9. Oktober 2005

Jean-Louis Schiltz: den Erfolleg ass ëmmer nees d’Fruucht vun enger gudder, awer och haarder Aarbecht

Walen organiséieren ass daat eent. Walen gewannen daat anert. Mir hunn den 13. Juni d’Wale gewonnen, an daat hat eng Rei vun Ursaachen. Vrun allem den Asaz an den Engagement op der Basis vun de ville fräiwëllege Mataarbechter. Dofir ee grousse Merci.

Och bei de Gemengewale brauche mir dës Stëmmung. Natiirlech sinn Nationalwalen mat Gemengewalen nët ze vergläichen. Et geet bei de Gemengewalen méi speziell ëm den direkte Liewesraum vun eis all. Em déi Plaz, wou mir wunnen an eis Fräizäit verbrengen.

Dofir sinn daat wichteg Walen. Dofir iwwerloose mir d’Virbereedung vun deene Walen nët dem Zoufall. D’Generalsekretariat ass amgaang e Programm optimal op dës Walen virzebereeden.

Villes steet um Programm. Plangen, Teamgeescht, Ausdauer, Gedold an och Training si gefroot. Mä virun allem Aarbecht.

Mir lueden Iech an matzemaachen.

Well den Erfolleg ass ëmmer nees d’Fruucht vun enger gudder, awer och haarder Aarbecht.

Jean-Louis SCHILTZ
CSV Generalsekretär