CSV-Süden : Aktivitéitsbericht 2004

Aktivitéitsbericht vun der CSV-Süden

D’Aktivitéite vum Bezierk hu sech dëst Joer haaptsächlech op d’Chamberswale konzentréiert. Dës Aarbecht huet aus der Opstellung vun der Lëscht, der Virbereedung an der Ausféierung vun der Walcampagne bestanen.

1.Opstellung vun der Lëscht

De Bezierkskomitee war besuergt, an hien huet et als äusserst wichteg emfonnt, fir déi beschtméiglech Lëscht fir d’Chamberwalen opzestellen. Duerfir hat hie sech folgend Kritäre fixéiert no deenen de Choix vun de Kandidate misst getraff ginn:

de Profil vun de Kandidaten (Kompetenz, Erfahrung, Bakanntschaftsgrad);
déi regional Representativitéit vun der Lëscht mat Récksiicht op de Wielerpotential
d’Representativitéit vu Fraen a Männer ;
d’Representativitéit vun de verschiddene Berufsgruppen ;
d’Representativitéit vun de verschiddenen Altersgruppen.

Et war keng liicht Aufgab well de Bezierk a senge Reihen ëmmerhin 32 potentiell Kandidaten zielt déi schonns e Mandat um Niveau vun der Regierung, vum Parlament oder vun der Gemeng ausüben, nieft enger Onmass vun anere gudde Leit déi de Profil vun engem wäertvolle Kandidat ofginn. De Choix war also net einfach. Op Grond vun de fixéierte Kriterien huet de Bezierkskomitee dem Weiserot 17 Kandidate proposéiert, déi vun hire Funktiounen hier onbedingt op eis Lëscht gehéiert hunn, esou datt de Weiserot fräi Hand hat déi Lëscht no sengem Ermiessen optimal ze kompletéieren. Schlussendlech huet sech eis Lëscht folgendermoosse presentéiert:

Duerchschnëttsalter 49,5 Joer mat 29 Joer fir de Jéngsten an 68 Joer fir den Eelsten;
Aacht Fraen a fofzéng Männer;
– Véier Kandidaten aus dem Kanton Capellen an nonzéng aus dem Kanton Esch;
Sechs Statsbeamten, sechs Privatbeamten an eelef Fräiberuffler dovu véier Juristen, zwee Apdikter, een Dokter, ee Bauer, een Économist, ee Comptabel an ee Commerçant;
Véier Gewerkschaftler a fënnef Patronen.

2. Virbereedung vun der Walcampagne

D’Walcampagne vun eisem Bezierk huet sech ganz un de Kader, dee vum Generalsekretariat fixéiert gouf, ugelehnt.

Vum Bezierk hate mer ee Walmanagement op d’Bee gesat deen derfir suerge sollt:

datt d’Plakate rechtzäiteg geliwwert ginn;
datt d’Depliante richteg gedréckt a mat Zäit zur Verfügung stinn;
datt d’Dekoratiounsmaterial, déi technesch Installatioun an d’Gadgeten op all Versammlung uerdentlech installéiert a verdeelt ginn;
– da
tt déi technesch Installatioun fachgerecht bedingt gëtt.

Ausserdem huet de Coordinateur vun deeër Équipe d’Relatiounen tëscht Generalsekretariat, Agence, Dréckerei a Sektiounen assuréiert. Der ganzer Équipe ee grousse Merci.

Eis Sektiounen hu sech ëm d’Reservatioun vun de Säll, d’Opstelle vun de Panneauen, d’Peche vun de Plakaten an d’Verdeele vun de Depliantë bekëmmert. Eng Rei vu Panneauen hunn nach misse geliwwert ginn. Déi goufen eis vun der dynamescher Équipe aus dem Zentrum fäerdeggestallt, deeër mer vun hei aus wéilte villmools merci soen.

D’Kandidaten hate gemeinsam décidéiert fir datt keng perséinlech oder regional Propaganda géif gemeet ginn. An der Woch virum Walsonndeg huet de Bezierk nach en Dépliant vun de Kandidate vum Bezierk un all Stot verdeele gelooss.

D’Versammlunge waren allgemeng gutt besicht. Besonneg d’Versammlunge mam Jean-Claude Juncker waren e Bommenerfolleg. Vill jonk Leit hate sech op eis Versammlunge beméit. An deene Sektioune wou méi wéi eng Versammlung am Owend organiséiert gouf (wéint de verschiddenen Uertschaften déi d’Sektioun zielt) war ëmmer eng dervu ganz schlecht besicht. An Zukunft muss ee sech iwwerleeën ob een deem net soll ophéieren.

3. D’Walresultater

Mat 35,6% vun de Stëmmen an 9 Sëtzer huet d’CSV eent vun de beschte Resultater am Süden zënter dem leschte Krich erreecht. D’CSV stellt déi stärkste Fraktioun am Süden an dat esou wuel wat de Stëmmenundeel wéi och d’Zuel vun de Sëtzer ubelaangt. Nëmmen 1954 hate mer wat d’Stëmmen ubelaangt ee bessert Resultat ze verzeechne wéi dëst Joer (36,5%) mais do luche mer kloer hannert der LSAP déi deemools ronn 40% vun de Stëmme verbucht huet. Fir d’éischte Kéier hu mer am Süde méi Sëtzer wéi d’LSAP.

Dëst aussergewéinlecht Resultat verdanke mer virun allem eise Sektiounen an eisem Spëtzekandidat Jean-Claude Juncker. All eis Sektiounen hunn am Süde prozentual am Verglach zu 1999, Stëmmen zougeluecht. Am beschten hu mer zu Habscht mat 45,3% vun de Stëmmen ofgeschnidden, da kënnt Mamer mat 42,5%, Dippech mat 42,2%, Käerch mat 41,1%, Kielen mat 41,0% a Leideleng mat 40,6%. Nëmmen an zwou Gemenge leie mer ënner 30%; zu Diddeleng mat 25,9% an zu Rëmeleng mat 27,6% an trotzdem huet d’CSV an deenen zwou Gemengen 3,4 resp. 3,3 Prozentpunkten zougeluecht. Am meeschten hunn d’Gemenge Fréiseng (+8,5 Prozentpunkten), Koplescht (+8,3) a Réiser (+8,1) zougeluecht.

Mat 51.407 perséinleche Stëmmen huet de Jean-Claude Juncker d’Konschtstéck fäerdeg bruecht alleng ee Sëtz fir sech ze verbuchen. Dat war eises Wëssen nach ni do. Mat 51.407 perséinleche Stëmme konnt hien der 16.750 an 22.657 méi verbuche wéi resp. 1999 an 1994. Dës aussergewéinlech Leeschtung verflicht zur Virsiicht, wann ee Projektioune fir d’Zukunft wëll opstellen. Awer och eis aner Kandidaten hu sech ganz gutt geschloen. Mat zwou Ausnamen hu se alleguer hiert perséinlecht Resultat am Verglach mat 1999 verbessert. Am meeschten hunn de François Biltgen (+22.428 Stëmmen), de Jean-Marie Halsdorf (+7.525), de Frunnes Maroldt (+4.310), de Michel Wolter (+3.225) an de Fred Sunnen (+3.059) u perséinleche Stëmmen zougeluecht.

D’Lëschtestëmme maache nach ëmmer de Gros vun eise Stëmmen aus. Mat Ausnam vun der Gemeng Dippech (48,5%) stellen d’Lëschtestëmmen d’Majoritéit vun der CSV hire Stëmmen duer. Mat 67,3% Lëschtestëmme läit d’Gemeng Habscht un der Spëtz viru Käerch (64,8%) a Stengefort (63,3%). An dene meeschte Gemengen ass den Undeel vun de Lëschtestëmmen liicht réckleefeg, wat eiser Meenung eng Konsequenz vun de staarke Perséinlechkeeten déi op eiser Lëscht waren duerstellt.

4. Conclusioun

D’CSV huet d’Walen op Grond

vun hirem gudde Programm,
vun der gudder Aarbecht déi hir Mandatairen an der leschter Legislaturperiod op alle Pläng geleescht hunn,
vun der Qualitéit vun hirer Lëscht,
vun der staarker, international unerkannte Perséinlechkeet vun hirem Spëtzekandidat,
vun enger gudder Walcampagne
awer och vun der gudder Aarbecht déi an de Sektioune geleescht gouf

gewonnen.

Déi konsequent Aarbecht déi an dene leschte fënnef Joer an de Sektioune geleescht gouf, déi kontinuéierlech Präsens vun eise Ministeren an aner Mandatairen op eise Sektiounsorganisatiounen an och eis CSV-Apéroen hu fir eng flächendeckend Manifestatioun vun der Partei am ganze Bezierk iwwer fënnef Joer gesuergt. All dat huet beim Wieler ee gewëssent Vertrauen opkomme gelooss, d’Gewëssheet datt den Intérêt vun der CSV fir d’Problemer vun de Leit net nëmmen elektoral mais virun allem gesellschaftspolitesch orientéiert ass. Dëst Vertrauen däerfe mer net enttäuschen andeems mer eis an Zukunft weider fir d’Wuel vun der Allgemengheet asetzen.

5. Neiwale vum Comité

De Kongress vum Bezierk ass vun der Suessemer Sektioun mustergülteg den 20. November an der Gemeng zu Bieles organiséiert ginn. De Sektiounspresident Henri Leyder huet de Kongressbüro mat groussem Geschéck geleet. De Jeannot Fürpaas, President vun der Monnerecher Sektioun, huet als President vum Walbüro fir ee reibungslosen Ooflaf vun de Waloperatioune gesuergt.

Um Kongress goufen de President an de Comité nei gewielt. Als eenzege Kandidat fir de Poste vum President gouf de Norbert Haupert mat grousser Majoritéit zeréckgewielt. Fir déi 12 aner Poste vum Bezierkscomité haten 13 Fraen a 9 Männer kandidéiert. Gewielt goufen an alphabetescher Reihefolg: Andrich-Duval Sylvie (Diddeleng), Aulner Malou (Fréiseng), Baudot Jean-Paul (Koplecht-Bridel), Bertemes Alexandra (Suessem), De Rond Patrick (Déifferdeng), Frantzen-Thill Susi (Déifferdeng), Goebel Jean (Scheffleng), Kemp-Klemann Annette (Diddeleng), Kohnen Guy (Kielen), Reiter Sandra (Suessem), Ulveling Tom (Déifferdeng) a Wirth Jean-Marie (Stengefort).

Jean Goebel, Sekretär
Norbert Haupert,
President