Weider schaffe fir de séchere Wee

François Biltgen am Bléckpunkt

Den 13. Juni wore Walen, déi fir d’CSV een exzellent Resultat bruecht hunn. Ech soën vun dëser Plaz nach emol jidder Eenzelen e grousse Merci fir säin Engagement a d’Mathëllef.

Um Kongress, deen den 11. Dezember zu Péiteng ofgehal gëtt, kommen ech nach emol op dës Walen zréck. De Bilan an d’Resultat hu gewiesen, datt wa mir zesumme stinn, den Erfolleg garantéiert ass.

Natiirlech wësse mir och, datt mir eis op eis gudde Resultater nët ausrouën däerfen. Ze grouss sinn d’Erwardungen, déi Land a Leit op eis riichten. Neen, et heescht weider schaffen fir de séchere Wee. Nët nëmme mat dem Bléck op d’Gemengewale, déi bis zum 9. Oktober nees all eis Energie a Kraaft fuerderen. Well och fir déi Walen ze gewannen, brauche mir villes, waat aneneen passe muss. Ech sinn iwwerzeecht, datt daat eis nees gelengt.

Niewt de Wale, déi fir eis Partei eng wichteg Roll spille, hu mir awer weider grouss Aarbechten am Intressi vun eisem Land a vun Europa ze erleedegen: Et ass daat d’Présidence vrun allem, an och de Referendum iwwer d’EU-Verfassung. Dëst alles sinn grouss Erausfuerderungen, déi mir meeschtere wëlle. Och hei ass Solidaritéit a Versteesdemech vun eise Memberen gefrot.

An dësem Sënn schéi Feierdeeg an e gutt Neit Joër.

François Biltgen
Parteipräsident