie duer kéim. Sie hun sech also mei Gedanken gematt an alles méi eescht geholl. Den Test ass organisatorech besser préparéiert an méi Eescht geholl ginn, waat net heescht daat en systematesch duerchorganiséiert ginn wier. D’Resultater leien also elo um Dech, a maer sollte versichen roueg a besonnen dozou Stellung ze huelen. An mir mussen eis iwerleen op dest eischter e Boxestopp soll sinn oder e komplette Kurswiessel.
Dess Etude daerf awer op kee Fall e Selbstzweck ginn. Maer kéinten fuddelen an eis Resultater sëcherlech verbesseren, andem mer ganz gezielt op desen Test géifen hischaffen. Mee dest waer an eisen Aen nemmen Maquillage a géif kee réalistecht Bild vun eiser Laag ginn. An wann och eng ganz Rei vu Leit fannen, datt mer dess Kéier bei PiSA 2003 nett esou schlecht oofgeschnidden haetten, da bleiwen dach fir déi meescht d’Resultater besuernesserregend. Dofir kenne maer eis nett erlaaben an eng ?Stand-by?-Positioun ze verfaalen an alles emol esou weider laafen ze loosen wéi bis elo. Mir kënnen des Etude net ignoréieren, oder bagatelliséieren andeems mer behaapten datt dess Etude einfach nett genug dem letzebuerger Schoulsystem Rechnung gedroen an dofir keng Aussokraft huet. Nemmen wann een sech regelméisseg a Fro stellt, a bereet ass Aennerungen unzehuelen, kann ee virun kommen. Dofir sin ech an och meng Partei weiderhin iwerzeegt vun der Utilitéit vun sou Etuden, maer musse bereet sinn de Verglaich mam Ausland unzegoen.
Ech hun eng ganz Rei vu Ministren erliewt, jiddfer een haat seng eegen Virstellungen, c’est de bonne guerre, an zesummen matt de Kollegen hu mer versicht mat beschtem Wellen a Loyauteit, Reformen an Instruktiounen emzesätzen. Maer sinn eis awer haut bewosst, datt et nett duer geet fir Fléckaarbecht ze maachen. Maer brauchen grondleegend Reformen, Reformen déi langfristeg ugesaat ginn, déi iwert Joren hier Wierkung erreechen sollen. Waat mer nett brauchen ass en ?Zickzack?-Kurs, wou mer all 5 Joer an enger aner Richtung segelen.
Mir brauchen Reformen déi eise Schoulsystem als e ganz gesinn, an wou déi eenzel Mesuren emmer op hieren Impakt op de ganzen Schoulsystem hin ausgeriicht sinn. D’Aussoen vu PISA bezeien sech naemlech nett eleng op annerhalleft Joer Lycée, mee sin och d’Resultat vun all de Joren préscolaire a primaire. Welle mer also eppes un de PISA Resultater aenneren da musse mer eise ganze Schoulsystem iwerdenken. Maer mussen d’Missioun an d’Objektiver vun eisem Schoulsystem nei définéieren, well iwert d’Objektiver si mer eis haut leider nach emmer nett emmer eens. Nemmen wann mer wessen waat mer wellen, wou mer histeiere wëllen, kenne mer eis Methodik aenneren an domatt och eis Resultater verbessere
Här Präsident,
Dess Einleitung ass fir mech wichteg well ech well verhenneren datt déi Reflektiounen déi ech am Numm vun menger Fraktioun waert an d’Diskussioun abrengen falsch verstaane ginn. Och wa mer dess Etude kritesch liesen, sou stinn mer dach voll a ganz hannert hier, well mer hiere Senn a Wert erkannt hunn.
Ech well mech an menger Interventioun, no desen generellen Ausféirungen zu PISA op e puer Aspekter konzentréiren, wéi beispillsweis d’Evaluatioun, d’Reformen am Primaire, de Profil vun eise Schüler, de Verglach vu Lëtzebuerg zu denen Länner déi am béschten an der PISA-Etüd ôfgeschnidden hun, d’Autonomie vun eisen Schoulen, d’Infrastrukturen an d’Reformen bei der Méthodologie.
Léiw Kolléginnen an Kollégen,
Virwaat maache mer den Test mat 15-Jaehregen? D’Aentwert lait op der Hand. Matt 15 Joer huet een sai normale Schoulofschloss. An deene meeschte Laenner huet de Choix vun deser Altersklass keng besonnech Inzidenz, nett awer fir Letzebuerg. Et gett kaum en anert Land wou de Sproochenunterrecht sou en Impakt op den Horaire vun den Schüler huet. Am Verglach zu Finland 4-5 Stonnen, kennt zu Letzebuerg e 5e Schüler op 15 Stonnen, daat si genau 50% vun sengem Horaire. Bedingt duurch eis geografech Laag hu bei eis d’Sproochen en iwerdurchschnettlecht Gewiicht. D’Diskussioun vum Waert vun esou engem extensiven Sproochenunterecht geif hei ze wait féieren, mee trotzdem musse mer wessen waat mer wellen, sou leien d’Prioritéiten am Secondaire technique aneschters ewei am Classique. Mee eng vun eise Staerkten an der Vergangenheet wuar, datt e Letzebuerger Student no senger Première sech fir egal waat fir e Land konnt décidéiren fir seng Unisstudien unzefänken. Daat wuar gutt esou, an datt soll och esou bleiwen.
D’Fuederung ass och schons opkomm eng aehnlech Etude am Kader vun der Première bei eise Schüler durchzezeien. Ech geif mengen, déi waer interessant, well no de Reckmeldungen déi maer regelmaesseg aus dem Ausland kreien, sinn eis Schüler nett esou schlecht a sinn durchaus à même am Ausland hiere Wee ze goen.
Et gett och oft gesoot de letzebuerger Student geif schreiwen, mee hien kennt sech nett expriméieren. Daat maach deelweis stemmen, mee geheiert daat nett zu eiser Natur? Et feelt eis all u Selbstvertrauen, maer hun Angscht e Fehler ze maachen, eis laecherlech ze maachen, an dofir haale maer léiwer eise Mond. Déi wéinegst vun eis gebrauchen d’Lëtzebuergesch fir offiziel Bréiwer ze schreiwen, a graifen dofir leiwer op d’Franseich oder Daitsch zereck. Mee well dest nett eis Mammesproch sinn, feelt oft déi néideg Sëcherheet. Ze grouss ass d’Angscht kennt jo een e Fehler entdecken.. Watt dropp geet ass d’Spontanitéit an d’Fähegkeet zur Kommunikatioun.
An do sie mer schons, Här Präsident, bei engem vun den Haaptpunkten ukomm, der Pénalisatioun: eise Schoulsystem penaliséiert vill ze vill am Plaatz ze encouragéieren! England a Letzebuerg, eng komplett aaner Approche, ech hun dest selwer erliewt a vun aaneren Kollegen bestätegt kritt. Wanns de hei zu Letzebuerg en Essay zereck kritt hues da lungs de duerno um Buedem du haas déi Fett, an England par contre huet de Prof ugefangen all déi Punkten opzezielen déi an dengem Essay gutt wuaren, du hues dech à l’aise gespuet an duerno huet eng eng ganz Rei vu Kritiken schéin ageweckelt bruecht, du huess et iwerliewt an de Message trotzdem verstaan. A mei wichteg a nach besser, du wuarst motiveiert fir déi naechste Kéier ett nach besser ze maan. Och zu Lëtzebuerg wier et unbruecht, daat sech des Philosophie bei eisen Enseignants’en duerchsetzt. D’Angscht, och wann et keen generellen Zoustand bei eisen Schüler duerstellt, grasséiert weiderhinn an eise Schoulen an dest musse mer matt alle Mettelen bekämpfen. Schüler an Elteren sinn hautdesdaags vill méi kritesch an akzeptéieren och nett méi en allmächtegen Enseignant deen eleng fir seng Klass responsabel ass. Am Kontext vum Test huet och eng ganz Rei vu Schüler bemängelt, datt se an der Klass nett datt idealt Arbechtsklima géife virfannen an datt daat hier Leschtung géif beaflossen. Discipline am Klassesall ass immens wichteg, well nemmen esou kann uerdentlech geschafft ginn, mei discipline erreecht een nett durch Drock an Terror mee durch Kompetenz, eng gudd Präsenz, e gudde Kontakt matt de Schüler a virun allem en interressante Cours.
Léiw Kollégen, Léiw Kolléginnen,
Wa mer mat 15 Joer gutt Resultater wellen, da musse mer den Hiewel schons frei usetzen. Ech hun heiansdo d’Impressioun daat de Fait daat d’Etüd am Secondaire gemaach ginn ass, eis generell dozou verleed de Reformäifer op de Secondaire ze beschränken. Mä mussen mer eis net d’Fro stellen, waat mer à la base vun eisem Schoulsystem, daat heescht an de Joeren vum Primaire, besser kënnen maachen? De Primaire ass de Sockel op deen eis Schüler fir hieren professionnellen Werdegang opbauen.
De Koalitiounsaccord gesait eng Reform vum 1912er Gesetz vir, wou virun allem versicht soll ginn, den Echec scolaire op en Minimum soll reduzéiert ginn. Fir de Primaire gesait de Koalitiounsprogramm beispillsweis d’Aféierung vu Cycles d’apprentissage vir. Dodurch kenne Kanner matt Léierschwieregkeeten besser gehollef kréien an douéiert, soguer iwer-douéiert Kanner kenne besser gefuedert ginn. Doraus ergett sech d’Méiglechkeet vum Team-teaching an d’Organisatioun vu Moduller. Dëst bréngt eng gréisser Flexibilitéit matt sech; well wa mer méi gezielt op d’Kanner wellen duergoen da musse mer eis vun der rigider Opdeelung a Klassen lassloosen.
Maer daerfen dobei allerdings nett vergiessen, an ech hun et virdrun schon gesot, datt dess Mesuren och hieren Impakt op de Secondaire mussen hun. Maer kennen eis et nett erlaaben hei zu Letzebuerg zwou grondsaetzlech verschidden Approchen ze hun.
An der Débatt em PISA ass oft dorops higewisen ginn wie wichteg et ass, datt esou vill ewéi méiglech Schüler eise Schoulsystem normal durchlaafe misste and e Schoulofschloss misten hunn. Geschwaat gett vum Verloscht u Stonnen a virun allem finanzielle Moyenen, deen den Echec scolaire eis Gesellschaft kaschte géif; mee méi wichteg ass d’Tatsaach, datt den échec scolaire haut virun allem, eng ?Délégation de responsabilités? ass. En Enseignant deen ze vill Echecen an senge Klassen huet muss sech a Fro stellen. Ech wees, mer kënnen nett généraliséieren, an an eise Schoulen gett vill a gudd Aarbecht geleescht. Mais esou Fäll fanne mer leider nach vill ze oft. Nett eréischt zenter der ominéiser Affär iwwert de Noexamen zu Esch hu mer matt Fäll ze dinn wou méi ewéi d’Halschent vun enger Klass an engem bestemmte Fach eng Ongenügend haat. Dofir fanne maer et och richteg datt an Zukunft de Conseil de classe opgewert gëtt a méi responsabiliséiert gëtt. Waat Usus ass am Premiersexamen, wou regelmaesseg en faveur de l’elève décidéiert gett, misst och fir déi aner Klassen gëllen.
Et ass nun emol eng Tatsach, datt Lëtzebuerg am Ranking vun den Echecs scolaires ganz uewen läit. Eng vun de Konsequenzen dovun ass datt eng beträchtlech Zuel vu Schüler hir Scolaritéit am Ausland ofschléissen. Ass daat de richtege Wee? Wa mer am Primaire mat der Aféierung vun de Cycles d’apprentissage nei Wéer waerte goen déi sëcherlech en Impakt op den Echec scolaire waerten hun, so musse mer och am Secondaire d’Promotiounsreglementer iwerdenken. Remédiatioun a Kompensatioun sin en Diskussiounsthema, daerfen awer nett zu Excesser verleeden. E Schüler dee keng Basis an engem Fach huet kann onméiglech an desem Fouss fassen. D’Kompensatiounméiglechkeeten sollen och begrenzt bleiwen.
Haer Präsident, dier Dammen an Haeren,
Och an Zukunft sollen eis Schüler réell gefuerdert ginn. Nett nëmmen well international Experen um Leeschtungsprinzip festhaalen, mee well maer eis bewosst sinn, datt maer als klengt Land näischt geschenkt kréien.
Här Präsident,
Een Element daat ech an der ganzer Diskussioun em Pisa vermesst hun ass déi vum Profil vum lëtzebuerger Schüler. Bedingt durch eis gesellschaftlech Entwecklung ass de Schüler 2005 kaum nach matt dem Schüler aus den 70er Joren ze vergläichen. En fin de compte wéi schneit en oof am Verglach matt dem Klasseprimus?
D’Pisa-Etude gett eis d’Geleegenheet, fir déi Länner eraus ze fannen déi besonnech gutt bei deser Etude ofgeschnidden hun. Maer sollen hir Methoden analyséieren, an objektiv beurteelen waat fir eis opportun ass, a waat maer fir eise Schoulsystem sollten a kënnen iwwerhuelen.
Finnland ass bekanntlech de Klasseprimus, an domadden déi international Referenz. Fir eis erschengt et wichteg erauszefannen a welche Punkten maer eis vun hinnen ennerscheeden. Ech hu schons de Sproochenunterecht ugeschwaat, dobai kennt de Problem vun den Auslännerkanner.
Nett manner wichteg, Här Präsident, ass den Degré d’autonomie vun den eenzelnen Schoulen. A Finnland eng Selbstvertsändlechkeet, ass se bei eis nach an de Kannerschung. D’Autonomie vun eise Schoulen an waat domatt verbonnen ass bléiwt, weiderhin eng vun eise Bestriewungen. D’Autonomie ass gekoppelt un méi Transparenz an eng regelméisseg Bewertung vun dem Geleeschten. Am Ufank vum Joer ginn d’Finalitéiten zesummen définéiert an um Enn vum Joer muss kontroléiert ginn op dess Zieler erreecht gi sinn, a wei wait d’Schüler e bestemmt Wëssen a Savoir-faire erreecht hun; fir de Secondaire bedeit daat de sougenanten ?rapport lycée?. Nett nëmmen den eenzelnen Schüler mee och d’Schoul als solch kann sech da besser situéieren.
Och d’Direktiounen si gefuerdert, mee sie mussen awer och d’Moyens kréien fir datt sie hirer Roll als Begleeder vun all dese Mossnahmen durchféieren, a gegebenen Falls intervenéieren kennen.
Eng gutt Gestion vun de Schoulen ass wichteg fir datt ënner optimalen Konditiounen kann geschafft ginn. Dofir erkenne maer als CSV och d’Wichtegkeet vun engem Directeur d’école fir eenzel gréisser Schoulen oder Verband vu klengen Gebaier. D’Ufuerderungen vun engem modernen Enseignement, organisatorech Tâchen an de Partenariat matt den Elteren maachen dëse Schrëtt noutwendeg. De Schouldirekter an den Inspekter sollen als Team zesumme schaffen an sech géigesaiteg ergaenzen.
Maer kennen eis hei zu Lëtzebuerg kaum virstellen, datt eng Schoul iwert Ausschreiwungen, Personal rekrutéiert. Mee och daat ass Autonomie. Waat daat matt sech brengt kann een sech liicht vistellen. Maer hu weiderhin eng ?Carrière plane? fir eis Enseignants, a schwetzen driwer wéi mer d’Motivatioun vun eise Schüler kenne verbesseren. Wa mer Leeschtung vun eise Schüler verlaangen, daerfe mer daat selwecht vun eisen Enseignants verlaangen.
Den aktuellen ?Système de recrutement, de mutation et d’affectation? brengt haut matt sech, datt am Classique eng ganz Rei vu Schoulen am Gaang sinn ze vergreisen, sou läit d’Moyenne d’âge viller Uerts bei iwer 50 Joer. An e puer Joren kann dem Fernand Boden seng Superpromotioun vun 1980, deemaols wuaren ett der em déi 110 Enseignants, matteneen a Pensioun goen. Si mer awer dorop virbereed? Am Moment hu mer eng Pénurie a verschiddene Fächer ewéi Däitsch oder Mathématik, hun awer och weiderhin Problemer fir Auslänner anzestellen. Am Ausland dogéint ass d’Astellung vun de ?Native speakers? Gang und Gebe. Maer waerten also och an Zukunft nach eng ganz Rei vun neien Enseignants brauchen.
Seelen hu jonk Kollegen eng Chance an dem Gebei eng Nominatioun ze kréien, wou sie hier Formatioun kritt hun a wou sie matt vill Engagement gutt Aarbecht geleecht hun. Dest dréit nett emmer zur Motivatioun bai. Libéralisatioun an Autonomie de Gestion op der enger Sait, a rigiden staatlechen Dirigismus op daer aanerer. Also wa mer eis matt aanere Länner verglaiche wellen, da musse mer och bereet sinn, fir nei Wéer op desem Gebidd ze goen.
Léiw Frënn,
De Profil vum Enseignants muss de neien Ufuerderungen ugepasst ginn. Nett nëmmen déi éischt Formatioun ass wichteg, mee dauernd muss sech deene neie Standards ugepasst ginn. Sou wéi d’Schoulen sech um Enn vun all Schouljoer evaluéire sollen, sou soll och den eenzelnen Enseignant sech och an desem Kontext situéiere kennen. Villes waert op déi nei Kollegen duerkommen, vill Asaatz a Begeeschterung si gefuerdert, mee dofir mussen sie awer och d’Gefill hun, datt desen Engagement dobaussen honoréiert gett. D’Elteren selwer wessen datt et emmer méi schwéier gett, fir Kanner ze erzéien an dofir sollten sie och den Enseignant als hire wichtegste Partner gesinn, zesummen an net géint enaner schaffen.
Här Präsident,
Am Verglach mam Ausland si mer stolz op eis Infrastrukturen. Déi nei Gebaier déi an de leschte Joren hir Dieren opgemacht hun lossen sech weisen. Allerdings betrefft dest virun allem déi nei Gebeier. De Jenker zu Defferdeng ass nämlech keen Eenzelfall a weist wéi laang ett heiandsdo dauert a wéi schweierfaelleg de Staat sech oft deet, fir déi néideg Kreditter fir absolut notwendeg Astandsetzungen, virun allem waat d’Sëcherheet unbelaangt, vun aale Gebaier zur Verfügung ze stellen. Am Fall vun enger Schoul déi maer besonnech nosteet ass der Communauté scolaire 1997 verspraach ginn datt endlech eppes ennerholl géif. Well d’?Mise en conformité? ze deier geiff ginn an trotzdem nett all Problemer géif léisen, ass décidéiert ginn, datt en Déplacement pur et simple déi beschte Léisung waer; zenter hir wuart d’Schoulcommunautéit op d’Konkrétiséirung vun dese Plaeng. Déi ufaenglech Opbroochstëmmung déi bei der Ukennegung vun dese Plaeng ze verspieren wuar ass verflunn a Resignatioun huet sech breet gemaat.
Maer wellen eng Schoul wou d’Schüler méi Zait hunn fir hir Studien an Aktivitéiten déi sie interesséieren. Mee dofir brauche maer Infrastrukturen déi deem och ugepasst sinn. Niewt de Klassesäll brauche mer Openthaltsreim, Bibliotéiken déi nett an engem déischteren Keller sinn, Turnsäll déi e bësschen mei grouss sinn wéi e Volleyballsterrain. En délabréiert a verwahrlost Gebei helleft nett en gudd Aarbechtsklima ze schaafen. Futtis Miwwel a vergammelt Klassesäll provozéieren éischter wéi datt sie motivéire géifen. Si sinn e gudde Naerbuedem fir Vandalismus an Aggressivitéit. Maer brauche keng Paläst, mä Gebeier déi propper sinn a wou eis Schüler sech wuel fillen, nemmen esou kennen mer hinnen och de Respekt fir hirt Emfeld bäibrengen. Maer erwuarden vun den Enseignants datt se méi disponibel sollen sinn, mee da brauchen och sie eng Plaatz wou sie schaffe kennen an daat ass am Moment nett virgesinn.
Dir Dammen an dir Hären,
Mee déi schéinsten Infrastrukture eleng ginn nett duer, mä mir mussen och an der Méthodik nei Wéer anschloen. Maer kennen esouvill Geld wéi mer wellen an eis Schoule stiechen an dach gett sie nett besser wann d’Leit déi an dese Schoule schaffen, hir Arbechtsmethoden nett à la hauteur sinn. Daat kann een iwregens op déi verschiddensten Schoultypen applizéieren. Gesamtschoul, Gantagsschule oder eis traditionell Lycéen. Matt all desen Schoultypen kann een gutt oder schlecht Resultater erréichen, waaat zielt ass d’?stratégie d’apprentissage?, d’?teaching method? an déi Leit déi se uwennen.
Maer musse vun eiser konservativer Didaktik ewechkommen. D’Schoul daerf nett langweileg sinn, an dofir muss de Schüler andauernd d’Gefill hun nei Erkenntnisser vermëttelt ze kréien. Ze vill Widderhuelung langweilt. Nett all eenzelnen daerf seng eegen Zëpchen kachen, och wann se excellent ass. D’Enseignants vun enger Klass sollten op eneen zougoen a gemeinsam Programmer ausschaffen. Pluridisciplinaritéit mecht e Cours interessant, a waat een virun allem nett aus den Aen soll verléiren, ass déi praktesch Uwendung vun deem waat ee geléiert huet. Eis Schüler kennen oft hir Grammaire an hir Regelen, wessen se awer leider oft nett unzewenden. All puer Joer wiesselen mer d’Schoulbicher oder d’Programmer. Dess nei Schoulbicher sinn all op eng eegen Méthodologie opgebaut oder leider och heiandsdo op iwerhaapt kenger. Dess Methodologie solle maer applizéieren soss brauche mer se nett. D’Auteure vun dese Schoulbicher liweren och meeschtens en Type vun Testaufgaben matt. Kann een se uwenden oder nett mee wann ech par contre de Schüler tests made in Luxembourg ginn da leien an der Moyenne d’Punkten bis zu 10 méi déif. Och matt deser Tatsaach musse mer eis ausernanersaetzen. Ett geet nett datt den ausllànneche Professer seet, ?that’s perfectly correct English? an datt dann de Letzebuerger Äntwert, ?but it’s not the English we are used to in Luxembourg?.
Daat gesoot, Haer Präsident, dier Dammen an dier Haeren, well ech zu Schluss kommen. Och maer kennen nett an engem Mëtteg eis Schoul réforméieren, et bleiwt villes ze soen, et bleiwt villes ze maachen. An enger Daageszeitung ass de Staatsminister matt folgende Wieder zitéiert ginn.
?Mir mussen dës Froen ouni Scheiklappen, ouni ideologesch Barrieren, ouni virgefaaste Meenung diskutéieren.?
Ech kann mech deem nëmmen unschléissen, komm faenke mer domatt un!
Ech soen Iech Merci fir är Opmierksamkeet.
FRUNNES MAROLDT
15/3/2005