Nationalkongress zu Péiteng

D’Resultater vum Nationalkongress zu Péiteng

E Samschdeg war de ganzen Dag den uerdentleche CSV – Nationalkongress zu Péiteng- Nieft deene statutaresch obligatoresch Virstellungen an Adoptioune vun de Rapportë war den Héichpunkt vun dësem Dag d’Wal vum Parteipresident, vum Generalsekretär, vun zwee Vizepresidenten, vum Generaltrésorier, vun zwee Keesserevisoren a vun aacht Membere fir den Nationalcomitéë.

Nodeems sämtlech Kandidate sech kuerz virgestallt haten ass a getrennte Walgäng du gewielt ginn. Fir de Poste vum President war als eenzege Kandidat de François Biltgen, fir de vum Generalsekretär de Jean-Louis Schiltz an de Guy Schaeffer, fir déi zwee Vizepresidenteposten d’Marie-Josée Jacobs an de Lucien Clement, fir dee vum Generalkeessier den Georges Heirendt, d’Keesserevisoren de Fandel François, d’Susi Frantzen-Thill, de Raus Jean-Marie an de Schloeder Emil.

Als Member vum Nationalcomité hate fir den Norden den Ady Richard an den Charel Schmit, fir de Süden d’Sylvie Andrich-Duval, de Jean Goebel, de Claude Laures an de Marc Spautz, fir den Osten de Gast Bohnenberger, d’Liane Felten de Guy Modert an de Yves Wengler a fir de Zentrum de Marcel Oberweis, de Guy Schaeffer an d’Martine Stein-Mergen hir Kandidatur gestallt.

Gewielt goufen de Parteipresident François Biltgen mat 98,4 %. De Jean-Louis Schiltz ass mat 92,05 % an sengem Poste als Generalsekretär bestätegt ginn. D’Marie-Josée Jacobs an de Lucien Clement als Vizepresidente mat jeweils 95,5 an 93%. Erëmgewielt gouf och de Generalkeessier Georges Heirendt mat 99,2%.

Fir de Norde sinn den Ady Richard an de Charel Schmitt erëm am Nationalcomité vertrueden. Fir de Süde sinn d’Sylvie Andrich-Duval an de Marc Spautz Member vum Nationalcomité. Am Oste sinn et de Gast Bohnenberger an den Yves Wengler an am Zentrum de Marcel Oberweis an d’Martine Stein-Mergen.