D’Finanzplaz muss e wichtegen Pilier an der Lëtzebuerger Ekonomie bleiwen.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, wann een déi 150 Joer Geschicht vun eiser Ekonomie sech esou ukuckt, da kënnt een den Androck kréien, den Härgott wär e Lëtzebuerger. Ech wëll net domat soen, datt mer eis ëmmer esou behuele wéi wann en e Lëtzebuerger wär, mä et ass eng Tatsaach, datt mer et fäerdeg bruecht hu besser do ze stoe wéi vill Länner ronderëm eis, well mer 100 Joer laang Stol haten, well mer elo 40 Joer laang Banken haten. Wëllt dat heeschen, datt dat elo eriwwer ass mat deene Banken? D’Leit stellen sech Froen: Wéi geet et weider, packe mer et méi wéi 40 Joer mat de Banken? D’Fro ass berechtegt an ech mengen de Rapporteur hat ganz Recht, wéi en ee vu sengen Haaptsujeten ebe just erausgeholl huet, fir iwwert dee Secteur ze schwätzen.
Et ass oft genuch gesot gi wéi wichteg en ass an eiser Ekonomie, datt en 10% vum Emploi duerstellt, datt e 25% vum PIB duerstellt, datt e 40% vun de Steierrecetten duerstellt; dat ass iwwregens e Pourcentage, deen iwwert den Domm gepeilt ass. Et hunn emol eng Kéier Analysen erginn, datt do nach all Kéiers missten zéng Prozentpunkten drop kommen, da wäre mer scho bei 50%. Den Här Fontagné, dee jo oft hei zitéiert ginn ass, an ech mengen zu Recht, seet op alle Fall, datt all Fënneften hei zu Lëtzebuerg direkt vun der Bankeplaz lieft. Ech weess net wéi vill déi indirekt nach ausmaachen, mä et ass scho bëuechtlech.
Dat huet eis arrangéiert an der Vergaangenheet, besonnesch an den 90er Joren. An den 90er Joren ass déi Finanzplaz ëm 16% all Joer gewuess, dat ass enorm. Et huet eis arrangéiert, mä et huet awer och eng aner Säit vun der Medail; an dat ass déi, datt mer eis do an eng nei Ofhängegkeet beginn hunn, datt mer dragerutscht sinn. D’Schwäizer kréie jo ëmmer gesot si wären déi grouss Spezialisten an dem Finanzberäich, an der Bankewelt, mä dobäi hunn d’Schwäizer genau d’Halschent vun hirer Wäertschöpfung aus de Banke par rapport zu eis, an zwar 14%, wou mir der 28% hunn. Dat ass emol déi éischt Ofhängegkeet.
Dann zweetens hänke mer an deem Secteur total, ob et eis gefält oder net, vum Ausland of, net nëmme well mer 70% Auslänner do schaffen hunn – mat deene si mir jo nach frou, well se eis hëllefen déi Aarbecht maachen, déi mer selwer net méi fäerdeg bréngen -, mä well d’Kapital, wat do agesat ass, zu 98% auslännescht Kapital ass. Mir hunn nëmmen zwou wierklech Lëtzebuerger Banken, wa mer et genau huelen.
Jo, d’Raiffeisen an d’Spuerkëscht, voilà. Där Tatsaach muss ee sech, mengen ech, ëmmer bewosst sinn, wann een iwwert d’Finanzplaz schwätzt, datt mer hei iwwer e Secteur schwätzen, deen iwwergewiichteg ass an eiser Ekonomie an an deem mer genau geholl net ganz vill ze soen hunn.
Déiselwecht Ofhängegkeet vum Ausland hu mer natierlech och bei der Konjunktur. Wa mer elo vun der Konjunktur vun der Finanzplaz schwätzen, da musse mer feststellen, de Rapporteur huet et gesot, dass et de Banken net allze schlecht geet am Moment. Et ass déi üblech Diskussioun: Geet et e gutt, geet et e manner gutt, ass d’Glas voll, ass et hallef voll, ass et hallef eidel? Et schéngt de Banquieren net allze schlecht ze goen. Et wäert deemnächst eng Etüd erauskommen, wou se e relativen Optimismus zum Ausdrock bréngen.
Wann een awer op där anerer Säit déi ganz faktuell Chiffere kuckt, an dat sinn déi vun deenen néng éischte Méint, da gesäit een datt an de Banken dat, wat ee géif soss enzwousch den Ëmsaz nennen, de Produit bancaire, ëm 3% zréckgaangen ass, an datt ënnert dem Stréch dat, wat Rescht bleift, ëm 6% zréckgaangen ass vis-à-vis vun deenen néng éischte Méint vum Joer virdrun.
Dat hänkt domat zesummen, datt dat klassescht Bankgeschäft ëm 7% agesackt ass, dat ass déi sou genannten Zënsmarge, dat ass dat wat d’Banke Rescht hunn, wa se déi Zënsen, déi se bezuelt hunn an déi se erakritt hunn, géinteneen oprechnen. Dat Geschäft huet ganz staark gelidden, ass Gott sei Dank awer zum Deel opgefaange ginn duerch d’Kommissiounsgeschäft. D’Kommissiounsgeschäft ass dat wat d’Banken touchéieren op deene Servicer, déi si hire Clientë leeschten, an déi hänken zu engem gudden Deel dovun of wéi d’Bourssë sech entwéckelen. Elo hunn d’Bourssë sech Gott sei Dank déi lescht Zäit e bësse besser entwéckelt an doduerch kéinte mer eventuell vläicht dëst Joer mat engem bloen A dovukommen a mat plus ou moins null Wuesstem am Secteur ofschléissen. Dat nennt een dann eng Stagnatioun op héijem Niveau, woubäi ech awer gär hätt, dass ee vläicht d’Betounung méi op “Stagnatioun” leet wéi op “héijem Niveau”. An da wësse mer jo och, Stagnatioun, dat ass wann een op der Plaz trëppelt, a ganz oft wann een op der Plaz trëppelt, geet ee schonn zréck.
Konjunktur ass een Aspekt. Deen zweeten Aspekt an der Diskussioun ass d’Struktur, déi strukturell Problemer, déi strukturell Schwieregkeete mat deenen d’Bankeplaz ze kämpfen huet an déi ganz oft verdeckt ginn duerch dee konjunkturellen Op an Of, déi Achterbahnfahrt, déi mer an der Konjunktur maachen.
Engersäits, mengen ech, muss een dem Professer Fontagné Recht ginn, wann e seet: “Les bénéfices de la forte spécialisation financière ont déjà été engrangés.” E seet, et ass Iech immens gutt gaangen an den 90er Jore mat Ärer Finanzplaz an Dir hutt d’Benefisser schonn engrangéiert. Dat heescht an anere Wierder: Erwaart Iech net méi ze vill fir d’Zukunft.
An a Wierklechkeet ass et och esou, dass mer ëmmer méi ënner Drock gerode mat eiser Finanzplaz. Global, géif ech gär soen, doduerch dass d’Geldwäschbekämpfung eis ëmmer méi Contrainten operleet, dass den Terrorismus mat an d’Spill bruecht gëtt an dass ëmmer méi Transparenz verlaangt gëtt; a mir wësse jo wat mat Transparenz gemengt ass. An doduerch komme mer an eng Situatioun, wou mer engem permanenten Drock ausgesat si vis-à-vis vun esou prominenten internationalen Organisatiounen, wéi OCDE, FMI a sou weider, wou ee sech zwar heiansdo freet, wat déi do dran ze sichen hunn, well déi hu keng Kompetenz a scho guer keng Legitimitéit. Mä si prangeren eis un a mir kënnen net méi deem net Rechnung droen.
Mir sinn elo just – den Här Minister huet et d’lescht Woch gesot – erëm eng Kéier kontrolléiert gi vum FMI an do krute mer alt erëm eng Kéier, net onbedéngt d’Levite gelies, do ass gesot gi mir wiere ganz gutt, mä mir missten awer nach villes maachen. A wann een dat villes emol analyséiert, da ginn engem awer d’Dronkenellen aus an dann huet een eigentlech d’Tendenz ze soen: Sot këmmert Iech em Är Saachen. Mä wéi gesot, dat ass politically net méi korrekt an dofir muss een deem Rechnung droen.
Dat ass um globale Plang. Um europäesche Plang, do ass de Strukturenvironnement bestëmmt duerch dat, wat der alleguer kennt, nämlech d’Harmoniséierung. D’Harmoniséierung oder anescht ausgedréckt d’Upassung vun eisen nationale Spillregelen un europäesch Spillregelen. Wat heescht dat? Dat heescht, do wou mir bis elo décidéiert hu wéi gespillt gëtt, décidéieren elo anerer. An dat bréngt mat sech, dass de Fräiraum oder d’Fräiraim fir eis Souveränitéitsnischen, op deene mer eis Sue verdéngt hu bis elo, ëmmer méi schwonkt.
Dat heescht, dass eis grouss Attraktivitéit, nämlech déi, en Offshore-Zenter ze sinn, fort ass. Dat heescht, dass déi traditionell Standuertvirdeeler, déi mer bis elo haten, ëmmer méi verschwannen. An dat bréngt dann och esou Saache mat sech, wéi am Moment en zimlech massiven Offloss vu Sue vu Lëtzebuerg. Mir hu laang gemengt, déi Belsch kéinten eis mol mat hirer DLU, mat hirer Steieramnestie, an et huet och laang esou ausgesi wéi wann et eis net géing allze wéidoen, mä säit e puer Wochen deet et wéi. An et deet deene Banken, déi vill Belsch Clienten haten, ganz besonnesch wéi. Den Offloss ass – kann ee scho bal soen – massiv.
Mä op all déi Ännerungen, op dee Géigewand, deen eis do an d’Gesiicht bléist, ware mer agestallt. Mir wosste säit den 90er Joren, dass et géing kommen, an d’Bankplaz huet probéiert hirem eegene Begriefnes aus de Féiss ze goen, doduerch dass se reagéiert huet, a Gott sei Dank reagéiert huet. Wéi huet se reagéiert? Majo si hat eng duebel Strategie, déi eng war déi – an dat ass eng gutt Lëtzebuerger -, dat Aalt ze halen, an déi aner war déi, eppes Neies do drop ze praffen. Esou bëssen nom Motto, dat Aalt esou laang erhale wéi nëmme méiglech an dat Neit esou séier wéi méiglech drop praffen.
Dat Aalt erhalen, wat hu mer domat gemengt? Majo virun allem hu mer eisen Avantage, eise Standuertvirdeel gemengt, deen am Bankgeheimnis besteet, a mir hunn deen anere Virdeel gemengt, deen an eise Steiere besteet. D’Bankgeheimnis, Dir wësst, dat war e laangen, laange Kampf, déi berühmt Harmoniséierungsdiskussioun, déi 13 Joer gedauert huet, déi d’Regierung fäerdeg bruecht huet dach an iergendwéi annehmbar Bunnen ze lotsen, doduerch dass mer elo eng Solutioun hunn, déi eis den Atout vum Bankgeheimnis – fir eng Zäit op d’mannst – nach erhält. An dofir féiere mer dann eng Quellesteier an. Domat hätte mer op d’mannst op deem Plang emol eng Zäit laang Rou. An ech menge mir hunn esou laang Rou, wéi d’Schwäiz dat Spill matmécht. Dir wësst, dass mer eis do un d’Schwäiz ugehaangen hunn, an déi Kopplung un d’Schwäiz war net domm, well déi huet eis finalement erlaabt dem Drock vun eisen europäesche Partner de Bass ze bidden.
Da bei de Steieren. Do hu mer Reduzéierunge gemaach – dat ass bekannt -, mir hunn d’Haushalter entlaascht, mir hunn d’Betriber entlaascht a mir hu souguer e Projet, fir nach eng Schëpp nozeleeë mat deem, wat déi eng Monegasskiséierung oder d’Monte-Carloiséierung, oder wéi mer et och ëmmer nennen, wou domat gerechent gëtt – zu Recht oder zu Onrecht, dat muss sech nach weisen -, dass mer do eventuell en neie Créneau kéinte maachen, doduerch dass mer d’Steierkaart nach eng Kéier géife spillen, dans la mesure wou mer se iwwerhaapt nach kënne spillen.
Mä souwuel d’Bankgeheimnis wéi och d’Steieren, dat muss ee sech bewosst sinn, halen net éiweg. D’Bankgeheimnis gëtt ëmmer méi attackéiert – zu Recht oder zu Onrecht – vu bal all Mënsch a virun allem vun deenen, déi e Problem mat deene klenge lästege Konkurrenten hunn, déi se mat hiren, géif ech soen, nidderege Steieren a Schwieregkeete bréngen, an déi dofir soen, also do muss Transparenz erakommen an dat muss ophéieren. Et ass kee ganz fairt Spill, wat do gespillt gëtt, well et gëtt erëm eng Kéier gesot, wéinst dem Terrorismus a wéinst der Geldwäsch muss Transparenz kommen. Neen, Transparenz muss kommen, fir dass déi steierlech Avantagë vun deene Finanzplazen, déi nach e Secret bancaire hunn, kennen ofgeschaaft ginn. An net méi spéit wéi gëschter oder virgëschter kruten eis Frënn zu Monaco alt nach eng Kéier eng dropgesat vun de Fransousen, also deene geet et net vill besser wéi eis mat verschidden aneren Noperen.
Mir hunn elo déi lescht Deeg, wann der d’Zeitung gelies hutt, en neien Zoulaf kritt. Et sinn eenzel Banken, an zwar däitsch Banken, déi op eemol erausfonnt hunn, dass de ganzen “private banking” misst zu Lëtzebuerg geschéien. Firwat dat op eemol geschitt ass? Majo, dat ass ganz einfach, an Däitschland hu se eppes gemaach, wat vill Leit entgeeschtert, nämlech dem Geschnoffels d’Dier ganz wäit opgemaach. Bis elo konnt just d’Bundeskriminalamt kucken, wat een op engem Konto hat; elo ka Jenni a Männi an Däitschland dat kucken. D’Reaktioun war déi, dass eis däitsch Clienten erëm masseweis op Lëtzebuerg kommen.
Doriwwer kënne mer eis freeën, mä mir wëssen awer och, dass dat eis erëm eng Kéier nach méi ënner Drock bréngt. A schonn an där leschter G20-Sitzung – ech gi mat deene “G”en net ëmmer eens – huet den Här Eichel jo schonn erëm ganz déck dra gefacht a gesot: “Also elo geet et awer geschwënn duer, elo méi Transparenz.” Also alles, dass en net gesot huet, mir schafe Lëtzebuerg of, fir näischt méi Schlëmmes ze soen. Also, wéi gesot, eist Spill mat de Schwäizer fonctionnéiert vläicht nach eng Zäit, mä et fonctionnéiert net op éiweg. Also dorop kënne mer net d’Zukunft vun eiser Finanzplaz opbauen.
Dann d’Steieren. D’Steieren ass nach ëmmer e ganz wichtege Faktor, wann et drëm geet fir Standuerter ze bestëmmen, besonnesch am Finanzberäich. Mä Steieren, dat ass och kee Faass ouni Buedem. Ech mengen eise Finanzminister an och eise Budgetsminister kënnen net permanent an där Spiral do mathalen, well déi Spiral tendéiert no Null. A wann ee keng Steiere méi erakritt, da kann een och keng Sue méi ausginn. Dofir weess een, dass dee Spaass iergendwann eng Kéier um Enn ass, an och deen Dumping net esou wäit gedriwwe ka ginn, dass een nach ëmmer d’Nues kënnt virhalen. Dofir musse mer deem Rechnung droen.
Mir mussen och deem Rechnung droen, dass d’Konkurrenz ëmmer méi uerg gëtt an ëmmer méi schaarf gëtt. Den Här Grethen mengen ech huet éinescht Irland zitéiert. D’Iren hu mer am Ufank e bësse belächelt a gesot, déi kleng Iren do, ?die können nichts?, also déi kënnen net vill, och mat hirem Steieravantage, mir hu jo nach aner Avantagen, also mir si vill besser wéi déi. Entre-temps ginn d’Iren eis ganz kräfteg op de Geescht. Dat si ganz seriö Konkurrente ginn, zum Deel duerch hiren niddrege Kierperschaftssteiersaz, dee – wéi den Här Grethen richteg gesot huet – elo bei 12,5% läit.
An da kënnt als lescht d’Steierharmoniséierung, déi ass amgaang, déi ass ënnerwee. An déi hëlt ëmmer méi Envergure.
Do, majo, wann Der Iech vill Suergen ëm Lëtzebuerg maacht, da kënne se Iech och heiansdo kommen, wann Der iwwert déi do Saachen nodenkt.
Déi Steierharmoniséierung. Den Här Grethen huet dat och ugesprach an et war am Zesummenhang och mat deem, wat de Rapporteur gesot huet, wéi e vu den Tauxe geschwat huet. Ech mengen, déi Iwwerleeung, déi de Rapporteur gemaach huet, ass guer net sou domm gewiescht. Den Här Grethen huet et selwer gesot.
Ech schwätzen elo vun enger ganz bestëmmter Iwwerleeung vum Rapporteur, Madame Flesch, dat ass déi fir den Taux vun der Kierperschaftssteier erofzesetzen.
Den Här Grethen huet mat Recht gesot, et gëtt iwwert d’Steierharmoniséierung diskutéiert, dass ee se wëllt upaken op der Assiette. Et gëtt jo ganz oft vergiess, dass e Steierensemble aus zwee Elementer besteet. Dat eent ass d’Miessungsgrondlag, d’Assiette, op där gerechent gëtt wéi vill Steiere ee muss bezuelen, an dat anert ass den Taux. Den Taux gesinn d’Leit ëmmer, mä vun der Assiette gëtt net vill geschwat.
Or, d’Assiette ass bis elo eng vun eisen Trompkaarte gewiescht, besonnesch am Finanzsecteur. Bei där leschter Steierreform, déi mer gemaach hunn – doru kann ech mech erënneren -, ass drop gehale gi vun de Banken, dass op deenen zwee Pläng gespillt ginn ass, souwuel bei der Assiette wéi beim Taux. Wann awer lo d’Assiette harmoniséiert gëtt, da gëtt se bestëmmt net an eis Direktioun harmoniséiert, da gëtt se no uewen harmoniséiert. An dann ass et vläicht net domm, wa mer scho bis dohinner ugefaang hunn um Taux ze fréckelen, fir dann awer duerch méi en niddregen Taux déi Perte vun Attraktivitéit ze kompenséieren, déi eben entsteet, wann no uewen d’Assiette harmoniséiert gëtt.
Der langen Rede kurzer Sinn, mir sollen d’Zukunft vun der Finanzplaz net op Saache wéi déi niddreg Besteierung an op d’Bankgeheimnis eleng opbauen. Mir musse kucken, dass mer nei Standuertvirdeeler kréien. Dat hu mer, géif ech soen – a wann ech soe ?mir?, da mengen ech virun allem déi politesch Responsabel an d’Acteure vun der Plaz -, an d’Weeër geleet. Dat ass vläicht net sou vill gemierkt ginn, et ass awer op d’mannst an dësem Haus gemierkt ginn, well hei sinn déi Gesetzer gestëmmt ginn.
Mir hunn e Gesetz gemaach iwwert d’Pensiounsfonge scho virun enger Zäit. Mir hunn e Gesetz gemaach iwwert d’Sicaren zum Beispill. Mir hunn e Gesetz gemaach iwwert d’Titrisatioun a mir stellen elo op eemol fest, dass d’Titrisatioun ufänkt e Schlager ze ginn, dass se ufänkt gutt ze zéien an dass ganz vill Geschäfter kéinten domat gemaach ginn. Also, et ass schonn eppes geschitt, an domat si mer da schonn ënnerwee an eng nei Nischepolitik.
An da sinn ech bei deem schéine Wuert vun der Nischepolitik. Ech mengen, dat gëtt och e bësse falsch verstanen, wann ëmmer gesot gëtt wéi wann d’Nischepolitik eppes Schlechtes wär, eppes Béises wär, eppes wat ee soll vu sech drängen. Neen, e klengt Land wéi Lëtzebuerg, dat kann net, wéi een haut sou schéi seet, e “global player” sinn. Dat ass net dran, dat muss sech op Nische spezialiséieren, dat kann net alles maachen.
Mir kënnen net am grousse Bou schaffe wéi d’City vu London, well an der City vu London schaffe 500.000 Leit am Finanzsecteur. Hei zu Lëtzebuerg sinn et der 35.000, wa mer se alleguer zielen, also wa mer ganz déck rechnen. Also solle mer eis weider op Nische spezialiséieren, a mir solle kucke wéi eng Nischen déi richteg sinn, fir eis d’Zukunft vun der Finanzplaz ze assuréieren.
Mir leien do net schlecht, well mir hunn eng ganz gutt Ausgangsbasis. Mir sinn a gewësse Gebidder Spezialisten. Do si mer unerkannt. Och wa mer ganz oft geschleeft ginn am Ausland als Finanzplaz. An de Fachkreeser ass d’Meenung eng aner, do wësse se wat fir eng Kompetenz hei op dëser Plaz ass, ob dat elo am internationale Kreditgeschäft ass, ob dat an der Verméigensverwaltung ass, ob dat an der Fongegestioun ass – wou mer jo schliesslech Nummer 2 weltwäit sinn. Mir hu schonn eppes opzeweisen, mir hunn eng gewëssen Avance, an et geet dodrëm fir déi Avance bäizebehalen.
Dat ass net einfach, well déi Spezialitéiten, déi mer hunn an déi ech elo genannt hunn, dat ass kee Monopol, dat kënnen déi aner och, wa se sech e bëssen druginn, se brauchen e bëssen Zäit, mä dat kënne se och. Si schlofen net.
An op där anerer Säit sinn déi Produkter, mat deene mer elo eis Sue verdéngen, muer näischt méi wäert, well besonnesch am Finanzberäich geet et ganz séier mat de Produkter, se ginn ëmmer méi komplizéiert, ëmmer méi sophistiquéiert, a se verlaangen ëmmer méi Wëssen, wann ee se wëllt géréieren. An dofir musse mir dofir suergen op eiser Finanzplaz, dass eis Produkter an eis Servicer ëmmer e Stéck besser si wéi deenen aneren hir, an dass mer als éischt um Maart si mat neie Produkter, dat heescht virun deenen aneren. Nëmmen dann, wa mer déi Innovatiounskraaft op d’Bee kréien, da kënne mer weiderhi mat deene Groussen an esou wieder.
Dofir mengen ech misst eigentlech d’Parole lauten elo: Mir mussen eraus aus eiser Wierkstatt an de Laboratoire. Mir kënnen eis net méi domat begnügen, dass mer Fachwëssen ganz einfach aféieren. Dat hu mer gemaach. Ech hu gesot, mir hu 70% Auslänner am Secteur. Mir hu ganz vill Fachwëssen einfach importéiert. Dat geet esou laang, wéi dat Fachwëssen net ze deier gëtt. Mir hunn awer entre-temps en Niveau hei zu Lëtzebuerg erreecht, wou d’Spezialisten ufänke rar ze ginn, a wa se rar sinn, da gi se deier. A wa se deier ginn, da kritt ee Problemer mat senger Kompetitivitéit.
Dofir mengen ech drängt sech op, dass mer d’Gestioun vun eisem Wësse selwer an d’Hand huelen. An dofir brauche mer eng Uni, an dofir brauche mer eng Luxembourg School of Finance. Well um Enn besteet d’Zukunft vun der Finanzplaz wuelgemierkt aus enger Rei vun Dugenden a Stäerkten; dozou gehéieren eis Upassungsfäegkeet, gehéieren eis kuerz Décisiounsweeër – déi heiansdo awer net sou kuerz sinn. Dozou gehéiert dat gutt Zesummespill vu Politik a Wirtschaft an natierlech eis Entschlossenheet, eis Déterminatioun d’Finanzplaz ebe faute de mieux um Rullen ze halen.
Et gehéiert awer och dozou – dat soll een net vergiessen, an de Rapporteur huet et ënnerstrach -, datt mer bei der Reglementéierung net onbedingt d’Ham an der Mëllech kache sollen, heiansdo nëmme fir eisen direkten an och méi wäitleefegen Noperen ze gefalen. Déi soen eis ni Merci dofir, mä déi profitéieren dovun, wa mir méi helleg si wéi de Poopst.
Mä déi zwee Pilieren, op déi et lo ukënnt an op déi mer lo virrangeg baue mussen, dat sinn engersäits d’Fuerschung, also d’Sich no ëmmer bessere Produkter, an anerersäits d’Duerstellung vun eiser Finanzplaz am Ausland.
D’Regierung huet sech an dësem Budget kloer zu deenen zwee Ziler bekannt. De Budgetsminister, deen och zoustänneg fir d’Finanzplaz ass, huet de Mëttwoch nach eng Kéier ënnerstrach, wéi wichteg den Image vun der Plaz a seng Promotioun am Ausland ginn ass. Mir mussen dat falscht a schiedlecht Bild redresséieren, dat mir mat der Zäit ugehaang kritt hunn an ënnert deem mir bis haut leiden.
Zweetens de Wëlle vun der Regierung, deen anere Pilier, nämlech d’Fuerschung, sou zolidd wéi méiglech ze maachen, schléit sech an der Verdueblung vun de Kreditter fir d’Uni néier. Wuel sinn déi Suen net all fir de Finanzberäich, wuelgemierkt. D’Luxembourg School of Finance kritt nëmmen e klengen Deel vun deene sëlleche Millioune, well si ass just ee vun dräi Departementer an enger vun deenen dräi Fakultéite vun der Uni; awer de Wëllen endlech eescht mat der Wëssensgesellschaft ze maachen, schéngt elo definitiv do ze sinn.
Mä gradesou wichteg wéi d’Suen aus dem Budget ass awer och d’Abanne vun allen Acteuren an deem iwwerliewenswichtege Projet Uni Lëtzebuerg. Do musse se all matzéien, an zwar un engem Strang, an net hott an har. Op d’mannst an deene Fächer, an déi d’Ekonomie méi oder wéiniger direkt eraspillt, soll d’Privatwirtschaft hir Verantwortung iwwerhuelen a mat upaken. Et muss dach méiglech sinn an eiser Uni e Modell vu “private-public partnership” ze entwéckelen, deen op eng optimal Zesummenaarbecht vun allen Interesséierten histeiert; dat net de Leit zuléift, mä wéinst der Saach.
Ech weess, datt munchen Akademiker vu Beréierungsängscht mat der prosaescher Privatwirtschaft geplot gëtt. Ech weess och, datt op eisem Uni-Olymp nach ëmmer Eenzelner vun enger kompletter, globaler, full-fledged university mat allem Drëm an Drun dreemen, mä mir musse mat de Féiss um Buedem bleiwen. Et huet weder e Wäert fir hei zu Lëtzebuerg d’Universitéitsrad nei ze erfannen, nach mécht et e Sënn coûte que coûte mat de groussen Hënn wëllen d’Been ze hiewen. Wat mir brauchen ass eng Uni, déi op eis direkt Besoinen zougeschnidden ass. Dat sinn net nëmme wirtschaftlech Besoinen, mä et sinn awer och wäitgehend oder ënner anerem wirtschaftlech Besoinen.
Déi Besoinë stellen zwou Ufuerderungen un d’Uni duer. Mir brauchen en héije Grad u Spezialisatioun a mir mussen d’Gewiicht op d’Recherche, op d’Fuerschung leeën. Et kann een net genuch virun enger Feelentwécklung vun eiser Uni warnen, scho guer net méi nodeem datt eis den Här Fontagné e considérabelen Defizit am Héichschoulberäich an an der Recherche certifiéiert huet. Wann d’Uni dës Kéier an d’Box geet, da riskéiere mer net nëmmen definitiv den Uschloss un d’Wëssensgesellschaft ze verpassen, da gi mer och fréier oder spéider an deene Wirtschaftsberäicher, aus deene mer bis elo eise beneidenswäerte Wuelstand geschäfft hunn, onweigerlech vun der Konkurrenz iwwerdubbert. An dann ass et Feierowend mat eise grousse Spréng a mat eisen héich gestachenen Uspréch, déi iwwregens esou lues ufänken eiser wirtschaftlecher Realitéit fortzelafen.
Eise Kanner a Kandskanner zuléift, déi et jo sollen op d’mannst esou gutt kréie wéi mir et haut hunn, musse mir eis deenen Erausfuerderunge vun engem verschäerfte Konkurrenzkampf an engem integréierten an harmoniséierte Wirtschaftsraum stellen. Dat gëllt net nëmme fir de Finanzsecteur, dat gëllt allgemeng fir eis Ekonomie. Mir mussen de Courage opbréngen, eis eege Bequemlechkeet a Fro ze stellen, a mir mussen och emol d’Nues iwwert de Bord vun eisem waarmen Nascht erausstrecken, fir eis der Realitéit ronderëm bewosst ze ginn.
Mir sinn net méi déi Zort apaart, déi mer dank eisem Stol an eise Banken esou laang waren. Mir ginn ëmmer méi wéi all déi aner. Domat musse mir alleguer eis offannen. Dorop musse mir eis ariichten, mat allem wat dat mat sech brénge wäert, och an der Budgetspolitik. An ech mengen den Ufank ass gemaach. Mir hu ganz einfach, ob et eis gefält oder net, keen anere Choix.
Ech soen Iech Merci.
11