Integratioun vun eisen auslännesche Matbierger

E Kommentar vum Françoise Hetto-Gaasch op RTL Radio Lëtzebuerg

Léiw Nolauschterer,

De Begreff Integratioun get am daitschen Duden folgendermoossen définéiert: Verbindung einer Vielfalt von einzelnen Personen oder Gruppen zu einer gesellschaftlichen und kulturellen Einheit.”

An deser Defintioun stiechen engem besonnesch zwee Termen an d’Aa: «Vielfalt» an «Einheit». An genee des zwee Begrëffer waren Tromp de leschte Weekend um 22. Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté; ennert engem Daach huet eng Multitude vun Nationalitéiten an Communautéiten eis hir Panoplie u kulturellen an ethneschen Eegenheeten présentéiert a zougänglech gemaach. Esou Manifestatiounen an ähnlecher déi vun den kommunalen Auslännercommissiounen organiséiert ginn, droen e ganz wesentlechen Deel derzou bäi d’Beréierungsängschten matt deem «Friemen» ze iwerwannen. Sie verdengen de vollen politeschen Support.

Eng friem Sprooch, eng friem Kultur, eng friem Liewesaartaweis suergen am allgemengen bei eis Lëtzebuerger éischter fir Veronsécherung, amplaaz datt eisen Virwetz gifen keddelen. Allerdéngs gett et zwee Beräicher wou Veronsécherung keng Plaatz huet: Musek a Sport. Hei gett et keng Barrièren: beim gemeinsamen Deelhuelen un engem sportlechen oder musikaleschen Evenement kommen di eenzel Natiounen sech e gutt Stéck méi no. Dee kulturellen a sportlechen Volet spillt also bei der Intégratioun eng wesentlech Roll. D’Gemengen an den Staat si gefuedert fir di concernéiert Veräiner, di eng wertvoll Aarbecht a puncto Integratioun leeschten, ze ennerstetzen wou se nëmmen kennen.

Leider sinn der Integratioun awer duerch eisen rigiden System och Grenzen gesaat: fir nëmmen ee Beispill erauszepicken: jonk Flüchtlingen,di mer an eisem Land ophuelen, hunn net d’Méiglechkeet an engem lokalen Sportveräin mattzetrainéieren a ze spillen, well sie keng Lizenz hunn an och keng kréien. Sollt een net grad just an dësem Beräich eng Méiglechkeet schaafen, déi et den mannerjähregen Asylanten erlaabt hir fräi Zait sënnvoll ze notzen, am plaaz se quasi ze forcéieren op der Strooss ze leien.

Intégratioun fänkt bei eisen klengen auslänneschen Matbierger an der Schoul un, an do mussen sie di selwecht Chancen hu wéi mir Lëtzebuerger – et ass dohier eminent wichteg datt besonnesch d’Kanner sech kennen mat eiser Sprooch familiariséieren – mir brauchen dofir awer och engagéiert Enseignant’en, déi den auslänneschen Kanner et erlaaben a méi engem flexibelen Kader ze léieren. Mir brauchen Mesüren di et erlaaben sie esou ze begleeden datt sie eng réell Chance an eisem Schoulsystem an domadder an eiser Gesellschaft hunn.

Et ass erfreelech festzestellen, datt eis auslännesch Matbierger och wesentlech méi Interessi un de Kommunalwalen weisen wéi 1999. Bal 24000 Net-Lëtzebuerger sinn op den Wielerlëschten agedroen, wellen sech also ganz kloer um politeschen a gesellschaftlechen Liewen zu Lëtzebuerg bedeelegen. Domadder si mer um richtegen Wee. De Koalitiounsprogramm zwëschent der CSV an der LSAP gesäit och d’Oofännerung vum Nationalitéitegesetz vir, fir eisen auslännesche Matbierger d’Méiglechkeet z’offréiren déi duebel Nationalitéit unzehuelen. Et ass e Zeechen dat si sech esou wuel mat Lëtzebuerg, wéi mat hierem Heemechtsland identifizéiren. An et ass e Bäitrag fir eis Demokratie, well si matdécidéiren kënnen, wien hei zu Lëtzebuerg régéiert.

Allerdéngs dierf et déi duebel Nationalitéit net zum Nulltarif ginn: wien wëllt Lëtzebuerger ginn, wien wëllt um politesche Plang matdiskutéiren, muss lëtzebuergesch kenne schwätzen. Integratioun kennt net vum selwen, muss begleed ginn, an bedärf um politesche Plang Courage et Konsequenz a ville Beräicher: ugefaange bei der Kultur, bis an d’Educatioun bis an d’Aarbechtsrecht. An dëser Erausfuerderung wëll d’CSV gerecht ginn.

Françoise Hetto-Gaasch, RTL Radio Lëtzebuerg 6. Mäerz 2005