Clement Lucien op RTL Radio Lëtzebuerg am Kader vun der Emmissioun Fräi Tribune
2005 wäert ee Joer si mat groussen Erausfuerderungen um politesche Plang. Zanter e puer Wochen huet Lëtzebuerg d’Présidence vun der Europäescher Unioun. Lëtzebuerg ass fir déi nächst sechs Méint e vun den europäeschen Haaptacteuren. Mir stinn domat op eng besonnesch Aart a Weis am Déngscht vun der europäescher Saach.
Un d’Lëtzebuerger Présidence gi grouss Erwaardunge geriicht. D’Aarbecht an d’Aufgabe si breetgefäschert.
De Stabilitéitspakt wäert reforméiert ginn. Gutt Viraarbechten ënnert dem Impuls vum Premierminister Jean-Claude Juncker sinn ugelaf. Bei der Lissabon-Strategie steet d’Halbzäitbilanzéierung un an et wäert gëllen, si nei ze relancéiere fir méi Wuesstem an Aarbechtsplazen an Europa. Et gëtt iwwert d’EU-Finanzperspektiven, datt heescht den europäesche Budget fir d’Joeren 2007 bis 2013 verhandelt. Mat Bulgarien a Rumänien wäerten Beitrettsverträg ënnerschriwe ginn. Mat Kroatien wäerten Beitrettsverhandlungen ufänken.
Nieft villen anere komplexen Dossierë stinn den Ausbau vum europäeschen Bannemaart an d’Weiderentwécklung vum europäische Raum vun der Fräiheet der Sécherheet an der Justiz um Ordre du jour.
An d’Lëtzebuerger Présidence wäert eng wichteg Roll anhuele bei der Koordinatioun vun der europäescher Hëllef fir d’Katastrophegebidder a Südasien.
E puer Deeg nom Enn vun der Présidence ass dann den 10. Juli de Referendum iwwert d’Europäesch Verfassung. D’CSV steet zur Europäescher Verfassung. Si huet sech op engem rezenten Nationalrot eestëmmeg dozou ausgesprach. D’Europäesch Verfassung konsolidéiert den europäesche Projet. Europa kritt a wichtege Beräicher méi Handlungsfähegkeet. Entscheedungsprozeduren an d’Zesummespill vun den EU-Institutiounen gewannen un d’Transparenz. De Subsidiaritéitsprinzip gëtt gestäerkt. D’Kompetenzen zwëschen de verschiddene politischen Niveaue gi méi däitlech ofgegrenzt. De Roll vun de nationale Parlamenter gëtt ausgebaut.
Wéi gesot : D’CSV steet zur Europäescher Verfassung. D’CSV wäert sech engagéiert an op eng aktiv Manéier fir Zoustëmmung vun de Bierger zu Lëtzebuerg fir d’EU-Verfassung asetzen.
Den drëtte grousse politesche Rendezvous ass de 9. Oktober mat de Gemengewalen.
Politik am Déngscht vum Mënsch fänkt an eise Gemengen un. Dat wichtegst Objektiv vun der Politik ass ëmmer, datt ze realiséieren, wat de Mënschen déngt, wat d’Liewensqualitéit vu jidder Eenzele verbessert. Grad d’Politik op Gemengenniveau ass besonnesch gëeegent, dëst Objektif ze realiséieren. Duerfir sinn d’Gemengewale fir d’CSV genau esou wichteg wei d’Chamber- an d’Europawalen.
D’CSV steet fir eng Kommunalpolitik, déi op Dialog an d’Zesummenaarbecht baut, fir déi de Mateneen am Mëttelpunkt steet : De Mateneen zwësche Jonk an Aal, zwësche Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger, zweschen Behënnerten a Net-Behënnerten.
Am Mëttelpunkt vun der CSV-Kommunalpolitik steet domat de konsequenten Asat fir d’Weiderentwécklung vun der sozialer Qualitéit an eisen Dierfer an an eise Stied.
Mat Energie an Engagement wëlle mir des dräi Aufgaben an dësem Joer ugoen.
Zesumme mat Iech.
24. Januar 2005
Clement Lucien op RTL Radio Lëtzebuerg am Kader vun der Emmissioun “Fräi Tribune”