E Sonnden, den 2. Januar hat de Premier Juncker de Ministerrot zesummegeruff opgronn vun der Situatioun a Südostasien
Mariette Zenners: Wat gouf elo an dësem Ministerrot festgehal? Stellt d’Regierung weider finanziell Mëttel zur Verfügung fir de betraffene Regiounen ze hëllefen?
Jean-Claude Juncker: Mir hu fir d’éischt ee Rapport héiere vun de Ministeren, déi sech an deene leschten Deeg, op eng, wéi ech fonnt hunn, gutt Aart a Weis ëm déi Katastrof an hir Folge bekëmmert hunn. Et waren 369 Leit vu Lëtzebuerg, dorënner 80 Prozent Lëtzebuerger, an der Regioun a bis op 5 Leit, hu mer Kontakt mat jiddwerengem a mir konnte jiddweree localiséieren.
Mir hunn haut als ee weidere Schrëtt, anerer komme wahrscheinlech no, décidéiert, déi lëtzebuergesch Finanzhëllef vun 1,2 Milliounen Euro kuerzfristeg op 5 Milliounen Euro z’erhéigen.
Mariette Zenners: Ginn dann och konkret weider Mëttelen dohinner geflunn?
Jean-Claude Juncker: Mir hu jo haut de Mueren ee Fliger vun der belscher Arméi, dee mer hu mussen afrettéieren a bezuelen, an d’Kriseregioun geschéckt, mat Decken a mat Better. Mir hu wëlles eng Waasseropbereedungsanlag an d’Regioun ze schécken an deenen nächsten Deg, wat mat groussen Transportschwieregkeete verbonnen ass. Mir hu Medikamenter a grousser Zuel disponibel, déi mer kënnen, falls de Verdacht op een Ausbreede vun Epidemië sech bestätege géif, séier an d’Regioun fléien.
Mariette Zenners: Dir sot, 5 Lëtzebuerger gi weiderhi vermësst. Et gesäit, op mannst fir déi 4, déi zu Phuket vermësst ginn, jo awer zimlech schlecht aus. Wat ass do weider gewosst?
Jean-Claude Juncker: Ech mengen eng elementar Virsiicht an och de Respekt fir déi betraffe Leit an hir Famillen verlaangt et, datt een sech do net a Spekulatiounen ergëtt. Zwee Leit musse mer als vermësst considéréieren. Vun zwee anere Leit wësse mer net ob se vermësst sinn, well do hu mer nach Douten an déi fënneft Persoun, vun där wësse mer guer näischt, et kann och sinn, datt déi sech ausserhalb vun där direkt betraffener Regioun befënnt.
Mariette Zenners: Elo iwwerhëlt Lëtzebuerg mat der Présidence och d’Koordinatioun vun der Hëllef op europäeschem Plang. Wéi lafen dës Aarbechten a wéi eng Nouvellen hutt Dir och do vum Kooperatiounsminister, dee jo zu Sri Lanka ass?
Jean-Claude Juncker: Ech hu mam Kooperatiounsminister haut de Mëtteg telefonéiert. Heen ass mam zoustännege Commissaire, dem Här Louis Michel, an der Kriseregioun. E gesäit do déi politesch Autoritéiten a schwätzt mat den Hëllefsorganisatiounen op der Plaz. Hee fënnt, datt d’Koordinatioun gutt ass, mä datt se nach ka verstäerkt ginn. Dorëms beméie mer eis. Mir hu fir de nächste Freideg zu Bréissel eng gemeinsam Sitzung vun de Gesondheetsministeren an de Entwécklungshëllefministeren zesummegeruff. De 5. Januar scho kommen Experten aus deenen zwee Domainen zesummen, fir déi Sitzung virzebereeden. De Gesondheetsminister war gëschter zu Genf. Eis Kontakter mat der Weltgesondheetsorganisatioun sinn enk a gutt, sou datt mer mengen e relativ kompletten Iwwerbléck iwwert d’Zwäng an iwwert d’Noutwendegkeete vun de Koordinatiounsaarbechten ze hunn. Ech gesi mar de Mëtteg um 4 Auer déi zoustänneg Ministeren nach eng Kéier fir ee leschte Point vun der Situatioun ze maachen. Ech hat gëschter ee laangt Gespréich mat dem franséische President, hu mar eent mam Bundeskanzler, en Dënschdeg eent mam amerikanesche President, well et eis wichteg ass sécherzestellen, datt d’Koordinatiounsaarbechten ënnert der Égide vun der UNO gemaach ginn an datt et net zu engem iwwerflëssege Schaulauf tëscht Amerikaner, aneren an den Europäer kënnt.
Mariette Zenners: Dir hutt elo Är international Gespréicher ugeschwat. Haut koumen éischt Kritiken, datt Länner wéi d’USA, déi iwwert déi néideg technesch Installatioune verfügen, déi betraffe Regiounen net fréi genuch gewarnt hunn. War dat schonn een Thema an Äre Gespréicher, datt och aarme Géigende mat engem Fréiwarnsystem missten équipéiert ginn?
Jean-Claude Juncker: Dat ware bis elo nach keng operativ Themen, obschonn dat um Rand ugesprach ginn ass. Ech reservéiere mer d’Propositioun ze maachen, datt, well mer jo déi Regioun musse méi laang assistéieren, eis Hëllef an eis Solidaritéit, déi halen net um Enn vun dësem Mount op, dat ass eng Solidaritéit déi sech iwwer Joren erstreckt, fir och mat enger staarker europäescher Finanzbedeelegung sou ee Fréiwarnungssystem z’installéieren, vun deem een elo weess, datt et e gëtt a vun deem een net wosst, datt et en an där Regioun net gëtt, wat weist, wéi grouss datt eisen Désintérêt eigentlech fir dës Regiounen am Normalfall ass.
Mariette Zenners: Awéiwäit beaflosst elo d’Katastrof den Agenda vun der Présidence? Ginn elo aner Prioritéite gesat oder aner Themen eventuell zréckgestallt?
Jean-Claude Juncker: Mir kënnen net an der Prioritéitelëscht vun der lëtzebuergescher Presidentschaft réieren. Déi Aarbechten déi ënner Prioritéiteform ugesot sinn, déi bleiwen an hirem volle Volume bestoen. Dat hei kënnt dobäi, erschwéiert natierlech dat kontinuéierlecht Schaffen an deenen aneren Domainen. Mä dat ass esou an der Présidence, et muss een och déi international Situatioun, déi op een duerkënnt, net nëmmen zur Kenntnis huelen, mä och deementspriechend op si reagéieren. Dat maache mer.
Mariette Zenners: Ech soen Iech merci, Här Staatsminister.
Jean-Claude Juncker: Ech bieden Iech.
RTL Télé vum 2. Januar 2005 /SIP- Service Information et Presse