D’Integratioun vun auslänneschen Mattbierger stoung am Mëttelpunkt vun enger Fräier Tribün vum Françoise Hetto-Gaasch op RTL Radio Lëtzebuerg (7.März 2005)

Déi duebel Nationalitéit steet am Koalitiounsaccord
Léiw Nolauschterer,

De Begreff Integratioun get am daitschen Duden folgendermoossen définéiert:

?Verbindung einer Vielfalt von einzelnen Personen oder Gruppen zu einer gesellschaftlichen und kulturellen Einheit.?

An deser Defintioun stiechen engem besonnesch zwee Termen an d’Aa: ” Vielfalt ” an ” Einheit “. An genee des zwee Begreffer waren Tromp de leschte Weekend um 22. Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté; ennert engem Daach huet eng Multitude vun Nationalitéiten an Communautéiten eis hier Panoplie u kulturellen an ethneschen Eegenheeten présentéiert an zougänglech gemaach. Esou Manifestatiounen an ähnlecher déi vun den kommunalen Auslännercommissiounen organiséiert gin, droen e ganz wesentlechen Deel derzou bai d’Beréierungsängschten matt deem ” Friemen ” ze iwerwannen. Sie verdengen de vollen politeschen Support.

Eng friem Sprooch, eng friem Kultur, eng friem Liewesaartaweis suergen am allgemengen bei eis Letzebuerger éischter fir Veronsecherung, amplaaz dass eisen Virwetz gifen keddelen. Allerdengs get et zwee Beräicher wou Veronsecherung keng Plaatz huet: Musek a Sport. Hei gëtt et keng Barrièren: beim gemeinsamen Deelhuelen un engem sportlechen oder musikaleschen Evènement kommen di eenzel Natiounen sech e gudd Steck méi no. Dee kulturellen a sportlechen Volet spillt also bei der Intégratioun eng wesentlech Roll. D’Gemengen an den Staat si gefuedert fir di concernéiert Verainer, di eng wertvoll Aarbecht a puncto Integratioun leeschten, ze ennerstetzen wou se nemmen können.

Leider sin der Integratioun awer duerch eisen rigiden System och Grenzen gesaat: fir nemmen ee Beispill erauszepicken: jonk Flüchtlingen,di mer an eisem Land ophuelen, hun net d’Méiglechkeet an engem lokalen Sportverain mattzetrainéieren an ze spillen,well sie keng Lizenz hun an och keng kréien. Sollt een net grad just an desem Beraich eng Méiglechkeet schaafen, déi et den mannerjähregen Asylanten erlaabt hir fräi Zait sennvoll ze notzen, am plaaz se quasi ze forcéieren op der Strooss ze leien.

Intégratioun fänkt bei eisen kléngen auslänneschen Mattbierger an der Schoul un, an do mussen sie di selwecht Chancen hun wi mir Letzebuerger – et ass dohier eminent wichteg dass besonnesch d’Kanner sech kennen matt eiser Sprooch familiariséieren – mir brauchen duervir awer och engagéiert Enseignants’en, déi den auslänneschen Kanner et erlaaben a mi engem flexibelen Kader ze léieren. Mir brauchen Mesüren di et erlaaben sie esou ze begleeden dass sie eng réell Chance an eisem Schoulsystem an domadder an eiser Gesellschaft hun.

Et ass erfreelech festzestellen, dass eis auslännesch Mattbierger och wésentlech méi Interessi un de Kommunalwahlen weisen wéi 1999. Bal 24000 Net-Letzebuerger sin op den Wielerlöschten agedroen, wellen sech also ganz kloer um politeschen a gesellschaftlechen Liewen zu Letzebuerg bedeelegen. Domadder si mer um richtegen Wee. De Koalitiounsprogramm zwëschent der CSV an der LSAP gesäit och d’Ôfännerung vum Nationalitéitegesetz vir, fir eisen auslännesche Mattbierger d’Méiglechkeet ze offréiren déi duebel Nationalitéit unzehuelen. Et ass en Zeechen daat si sech esou wuel matt Lëtzebuerg, wéi matt hierem Heemechtsland identifizéiren. An et ass e Bäitrag fir eis Demokratie, well si mattdécidéiren kënnen, wien hei zu Lëtzebuerg régéiert. Allerdéngs dierf et déi duebel Nationalitéit net zum Nulltarif ginn: wien wëllt Lëtzebuerger ginn, wien wëllt um politeschen Plang mattdiskutéiren, muss lëtzebuergesch kënne schwätzen. Integratioun kënnt net vum selwen, muss begleed ginn, an bedärf um politeschen Plang Courage et Konsequenz an villen Beräicher: ugefaangen bei der Kultur, bis an d’Educatioun bis an d’Arbechtsrecht. An deser Erausfuerderung wëll d’CSV gerecht ginn.

Françoise HETTO-GAASCH

Députéiert