Au revoir Madame, Awar Altesse royale

De Staatsminister Jean-Claude Juncker no der Annonce vum Doud vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte: Si waar eng grouss Fra, eng Grande Dame…

D’Grand-Duchesse Joséhine-Charlotte ass dëse Méindeg den 10 Januar am Alter vun 77 Joer am Schlass zu Fëschbech verstuerwen.

De Staatsminister Jean-Claude Juncker seng Déclaratioun noom Doud vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte.

Mir wossten, datt d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte krank wier an et hätt ee menge kënnen, mir hätte laang Zäit gehat, fir eis op hiert Ofliewen anzestellen. An dach, et geet eis mat hirem Doud esou wéi mam Doud an der eegener Famill: Wann e kënnt, wann en op eemol do ass, dann zéckt een zesummen, da gëtt ee roueg, da gëtt ee roueg an och traureg.

Den Doud vun der Grande-Duchesse ass ee grousse Verloscht fir eist Land a fir seng Leit. Mat hirem Mann, dem Grand-Duc Jean, huet se Lëtzebuerg laang Jorzéngten no bannen ze verstoe versicht an no bausse mat Noblesse a mat Dignitéit vertrueden. Si hat eng héich Opfaassung vun hirer Aufgab an huet wéinst dëser esou Muneches als Verzicht mussen op sech huelen.

Si hat ee besonnecht A fir d’Konscht, fir d’Konscht heiheem, fir d’Konscht dobaussen. Si war eng héichgebilte Fra mat groussem Wëssen a ville Beräicher, an dofir och mat groussem Versteesdemech fir d’Problemer vun der Welt. Et war interessant mat hir ze diskutéieren a schéin, well dat konnt si och, mat hir ze laachen.

Ech soen dem Grand-Duc Jean, hirem Mann, dee ganz vill frou mat hir war, d’Matgefill vun der ganzer Natioun. Mir denken haut un heen a stinn zu him.

Ech soen dem Grand-Duc Henri eist Bäileed. Hee verléiert net wéi mir d’Grande-Duchesse, hee verléiert seng Mamm. Dat ass eng ganz aner Saach. Ech soen him, senge Bridder a Schwësteren, senger ganzer Famill, datt mir hirt Leed deelen. Der Grande-Duchesse selwer soen ech, si héiert et vläicht: Dir waart eng grouss Fra, eng Grande Dame, Dir waart dem Grand-Duc Jean eng Stäip an all Moment an Äre Kanner ee Beispill fir ëmmer an Dir waart fir eis alleguer eng grouss, eng gutt Grande-Duchesse, op déi mir houfreg waren.

Au revoir Madame, Awar Altesse royale.

(communiqué par le Service information et presse, le lundi 10 janvier 2005)